Prost Neijoer.

Et ass e flotten a gudde Brauch sech géigesäiteg um läschten Dag vum Joer alles Guddes a Léiwes ze wënschen fir dat neit Joer, also fir den Dag drop. Des Traditioun ass en empatheschen, sympatheschen an duerchaus noutwendege Geste fir nees Courage a Kraaft fir déi nei Erausfuederungen, déi virunn eis leien, an mir nach net all kënne virausgesinn, ze schaafen. 

Wat mer awer wëssen ass, dass et, fir dass dat Joer besser soll gin, sech Saache mussen änneren : méi Fridden, méi Gerechtegkeet, méi Gläichberechtegung, méi Solidaritéit, méi Matsproocherecht a méi Eierlechkeet…. Jiddfereen kann dat beliebeg complétéieren. 

Dat alles kënnt net vum selwen. Do musse mer all eng Hand mat upaaken a jiddfereent a jiddfereen ass opgefuedert säint bäizedroen, no beschtem Wëssen a Gewëssen.

Meckeren, lamentéieren a verzweifelen hëlleft just deenen, déi all déi Ongerechtegkeeten an de Misär, mat dem mer eis eramklappe mussen, verursacht hun a gudd dorunner verdingen. 

Mir ruffen all verstänneg Mënschen op, jonk, aal, weiblech, männlech oder soss, sech ze wieren, net alles einfach ze schlécken, ma ze hannerfroen, ze froen, ze fuederen a selwer eng Hand mat unzepaken fir dass 2017 besser gëtt wéi 2016 a mir all e Schrëtt viru kommen, op eisem Wee an eng Gesellschaft wou Fridden, Gerechtegkeet, Gläichberechtegung, Solidaritéit, Matsproocherecht an Eierlechkeet eppes bedeiten a keng Schlagwieder sinn wéi an enger Pub déi eis eng „beschtméiglech Welt“ virgaukelt. 

Ich kann freilich nicht sagen, ob es besser werden wird wenn es anders wird; aber so viel kann ich sagen, es muß anders werden, wenn es gut werden soll.

Georg Christoph Lichtenberg (1742-1799)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe