Dausende vu Léit aus der Gemeng Suessem hunn géint de Contournement ëffentlech manifestéiert (24. Juli 2014) a schrëftlech protestéiert.
Weder de Suessemer Gemengerot, nach den zum Thema gegrënnten Aarbechtsgrupp „Contournement“, an deem esouwuel all d‘Parteie wéi och d’Biergerinitiativ an Natur&Ëmwelt vertruede sinn, sinn informéiert iwwert dem Minister seng aktuell Décisioun betreffend de Bau vun engem Tanklager an déi ëmstridden Ëmgehungsstrooss ëm Käerjeng, obwuel ofgemaach war, si géinge lafend iwwert d’Entwécklungen an dem Dossier informéiert ginn.
Mat Erstaunen a Befriemen huele mer duerfir zur Kenntnis, dass de François Bausch, Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, de Méindeg, 25. Abrëll op en ëffentleche Virtrag betreffend den Tracé vum „Contournement em Käerjeng“ an den Artikuss, Festsall zu Zolwer (Suessemer Gemeng) invitéiert.
D’Formuléierung „Présentation publique sur le tracé du contournement de Bascharage“ léist dorop schléissen, dass de Contournement gebaut gëtt. D’Fro déi sech dann allerdéngs stellt ass déi, ob den Här Minister dat einfach esou decidéiert huet ouni mat de betraffene Schäfferéit ze schwätzen?
Mär hunn de Suessemer Schäfferot gefrot direkt eng Drénglechkeetssëtzung vum Gemengerot an vum Aarbechtsgrupp „Contournement“ anzeberuffen.
Patrizia Arendt, Gemengeréitin