jeudi, 25 janvier 2018

Stellungnam vun déi Lénk Déifferdeng zum Koalitiounsaccord

Här Buergermeeschter, léif Kollegen a Kolleginnen aus dem Gemengerot,

Dës Diskussioun hätt in der Tat missten éischter stattfannen, an awer bleiwt se wichteg, well nach eng Rei Joere virun eis stinn, mee et ass méi wéi ze hoffen dass se net méi no engem éischte Budget stattfënnt.

Ech ginn elo net méi op déi méi allgemeng Plattitüden an déi ee par rapport zu esou engem Koalitiounsaccord scheinbar mëscht. Ech well just drop opmierksam maachen dass hei verschidde Vertrieder no méi konkrete richtungsweisende Projete froen a selwer awer keng nennen. Ech denken awer och dass et nëmme bedéngt de Moment ass fir den eegene Koalitiounsaccord virzestellen, dofir maachen ech dat nëmmen deelweis do wou ech Usätz kritiséieren oder als ze vague empfannen.

D’Aussoe wou den Accord sech fir méi Informatiounen an Transparenz ausschwätzt sinn net konkret. Ginn d’Reglementer vu Kommissiounen an dem Gemengerot iwwerschafft esou dass den Zougang zu Informatioune verbessert gëtt ? A wéi engem Sënn ? Als déi Lénk schloe mer fir, dass ëmmer esoubal ee Sujet fir en nächste Gemengerot komplett ass, wat d’Dokumenter ugeet, dës op d’Cloud gesat ginn, och wann den ordre du jour weiderhin eréischt 5 Deeg am viraus fixéiert gëtt.

Och schloen mäer fir, dass Déifferdeng als éischt Gemeng een neien online Outil vun enger Start-up entreprise sociale soll experimentéieren deen quasi wéi een permanenten Wahlbüro funktionnéiert, wou den Schäffenrot respektiv Gemengerot kinnt Projeten zum Vote stellen vun all den Bierger déi do ageschriwen sinn.

Eng laangjäreg Fuerderung ass et dann endlech ee Conseil de recrutement anzesetze fir dass d’Astellungspolitik méi transparent gëtt an all Soupçon vu Rekrutementer no Parteien ofgebaut gëtt a virun allem Kritäre fixéiert gi wéi déi vum Astelle vum sexe sous-représenté à qualification égale.

Am Beräich vum Logement fanne mer de Programm ganz ambitiéis an dat freet eis besonnesch, et weist, dass awer eng prise de conscience geschitt ass déi läscht 6 Joer an denken dass mer jo do och eise Beitrag dozou gemaach hunn. Ech erënneren dann och drun dass d’Logementskommissioun scho virun engem Joer een unanimen Avis un de Schäfferot adresséiert hat fir 5 zousätzlech Millioune fir sozial Mietwunnengen a Gemengenhand ze investéieren. Dat heescht et ass eng breet Majoritéit do fir an déi Richtung ze goen. Natierlech gezielt a gesteiert an net blann op eenzel Plaze konzentréiert. Et feelt awer och hei erëm een Niveau vu Konkretiséierung. Do wou mer an aaner Gemenge kloer chiffréiert hunn wéi vill bis wéini misst kaaft an gebaut ginn nennt de Koalitiounsaccord vun déi Gréng a CSV keng eng Zuel. Wéi vill eege Wunnenge solle bis wéini kommen ? Wéini soll d’Taxe kommen ? Wéini jugéiert awer wenn op aner Moossnamen ouni Erfolleg bliwwe sinn ? Ass dat net elo schonn evident, no de leschte 6 respektiv 12 Joer ?

D’Approche vum Housing First begréisse mer fir d’Obdachlosegkeet ze bekämpfen, mee déi wäert just méiglech si wann d’Gemeng Wunnraum an eegen Hand hëlt, dat ass  méiglech > motion

Dee Circulaire viséiert jo zu gläichen Deeler Residenten déi Urecht op sozial Mietwunnengen hunn wéi och Flüchtlingen déi de Statut kritt hunn, also BPI. Dofir wollt ech froen op dee Punkt « Wir stellen Wohnmöglichkeiten zur Verfügung für die Aufnahme von Flüchtlingen » dann DPI, als demandeurs de protection internationales mengt oder BPI, also bénéficiaires de protection internationale ? Ass déi nei Koalitioun dann als Schlussfolgerung zu deem Punkt bereet esoubal wéi méiglech um Wunnengsmaart Wunnengen unzelounen an weiderzeverlounen ?

Positiv fanne mer allgemeng, ouni elo an den Detail ze goen, dass am soziale Beräich d’Koalitioun ganz vill wëlles huet : Senioren, Kanner, Jonker, Chômeuren, Flüchtlingen, Persoune mat Behënnerungen, Integratioun an Inclusioun, iwwerall hei soll vill gemaach ginn och wann een hei och muss soen dass villes nach vague bleift.

Manner vague, an dorunner sollt een sech e Beispill huele fir aner Beräicher, ass et dann bei der Mobilitéit : ee Service « Mobilité douce » dee mat zwee Leit soll ausgestatt ginn. Dat begréisse mer ganz staark wéi och d’Velosweeër, d’Vël’OK’en an de Car-Sharing.

Bei de Schoule wollte mer Präzisioune froen op dat selbststänneg Sitë ginn an deene méi klenge Gréissten an de Quartieren oder ob dat Annexë vun den Zentrumsschoule solle ginn ? Ee Beispill vu vague Formuléierungen ass déi vum Dialog mat den Elteren. Ech denken dee wëll jiddereen, esou wéi jidderee well eng besser Ëmwelt, d’Fro ass, wéi dat soll konkret erreecht ginn. Och ass et vague ze soen « In Zusammenarbeit mit spezialisierten Strukturen, bieten wir Dienstleistungen an, die Kinder im Krankheitsfall betreuen ». Wéi soll dat konkret ausgesinn ? Soll do zb. Eng Zousazkonventioun mam Service « Krank Kanner doheem » gemaach ginn ? Mer begréissen dann och d’Ariichte vun Alarmvorrichtungen an de Schoulen. An och dass d’Verschwendung vun Liewensmëttel reduzéiert soll ginn, mer haten do och eng Iddi an eisem Wahlprogramm entwéckelt : de restaurant solidaire.

Wat eis feelt am Beräich vun de Kanner ass ee wierklech Konzept wat fir eis Bierger awer och Visiteure soll ausgebaut an als Ganzes kommunizéiert ginn : mat zousätzlechem Personal d’Technikschoul an d’Naturschoul och ausserhalb vun der Schoulzäit opmaachen. Eng Kachschoul ariichten. Eng Initiativ déi schonn an déi richteg Richtung geet ass dass gezielt kulturell Veräiner a Kulturschaffender sollen ënnerstëtzt gi fir Kanner a Jonker participativ anzebanne wann et em Integratioun an intergenerationellen Austausch geet.

Wat eis feelt ass dass bei de Spillplazen net méi nëmmen op Quantitéit an zum Deel  gesat gëtt mee och no spillpädagogeschenSécherheet Aspekter gekuckt gëtt. Ze begréissen ass awer dass an d’Zukunft d’Kanner selwer sollen abezu ginn.

Energie : Wand, do stoung am Wort dass den Environnement schonn op de Scoping reagéiert hätt, kënne mer do informéiert gi weg ?

Et ass ze begréissen dass d’Liichtverschmotzung endlech thematiséiert gëtt. Ma och do sollt et mengen ech schnell méi konkret ginn : wéi laang muss d’Stadhaus owes beliicht ginn an a wéi engen Intensitéit ? Kann ee mam neie Centre Commercial kucken dass do d’Luuchten iergendwann ausgemaach ginn, op d’mannst bannen mee och baussen amplaz permanent ze brennen ?

Wat mer wierklech net kënnen ënnerstëtzen ass den Asaz vun Iwwerwaachungskamera’en. Studien iwwert den Asaz vu Kamera’en, zb. An der Stad, weisen dass doduercher d’Problemer just verlagert ginn. Wat d’Sécherheet ugeet wär et wichteg mol déi legal virgesinnen Instrumenter méi ze notzen, zb. Den « Comité de prévention communal » ass per Reglement Grand-ducal virgesinn, ech hunn awer nach ni eppes a 6 Joer Gemengerot vun deem Comité héieren. Ech denken et wär wichteg dass do och Vertrieder vun allen Parteie vertruede wären an dass esou och am Dialog mat der Police reegelméisseg eng Analyse gemaach gëtt vun der Sécherheet zu Déifferdeng a Mesuren ausgelotet ginn.

D’Zukunft vum Nidderkuerer Spidol soll dann endlec.h debattéiert ginn, dat fanne mer ganz wichteg. Mer kréien do an de leschte Jore positiv Réckmeldungen iwwert eist Spidol, wou ee wéi soss néirens schnell ee RDV fir den IRM kritt zb. Mee och soss d’Proximitéit an d’Aarbecht déi geleescht gëtt ze begréissen ass. Wéi geet et elo domadder weider ? Wéi eng Pistë ginn et do momentan ? Maachen sech do nei Perspektiven op duerch Déifferdeng als Sportstad, mat enger Uni an deem Beräich, dem Sportslabor, dem Liichtathletikszenter, asw. ? Oder ass d’Clinique du dos nach ëmmer aktuell ?

Ofschléissend begréisse mer eng Politik déi vun der Richtung hir verstäerkt sozial an ökologesch Erausfuerderungen ugeet och wann een domadder manner grouss Aushängeprojekter kann aweien. D’Mobilité douce zb. Ass eng laangfristeg Weichestellung wann se konsequent ugaange gëtt, och wann et manner spektakulär ass wéi eng Strooss oder ee Parking opzemaachen. Et bleift awer dass an de Beräicher Wunnen a Chômage vill méi konkret Mesuren néideg ware fir dass déi Richtung méi kloer gëtt. Och, wéi ech et bei all Budgetsdiskussioun soen ass fir eis deen eenzege sozial an ökologesch gerechte Wee fir de Waasserpräis een deen no Verbrauch gestaffelt ass an net blann dem Käschtendeckungsprinzip no geet. Och hunn mer d’Gefill wéi wann mam Prinzip « pollueur-payeur » erëm haaptsächlech d’Bierger gemengt sinn a manner d’Industrie, wou mer jo spéitstens zënter engem gudde Mount wëssen dass op der Decharge Historique weider all Dag eist Grondwaasser an d’Kalekerbach polluéiert gëtt, awer kritt de Pollueur do jee reng Rechnung dofir ?

Gary Diderich
Gemengerot déi Lénk

Les autres sections

Photos

no images were found