déi Lénk-Gemeng Suessem maachen den offiziellen Dossier zum geplangte Contournement vu Käerjeng hire Memberen – an dem Public – HEI zougänglech.*
Mir soen der Suessemer Gemeng Merci, dass sinn déi vill Pabeiersdossiers gescannt huet an et esou erméiglecht huet en ëffentlecht Dokument och digital zougänglech ze maachen, esou dass gläichzäiteg, vill interesséiert Biergerinnen a Bierger kënnen drop schaffen. Et kann een natierlech och op d’Gemeng den Dossier kucke goen.
Bis den 8.Juni nach kënnen d’Leit an och d’Organisatiounen “Observatiounen” an “Objektiounen” op hirer Gemeng erareechen.
Den 28.Juni ass um 19.00 am Gemengenhaus zu Bieles eng ëffentlech Unhéirung vun allen Intresséierten.
All d’Detailer vun deeër Prozedur fann der ënnert http://www.sanem.lu/actualite-avis-au-public-contournement-de-bascharage.
Fir déi Lénk ass de Bau vum Contournement ëm Käerjeng, eng zousätzlech Strooss duerch oder niewent eis gemeinsam, NATURA2000-Gréngzone, e NOWAY! Et gëtt vill gutt an aliichtend Argumenter fir nohalteg, bëlleg a schnell Léisungen am Raum Suessem-Käerjeng – an doriwwer eraus – ze fannen.
Eng 0 Variante heescht net dass alles bleift wéi et ass, an, dass näischt soll gemaach ginn, ma am contraire bedeit dat eng verantwortlech, zukunftsweisend Problemléisung mat den haitegen technesche Méiglechkeeten an urbanisteschen Erkenntnisser. All nei Strooss bréngt nei Problemer, dat si mer eis all bewosst! Firwat dann net grad elo deen Däiwelskrees duerchbriechen! D’Problemer vun haut kann een net mat de Mëttele vu viru 40 Joer léisen!
Anescht Denken, anescht Handelen, dat ass verantwortlech, solidaresch,fortschrëttlech a nohalteg.
Mer kommen an de nächsten Deeg méi am Detail op d’Thematik zréck.
*Wann dir op de Link clickt, dann hu Dir Zougang op d’Avis an op 5 Dossier’en mat all den Etuden a Pläng, alles am Format PDF. Wann dir op en Dokument oder e Plang clickt, geet et op an et kann een et uewe riets mat der Optioun “Herunterladen” bei sech um Computer ofspäicheren. De ganzen Dossier (1,5 GB) kann och als Zip-Datei rofgeluede ginn.