Virstellung vun der Motioun fir eng nohalteg Energiepolitik, no bei de Bierger an de Betriber v.d. Stad.

Virstellung vun der Motioun fir eng nohalteg Energiepolitik, no bei de Bierger an de Betriber v.d. Stad (CC 06-02-2017)

D’Motiver vun deser Motion sinn:

(a) d’Engagementer, déi d’Lëtzebuerger Regirung op der COP21 zu Paräis geholl huet fir d’Zäregaser ze reduzéieren, an déi op allen Entscheedungsniveau-en, also och an de Gemengen sollen ëmgesat ginn.

–> grouss Erausfuederung, bis 2020 d’Emission vun CO2 ëm 20% abis 2030 ëm 40%  par rapport à 2005, ze reduzéieren. Dat geet nëmmen, wann op lokalem Plang entscheedend ëmgeduecht a gehandelt gëtt.

(b) d’Realiséierung vun de Objektiver vum Koalitiounsvertrag DP-déi Gréng am Energieberäich, nämlech:

(1) eng nohalteg Energiewirtschaft ze encouragéieren,
(2) e Klimaplang als integréierten Deel vum Ëmweltplang opzestellen
(3) ekologesch Renovatiounsmoossnahmen ze ënnerstëtzen mat Hëllef vun Subventiounen, déi u sozial Kritären gebonne sinn
(4) an d’Energieaarmut ze bekämpfen.

(c) déi ëmmer méi grouss Wichtegkeet vun der dezentraler nohalteger Energieproduktioun zum Nodeel vun de groussen fossilen an atomaren Zentralen. Dat ass kloer aus dem Virtrag vum Dr Leprich an der zouener Gemengerotssitzung vum 11.Abrël ervir gaangen;

(d) a schliisslech d’Opstellen vun engem neie PAG fir d’Stad; mir sollte vun de Méiglechkeeten profitéieren, déi d’Opstellen vun neie Bauviirschrëften der Gemeng an de Beräicher Energiespueren, Energieeffizienz an Klimaschutz bidd;

Fro vum Standuert –> effizient Siedlungsstrukturen –> an d’Schemas directeurs integréieren – Mir fannen do eng stereotyp Formulatioun: ”Le nouveau quartier doit garantir la meilleure orientation possible et favoriser des constructions à haut rendement énergétique.”

Et sollt een do folgendes bedenken:

Bereits auf der Ebene der Planung von Baugebieten wird nämlich eine Vorentscheidung getroffen ,was den Energieverbrauch und die Energieversorgung angeht:

(-)Bei neuen Lotissementen soll eine zentrale Energieversorgung mit Nahwärmenetz bedacht werden. In diese Richtung kann die Gemeinde dem Promotor diesbezügliche Auflagen erteilen (im Rahmen der Reform des Gesetzes betreffend die Flächennutzung von 2004 wird die Möglichkeit einer derartigen Vorgabe explizit eingeführt)

(-)Eine optimale Südausrichtung der Wohnungen und Gebäude soll gewährleistet sein sowie die Grenzen einer gegenseitigen Beschattung ausgelotet werden. So können bereits von vorneherein bis zu 15% und mehr Energie eingespart werden.

(-) Kompakter Wohnungsbau

(-)Bei Neubauten soll die Integration von Solarzellen zwingend bedacht werden .

D’Kommodo-Inkommodo-Prozedur ass e Moyen, wou  d’Gemeng fir energiespuerend Moossnahmen a fir d’Notzung vun erneierbaren Energien antriede kann.

An deem Sënn schléit dës Motioun vir  (an do gi mer konkret Beispiller, wat dat bedeit)

(1) sech dofir anzesetzen, dass d’Gemeng – notamment och vun ENOVOS/CREOS – fiabel Donnée-en geliwwert kritt, sou wie dat an der zouener Gemengerotssitzung vum 11.Abrël 2016, wou och d’Direktiounen vun ENOVOS a CREOS dobäi waren, gefuerdert gi war.

(2) déi kuerz-, mëttel- a laangfristeg Energiestrategie vun der Gemeng am Beräich vun den Ziler,de Mëttelen an de Methoden à jour ze setzen, wat den Energieverbrauch, den Undeel vun erneierbaren Energien, d’Energieeffizienz an d’Energiekooperatioun ugeet;

(3) a Saachen Energiekooperatioun d’Bierger an d’Betriber anzebannen an d’Opstellen an d’Ëmsetzen vun deeër iwwerschaffter Strategie, souwuel wat de Verbrauch, wéi och wat déi dezentral Produktioun vun Energie ugeet

– deen eenzel Bierger sollt informéiert ginn iwwer d’Méiglechkeeten vun der Solarenergie
– a sengem  konkrete Fall an et sollt him Hëllef ugebueden  an Ureizer geschafe ginn
– Haus-zu-Haus-Besichtegungen solle méiglech sinn
– thematesch Informatiounsdeeg an der Gemeng sollten organiséiert ginn

–> et sollt eng aktiv Politik gemaach an net ofgewaart ginn, dass op der Basis vun enger Internetsäit oder enger Brochure eppes un eis eru gedroe gëtt!

Wat speziell d’Energiekooperatioun mat de Betriber ugeet, däerf d’Gemeng sech bei der Opstellung vum Energieplang net op hir eegen Verwaltung limitéieren, mä si muss och d’Privatbetriber an d’Energiespuermoossnahmen an an d’Reduktioun vun Zäregaser mat abzéien. Et muss ee fortkommen vun der heiteger Praxis, dass vun dem Moment un, wou eng Betribsgenehmegung erdeelt gouf, ignoréiert gëtt, wat a punkto Energieverbrauch an de Betriber geschitt!

Et muss ee fortkommen vun der heiteger Praxis, dass vun dem Moment un, wou eng Betribsgenehmegung erdeelt gouf, ignoréiert gëtt, wat a punkto Energieverbrauch an de Betriber geschitt!

Eng Méiglechkeet wär zum Beispill, zesummen mat de Betriber e System fir Ëmweltmanagement op d’Been ze stellen, sou wéi dat zanter 20 Joer am Saarland geschitt. Hei kéint de Schäfferot sech emol am Kader vum “Quattropole” informéieren, wat dee sougenannten EMAS- System(Eco Management and Audit Scheme) fir d’Stad Saarbrécken bruecht huet.  Dee System dingt dozou, kontinuéierlech déi eegen Ëmweltleeschtung am Betrib ze verbesseren.

(4) d’Investissementer vun den Haushalter a vun de Betriber an d’Reduktioun vum Energieverbrauch an d’Notzung vun dezentralen erneierbaren Energien virun ze dreiwen notamment mat Hëllef vu Subventiounen, sou wéi dat iwwregens och am Koalitiounsofkommes steet.

(5) a schliisslech d’Energieaarmut ze bekämpfen, z.B. mat Hëllef vun engem Renovéierungsplang fir verlounten Albauwunnengen, an iwwert Incitatiounen un d’Proprietairen. Mir mengen engersäits, dass d’Locatairen net ënnert schlecht isoléierte Wunnengen däerfe leiden, déi héich Heizkäschten mat sech bréngen, an anerersäits, dass et op gesellschaftlechem Plang onverantwortlech ass, weiderhin esou Energie ze verschwenden!

Et sollt een net erwaarden, dass dat hallefhäerzegt Klimabank –Gesetz an déi Richtung vill wäert bewierken. Engersäits ginn hei ginn zënslos Krediter nämlech nëmmen deenen Haushalter zougestanen, di knapps iwwert der Aarmuttgrenz leien (54.250 € d’Joer) – an déi wäerten sech wuel kaum weider verschëlden, fir ernergiespuerend Investitiounen un hirem Haus virzehuelen. An anerersäits sinn Mietwunnengen beim zënsfräie Kredit ausgeklamert]

Guy Foetz

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe