Den 17ten Juli haten mir eis zu Rolleng getraff. Den Ben Müller vun Péiteng huet eis seng Virstellungen iwwert eng lenk Jugendpolitik gesod. Dës Iddien goufen dann diskutéiert. Hei fannt dir eng Zesummefaassung vun eiser Diskussioun.
Jugend an Mobilitéit
Et kann ee feststellen, datt Jonker en eegent Mobilitéitsverhalen hunn. Wann si sech ënnert eneen wëllen treffen, dann heescht dat net, datt si déi gläich Weeër géifen aschloen, wéi déi Leit, déi op hier Schaff wëllen goen. Dofir well déi Lénk Péiteng déi duuss Mobilitéit am direkten Ëmfeld vun den Jonken fërderen z.B. sollen d’Vëlosweeër ausgebaut an geséchert ginn. Déi Lénk Péiteng well awer och datt un wichtegen kulturellen an sportlechen Evenementer kennen deel huelen, doduerch datt d’Gemeng hei speziell Busen asetzt.
Jugend an Kultur
Villes gëtt iwwert d’Käpp vun den Jonken ewech decidéiert. Déi Lénk Péiteng awer well den Jonken en Matsproocherecht fir Evenementer ginn, déi speziell fir d’Jugend geduecht sinn.
Net all Jonken ass an engem Veräin. Awer och déi Jonk, déi sech einfach ënnert sech treffen, hunn Iddien, déi si wëllen realiséieren an firwat sollen dess Jonker net och vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn?
Et ass nach ëmmer esou, datt d’Gemengen op nei Jugendtrends eréischt reagéieren, wann den Trend schon bal eriwwer ass. Eis Gemeng soll déi ënnerschiddlech Jugendkulturen eescht huelen an se schon dann ënnerstëtzten, wann se optauchen.
Oft awer passen dës Ausdrocksformen net gutt mat den üblechen Virstellungen vun Uerdnung iwwerteneen, dofir soll d’Gemeng kucken, datt all Jugendkultur hier Plaz kann fannen.
Kulturen awer entwéckelen sech duerch den Austausch an dësen kulturellen Austausch mat Jonken aus aneren Kulturkreesser, soll gefërdert ginn.
Jugend an Autonomie
Mir mussen feststellen, datt den Schäfferot mengt, hien misst déi Jonk bevormunden. Dofir fuerderen mir en selbstverwalt Jugendzentrum. Hei kennen déi Jonk en onkommerziellen Raum fannen, hei gëtt et keen, deen hinnen op der Nues ëremdanzt, hei kennen déi Jonk sech treffen an sech selwer organiséieren.
Wéi schon gesot brauchen jonk Leit Plaz fir sech ze treffen an fir sech auszedrécken an deem Sënn soll mat den Jugendlech hier Plaz am ëffentlechen Raum organiséiert ginn.
Déi Lénk Péiteng well och informell Gruppen ënnerstëtzen.
Mir wëllen Wunnprojeten fir Jonker, déi net d’finanziell Mëttelen hunn fir selbststänneg wunnen ze goen, opbauen.
Jugend an Wunnen
Déi Jonk hunn ënnerschiddlech Virstellungen fir ze wunnen, dofir wëllen déi Lénk mat differenzéiert Wunnprojeten ënnerschiddlech Liewensprojeten ënnerstëtzen.
Mir wëllen speziell jonk Leit ënnerstëtzen, déi nach iwwert keen gereegelt Akommes verfügen.
Jugend an sozial Integratioun
An all Politikberäich wëlle mir kucken, wat déi speziell Uleies vun Jugendlechen sinn, fir si z’ënnerstëtzen (Integratioun vun jonken Behënnerten, jonken Auslänner, jonken Fraen…)
Mir wieren frou, wann dir op des Iddien géift reagéieren, wat gefält iech gutt, wat net? Ginn et aner Fuerderungen, déi mir sollen derbäischreiwen.