D’Ried zum Budget 2016.

Merci Mme Buergemeeschter. Fir d’éischt well ech och vun eiser Säit en groussen Merci un eis Servicer weiderginn fir d’Ausschaffen vun desem Budget. D’lescht Joer hunn ech op deser Plaz och dem Schäfferot Merci gesot, dass mir zwou Wochen Zäit haten fir de Budget z’analyséieren. Leider war dat dest Joer vill méi kuerzfristeg an fir en Net- Berufspolitiker schwiereg fir déi Aarbecht mam Beruf ze verbannen, wann een béides wellt seriö maachen.

Ech well ufänken mat dem Beräich Tourismus, well sech an deem Beräich ganz interressant Saachen dinn an och fir d’Zukunft virgesinn sinn. Dest gëllt och haaptsächlech fir den Beräich em den Gaalgenbierg. Fir Leit déi op Esch kommen, sief dat aus beruflechen oder touristeschen oder anere Grënn gëtt et en ëmmer méi diverst Angebot fir hei z’iwwernuechten. Ech denken do natierlech un eis Jugenherberg déi relativ geschwënn an Proximitéit vum Gaalgebierg opgeet. Dann awer och un déi Projeten, déi dir eis virgestallt hutt, wat den Camping betrefft. Mir hunn d’Chance, denn Camping do, deen op enger ganz flotter Plaz, direkt bei engem aneren interressanten Projet dem Déiereguart, läit ze hunn. Fir deen elo erem opzewerten ass eng Noutwendegkeet. Hei entsteet eng nei flott Plaz mat engem modernen Camping. Fir dese Projet dem CIGL unzevertrauen ass eng gutt Saach. Iwwerhaapt gesinn mir all déi Projeten vum CIGL als immens flott an awer och wichteg an néideg, well hei awer och vill Leit eng Aarbechtsplaz fannen, respektiv eng Ausbildung kréien fir anzwouch anescht eng Aarbecht kënnen ze fannen. Mir sinn natierlech och frou ze héieren, dass den CIGL hei nach weider Leit beschäftegen well.

D’Verkéierssécherheet läit ville Bierger um Herz, ech méngen dat ass spéitstens bei deene zwou leschten Biergerversammlungen kloer ginn, wou dat deen wichtegsten Uleies vun vielen Bierger war. Dofir begréissen mir och d’Ariichten vun zB „Zones de Rencontres“ an zwou Escher Stroossen, wou dest zwar net onbedéngt déi geféierlechst Stroossen waren, mee hei bidd et sech op allen Fall un. Et muss awer weider an d’Secherheet besonnesch vun de Foussgänger an den Escher Stroossen investéiert ginn. Wou et hei meeschtens keng grouss Ausgaben mussen sinn. Déi wichtegst Saach wär et prioritär d’Foussgängerweeer méi hell auszeliichten. Dat bréngt besonnesch an der Wanterzäit vill méi Secherheet. Dann sinn et oft einfach baulesch Moossnamen, déi vill bréngen kënnen, wéi Schwellen, akkustesch Bänner op der Strooss oder ofwiesselnd no riets an lénks versate Blummebacken, déi zur Berouegung vum Verkéier beidroen kënnen. An heiansdo geet et och duer an reegelmässegen Ofstänn eng 30 op d’Strooss ze molen, fir d’Autofuerer z’erenneren wou si sinn.

Mir mussen och an d’Zesummenliewen an enger Stad wéi Esch investéieren. Hei sinn eng Rei vun wichtegen Saachen ennerwee. Ech denken un d’Fixerstuff, wou et elo méi konkret gett. Wat den Abrisud ugeet hoffen mir, wéi dir, dass do vun Regierungssäit eng positiv Entscheedung kënnt. Mir brauchen och wat Jugendaarbecht ugeet weider Investissementer an Jugendplazen an awer och en zweet Jugendhaus wat néideg wär fir net nëmmen déi Jugendlech aus engem eenzegen Quartier unzeschwätzen. Och muss den Beräich Streetwork weider ausgebaut ginn. Mir sinn iwwerzeecht, dass Esch hei en Team vun Streetworker brauch, fir net nëmmen Jugendlëchen mee och Obdachlosen an Drogenofhängege als Uspriechpartner zur Verfügung ze stoen. Mir méngen, dass dee Besoin ganz grouss ass, an dass déi Aarbecht am beschten vun engem Team, wat sech selwer e kloert Konzept gett gemaach gett.

Mir freeen eis och, dass et elo endlech soll seriö ginn mat der Renovatioun a Moderniséierung vum Resistenzmusée. Dat ass eng ganz wichteg Institution grad och elo an dëser Zäit, wou friemefeindlech a rassistesch Tendenzen sech ëmmer méi oppe weisen. De Musée entsprecht awer schon laang net méi den haitegen Usprech. Trotz schlechter Infrastruktur, gett awer hei eng ganz gutt Aarbecht geleescht. Mir sinn dofir zouversiichtlech, dass hei en modernt, multimedialt Konzept ausgeschafft gett, wat d’Thema Resistenz a Mënscherechter op eng zäitgemäss Art an Weis  grad fir déi Jonk vun haut uschwetzt. Mee wéi gesot, hei ass de Musée schon um richtegen Wee.

Och méngen mir, dass d’Decisioun fir den Kulturfestival erem all Joer stattfannen ze loossen, an dofir d’Idee vum Open-Air Festival opzeginn déi Richteg ass. Mir sollen eis als Esch op dat beschränken, wou mir kënnen erausstiechen amplaz wellen alles ze maachen. Dat gellt natierlech och fir d’Fête de la Musique. Am Beräich vun der Kultur méngen mir awer och, dass een net muss emmer alles op Festivaler konzentréieren. Vläicht mussen mir e bëssen vun der „Event-kultur“ ewech kommen, an och zwëschenduerch emmer erem kleng interressant Veranstaltungen organiséieren. D’Zil muss hei emmer erem sinn Leit op ennerschiddlechen Plazen zesummenzebréngen, an esou en liewegt Esch ze kréien. Den Stroossenfesival, ass do op jidder Fall en geeegent Mëttel.

Mir vermëssen nach emmer, dass zu Esch en Kulturzentrum entsteet, sou wéi et en an villen aneren Gemenge gett, an deen fir déi ennerschiddlechst Veranstaltungen kann déngen. An dësem Zusammenhang konnten mir virun Kuerzem am Tageblatt liesen, dass d’Gemeng an Verhandlungen géif stoen fir den Ariston am Quartier Brill z’iwwerhuelen. Hei kennt jo no enger Renovatioun esou en Haus, dat an Gemengenhänn ass, entstoen, och wann natierlech näischt richteg Neies géif dobäi kommen. Steet de Schäfferot hei an Verhandlungen an wat ass hei geplangt? Dest ass e Beräich wou och misst endlech eppes geschéien.

Mir ennerstetzen den Schäfferot  wat d‘ Kandidatur fir d’Kulturhaaptstad 2022 betrefft. Mir sinn och der Meenung, dass sech hei vill Chancen fir Esch an awer och de ganzen Süden opdinn. Mir stellen eis natierlech trotzdeem Froen wat verschidden Beräicher betrefft. Sou ass Esch eng Stad déi op eng ganz laang Geschicht kann zeréck kucken. D’Géigend vun Esch ass schon säit dausenden Joer besiedelt an et gëtt och vill Spuren heivunner. Ech dénken enner anerem natierlech un all d’Aktivitéiten déi op der Gläicht stattfonnt hunn an déi relativ rezent bei den Ausgruewungen un d’Dagesliicht koumen. Zu Esch gett et awer keng Plaz, keen Lokalmusée, wou enn sech iwwer déi Vergaangenheet kéint informéieren. Besonnesch de Beräich vun der Paleometalurgie misst jo awer besonnesch an enger Stad déi sou stark mat der Produktioun vun Eisen verknëppt ass beliicht ginn. Ech erenneren och gär drun, dass Esch jo och eng Kéier e Musée hat. An desem Beräich misst  also onbedéngt eppes gemaach ginn. Natierlech muss een hei onbedéngt eppes mat deenen aneren Südgemengen zesummen maachen, sou wéi et jo och fir d’Kulturjoer virgesinn ass.

Mir brauchen awer och eng méi seriö Approche zum Denkmalschutz. Leider schéngt et zu Esch esou ze sinn, dass eréicht eppes geschützt gëtt, wann et net fir eppes Anescht gebrauch kann ginn an wann et sech rechent. Dat hunn mir jo bei deene rezenten Diskussiounen zum Klasséieren vum Bridderhaus festgestallt. Mir vermëssen hei awer an Zweschenzäit déi kreativ Viirschléi wéi een déi al Substanz kann fir haiteg Besoien netzen, sou wéi et se awer zu Esch och mol schon gouf.

Iwwehaapt vermëssen mir déi kreativ Virschléi fir Esch an desem Budget. Wou sinn d’Visiounen, wéi Esch sech soll entwéckelen? Wou sinn d’Iddeeen wéi een d’Awunner vun deem neien an dem alen Esch kann zesummenbréngen, wéi een d’UNI méi no un Esch erunbréngt. Oder wéi wëllen mir d’Ressourcen vun der UNI déi jo d’Léierpersonnal ausbild netzen fir d’Weiderentwécklung vun den escher Schoulen.

Et ass nach net esou laang hier wou et anscheinend nach Ideen gouf. Ech hunn eng Walbrochure erem fonnt, vun de leschten Gemengewalen. Eng Brochure vun der LSAP. Do gett den Projet ERA virgestallt, et gett zeguer en flott Bild, dat weist,wéi dat soll ausgesinn. Interressant ass den Datum, deen hei och direkt genannt gett, wéini dat soll realiséiert ginn: 2015. Hei ass natierlech och d’Fro: Gett et de Projet nach, wou ass en drun oder ass en schon laang vergiess?

Wann mir eis dann är Schoulpolitik ukucken, wat jo eng vun ären Prioritéiten ass, sot dir, dann erkennen mir awer déi ganz Konzeptlosegkeet vun desem Schefferot. Hei gett gepléischtert an sech emmer erem op aner anscheinend Wonnerléisungen verlooss, fir dann durno ze soen, dass dir net mam Promoteur eens ginn sidd oder des Kéier dann eventuell net mam Stad, mee op d’Victor Hugo Schoul kommen ech nach zeréck. Fir d’éischt emol zu deem éiwegen Ausbau vun bestehenden Schoulen. Dat ass natierlech d’Resultat vun enger feelender Plangung vun neien Schoulen. Dann mussen alt déi bestehend ausgebaut ginn oder, an dat ass nach méi schlecht: duerch Annexen, déi séier an Modularbauweis gebaut ginn, erweidert ginn. Dir huelt domat a Kaf, dass d’Schoulentitéiten doduerch emmer méi grouss ginn, obschonn gewosst ass, dass dat keen positiven Effet op d‘Qualitéit vun der Schoul huet. Och dest Joer soll erem esou en Modul-bau entstoen, an zwar op der aktueller Spillplaz vis à vis vun der Bruchschoul. Dest gett zwar gebraucht fir kënnen am Bruch Renovatiounsaarbechten virzehuelen. Mee eng gutt Léisung ass et net. Hei geet jo och dann Raum verluer wou d’Kanner aus dem Quartier konnten spillen oder Velo fueren. An, et wär net néideg gewiecht wann eng virrausschauend Planung vum Schoulraum gemaach ginn wär. An ween weess fir wéi laang desen Provisorium dann erem bestoen bleift.

Dann kuerz zur Victor Hugo Schoul: Dat ass fir drett, an zwanzeg Joer, dass déi Schoul am Gespréich ass fir vum Stad iwwerholl ze ginn. Bis elo ass et zwee Mol schif gaang. Ech sinn awer trotzdeem der Meenung, dass et gutt fir Esch wär dest Gebai ze kréien an den Schäfferot mecht dat Richtegt, wann en sech weider heifir asetzt. Ech méngen awer, dass den Schäfferot sech dat e bessen einfach virstellt wat dat Iwwerhuelen vun deem Gebai als Grondschoul betrefft. Dese Lycée entsprecht jo awer nach laang net den Usprech vun enger moderner Grondschoul. Hei sinn nach eng Rei vun Invesitiounen néideg.

Net schlecht gestaunt hunn ech, wéi dir proposéiert hutt dat Gebai als Iwwergaangsléisung ze nëtzen, fir eenzel Klassen doran ennerzebréngen wann aner Gebaier renovéiert ginn. Et kann een dach net esou en Gebai wellen hunn fir et nëmmen als Provisorium ze nëtzen. Hei kéinten mir jo awer e Gebai kréien fir eng flott nei Entitéit dran z’installéieren an engem Quartier wou definitiv eng Schoul feelt. Ech kéint mir virstellen, dass hei genug Plaz ass fir zwee komplett Zich an, esou wéi et jo och fir d‘Schoul zu Wobrécken geplangt ass, eng integréiert Maison Relais. Duerch déi nei Entitéit géifen dann hoffentlech e puer vun deenen selechen Containeren eidel ginn, an déi kann een dann als Auswäichléisung bei Renovatiounen nëtzen.

Dann zielt der eis, dass do wou eng Schoul géif gebrauch ginn, eis meeschtens d’Terraien net géifen gehéieren. An wéi ass et dann mam Neiduerf. Firwat wiert sech de Schäfferot sou vehement géint eng Schoul an deem Quartier? Eng Schoul, déi eis Schoulen am Zentrum géif em ongeféier 150 Kanner entlaaschten.

Dann sinn och 150 000 € virgesinn fir eng Vergréisserung vun der Groussgaassschoul. Ech sinn gewuer ginn, dass do sollen Haiser an der Rue de l’église kaaf ginn fir des Schoul ze vergréisseren. Ech hoffen den Här Schoulschäffen kann mir dono an sénger Äntwert bestätegen, dass et hei op kee Fall soll drem goen fir nach méi Schüler an déi Schoul ze kréien. Alléng wann een un dee schon relativ kléngen Schoulhaff dénkt misst engem dat anliichten. Wann et hei soll drem goen d’Qualitéit vun der Schoul eropzesetzen, andeems een zousätzlechen Raum schaaft, déi net fir nei Klassen mee fir aner Aktivitéiten sinn, kéint dat op där anerer Säit interressant sinn. Eppes ähnleches war jo och fir den Ale Lycée geplangt. Déi Schoul misst dringend renovéiert an vergréissert ginn, net fir Plaz fir méi Schüler ze kréien, mee fir déi Schoul un modern Usprech, haaptsächlech wat d’Gréisst vun den Säll betrefft unzepassen. Ech erenneren drun, dass et hei Säll ginn déi mol net hallef esou grouss sinn, wéi de Ministere et recommandéiert. Leider ass deen Punkt net méi am Budget dran. Wat wuel bedeit, dass déi wichteg Aarbechten nach net esou bal gemaach ginn.

Och bei der Kannerbetreiung geet et einfach ze lues weider. Vun där ugekënnegter flächendeckender Kannerbetreiung sinn mir nach wäit ewech. Ausser natierlech bei der Ganzdagsschoul, stinn fir déi meeschten Schoulen  nëmmen fir ongeféier 25 bis 30% vun den Kanner Betreiungsplazen zur Verfügung, just an den Nonnewisen sinn et der mat 40% e bëssen méi. De realen Besoin fir Betreiungsplazen läit awer bei 50 – 60%.

Wat d’Schoulpolitik betrefft mussen mir also feststelle, dass et iech bis elo weder gelongen ass Defiziter aus der Vergangenheet opzeschaffen, nach iech prett ze maachen fir d’Zukunft. Besonnesch wann een bedenkt, dass Esch nach emmer amgaang ass ze wuessen, sou wéi dir et selwer an ärer Presentatioun  beschriwwen hutt.

Dann wollt ech drun erenneren, dass ech der Meenung sinn, dass et sollt en Budgetspunkt fir d’Vakanzenkolonien vun de Schoulen ginn, amplaz dat iwwer d’Subsides extraordinaires ze regelen.

..

Wat Wunnénge ugeet stellen mir fest, dass nach emmer haaptsächlech Wunnénge renovéiert ginn. Dat fannen mir wichteg fir de Leit uerdentlech Wunnéngen ze bidden an dofir ze suergen, dass de Patrimoine vun Esch erhalen bleift. Et kommen awer nemmen wéineg nei Wunnéngen dobäi, an well jo vill vun privaten Leit an vun Promoteuren gebaut gëtt, geet de prozentualen Undeel vun Sozialwunnéngen an Gemengebesetz erof. Et misst also erem méi selwer vun der Gemeng gebaut ginn respektiv et missten Haiser opkaf ginn, déi kënnen renovéiert ginn, an dann als Sozialwunnéng zur Verfügung stoen. De Budget vun 500 000€ fir kënnen nei Haiser ze kafen fannen mir dofir niedereg.

Vun deenen interressanten Projeten, déi dir eis virgestallt hutt, sinn déi meescht net nei, et sinn Saachen déi schon d’lescht Joer am Budget stungen. Vill vun deenen Saachen sinn net esou séier virunkomm wéi virgesinn, zb den Sportzentrum an der Hiehl mat dem Fechtsall. Aner Saachen, déi zum Deel nach mat ganz vill Euphorie bei der Budgetspresentatioun vum leschten Joer virgestallt goufen, sinn emol net ugefangen ginn, an tauchen elo einfach rem op. Ech nennen hei 2 Beispiller: d’Renovatioun vun der Waldschoul an d’Installatioun vun den Chaleten zu Ensber. Sollen mir dann dest Joer gleewen, dass dat nach geschitt?

..

Madame Buergemeeschter, Dir hutt äeren Budget als virsechteg bezeechent. Madame Buergemeeschter en ass zevill virsechteg. Et feelt en Gesamtkonzept an ech géif ären Budget éischter als konservativ an visiounslos bezeechnen. Mir als déi lénk kënnen iech eis Ennerstetzung dofir net ginn, well et e Budget vum Stëllstand ass, oder am beschten Fall vu kléngen punktuellen Trëppelschrett hin an hier. Mir missten awer haut ganz resolut an couragéiert no vir goen, fir dass d‘ Awunner vun Esch a virun allem eis Kanner an der neier Universitéitsstad net zu Randfiguren degradéiert ginn.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe