D’Budgetsried vum Gary Diderich.

Léif Kolleginnen a Kollegen aus dem Gemengerot, léif Léit vun der Press,

Eng grondlegend Fro, déi däer, Här Buergermeeschter och d’läscht Joer gestalt hutt ass déi vun der politescher Gestaltungsméiglechkeet vun engem Schäffenrot? Däer hutt do den Chiffer vun 13 % genannt, déi  an absoluten Zuelen 10 Milliounen aus dem extra-ordinairen Budget ausmaachen deen een dann kann huelen fir politesch ze steieren. In der Tat ass dat « just » een Brochdeel, plus ou moins 1/9 vum gesammten Budget, mee et ass net näischt an et ass net alles wat d’politesch Gestaltungsméiglechkeeten ausmëscht. Et ginn och Saachen déi een ajustéieren kann innerhalb vum ordinairen Budget an déi kloer politesch Ausrichtungen beinhalten, ech denken do un den Waasserprais, d’Grondsteier, d’generéierenvun Recetten zum Beispill duerch Loyeren an dann awer och déi immateriell Aspekter déi net an engem Budget optauchen an awer och wichteg sinn fir d’politesch Gestaltungsméiglechkeet.

Mäer kréien jo och emmer déi Grafiken déi den Budget illustréieren, net all Aspekt wéi den Härr Schwachtgen schon ugeschnidden huet, mee awer sinn déi emmer interessant fir d’Situatioun ze illustréieren an ze analyséieren. D’Recetten vun den Loyeren sinn do awer leider irreführend esou wéi se do duergestallt ginn, well d’Ausgaben deem net géigeniwergestallt ginn. Esouwuel Chargen wéi och Loyeren direkt, well wann d’Gemeng wéi dat jo och zum Deel den Fall ass, een Gebai lount an fir den selweschten Präis weiderverlount, ass dat jo net wiirklech eng Recette. Ech hunn et dun selwer am Détail nogekuckt an et kann een awer feststellen dass een 7tel, also 570.000 EUR vun 3,5 Milliounen, Dépensen sinn déi deenen Recetten géigeniwerstinn. Dat ass also considerabel an weisst dass dat eng Piste ass déi et sech lount weider ze verfollegen an meng Motioun fir den Bau vun sozialen Mietwunnéngen vun haut giff och dozou beidroen. Et muss een awer och matt arechnen wat soss nach vun Käschten mussen consideréiert ginn fir déi Loyeren ze generéieren. D’Finanzkommissioun huet do jo zum Beispill drophigewissen dass d’Loyeren vun der Kreatiffabrik duerch d’Gestioun an d’Käschten vum 1535° erem opgebraucht ginn, dat ass elo néirens kloer am Budget chiffréiert wat och der Transparenz halber wichteg wäer an Zukunft.

Entwecklung vun der Gemeng an Partizipatioun

Dann wëll ech no dësen finanziellen Eckdaten awer op d’Entwécklung der Gemeng agoen an och wéi d’Bierger, d’Personal an den Gemengerot dodrunner bedeelegt, wéi also déi Partizipatioun, ausgesäit oder och net. Et ass ugekënngt ginn vum Schäferot dass 2016 d’Joer vun der Finalisatioun vum PAG ass, dat ass net déi éischten Kéier dass dat ugekënnegt gëtt, deen schleeft schon éiweg, wat net exklusiv een Reproche un den Schäfferot ass, well och um nationalen Niveau laang d’Prozeduren net geklärt waaren, an awer ass fir mech d’Fro op dat hei einfach als groussen Brocken behandelt gëtt iwert deen laang net geschwuat gëtt bis en beemol komplett steet an dann hei zum Vote wäert stoen, dann froen ech mech wéini mäer als Gemengerot mol méi domadder befaasst ginn an awer och d’Fro wou deen Partizipatiounsprozess drun ass, deen dëst Joer inititéiert ginn ass, mee wann een sech deen aus der Distanz ukuckt dann huet een d’Gefill dass do eng Kaart online gesat ginn ass an Spazéiergäng stattfonnt hunn fir déi een minimum un Pub gemaach ginn ass mee wann een sech net dofir interesséiert huet, huet een net vill dovunner mattkritt. Mäer hunn als Gemeng grouss Panneau’en an der ganzer Gemeng stoen, firwat ass iwert deen Wee zum Beispill net all Biirger opmierksam gemaach ginn op Froestellungen déi d’Entwécklung vun eiser Gemeng uginn ? Zum Beispill matt provokativen Statements ? Bei der Partizipatioun ass et wichteg dass dat keen extra oder Bonus ass, wou een e puer Saachen Pro-Forma mëscht een Label, een Präis oder eng Médaill ze kréien mee et ass eng Haltung an Funktiounsweisen déi sech strukturell an laangfristeg verankeren sollen. Déi Approche gëllt et emzesetzen am Gemengerot, matt den Bierger awer och mam Personal, och zum Beispill wann een neit Gebäi oder een Projet geplangt gëtt, kann een d’Benotzer vun deem Gebäi oder Service vun Ufank un abannen, dat nennt een a Frankräich zum Beispill « Co-Design du service publique » an ass eppes wat sech laangfristeg lount fir all Bedeelegten.

Taxen

Dann kommen ech zum Thema vun den Taxen, do ass d’Wassertaxe eesäiteg läscht Joer eropgesat ginn ass, mam Argument dat wäer Index-gebonnen, mee Déifferdeng huet sech do net wéi soss ofgemaach matt den aaneren SIACH Gemengen ofgeschwuat. Déi Taxe ass doduerch nach méi sozial ongerecht an ökologesch net sënnvoll ginn obwuel den Härr Muller zB. an der Oppositioun nach matt engem gestaffelten Wasserpräis geliebäugelt huet wéi déi Lénk en virgeschléit an en an der LSAP-geféierter Gemeng Monnerech deelweis emgesat ginn ass. Leider schéngt dat elo an der Koalitioun keen Thema méi ze sinn.

Privatiséierung

Och am Beräich vun den Privatiséierungen vun öffentlechen Déngschter widderhuelen ech net alles wat ech selwer déi läscht Joeren gesoet hunn an wat vun Viirriedner gesoet ginn ass, mee bei engem Vote vun engem Budget däerf een net vergiessen dass den neien Stadion, déi nei Schwemm, den Diffbus an den Recyclingzenter privatiséiert geréiert ginn an dat ass fir déi Lénk net mattzedroen.

Ecologie

An Beräich vun der Emwelt ginn et eng Rei immateriell Aspekter, déi net matt héichen Käschten am Budget veranschlagt sinn, déi ech am Numm vun déi Lénk begréissen. Ech denken do un d’Charte transfrontalière an och dass mol den eegenen Energieverbrauch vun Gemengegebäier méi konsequent op den Leescht geholl gëtt, schued dass een dofir op een Pacte Climat huet missten waarden. Opmannst ginn dann déi Recetten déi duerch den Klimapakt generéiert ginn awer och benotzt fir den Bierger ze ennerstëtzen bei sengen Efforten. D!est wuar eng wichteg Fuerderung an eisem Walprogramm an mäer begréissen dann och ausdrécklech dass endlech finanziell Ennerstëtzungen fir d’Stéit kommen wann Privatléit investéieren fir hiiren ökologeschen Foussofdrock deen duerch d’Wunnen entsteet erofzesetzen : Reewaasseranlagen, Isolatioun vun Facaden, an villes méi.

Ech wollt och nofroen wou den Projet Wandpark drun ass, interessant fannen ech och do dem Härr Mangen seng Iwerleeung dass d’Gemeng do soll un den Recetten bedeelegt ginn. Dës Wandrieder wäerten jo och eng Incidence op d’Landschaftsbild fir d’Allgemengheet hunn an deen Agrëff soll gudd duerchduescht sinn, op allefall, wann den Projet realiséiert gëtt, soll d’Allgemengheet dann och un den Recetten bedeelegt ginn. Ech verstinn awer net firwat do nei Gesetzer néideg wären, d’Gemeng ass jo och haut schon un der Sudgaz bedeelegt an kritt do all Joers Recetten eran.

Dann wollt ech och een fir mech positivt Beispill uschwätzen dat d’Entwécklung vun enger Gemeng an Richtung Nohaltegkeet gutt illustréiert : Wolz setzt an Zukunft voll op d’zirkulär Ekonomie, dat sinn méi waitreechend Zukunftsvisiounen, déi do entwéckelt ginn an esou Iwerleeungen soll eiser Meenung och Déifferdeng maachen.

Ech hoffen dass Déifferdeng do elo zum Beispill decidéiert an Richtung Economie Solidaire sech entweckelt an begréissen an deem Beräich dass een Incubateur, also esouzesoen eng Brutstätte wéi se den 1535° zum Deel am Kreativberäich ass, an Zesummenaarbescht matt der ULESS an dem Arbechstministär soll entstoen. Dat däerf awer wéi esou oft net just eng Médaill op der Uniform sinn oder eng Insel an eiser Gemeng mee soll och an d’DNA vun der Gemeng afléissen an transversal an all Démarchen & Projeten afléissen. Do denken ech zum Beispill un den 1535°, deen sech net explizit matt der Economie solidaire befaasst huet bis elo, mee och un nei ekonomesch Initiativen, sief dat an den Commerces de proximité, am Beraich Logement, Hoteler mee och esouguer am Beräich vun den Wëndelen ginn et do Projeten déi een als Gemeng kinnt ennerstëtzen. Ech schwätzen dat just als Beispill un wëll den Härr Mangen den héigend Undeel vun den Wegwerfwëndelen am Müll ugeschwuat huet an et do eng Entreprise Sociale, Nappila, gëtt, déi  Stoffwëndelen ubidd. An der « Eis Epicerie » zu Zolver kann een sech do zum Beispill informéieren. Mee ech woen et esouguer d’Iddi ze lancéieren dass sech an engem Beräich mol een Projet giff lancéieren wou eis Gemeng an eis Syndikater ganz vill ze Käschten ze droen hunn : Wéi wäer et dann wann sech een alternativen Bureau d’Etudes giff als Kooperativ konstitutéieren an d’öffentlech Clienten och Coopérateur giffen ginn an d’Margen déi do entstinn der Allgemengheet erem selwer giffen ze gudd kommen ?

Dann hunn ech och nach eng Fro an deem Beräich : Wat ass aus dem « Leerstandsmanagement » ginn ? Dat Stechwuert ass eng Kéier gefall wéi den City-Manager ugefaangen huet an der Gemeng ze schaffen mee zenterhiir ass dozou naischt méi gesoet ginn.

Mobilitéit

Dann kommen ech zum Beräich vun der Mobilitéit vun déi Lénk begréisst dass och hei eng Walprogrammsfuerderung vun eis mam Vel’OK Projet emgesat gëtt an dass do eben nët op eng privat Entreprise zeréckgegraff gëtt mee mam CIGL Esch op een Akteur vun der Economie Solidaire. Och kommen matt dësen Budget endlech Investitiounen am Beräich vun den Velospisten innerorts an do gëtt endlech e bessi emgeschwenckt.

Mee wann een kuckt wat an Parkingen investéiert gëtt, dann sinn et Peanuts wat do an den Öffentlechen Transport an d’Mobilité Douce par rapport zum Individualverkéier investéiert gëtt. « Wann Rocade realiséiert ass kann een weiderdenken », dat soet den Härr Bürger, mee wann dat weitsichtegt denken soll sinn dann keng eng DP opjidferfalls der aktueller Koalitioun keen Virworf maachen. Eng Explosioun vun Goûten am Mond wäer an der Mobilitéit eppes wéi Kopenhagen, wou d’Velospisten esoubreed sinn wéi Stroossen an wou mengen ech keen sech willt virstellen wat dat giff bedeiten wann déi 20-100 Velo’en déi bei all Kreizung stinn op X Kraizungen beemol op der Strooss als Autoen giffen fueren. An deem Beräich huet den Schäfferot och eng grouss Gestaltungsméiglechkeet déi een schwéier chiffréiert mee déi sech bemierkbar giff maachen wann een hei vill méi grondlegend an konsequent giff eng néideg Entwécklung vun der Gemeng giff viséieren an eng Virreiderroll giff iwerhuelen. An liberalen Termen, well dat verstinn an der aktueller pensée unique vlait déi meescht am beschten, kinnt grad dat een unique selling point ginn vun enger Gemeng an Leit unzéien amplaz esou hallewgebroden Saachen wéi den Projet Anciens Ateliers wou een sech zwuar un Freiburg inspiréiert huet an dann awer d’Käerstéck, neemlech d’Autofräiheet faalen gelooss huet, an elo den Interesse net deen ass deen een sech virgestallt huet.

Mäer laafen der Saach awer hannendrun, maachen elo mol eng Etude an een Gesamtkonzept an hunn awer iwer Joeren schon wichteg Projeten op den Wee bruescht déi dann net méi kennen vun däer méi larger an hoffentlech weitsichteger Iwerleeung profitéieren, déi misst aus esou enger Etude resultéieren, déi amfong ze spéit kënnt, mee besser elo wéi nie.

Dann kommen ech zum TICE, deen ass jo awer een héigen Käschtepunkt, deen ech awer ausdrécklech ennerstëtzen an deen eiser Meenung no esouguer sollt ausgebaut ginn fir och den Diffbus ze iwerhuelen. Mee momentan hunn d’Déifferdenger Bierger keen direkten Accés op de Belval, wat jo awer een néien Aktivitéitszentrum am Süden ginn ass an nach méi wäert ginn. Opmannst eng vun deenen zwou Bus-Linnen déi vun Déifferdeng op Esch fueren kinnt een do vlait upassen, zu Diddleng sinn se zum Beispill op deen Wee gaangen. Eventuell wäer dat fir d’Linn 1 am meeschten ubruescht wëll 2 vun 4 Zuchverbindungen an der Stonn net zu Uewerkuer stoen bléiwen fir d’Leit op den Belval ze féieren.

Kultur

Am Beräich vun der Kultur muss ech soen dass am allgemengen eng ganz Rei flott Saachen organiséiert ginn, mee virun allem bei méi klengen Intitiativen wéi dem Bichermaart déi nämlecht Kränkt besteet wéi bei den Ballades Urbaines am Kader vum Partizipatiounsprozess « Differdange Change » an wéi beim Kids-Day vum Fond-de-gras : et gëtt keng Werbung gemaach oder den absoluten Minimum. Mam Resultat dass zwuar vill Stänn um Bichermaart wuaren mee net vill Leit déi laanscht komm sinn. Domadder frustréiert een d’Leit méi wéi soss eppes an domadder verpufft vill positiv Energie vun villen Leit leider !

Sport

Am Beräich Sport ginn eng Rei Investitiounen gemaach déi gudd an wichteg sinn, ech ginn do net an den Détail well dat ass schon gesoet ginn, virun all stiechen do jo d’Sportshalen zu Uewerkuer an Nidderkuer eraus.

Jugend

Och am Beräich vun der Jugend begréisst déi Lénk d’Investitiounen mee hei mussen mäer awer d’Fro opwerfen opwéienger Grondlag hei d’Décisiounen geholl ginn fir wou an wéi ze investéieren ?  Firwat Jugendhaiser an keen Streetwork ? Firwat emmer encadréiert Espacen ? Firwat den Skatepark dohinner wou en elo geplangt ass an net zwouesch aanescht ? Ech hunn zenter dass ech am Gemengerot sinn gefroet fir een Etat des Lieux, fir een Jugendkommunalplang wéi d’Jugendgesetz et virgesait, ech hunn emol nach net deen kritt deen firun iwer 10 Joer opgestallt ginn ass, wéi den Härr Traversini mäer dat all Joërs hei versprëscht ouni dass ech deen awer zougestallt kréien, wann en dann iwerhapt opgestallt ginn ass….

Punkto Skatepark dann nach d’Fro zum Standort : Den Belval ass net wait vun deem dooten Standort an do ass een immens gudden Skatepark matt der Bedeelegung vun Jonken opgebaut ginn. Deen aaneren Aspekt ass deen vun der symbolescher Plaz déi mäer den Jonken hei ginn : Wëllen mäer déi Jonk an den Zentrum vun eiser Stad / Gesellschaft huelen oder un den Rand vun eiser Stad / Gesellschaft ?

Kannerbetreiung

Am Beräch vun den Maison Relais hunn ech schon begréisst dass et schrëttweis Richtung d’pädagogescht Konzept Weltatelier geet, dat vill méi op Fräiraum, Fräizait an Selbstbestëmmung vun de Kanner setzt. Vue que dass elo esouwuel um Woiwer wéi och am Kornascht Embauaarbescht ustinn ass meng Fro op d’Konzept Weltatelier direkt an d’Embauaarbeschten integréiert gëtt, wëll dat Konzept jo staark op engem räimlechen Aspekter opbaut.

Schoul

Am Schoulberäich begréissen mäer déi Ausbauprojeten an Neibauten déi do op den Wee gebruescht ginn an speziell dass een do direkt op den Wee geet fir Funktiounssäll virzegesinn. Et mëscht eiser Meenung no keen Sënn dass déi eng Halschent vum Dag dat een Gebäi eidel steet an déi aaner Halschent dat aanert Gebäi an a kengem Gebäi déi néideg Räim fir Rou, Kreativitéit, Bewegung, etc. sinn. Wann béides zesummengeluegt gëtt muss awer onbedengt deen Plus dobei erauskommen fir d’Qualitéit vum pädagogeschen Raum. Ganz wichteg ass hei awer d’Akzeptanz bei den Leit, den Härr Liesch huet hei versprach dass d’Leit do bedeelegt ginn an ech wäert dat dann och nofroen an hoffen dat dann positiv bestätegt ze kréien.

Dann wollt ech awer froen wou den Projet vun der Ganzdagsbildungsstruktur drun ass, dat wat soss einfach Ganzdagsschoul genannt ginn ass, ass net am Budget virgesin an ech hunn schon laang naischt méi vun deem Projet héieren ?

Dann wollt ech kuerz op déi international Schoul agoen. Mäer hunn in der Tat nach emmer keng Detailler wéi déi Schoul waert geréiert ginn, wéi d’Selektioun gemaach gëtt vun den Kanner déi kënnen dohinner. Wéi kann een ouni déi Infoen Behaaptungen opstelen wéi den Härr Ruckert, deen behaapt dat giff total laanscht eis Bevölkerung goen an op däer aanerer Sait d’Madame Goergen, déi behaapt dass den Projet méi un eis Bevölkerung ugepasst wäer ??? Ouni Äntwerten op déi Froen ass et schwéier ze jugéieren an deem Dossier an dofir wäer et wichteg, wann däer do méi wësst als Schäffenrot, eis déi Informatiounen herno ze ginn, soss ass den Ministär do wiirklech gefuerdert fir Neel matt Käpp ze maachen an déi Transparenz un den Dag ze léen déi des Regiirung emmer pronéiert.

Chancengläichheet, Integratioun, Inklusioun

Am Beräich Chancengläichheet, Integratioun, Inklusioun hunn mäer jo d’etofféieren vum Service gefuerdert an dunn och ennerstëtzt wéi se komm ass, leider ass do awer eng immens Fluktuatioun an der Personalbesetzung vum Volet Chancengläichheet Mann / Fra, zënter Joëren an ech wollt froen wou déi Neibesetzung elo drun ass déi jo decidéiert ginn ass. Ass deen Posten ausgeschriwen, ginn et do Kandidaturen ?

Mäer hunn do eng Charte ennerschriwen, virun villen Joëren, an et besteet nach emmer keen Plan d’Action, deen awer obligatoresch ass wann een d’Charte ennerschréiwt. Wéini gëtt do erem eng Persoun agestallt, well dat giff natiirlech hëllefen fir d’Opstellen vun esou engem Plan d’Action, mee virun allem awer och fir d’Emsetzen. Et ass awer keng Mussesaach, och eng Kommissioun, wann se engagéiert ass an ennerstëtzt gëtt, kann dat meeschteren, d’Mamer Gemeng huet dat zum Beispill dëst Joër gewissen. Däer mierkt, ech fuerderen an villen beräicher esou Kommunalpläng oder Aktiounspläng, ech denken dat ass wichteg, fir dass een eng Politik op Fakten opbaut an Choixen gemaach ginn, déi diskutéiert ginn sinn, déi een dann kann kontrolléieren an konsequent emsetzen. Politik déi duerch politesch Spiller geprägt gëtt, wou deen een just iwerleet wat der Koalitioun giff gudd bekommen an d’Oppositioun just wat der Kolatioun kinnt schueden, ass net meng Aart a Weis wéi ech Politik gesinn an wann ech äeren Wierder Glaawen schenken och net Äer, Härr Buergermeeschter. An deem Fall sinn esou Aktiounspläng ideal Outilen !

Dofir och am Beräich vun der Integratioun d’Fro, op den Schäfferot gedenkt, deen néien Outil vum OLAI an Syvicol, den Kommunalen Integratiounsplang opzestellen an emzesetzen ?

Wunnen

Et geschitt vill am Beräich Logement. Wann ech dat Thema emmer erem abrengen, ass et net fir ze soen dass net genuch gebaut gëtt. Mee gëtt genuch gesteiert ? D’Eefamilienhaiser ze protegéieren wuar eng wichteg Mesure an och wann verschiddener dat langweileg fannen an an der Obsessioun vum stänneg Neien liewen an dat léiwer hunn wann Gebaier wéi Champignonen agerass ginn an dann erem matt aanerer Struktur aus dem Buedem schéissen.

Mee mäer wëssen amfong nët op dat gebaut gëtt dat ass wat gebraucht gëtt.

Et ass awer gewosst dass et un sozialen Mietwunnéngen feelt.

Vill Leit wunnen zu Déifferdeng an ze klengen Wunnunitéiten, Familljen matt 3-5 Kanner wunnen an Appartementer déi fir 1-2 Kanner geduescht sinn, well se soss näischt um Marché fannen, well d’Promoteuren emmer den maximum aus engem m² eraus wëllen schloen an dat am beschten mattklengen Wunnunitéieten geet.

Wat ech also éischter wëll hei zum Thema maachen, ass sech gudd ze iwerléeen WAT fir een Logement mäer brauchen. Wéieng Besoin’en hunn mäer an eiser Gemeng ? An do ginn et Chiffren an déi hunn ech a menger Motioun kloer duergeluegt :

(-) Considérant que la pénurie de logements et la hausse constante des prix du logement de ces dernières décennies entraînent de plus en plus de personnes dans des difficultés sociales ;

(-) Considérant que plus de deux-tiers des habitants du Luxembourg sont propriétaires de leur logement (70.8%), contre 42.8% des personnes en risque de pauvreté (STATEC 2014);

(-) Considérant que 33,9% des locataires sont concernés par le risque de pauvreté, contre 9,8% des propriétaires (CSL 2015) ;

(-) Considérant que la Ville de Differdange a entrepris des efforts importants dans le domaine du logement (construction par des acteurs étatiques, construction par des privées, AIS Kordall, initiatives du secteur associatif,…)  ;

(-) Considérant que la part des logements sociaux locatifs ne représente que de 2 % du parc immobilier total au Luxembourg, et que maximum 4 % du parc immobilier à Differdange, alors que dans nos pays voisins elle se situe entre 10 et 17 % ;

(-) Considérant que cette situation critique concerne avant tout des familles, des parents monoparentales, des célibataires ainsi que des personnes immigrées. Pourtant, elle est en train de s’élargir à toutes les couches sociales confondues, touchant davantage les jeunes.

(-) Considérant que, malgré les efforts entrepris sur le terrain de la Ville de Differdange, une liste d’attente de 100 personnes existe auprès de l’Office social pour accéder à un logement de l’Agence Immobilière Social (AIS) Kordall ;

(-) Considérant que l’État rembourse jusqu’à hauteur de 75 % les frais de construction de logements sociaux, et que la mise en location de tels logements par la commune permettra d’augmenter les recettes ordinaires ;

(-) Considérant que chaque année il faudrait construire 3.000 nouveaux logements selon le LISER, et qu’il faudrait construire entre 12.000 (Chambre Immobilière) et 20.000 (Caritas) logements sociaux additionnels à ceux existant déjà au Luxembourg. Proportionnellement à sa population la Ville de Differdange devrait donc construire entre 600 et 1000 logements sociaux locatifs.

Op däer aanerer Sait feelen ganz vill Chiffren.

Ech hunn och vun Iech Härr Buergermeeschter nach emmer déi Chiffren net kritt déi däer an der Setzung vum 11/11/2015 virgedroen hutt an wou et néideg waer méi genee kennen ze kucken wat fir een Typ Wunnéng do jeweils emmer gemengt ass.

Wat giff eng decidéiert an konsequent Interventioun vun der Gemeng an deem Beraich, duerch den Bau vun eegenen sozialen Mietwunnéngen, bedaiten ? D’Kaafkraaft vun den concernéierten Leit giff eropgoen, hiir Liewensemstänn giffen verbessert ginn an domadder och hiir Chancen aus prekären Situatiounen erauszekommen giffen eropgoen. Dat hätt och eng positiv Auswierkung op dem Office Social, den lokalen Commerce,…

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stad Esch hunn zousätzlech zu den Wunnéngen vum Fonds de Logement eegen sozial Mietwunnéngen, firwat iwerhuelen mäer als drëttgréisst Stad eis Verantwortung do nët ?

Ech hunn bis haut nach keen trëfftegen Grond héieren, firwat d’Gemeng do net selwer aktiv gëtt an investéiert ? Deen eenzegen Soupcon wou ech hunn, ass dass et net déi Bevölkerung ass déi sech gewënscht gëtt. Dofir ass d’Gemeng jo mengen ech och éischter an Richtung vum Projeten wéi den  Anciens Ateliers obwuel do den Interesse dann bei weitem net esougrouss ass wéi een sech erwaard huet.

Mäer mussen déi Fro och am Kader vun der méi larger Entwécklung vun der Gemeng gesinn. Mäer kënnen net onendlech wuessen an einfach droplass bauen. Den Härr Schwachtgen huet d’Chiffren ernimmt. Dofir kann et net méi éiweg waarden fir matt engem Kaaf- & Bauprogramm unzefänken. An ech soen explizit och Kaafprogramm, wëll et muss een net onbedengt néi bauen fir sozial Mietwunnéngen ze schaaffen, et kann een och besteend Haiser an Résidencen kaafen, wéi d’Gemeng et jo schon an der Rue de la Métalurgie gemaach huet, dat Haus wat elo vum Fonds de Logement geréiert gëtt.

Den Härr Hobscheit huet bedauert dass ech déi Berechnungen net éischter kommunizéiert hunn ?? Ech hunn se an der Logementskommissioun virun villen Méint schon abruescht, frot Ären Noper den Härr Antony, ech hoffen dass Däer Äerch an Äerer Sektioun iwert d’Aarbeschten an den jeweilegen Kommissiounen heiansdo austauscht. Kommissiounen sinn net do fir d’Saachen auf die Lange Bank ze schieben. Mee wann d’Koalitiounsbänk net den Courage huet fir elo matt dësem Budget an déi Richtung ze goen dann wäert ech secherlech an der Kommissioun weider drun schaffen. Mee déi heiten Propose vun déi Lénk wuar esou laang ugekënngt wéi nach keng déi ech bis elo hei an dësem Gemengerot erliewt hunn an déi Rechnungen sinn naischt neies, ech feilen se just vun Joer zu Joer méi aus, well ech d’Hoffnung net opginn dass Fakten kënnen iwerzeegen. Entweder et ass een Wëllen do oder net.

Link op Stellungnahmen vun den Gemengenrotsmemberen : http://www.differdange.lu/administration/divers/infoblat/seance-du-16-decembre-2015/

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe