Budget 2018.

Interventioun vum 15.12.2017 zum Budget 2018 (Yves Jadin)

Merci, Här Buergermeeschter, dir Damen an Häre vum Schäfferot a Gemengerot.

Ech hat bei menger eichter Ried gesot dass Schäfferotserklärung sech liest wei a gutt Buch. Mat der Presentatioun vum Budget 2018 si mär natierlech nees an der Realitéit ukomm.

A grousse Linnen, wa mer éierlech sinn, presentéiert sech dëse Budget guer net esou schlecht. Finanzsituatioun vun der Stad Diddeleng ass gesond, a kann sech weise loossen! Wann een awer elo verschidde Saachen am Detail analyséiert muss een sech awer Fro stellen!

Hei elo just a puer Punkten déi fir de Mouvement déi Lénk wichteg sinn!

A grousst Uleies vun déi Lénk ass a bleift de Logement. Et ass kee neie Sujet mä awer ee vu grousser Aktualitéit a Wichtegkeet! Wéinst de Präisser, Kafpräis oder Loyer, rutschen ëmmer méi Bierger ganz no un Aarmutsgrenz. Dat beweise Statistiken!Net nëmme Leit mat RMG oder Mindestloun hu massiv Problemer eng adequat Wunneng ze fanne mais och Bierger mat méi Verdéngscht.

Dei Grenz beweegt sech ëmmer méi no Uewen an zitt ëmmer méi Leit mat an de Strudel, dat muss mat alle Mëttele gestoppt ginn! De “Ping Pong” Effekt … “Et ass dem Staat säi Problem”, “Et ass der Gemeng hire Problem” muss ophéieren! Mär däerfen de Kap net an de Sand stiechen, an esou ewéi verschidden aner Gemengen, dëse Problem ugoen!

Wann een um Internet a  weinesch Loyerspräisser kuckt erschreckt een!

  • 800 € fir en Zëmmer, wou Dusch an Toilette um Gank ass
  • 950 € fir a Studio an engem alen Appartementshaus + natierlech ouni Chargë vun 125 €
  • Fir an Appartement vu 70 m2 mat 2 Kummere bezilt een an engem Neibau 1300 € wou Chargen natierlech och nach net dra sinn!

Do bleift net vill Loft no Uewe fir ze spueren an sech an adequat Liewen ze assuréieren!

Dei selwecht Situatioun hu mär bei de Akafspräisser, déi reegelrecht explodéiert sinn. Mesuren, déi de Staat geholl huet , hunn leider net gegraff, ëmsou méi wichteg gëtt et dass eng Gemeng wei Diddeleng aktiv agräift! Mär hunn Méiglechkeet , wéinst eiser aktueller gudder finanzieller Situatioun do ze hëllefen. An wann de Saz „Sozial soll keen eidelt Wuert sinn“ soll gëllen, dann handelt och deementspriechend!

Am Moment wou Zënsen niddereg sinn, ass et sécherlech interessant eng Wunneng ze kafen, fir Gemeng oder privat Leit. Et gëtt a Prêt op der Bank gefrot, soen mär mol vun 350.000 €. Normalerweis gëtt esou a Prêt accordéiert wann de Remboursement net méi wei 1/3 vun der Pai ausmëscht an een och e gewëssen Eegekapital mat bréngt. Nach emol, fir et net ze vergiessen, wei soll ee kenne spuere wann een 2300 € verdéngt an 1300 € Loyer muss bezuelen ouni natierlech Chargen a.s.w ze vergiessen. Verschidde Banke ginn natierlech och a Prêt ouni déi „Reegelen“. “Avis aux dégâts” wëll vill Leit kennen sech nach drun erënner dass viru 15 Joer en anere Scholdzëns gezielt huet.

Huele mär eis Beispill nach emol vun  350.000 € , mat deier Zomme een sech bestëmmt keng Villa ka kafen!

350.000 op 30 Joer (20 Joer si falsch ech hu mech do geiirt!) mat engem Zënssaz vun 1,85 % mécht eng Mensualitéit vu +/- 1.270 €. Leit mat décke Paie laachen iwwert esou eng Zomme mais net nëmmen esou Leit schaffen a wunnen hei zu Diddeleng!

Mär denken och un déi 1/3 Reegel vum Salaire. 3810 € muss een hunn, fir de Remboursement ze garantéiere vun 1270 € Mensualitéit.

Jiddereen dobaussen an am Gemengerot weess dass dësen Zënssaz zu all Moment kann a Luucht goen.

z.b. op 2,5 % , wat nach ëmmer net héich ass! Do klëmmt Mensualitéit op 1388 €.

Eng Adaptatioun op 5 % bedeit dass de Prêt op emol 1889 € all Mount kascht!

Jidderee kann sech elo virstelle wat géif an esou enger Situatioun antrieden de Fall gesat se klammen nach!

Agence Immobilière Sociale , Fond de Logement a.s.w si sécherlech eng Richtung déi ee ka goen. Et muss awer och gesot sinn dass den Theater am Fond de Logement net grad fir dee Betrib schwätzt. De Quartier „Nei Schmëlz“ vum Fond de Logement, entbënnt Gemeng Diddeleng net ,vun hirer Responsabilitéit, Wunnraum ze schafen an et soll een sech och net hannert dësem Projet verstoppen!

Ech bieden iech nach emol, gitt kuckt „Nuddelfabrik“. Ass dat esou wei mir eis dat virstellen? Gemeng selwer muss Wunnenge bauen oder opkafen! Beim Neibau vu soziale Mietwunnénge kritt se bis zu 75% vun de Käschte rembourséiert, ass Beneficiaire vum Loyer an däerf, no eegene soziale Kritären decidéiere wien Wunneng ka lounen! Ausserdeem ass en Deel vum Montant, dee Gemeng all Joer vum Staat kritt, ofhängeg vun der Unzuel eegener Sozialwunnengen.

Déi Lénk hunn iwwert Joren, eng Rëtsch Propose gemaacht fir iwwerhaapt mol de Problem unzegoen a goufe bis elo ëmmer ignoréiert! Ech gesinn awer och keng aner Partei hei um Dësch déi iwwerhaapt mol iergendeng Ustrengung gemaach huet fir de Problem ze léisen.Et ass vill geschwat a geschriwwe gi mais Resultat ass gläich Null!

Wann Gemeng am Joer, 2 oder 3 Wunnenge keeft, wat natierlech begréissenswäert ass, geet dat bei wäitem net duer. Et ass wei wann een a grousst Bëschfeier mat engem Sprëtzrevolver wéilt läschen.

Am Moment schwätze mir vun 43 Sozial Wunnengen, a wann ech den Här Romy Rech richteg verstanenen hunn, geet dat bei wäitem net duer! Dofir versti mär net, firwat LSAP an der absoluter Majoritéit net méi soziaalt Engagement beweist an endlech nei Weeër geet beim Problem vum Logement.

Wëll och dëse Problem wäert eis, esou wei de Projet Phare „Nei Schmëlz“ nach Joerzéngte begleeden.. Mais mat ganz anere Konsequenzen!

Ausserdeem Froe mär Aféierung vun enger Taxe op eidelstoend Wunnengen an Terrainen. Esou ewéi Gemeng Esch/Sauer wou dat klappt. Dei Sue kéinten dann nees an de Wunnengsbau fléissen.

An der Presentatioun vum Budget 2018 gouf einfach esou gesot dass Waasser méi deier géif ginn!

Duerch wat ass esou eng Hausse ze erklären?

De Mouvement Déi Lénk stellen de Käschtendeckungsprinzip a Fro! Den Zougang zu verschidde Servicer gesi mär alsfundamentale Recht un, an déi soll a muss sech jidderee lëschte kënnen!

Dowéinst bedauere mär, dass LSAP an de lëschte Joeren verschidde Service privatiséiert huet, wie Gas an Gemeinschaftsantenn. Do hätt ee kéinten eng eege privat Gesellschaft grënnen déi zu 100% der Gemeng gehéiert hätt. Beispiller fënnt een zu Esch! Et wär also och anescht gaangen! Elo, opschonns versprach dass dat net géif passéieren , si Präisser awer no an no geklommen!

Wou Gemeng nach d’Hand drop huet ass d’Waasser. Wat elo nees soll méi deier ginn. Mär sinn absolut dogéint a fuerderen op a neits a gestaffelte Waasserpräis op de pro Kapp Verbrauch!

  • 0 bis 50 Liter: gratis
  • 51-150 Liter (zum aktuelle Waasserpräis)
  • > 151 Liter: méi deier Tarif

D’Staffelung huet 2 Virdeeler

  • Et ass Sozial, wëll de Grondbedarf ass gratis, a ka vu jidderengem an Usproch geholl ginn.
  • Et féiert dozou dass Leit iwwert hire Waasserverbrauch nodenken! Wien wéineg gebraucht bezilt weinesch, wien awer all Dag säin Auto muss wäsche bezilt méi!

Ekologesch Iwwerleeunge mussen ëmmer och mam sozialem Denken zesumme goen. Et muss een och betounen dass de  gestaffelte Waasserpräis schonns säit Joren zu Monnerech fonctionnéiert!

Och wollt ech mol gäre wësse wat déi 100.000 € si fir „Développement d’un interface GIL pour compteurs d’eau“? Huet de Syndikat SIGI neicht esou disponibel?

Zum Thema Personal si mär beonrouegt wat eng „prudente“ Personalpolitik heescht? Gëtt elo Ofgebaut oder Outgesourctes? Eng Gemeng, och eise Gemengerot, ass ëmmer nëmmen esou staark wéi seng Servicer! Forméiert an engagéiert Personal muss agestallt ginn an et soll op kee Fall an dësem Sujet gespuert ginn.

Dass Gemeng Diddeleng sech un de Käschte vun der Kierch bedeelegt ass an Hohn. Mär erkenne ganz kloer un, dass et e schéint erhalenswäert Gebai ass. Mär wëlle just eng kloer Trennung, an net fir eppes bezuelen, wat mer net kenne benotze wei mär et wëllen. Dir huet verhandelt an eng Konventioun  mat der Kierchefabrick ënnerschriwwen, eng Kierchefabrick déi awer soll ofgeschaaft ginn? Dofir biede mär iech endlech fir kloer Verhältnisser ze suergen!

Zum Ausbau vum “Shared Space” huet eise Point de Vue net geännert. De “Shared Space”, och wann en elo an den nächste Joere fäerdeg gemaach gëtt , erfëllt bei wäitem net den Uspréch. Zouhuele vum Trafic am Duerf, Parkplazen déi neicht an engem “Shared Space” verluer hunn, Stau an de Spëtzenzäiten! No manner wie 6 Méint gesäit de Belag schonns schrecklech aus! Ass dat esou wei dir ärch dat Virgestallt hutt. Ech mengen net!

Och déi Iwwerzeegung dass, wann herno alles fäerdeg ass , Leit net méi mam Auto duerch Duerf, kann ech einfach net verstoen, wëll se net richteg ass! De Mënsch ass onberechenbar! Dat gesäit ee schonns un der Mesure dass huet missten a “Gendarme couché” installéiert gi wëll den Autofuerer déi einfach Schëlter “30” an “20” net ka liesen!

De Budget wou virgesinn ass fir Publicitéit a.s.w,  ass deen héicht genuch oder ze kléng? Ween decidéiert wat fir Reklamm gemaach gëtt. Kann de Geschäftsverband do matschwätzen? A Beispill, vill Leit wëssen nach ëmmer net, dass mär a “Souterrain Parking” hunn! Ass Publicitéit net gutt genuch oder gëtt se falsch verstanen?

Mär hunn e “Fussgängerleitsystem”, flott! An just 3 Schëlter déi weise wou de “Souterrain Parking” ass. Emol laanscht Gare an net opgepasst weist kee Schëld mei op dëse Parking an Zack, fuere Leit nees duerch den “Shared Space”. Am Moment ass de Parking déi mëschten Zäit zu 2/3 eidel. Ass et och net un der Zäit fir de Parking eng bestëmmten Zäit einfach gratis ze maachen an op Servicer vun der externer Firma ze verzichten? Wou där als Gemeng jo souwisou Differenz musst bezuelen um “Chiffre d’affaire garantie”! Also éierlech gesot hätt ech et besser fonnt dir hätt dee Service interne garantéiert!

A Leitsystem esou wei mär dat am Wahlprogramm virgeschloen haten, géif och gutt kommen am Verkéier. Esou kéint een an Deel vum Verkéier aus dem Zentrum halen.

Publikatiounen déi Gemeng erausgëtt sollen aus richtegen Informatiounen bestoen an net just aus engem groussen Deel un  Héichglanzfotoen vun der Majoritéit an eng “Absence” bal “absolue” vun der Oppositioun. Verschécken vum “Rapport analytique” misst geännert ginn. Leit, all Joers gefrot ginn op se deen nach wëllen oder nees wëllen. Wann, elo Argument zielt dass Pabeier muss gespuert ginn, dann wär et villäicht besser un den Héichglanzfotoen ze spueren, an net um Informatiounsmaterial fir d’Leit!

Positiv Saachen ginn et natierlech och am Budget, an déi wäerten mir och ënnerstëtzen wie z.b. neie Crèchen, Ausbau vun der Maison Relais nei Schoulen “op Lenkeschléi” an Quartier “nei Schmelz”. Moderniséierung vun den Schoulgebaier Dat ass alles néideg a kann nëmmen vu eis ënnerstëtzt ginn! Eng super Initiative ass den Bau vun enger eegener Zäre, mat Astellung vun Leit an Ziichten vun de Blummen a.s.w. déi gebraucht ginn vum “Service Jardinage”.

Wei der all wësst ass Diddeleng am Tice. All Joers gëtt eng bedeite Zomme un dësen Syndikat iwwerwisen.

Wat vir Matsproocherecht hu mir?

Muss et dann nach ëmmer sinn, dass grouss Busser duer Diddeleng fueren an oft ganz eidel! Kann do net endlech eng Léisung fonnt ginn?  An och der Madame Claudia Dall’Agnol hiert Argument „déi sinn dach 2,5 meter méi Kuerz“ dreet net zou enger Léisung bei! Ginn et Statistiken weivill Leit am Dag domat fueren an zu wat fir enger Auerzäit? W.e.g. elo keng Statistiken vum TICE!

LSAP huet ugekënnegt a “RufBus” anzeféiere, all Partei hat dat am Walprogramm. An direkt gëtt nees eng Grenz gesat. Et ass fir Leit iwwert 60 Joer? Firwat froen mär eis? A “Rufbus”, op Been ze stëllen verlaangt villäicht och mol de Leit nozelauschteren! Wat a wou sinn Besoin‘en! Hei wier et gutt gewiergt a kléngen Aarbechtsgrupp ze grënnen mat engem Budget déi dat ausgeschafft hätten.

Mär begréissen och den Ausbau vun der Informatik. Eng Informatik, esou wie Madame Josiane Di Bartolomeo-Ries dat richteg gesot huet, ëmmer méi en Deel vun eisem Liewe gëtt, a sécher net méi wësch ze denken ass! Et ass wichteg, dass Kanner a Jugend direkt mat dem Medium Kontakt kréien, fir esou Méiglechkeeten awer och Geforen ze leieren. Eng beträchtlech Zomme gëtt natierlech gebraucht fir Informatikservicer ze assuréieren! Wat awer 100% an der Réi ass, a wärt dei nächste Joer’en nach muss ausgebaut ginn.

Ech stëlle mär awer Fro wat déi 50.000 € fir de Site et Blog Internet bedeiten?

An den “Apport en capital pour SIGIDRIVE” , wat jo soll e Cloud System ginn fir Gemengen. Gemeng Diddeleng huet dach schonns esou a System deen tip top fonctionnéiert. Gëtt deem System net getraut? Net sécher genuch? Dann stëllen ech mär awer Fro firwat dann Donnée’en vum Gemengerot drop stinn!

Och bei de 50.000 € fir „Developpement d’un système Ticketing“ wär et mol gudd fir weider Informatiounen ze kréien.

An wat onverständlech ass sinn déi 60.000 € fir a “Reider électronique”? Mär schwätze vun 1 Ecran fir 60.000? Ass deen aus Gold?

All des Punkten déi wichteg si fir eise Mouvement déi Lénk, virun allem de Logement a Waasserpräis, feieren dozou dass mir de Budget 2018 net matdroen!

Erlaabt mär awer nach op eppes anzegoe wat während der Presentatioun vum Budget 2018 ugeschwat gouf.

Biergerbedeelegung.

Ass dat elo esou ze verstoen dass wann eng Reunioun ass mär gesot kréien „Et huet keen Sënn ze diskutéieren, mär hunn souwisou decidéiert“? Ech stëllen mär dat awer lo anescht fir! Och Argument dass een bei 50 Participanten ni a Konsens géif fannen, kann ech net verstoen. An engem Quartier sinn herno e puer Honnert Leit mat Meenungen! Oder gëllt just Meenung vu Leit mat der richteger Parteikaart?

Mäin Virgänger den Här Jos Thill hat iwwert eng Motioun gefrot dass alles Publik gemaach gëtt um Internet Site, iwwert Biergerversammlungen ronderëm den PAG. Den Här Buergermeeschter huet versprach dass dat géif am August 2016 gemaach ginn! Ech hunn et awer leider nach net fonnt. Et ass bestëmmt just an Oublie a mär wären frou wann déi Publikatioun esou schnell wei méiglech kéint gemaach ginn.

Ech bestinn och op en “Décompte détaillé” vum « Chrëschtmaart 2017 »

Merci fir nolauschteren

Yves Jadin, Gemengerot déi Lénk Diddeleng

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe