Merci, Här Buergermeeschter, dir Damen an Häre vum Schäfferot a Gemengerot, ech sinn effektiv frou, datt Dir mir d’Geleeënheet gitt, mech virzestellen an dann an engems d’Schwéierpunkten ze nenne vu menger Aarbecht an deenen nächste Méint hei.
Wann ech haut d’Éier hunn, am Diddelenger Gemengerot ze setzen, ass dat well Déi Lénk an hire Statuten de Prinzip vun der Rotatioun stoen hunn. Mir mengen nach ëmmer, datt d’Rotatioun méi Virdeeler huet wéi Nodeeler. Si erlaabt eng nei Dynamik, si erlaabt méi Leit an d’Verantwortung ze huelen a si verhënnert, datt d’Leit als professionell Politiker vun hirem Amt ofhängeg ginn. Ech wëll ganz kloer hei menge Virgänger, dem Marcel Lorenzini an dem Nathalie Haas Merci soe fir déi Aarbecht, déi si geleescht hunn an ech wäert mir dann och Méi ginn, am Sënn vun der Gemeng hei konstruktiv matzeschaffen.
Ech well och de Beamte vun der Gemeng Merci soen, datt si mir et erméiglecht hunn, a gudde Konditiounen hei unzefänken.
Ee Punkt, dee mech méi beschäftegt, datt sinn d’Finanzen. Ech war 16 Joer laang um Enn vu menger Carrière Chef vun engem Comptabilitéitsservice, wou 20 Leit geschafft hunn. Ob een elo, wéi a mengem Fall, d’Comptabilitéit kuckt vu landwirtschaftlechen – oder Wënzerbetriber, oder déi vun enger Gemeng oder déi vun engem Spidol, do gëtt et am Prinzip a vun der Struktur hier, net vill Ënnerscheed. An deem Sënn muss ech deem, wat d’LSAP an hirem leschte “De roude Fuedem” schreift, Recht ginn: d’Finanze vun dëser Gemeng si gesond an ech fannen, wann eppes Luef verdéngt, da soll dat och erwähnt ginn.
Ee Punkt, dee mir ganz um Häerz läit, dat ass awer datt an eiser Lëtzebuerger Gesellschaft d’Ongläichheeten an d’Aarmut zouhuelen.
Ech mengen, dat ass bedingt duerch meng Familljegeschicht. Vu mengem Papp senger Säit haten d’Grousseltere jüst gebaut, also Schold gemaach, wéi d’Crise vun 1929 ugaang ass an d’Gehälter, an hirem Fall ëm 20%, méi kleng gi sinn. Dat war fir si eng ganz schwéier Zäit. Op der Säit vu menger Mamm, ech soen ëmmer, de Grousspapp war Bauer, eigentlech méi Doléiner wéi Bauer, an en hat méi Kanner wéi Hektar Land. Am Éislek heescht dat iwwregens e Kräizerbauer, also een deen all Dag säi Kräiz dréit, am Géigesaz zu deene räiche Baueren, déi dann Härebauere sinn. Dat huet dann dozou geféiert, datt iergendwann dee Betrib net méi duer gaangen ass fir d’Kanner iwwert d’Ronnen ze bréngen. De Grousspapp ass dunn 1934 op Déifferdéng an d’Minière schaffe komm. Dat féiert dozou, datt a menger Famill dann de Grousspapp an zwee Monnien Mineurë waren an dräi aner Monnien op der Schmelz geschafft hunn.
Ech mengen hei am Gemengerot sinn aner Leit, déi eng ganz ähnlech Familljegeschicht hunn, deenen et haut och vill besser geet wéi hiren Elteren a Grousselteren. Mä dat féiert dozou, datt dee Punkt vun den Ongläichheete mech awer staark beréiert.
Egal lo ob een de Panorama social vun der Chambre des Salariés kuckt oder de Sozialalmanach vun der Caritas, do gesäit een déi nämlecht Evolutioun, déi net gutt ass, nämlech datt an deene leschten zwanzeg Joer d’Differenze méi grouss gi sinn hei an dësem Land, net nëmmen um Niveau vum Akommes, mä och um Niveau vun der Gesondheet. An datt mir ee Phenomen hunn, deen awer zimlech nei ass, nämlech wat op Englesch genannt gëtt «the working poor»,also Leit, déi schaffe ginn an trotzdem nët genuch hu fir domat iwwert d’Ronnen ze kommen. An dat sinn der an der Tëschenzäit vill hei zu Lëtzebuerg. Méi schlecht drun ass jüst nach Spuenien a Griicheland ënnert der EU -15. Bei eis sinn et ëmmerhin 15% vun deene Leit, déi Deelzäit schaffen, déi ënnert der Aarmutsgrenz am Aarmutsrisiko leien. An och 10%, déi Vollzäit schaffen. Domat well ech net soen, datt d’Gemeng Diddeleng op deem Gebitt näischt géif maachen. Ech denken am Contraire, datt et eng vun deene Gemengen ass, déi e groussen Asaz op deem Gebitt weist. Mä déi Zuelen, déi ech elo genannt hunn, weisen einfach, datt souwuel op nationalem Niveau wéi och op Gemengenniveau, op deem Niveau nach net genuch gemat gëtt an do wäert ech mech dann och asetze bei all Initiative, déi do an déi richteg Richtung geet.
Da kommen ech zu zwee Punkten, déi eigentlech zu där Situatioun féieren, déi ech elo grad beschriwwen hunn, dat ass de Wunnengsbau an d’Aarbechtslosegkeet. Ech ginn op déi Themen elo net vill an, well ech am Laf vun deenen nächste Méint nach wäert d’Geleeënheet kréien, op déi eenzel Punkten zreck ze kommen.
Ech wollt awer zwou Saache soen zum Wunnengsbau. Ech wier frou wann d’Gemeng géif d’Initiativ huelen, vill méi Leit d’Méiglechkeet ze ginn, selwer Bau – Projeten anzereechen a selwer ze bauen, am Kader vun deene Méiglechkeeten, déi si eben hunn.
Ech denken do un de Quartier Italien. Wann een do e Promoteur oder méi Promoteure gewäerde gelooss hätt, da sténgen do wahrscheinlech rechteckeg Bléck fir d’Lëtzebuerger Mëttelklass; ech fannen, de Quartier, dat ass e ganz flotte Quartier, e ganz villfältege Quartier an och en harmonesche Quartier, ebe grad well d’Leit do selwer gebaut hunn. Wann ech dann doduerch spazéieren, gesinn ech Haiser, déi si keng zwee Meter breet an aner Haiser, déi si keng zwee Meter déif. An trotzdem hunn d’Leit do gewunnt. Si haten eng Wunneng, et war flott do ze wunnen, et ass eng Vielfalt an deem Quartier. Ech ka mir net virstellen, datt e Promoteur esou eppes géif bauen. An duerfir denken ech eben, datt et e gudden Usaz ass, de Leit op deem Gebitt, natierlech an engem Gesamtkonzept wat d’Gemeng ausschafft a wou si Konditioune setzt, mä de Leit en Initiativrecht ze ginn.
E weidere Punkt – ech hun dee mat menger Virgängerin gemeinsam, datt ech Student sinn, ech profitéiere vu menger Pensioun fir e Master a Mediatioun, also a Konfliktléisung op der Uni Belval ze maachen – an dofir wëll ech dann och vun där Uni schwätzen. Am September d’lescht Joer bei der Rentrée, déi déi éischt Rentrée um Belval war, sinn do 2.000 Studente komm. Dësen Hierscht, also elo den nächste September sinn et der 3.000, an an zéng Joer sinn et der 6.000, an ech fannen, do muss Diddeleng duerfir suergen, och eng Universitéitsstad ze ginn. Vläit elo net mat Universitéitsgebaier mä am Accueil vu Studenten. Fir meng auslännesch Kollegen, déi bei mir an der Klass sinn, do sinn déi 20 Kilometer tëschent Diddeleng a Belval iwwerhaapt keen Thema : déi si ganz aner Dis-tanze gewinnt an dofir soen ech mir, wann do 4.000 Studente bäikommen an deenen nächsten zéng Joer, wier et wierklech net méi wéi richteg, datt op mannst 10%, fir elo mol e Chiffer ze nennen, hei op Diddeleng wunne kéimen. Dat sinn der 400 Stéck. Natierlech muss een dann awer och d’Weichen elo leeë, well soss ass herno den Zuch fort an et ass ze spéit.
Da kommen ech bei mäi leschte Punkt an do wier ech eigentlech interesséiert, ze wëssen ob hei an dësem Sall een eng Wäschmaschinn huet, déi en och nach benotzt, déi 30 Joer al ass ? Ech mengen, dat ass net de Fall. Firwat d’Wäschmaschinn ? Eng Wäschmaschinn an eng Nuklearzentral hu gemeinsam, datt se eigentlech waarmt Waasser produzéieren. A wa keen hei eng Wäschmaschinn huet, déi 30 Joer al ass, ass dat, well ech denken, datt Dir denkt, datt déi dann net méi richteg funktionéiert.
An ech muss soen, déi Virstellung vu Cattenom, dat ass fir mech e bëssen eng Horrorvirstellung. Ech wier scho frou wa mir kéinten Aktioune gemeinsam hei am Gemengerot starte fir zum Stop vun där Atomzentral do bäizedroen.
Dat heescht dann awer och, datt ee muss konsequent sinn. Wa Cattenom zou gemat gëtt, da geet et net, fannen ech, datt en dann am Fonds de Compensation, also an eisem Fong vun de Pensiounsreserven, weider an EDF an AREVA investéiert a vun deene Gesellschaften Aktie keeft. Niewebäi gesot sinn déi Sue schlecht ugeluegt, well EDF päift finanziell um leschte Lach. An scho mat Tepco, dem japanesche Bedreiwer vun e. a. den Nuklearzentralen zu Fukushima, huet de Pensiounsfong 700 000 Euro hänke gelooss.
Wann ee wëllt Cattenom zou maachen, fannen ech, geet et och net, datt een da fir esou Firmae wéi Océane Ré, dat net grad eng Offshore Firma, mä eng Firma vun EDF ass, déi dann hei Steiervergënschtegunge kritt an hei empfaang gëtt fir datt se am Frankräich keng Steiere brauch ze bezuelen.
A wann ee Cattenom well zou maachen, da mengen ech, geet et och net, datt een do de Stroum akeeft. Also, do ass Munches ze maachen.
Ech fannen et awer äusserst wichteg, well jidderee vun eis weess, datt bei engem mëttleren Ongléck zu Cattenom, kënne mir d’Lëtzebuerger Land an och Diddeleng vergiessen, trotz deene villen Efforten, déi an deene leschte 70 Joer gemaach gi si fir hei eng flott a liewenswäert Stad opzebauen.
Ech soen iech op jiddefall Merci fir Är Opmierksamkeet, Merci fir Äre léiwen Accueil haut de Moien an ech hoffen op eng gutt Zesummenaarbecht.