Äntwert op eng Motioun vun der CSV zu Sëcherheet am Gemengenhaus.

Äntwert am Gemengerot (21.10.16) vum Laurent Biltgen op eng Motioun vun der CSV zur Secherheet am Gemengenhaus, déi ënner anerem d’Präsenz vun engem Secherheetsbeamten an den Asatz vun Kameraen am Agangsberäich gefrot huet.

Wann Leit sech onsécher spieren, soll een dat seriö huelen. Et bréngt awer och näischt fir an Aktionismus ze verfalen an iergendwelch Mesuren ze huelen. Et ass net well eng Mesure opfällt, dass se och gutt ass respektiv, dat bréngt wat ursprénglech geduecht war; an dësem Fall, dass d’Leit sech méi wuel spieren oder, dass wierklech fir méi Secherheet gesuergt ass.

Mir därfen och net vergiessen, an wéi engem Kader mir hei sinn: D’Gemengenhaus soll opp sinn fir all Bierger, an eng accueillant Atmosphere bidden. D’Leit solle sech wëllkomm spieren, wann se eran kommen. An där Idee ass jo och eist Biergeramt deemols geplangt ginn: en oppenen Raum wou de Bierger an der Mëtt setzt.

Eng drëtt Saach ass dann och, dass et an all deenen Joeren net zu vill Zwëschenfäll komm ass. Mir schwätzen hei vun zwou Saachen, wou bei der éischter jo mol keen seriöen Grond virlung, mee d’Gemeng just präventiv geraumt gouf.

Dat selwecht gëllt iwwregens och fir déi aner gréisser Stied zu Lëtzebuerg: d’Stad Lëtzebuerg, Déifferdéng an Diddeléng, wou et weder bemierkenswert Zwëschenfäll gouf nach besonnesch Mesuren gehol ginn. Et sinn all Kéiers oppen Gebaier, déi fräi zougänglech sinn, an wou et just eng Receptioun, déi mat Gemengenugestellten besat ass, am Agangsberäich gëtt.

Esch ass och net méi onsécher wéi déi genannten Stied, mee wann elo déi escher Politiker selwer matmaachen, beim Esch-bashing an eis Stad erofmaachen, dann ass et kee Wonner, wann d’Leit Angscht kréien.

“Angst ist ein schlechter Ratgeber,” seet een aalt däitscht Sprachwuert. Angscht, Panik an Hysterie verbreeden ass genee dat wat d’Terroriste wëllen, awer och rietsextrem Politiker déi sech dovunner Stëmmegewënner erwoarden. Ech hoffen, dass d’CSV sech bewosst ass, dass si sech hei op engem geféierlechen Terrain beweegen.
Mat desem am Kapp well ech elo op déi 5 Punkten vun der Motioun agoen:

1.     Am 1. Punkt gëtt gefrot fir Changementer um Gebai virzehuelen, fir d’Gebai méi sécher ze maachen. Et geet awer net riets un wéi eng Mesuren hei geduecht gëtt. Bei allen Ännerungen, déi kéinten gemaach ginn, misst awer emmer den Grondprinzip vun engem oppenen Gebäi erhalen bleiwen. Ech hoffen, dass et der CSV hei net virschwieft fir erem Guicheten mat Glasscheiw opzeriichten, oder ähnleches.

2.    Als zweet Demand schreift d’CSV et sollt en Sécherheetskonzept erstallt ginn. Natierlech sollt et fir all ëffentlecht Gebai esou eppes ginn, an dat sollt och regelméisseg iwwerschafft ginn an un nei Entwécklungen an Ufuerderungen ugepasst ginn.

3.    Och den 3. Punkt ass eppes wat op der Hand läit, an esou wäit ech weess sinn et och schonn Formatiounen an déi Richtung ginn. Natierlech fannen och mier, dass eist Personnal sollt regelméisseg Formatiounen maachen, fir zB ze deeskaléieren, wann e Bierger sech, aus wéi engem Grond och ëmmer, dernieft behëllt; an natierlech och fir déi richteg Reaktiounen ze léieren fir bei enger eventueller Aggessioun oder reeller Gefor ze reagéieren. Ech denken, dass dat hei déi wichtegst Mesuren sinn, fir eist Personal an och de Bierger optimal ze schützen.

4.    Deen nächsten Punkt ass awer fir eis en absoluten No-Go. Wat soll dann iwwerhaapt esou engem Sécherheetsbeamten séng Aufgab respektiv séng Befugnisser sinn? Därf déi Persoun Fouillen maachen, därf se Leit erausgeheien, déi him louche virkommen. En plus ass den Asatz vun Secherheetsbeamten absolut kontraproduktiv, well d’Leit sech duerch hier Präsenz net méi sécher, mee méi onwuel fillen. Ech méngen net, dass déi 2 Virfäll an all deenen Joeren, wou mir d’Biergeramt hunn et rechtfertegen e ganzt Konzept vun Oppenheet op d’Kopp ze geheien andeems esou Mesuren geholl ginn.

Dobäi kënnt dann jo nach, dass wahrscheinlech no der Virstellung vun der CSV an och vläit aneren heibannen, déi Aufgab sollt vun enger privater Sécherheetsfirma iwwerholl ginn an net vun der Gemeng selwer sollt assuréiert ginn. Mir hunn eng Receptioun am Agangsberäich, wou eis Ugestellten setzen, déi jo gesinn, ween eran an eraus geet, déi sollten déi néideg Ausbildung an Méiglechkeeten kréien fir am Fall vun Gefor oder Probleemer Hëllef ze ruffen. Et ass jo och esou, dass am Biergeramt ni en Beamten alléng ass mat engem Client, sou dass bei Probleemer ëmmer Kollegen do sinn, déi kéinten agräifen oder Hëllef ruffen.

5.    Zum 5. Punkt: Ech weess, dass de Ruff no Kameraen vun der konservativer Säit ëmmer ganz grouss ass an fir vill Leit de Garant ass fir méi Secherheet. De Probleem ass, dass dat eben net stëmmt: Kameraen eegnen sech am beschten Fall, fir am Nohinein eventuell e Crime opzeklären, si sinn awer als Präventioun, net dat richtegt Mëttel. Et ginn e puer Plaazen, wou den Asatz vun Kameraen am ëffentlechen Raum kann Sënn maachen, an wou och mir net dergéint sinn, wéi zB Parkhaiser oder d’Hal vun enger Gare, Plazen, déi oniwwersichtlech, däischter oder eidel sinn. An iwwersichtlechen Raimlechkeeten wéi d’Entree vun enger Gemeng awer, bréngt eng Kamera räichlech wéineg, ausser, dass een kann soen: „Mir hunn awer eppes gemaach, mir hunn Kameraen opgehaang.“

Et sinn schon ëmmer Konflikter an eiser Gesellschaft ginn an dat wärt och esou bleiwen. D’Héichrüsten vun der ëffentlëcher Hand wäert déi Probleemer net léisen, an dofir wëllen mir déi Motioun vun der CSV net ënnerstëtzen.

Laurent Biltgen, 21.10.2016

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe