
Härr Buergermeeschter, Léiw Kolleginnen a Kollegen aus dem Gemengerot, Léiw Press,
Ech ginn zou, dat hätt ech net geduescht. Esou een duerschduechten Schachzuch, hätt ech Iech, obwuel ech Iech mengen ech net ennerschätzen, Härr Traversini, nët zougetraut. Ech selwer sinn opjidferfall bis zum läschten Moment drop eragefall, mee elo kann ech äert Virgoen voll a ganz verstoen an sinn frou dass domadder dem Intérêt vun eiser Gemeng, dem nationalen Patrimoine an der Entwécklung vum Site Rechnung gedroen gëtt. Chapeau muss ech einfach soen. Et ass matt Begeeschterung wou ech dësen Acte stëmmen deen der Déifferdenger Gemeng ab dësem Vote déi voll Verfügung iwert den Terrain gëtt deen zwee Juwelen fir d’Zukunft vun eiser Stad beinhalt : de Lycée respektiv d’Europaschoul an den Hadir-Tower. Elo ass dat enner Dach un Fach an mäer brauchen nëtméi ze fäerten dass duerch iergendwelch Offren vun Investisseuren, Classemementer vun der Kulturministesch oder Last-Minute Changementer vum Compromis oder Acte den Präis vum Terrain an d’Luucht kinnt goen oder d’Prozedur giff verlängert ginn bis mäer als drëttgréisst Stad endlech eisen Lycée kréien. Elo hunn mäer et ganz an der Hand, wëll mat deem Acte ginn mäer Proprietaire vun deem Terrain mat Immeuble en voie de démolition an verpflichten eis, alles tel quel ze huelen wéi et elo do steet. No dësem Vote brauch also just nach den Ofrëssstopp vun Äerch declaréiert ze ginn an dann, kann den Schäfferot een Concours lancéieren fir ouni Zäitdrock déi beschtméiglech Weidernotzung an Renovatioun vum Tower ze plangen. Ech giff virschloen do direkt déi aner 62 Ar déi dann iwreg bléiwen och ze consideréieren an den Bierger hiir Meenung och ze froen. Eng Iddi déi ech do selwer schon mol wollt abrengen ass eng Panorama Terrass uewen um Daach mat Café-Restaurant an den Cahier des Charges ze setzen, dat wäert eenzegaarteg hei am Land, mat esouenger Vue. Opjidferfalls verstinn ech elo firwat de Schäfferot an den Ministär ni schrëftlech den Bierger déi sech fir den Tower agesat hunn, geäntwert hutt, firwat däer am Lëtzebuerger Land keng Stellungnam wollt maachen, firwat d’Ministesch 15 Deeg nom Délai op dem Franz Fayot seng Question Parlementaire eréischt geäntwert hunn. Wann Däer déi ganz Affair elo net schlussendlech esou zum gudden gedréint hätt, hätt däer äerch jo méi missten Gedanken maachen déi Kritiken an Froen déi esou opkomm sinn.
Do ass am Tageblatt gefrot ginn firwat däer als Buergermeeschter den 01/10/2014 nach näischt vum COSIMO Rapport wousst, vun enger Reunioun vum 27/05/2014 wou d’Ministesch jo awer och seet dass si Kontakt mat Iech hat an Iech dat jo bestëmmt net verheemlecht huet, och wann Sie d’Bréiwer net fortgescheckt huet, déi zwuar siewesou nach keen Classement bedait hätten.
Hallewesouschlëmm ass et dann och elo dass et, och erëm laut Tageblatt, onschlësseger schéngt et och dass d’Madam Nagel äntwert et wäer keen sérieusen alternativen Projet ginn, vue que dass Dier eis nach hei am Gemengerot den 01/10/2014 informéiert hutt dass sech een Investisseur gemellt hätt an den Ministär siewesou och direkt informéiert ginn ass vun deenen engagéierten Bierger déi zu 90% entweder zu Déifferdeng schaffen, liewen oder geliewt hunn.
Keng Roll spillt et elo och méi dass däer an d’Ministesch ëmmer erëm behaapt hutt dass den Tower misst ofgerappt ginn fir dass do kann eng Schoulinfrastruktur hinn, wat jo Blödsinn ass vue que dass de Lycée op 260 Ar vun deenen 372 Ar gebaut gëtt an den Tower op 50 vun den 112 Ar déi iwreg bleiwen steet.
Fadenscheineg sinn dann och esou Märescher wéi dass Investisseuren wéi Eric Lux an Flavio Becca dohannert giffen stiechen dass per Force deen Tuerm soll ofgerappt ginn, just well um Internetsite vun Arboria(www.arboria.lu) op deem Plang den Tuerm schon laang net méi existéiert an si vläit spekuléieren an déi Richtung ze erweideren, mee vue que dass si wuel net méi wéi 20.000 Ar do giffen bezuelen an et keng Déifferdenger sinn, wäerten se net vill Chancen hunn an ech hunn mech beim Gemengesekretär informéiert, do ginn et anscheinend e puer Interessenten fir deen Terrain mee konkret ass jo do nach guer näischt.
Genial ass dat Virgoen vun Iech virun allem well dat ganzt fir d’Gemeng elooch finanziell vill méi interessant gëtt an duerch Är Finten ArcelorMittal näischt konnt soupconnéieren an domadder de Präisnet nach méi an d’Luucht gedréckt huet.
Surface totale terrain ArcelorMittal 372,71 Ar
Prix d’achat 15.000 / Ar, 5.479.000 EUR en totale
Surface pour le lycée 260 Ar
Prix de vente 10.000 / Ar, 2.600.000 EUR en totale
Reste terrain (Tower inclus)
112,71 Ar
Prix de vente: 20.000 / Ar, 2.254.200 EUR en totale
Hadir Tower & Terrain: 50 Ar
Prix de vente potentiel, selon offre investisseur : 40.000 / Ar, 2.615.000 EUR en totale
Terrain restant sans Tower et sans terrain pour lycée: 62,71 Ar
Prix de vente potentiel: 10.000 – 20.000 /Ar, 1.127.000 – 2.254.200 EUR en totale
D’Optioun mat der Erhaalung vum Hadir-Tower kinnt also bis zu 6.469.000 EUR and’Gemengekees spuelen bei 5.479.000 EUR Dépensen. Wann den HadirTower ewechgeholl gëtt an den Rescht fir 20.000 EUR den Ar verkaaft gëtt kommen mäer just op 4.485.200 EUR.
E puerFroen stellen sech mäer awer nach:
1) Ass den Asbest korrekt entsuergt ginn? Do ass jo eng Kontrollinstanz genannt mee no vill Ofsecherung huet et do net ausgesinn.
2)Firwat den Acte net um Ordre du Jour vun der Presse stung? Wollt däer dat nach net bekannt maachen an eréischt mat Ofrappstopp kommunizéieren?
3) Wéi gitt däer dann elo fir, well den Délai ass jo elo kuerz fir d’Ofrappen vun der Essenz vum Gebai, den Grey Träger ab e Méindeg ze stoppen. Den Hadir Tower als solches, ouni de Raattenschwanz Terrain & Lycée ass jo nach ni wiirklech diskutéiert ginn. Mee bis e Méindeg kënnt esou eng Décisioun jo schwéier ze stoen dofir ginn ech dovunn aus dass de Schäfferot do seng Responsabilitéit hëllt.
Ofschléissend begréissen ech et also, fir et mat de Wierder vum Christian Petit an dem Robert Philipart ze soen, déi an enger Emmissioun vum 100,7 iwwer Modern Architektur zu Lëtzebuerg gesot hunn dass et een groussen Feeler wär fir den Tuerm ofzerappen, gesoet hunn dass den Hadir Tower soll stoen bleiwen als Repère an enger Stad déi duerch industriell Vergangenheet gebeutelt ginn ass. En ass eng Erennerungun : wat een gebaut huet, wat een geduescht huet, wat eengehofft huet.