Stellungnahm vun Déi Lénk zum Budget 2017 / 2018
Suessemer Gemengerot vum 15. Dezember 2017
« On prend (presque) les mêmes et on recommence »
an dat mat engem weiderhin Lsap dominéierende Schäfferot, dee wuel kaum Brécke wäert baue fir déi politesch a sozial oniwwerbréckbar Meenungsdifferenzen, déi ech perséinlech an déi Déi Lénk am Allgemenge mat him haten, an, wéi een un dësem Budget ka gesinn, och nach weider wäerten hunn.
“Si voter changeait quelque chose, il y a longtemps que ça serait interdit” ass en Zitat vum Coluche, dat dës Kéier zwar net op all Gemenge passt, mä dofir awer op d’Suessemer Lsap, déi sech trotz massivem Stëmmeverloscht, wou se d’Ursaachen exklusiv beim nationalen Opschwong vun der CSV a bei eis zwee neie Lénke siche geet, nach wie vor als Gewënner gesäit, ouni och nëmmen am Geréngsten u sech selwer, resp. un hirer liberaler Lsap Politik ze zweiwelen.
Zu de Präsentatioune vum Budget
Mär ginn der vermeintlecher 1. Schäffin dofir och net nëmmen 100, mä ganzer 365 Deeg, also bis zum nächste Budget, fir ze weisen, ob si et bis dann als “Junior”-Koalitiounspartner fäerdeg bruecht huet fir aus där sozialistescher Dominanz do eraus ze komm – voire d’Verdeelung vum Buergermeeschter- & de Schäffeposten mat 3 géint 1, hiren Net-Beitrag bei der Presentatioun vum Schäfferotsprogramm an d’Opdeelung vun de Schäffe-Ressort’en, wou de Buergermeeschter, laut eegenen Aussoe virum ganze Personal, jo awer nach ëmmer drop hält fir all eenzelen Dossier selwer ze gesinn… – wat sämtlech Schäffen, ëffentlech an hir Schranke verwisen huet an dee vu mär des öfteren a scho méi laang (voire oniwwerbréckbar Meenungsdifferenzen) ugeprangerten autokratesche Führungsstil, nëmmen ënnermauert.
„Autokratesche Führungsstil geet weider“
Dofir zweiwele mär och drun, dass si als 1. Schäffin resp. esouguer als Finanzschäffin, wéi e Méinde bei hirer Presentatioun vum Budget an Aussicht gestallt, d’näichst Kéier méi ze presentéiere kritt, wéi dat hir Virgängerin huet däerfe maachen, nämlech just déi blank Zuelen op de Graphiken aus dem ordinäre Budget. Alles anescht ass Chefsaach, wou de Buergermeeschter déi politesch Accenter eleng fir sech beusprocht, an dat net nëmmen am extra-ordinären-, mä dann och nach eng Kéier am ordinäre Budget (duebel also, fir wa mer et dann nach ëmmer net sollte verstanen hunn).
“C’est pas parce qu’ils sont nombreux à avoir tort qu’ils ont raison!“, kéint een elo de Coluche nach emol zitéieren.
Dës Kéier war dem Buergermeeschter seng politesch Ried allerdéngs zimlech dürfteg, wat héchstwahrscheinlech doduerch koum, well hie méi mam Chambers-Budget beschäftegt war, wéi mat deem aus senger eegener Gemeng, a si war haaptsächlech gepräägt duerch eng Introduktioun, iwwer Walen, Majoritéit, Oppositioun an deenen hir “Miessmacherstëmmungs Kritiken”, an duerch eng Metapher vun der Musek, wou hien eis, resp. eenzelen vun eis, iergend eppes, schwéier Novollzéibares, tëschen den Zeile wollt matdeelen / bäibréngen…, mä eis “Gott sei Dank” (wann ech deen dann däerf hei mat an Spill bréngen) iwwerlooss huet, wéi eng Approche, dass mär dann dozou géife fir richteg fannen…
Punkten an dësem Budget vun der Kontinuitéit, wéi ë genannt gouf, déi op eng konkret Ëmsetzung vun där ambitiéiser Schäfferotserklärung, déi deen ee Gemengerotsmember, domadder war ech jo da wuel gemengt, als “copy-paste” vun zwee Walprogrammer ofgestempelt hat, waren der de leschte Méinden allerdéngs net vill eraus ze héieren, weder vun deem engen, nach vun där anerer Riednerin. Ah jo, dofir hätt ee jo sechs, oder besser gesot, dann nach fënnef Joer Zäit.
Niewebäi hunn si Allenzwee et awer fäerdeg bruecht, d’Zuelen aus dem ordinäre Budget esou duer ze stellen, wéi wann d’Finanze vu Gesondheet nëmmen esou géife strotzen.
Mär ginn dovunner aus, dass de Plan pluriannuell awer bei wäitem net esou gutt ausgesäit wéi een dat hei kéint mengen. Do brauch een sech nëmmen d’Personal Evolutioun mat plus 29/30 Posten (an der 1. Schäffin hirem Tableau) resp. 27 Posten (am Buergermeeschter sengem Tableau) eleng an dësem Budget, mat hire laangjärege Nofolgekäschten unzekucken – zemools mer jo awer wëssen, dass mer momentan nëmme vun enger iwwerduerchschnëttlecher Croissance profitéieren.
Esou gëtt dann och de Prozentsaz (vu 60,84%) vun de Personalkäschten am ordinäre Budget kënstlech op ënner 50% duergestallt, andeems d’Personal vum CIPA – REWA einfach emol eraus gerechent gëtt, mam Argument, dass den CIPA sech jo awer selwer géif droen.
Bei der Gemengeverschëldung (vu 14 379 132€ + 12 Mio. (am Budget 2018) = 24 752 671€), gëtt déi nei Schold fir d’Ediff ze bauen (vu 14 630 415 € (8 168 278,00 am Budget 2018)), esou duergestallt, wéi wann et eis Schold net wier (obwuel mer déi Suen eréischt am Laf vun deenen nächsten 20 Joer duerch e Contrat de Location-Vente vum Staat erëm solle kréien), a woumatter d’Prokappverschëldung vu 1.477 € anstatt 1.941 € (resp. vun 1.368 anstatt 1.797 €, op déi previsionnel Awunnerzuel vum 31.12.2018 gerechent?!) dann och manner héich ausgesäit .
Och gëtt de Prozentsaz vun 2,93% (2,35% ouni Ediff) vum Erëmbezuele vun den Annuitéite (vun 2 025 000 €) vun eiser Schold op d’Recettes Ordinaires (70 812 335 €) gerechent an net op de geschätzten Iwwerschoss (vu 7 831 603,65) vun den ordinäre Recetten minus d’Depensen, wat da 25,85 % ausmëscht, also 1/4 vun deene Sue, déi nach Rescht bleiwe fir nieft de virgesinne Schoulinfrastrukturen, déi sëlleche Walverspriechen (am ganze fir 50,8 Mio. € ?!) ze realiséieren.
„Iwwerhapt hunn d’Komeroden e spezielle Bezuch zur Mathematik“
Iwwerhaapt hunn d’Komeroden e spezielle Bezuch zur Mathematik, zemools wann et ëm hir Interpretatioun vum Demokratieverständnis geet. Esou huet eng Lsap Conseillère heibannen eis de leschte Méinden, an d’Zäit als 7ème Schüler zeréck versat, fir eis, am Zesummenhang vum Verdeelungs-Schlëssel vun de Partei-Memberen fir an d’Kommissiounen, hir mathematesch Vikipedia Definitioun vun “en fonction du nombre” bäi ze bréngen… Déi Aart a Weis fir d’Leit fir domm ze verkafen dréit net zum Respekt an zur Vertrauensbildung zwësche Majoritéit an Oppositioun bäi a muss ganz einfach och net sinn. Mär wäerten dat iwwregens och beim Inneminister ufechten.
Biergerno Politik a (sozialen & erschwënglesche) Wunnengsbau
Wat mech op d’Participativ a Biergerno Politik am Allgemenge bréngt, wou et och schwéier ass an dësem Budget iergent een Accent ze fannen.
Dat selwecht gëllt och fir de sozialen & erschwëngleche Wunnengsbau, d’Haaptthema, dat d’Lsap am Walkampf als absolut Prioritéit entdeckt hat – siehe, déi riseg Wal-Panneaux’en mat: “Bezuelbare Wunnraum. Fir haut a fir muer”.
Hei gëtt den Här Buergermeeschter net midd, fir déi riseg Projet’en vun grousse private Promoteuren ze zitéieren, déi all Quadratmeter ausnotze, fir esou vill wéi méiglech Wunnengen op enkstem Raum dohinner ze kréien, mat enger méi klenger Liewensqualitéit awer zum selwechte méi a méi grousse Präis, deen sech dann nawell kee Mënsch mat enger normaler Pai ka leeschten a just si d’Gewënner dobäi sinn.
A sot elo net ech hätt dat alles mat gestëmmt, well der wësst hoergenau, dass dat eng vun eisen oniwwerbréckbar Meenungsdifferenzen ass, an ech do meeschtens am Rapport ënner, “n’a pas pris part au vote” figuréieren.
„Vum Engagement selwer an de Wunnengsmarché anzegräifen bleiwt näischt iwwreg“
Kuckt een sech d’Wunnegsprobematik als Schwéierpunkt vun deenen zwou Majoritéitsparteie virun de Walen un, da muss e feststellen, dass no de Wahlen sech awer a Punkto Engagement vun der Gemeng selwer fir aktiv an de Marché anzegräifen, näischt iwwreg bliwwen ass an et weider geet wéi “gehabt” – weder fir haut, nach fir muer, an och wuel kaum an deenen nächste sechs Joer.
Och de Projet vun der SNHBM hei an der Gemeng kann een net als direkt Engagement vun der Gemeng selwer ugesinn. Hei verweisen ech op dem Patrizia Arendt hir Fro an hire Kommentar zum soziale Wunnengsbau an der Gemengerots-Sitzung vum 29. Mee 2017.
Finanzen
Zu de Gemengefinanzen, d.h. virun allem zur Problematik vun de Gemengeneinnahmen, wéilte mer awer nach e puer Commentaire maachen.
Et brauch ee sécherlech keng 100 Deeg Zäit fir festzestellen, dass hei den eigentleche Problem vum Budget läit. D’Gemengefinanzreform huet eis an där Hisiicht net wierklech weidergehollef.
Eis Gemeng kënnt do net nëmme als eng vun de Südgemengen am schlechtsten ewech, mä ass déi lescht an der Rei, och wann d’Einnamen, déi vum Staat ëmverdeelt ginn (Akommessteier, TVA, Benzinssteier op der enger Säit an d’Gewerbesteier op där anerer Säit) zesumme liicht klammen.
Wéi laang dat nach undauere wäert ass ongewëss. Dat hänkt vun der weiderer Steierpolitik of an och vun der Astellung vun der neier Escher CSV-DP-Gréng Majoritéit zum Gemengen-Taux vun der Gewerbesteier, dee jo soll erof gesat ginn.
Gëtt hei och e Prozess an de Gemenge ronderëm zur Senkung vun deem Taux ageleet? Dozou hätte mer nawell gären eng kloer Ausso vun dëser neier LSAP-CSV Majoritéit gehat, déi bei der Virstellung vum Budget net eraus komm ass.
Dozou kënnt dass et eng Dunkelkammer bleift, wat fir Betriber wéivill Steieren op eisem Territoire bezuelen. Et huet an der Zäit emol geheescht dass grad grouss, profitabel Betriber keng Gewerbesteier bezuelen. Kee weess dat, ausser de Buergermeeschter, an den dierf näischt soen. Esou ginn hei am Land d’Intresse vun de räiche Leit geschützt, während e « Client » vum Office social all Sou muss beleeën!
Gläichzäiteg gi mer dauernd sollicitéiert fir nei Betriber, wéi Knauf, opzehuelen resp. auszeweiten, wéi d’Kronospan.
„Gewerbesteiereinnahme stin a kengem Verhältnis zu de Nuisance vun de Betriber“
Mer hunn ausserdeem e strukturelle Problem beim neie Verdeelungs-Schlëssel vun de Steieren duerch de Staat, wat och wuel erkläert firwat mer esou schlecht ewech kommen. Sécherlech spillt d’Populatioun eng grouss Roll, déi de Buergermeeschter jo och mat 82% als Bewäertungskritär fir d’Héicht vun der Dotatioun, déi mer Staat kréien, confirméiert huet.
An d’Populatioun wäert nach wuessen. Mee gläichzäiteg sinn aner Kritären, wéi d’Besiedlungsdicht, d’Zuel vun de Wunnengen déi d’Gemeng selwer besëtzt a weider verlount a virun allem déi sozial-ekonomesch Zesummesetzung vun der Bevëlkerung – déi net mat deenen vun de grousse Stied am Süden, a virun allem net mat Esch, Déifferdeng a Péiteng ze vergläichen ass.
Ënner déi Verdeelungskritären fält neierdéngs och dee groussen Deel vun de Gewerbesteiereinnahmen déi an der Gemeng generéiert ginn, awer net an eise Budget fléissen, mee am ganze Land ëmverdeelt ginn. Och hei gi mer wuel am Verhältnis zu den Industrie- an Handwierksbetriber benodeelegt, déi et awer an eisen Zone gëtt – an an anere Gemengen net, wou se och keng Nuisancen matsechzéien.
Wirtschaftsentwécklung
Mär wëllen dofir hei e besonneschen Appell maache, fir deene Froen iwwer Wirtschaftsentwécklung a iwwer déi entspriechenden Einnamen, eng grouss Opmierksamkeet ze widmen. Et ass och e.a an dem Sënn dass mer d’Asetze vun enger Wirtschafts- a Landesplanungskommissioun fuerderen.
Mer hunn an eisem Wahlprogramm eng Rëtsch vu Virschléi gemaach wéi mer eis ekonomesch Entwécklung méi matgestalten a méi previsibel maache kënnen.
A mer hunn do als Gemeng Moyenen déi mer och asetze sollen. Mer kënnen a mer sollen op déi weider Entwécklung an d’Qualitéit an eise Gewerbegebitter setzen – a net alles matmaachen. Firwat solle mer och z.B. an engem Gemengesyndikat wéi de SIKOR eng Käerjhenger Industriezone weider ënnerstëtzen, déi eis Misär a Form vu Contournement a Pëtrolslager bréngt ?
An d’Gemeng kann a soll och weider aktiv ginn an der Ënnerstëtzung vu lokalen Aktivitéiten, och am Beräich vun der solidarescher- an der Kreeslaf-Ekonomie – wann och elo hei näischt am Budget virgesinn ass. Et ass dat wat mer a bescheidenem Mooss versichen mat Eiser Epicerie ze maachen, an eis Gemeng brauch sech net ze rechtfäerdegen an och net z’entschëllegen wann se hëlleft deen Tissu an eisen Uertschaften erëm opzebauen, dee vun de Grandes surfaces zerstéiert ginn ass.
„Kapitalistesch Wirtschaftsexploitatioun däerf net eenzege Standard sinn“
Déi kapitalistesch Wirtschaftsexploitatioun ass net den eenzege Standard an och emol net an eisen Aen dee wichtegsten.
Mer wëllen och dass ekologesch entgéintgesteiert gëtt, mer hunn och do an eisem Wahlprogramm detailléiert Virschléi gemaach déi mer wäerten am Gemengerot an an de Kommissiounen erabréngen. Mär baséieren eis do och op déi Viraarbecht déi schonn an dëser Gemeng geleescht ginn ass, besonnesch vun der fréierer Emweltschäffin Myriam Cecchetti.
Sozialpolitik
Als fréiere President vum Office Social a Mat-Responsabele vum Projet “Eis Epicerie Zolwer”, huet ee scho bal mussen Alleingäng maachen a vill Duerchsetzungsverméigen hunn, fir déi hieseg sozialistesch Sozialpolitik a -Politiker(in) ze beweegen – wéi z.B. iwwert de Projet Social-Opportunities, deen à l’époque iwwert den Office social eng Dosen Initiativen an Iddi’en ervirbruecht huet, wéi den: Développement vun der Maison sociale, e Jardin pédagogique, Médiatioun, e Projet intergénérationnel, de Kulturpass – Cultur’All, eng Permanence d’assistance sociale am Jugendhaus, Schoulaufgaben-Hëllef & Cours d’appui fir Mannerbemëttelter, Baby +, Senior +, Flüchtingshëllef, Eis Epicerie asw…déi zum Deel mam Argument ofgeschmettert goufen, dass dofir aner Servicer, a virun allem d’Schäffen, zoustänneg wieren. Kuckt een dann de Bilan vun de Sozial-Schäffen/Schäffin an deene leschte Joeren, da muss ee feststellen, dass deen äusserst moer ausfält, ofgesi vun engem Service Senior+ , deen elo a sengem 3. Ulaf ass…
Haut gëtt den Office social dann am Schäfferotprogramm gläich e puer mol an Zesummenhang mat Sozialprojet’en ernimmt, huet sech hei selwer awer leider kee Budget ginn. Woufir mer deen dann de leschte Méinden och net mat gestëmmt hunn.
An och an dësem Budget fënnt ee wat den Developpement vun der Sozialpolitik hei an der Gemeng ubelaangt, absolut keng Fongen. Och hei huet de Buergermeeschter de leschte Méinden gemengt, et hätt e jo sechs Joer Zäit dofir.
An der Tëschenzäit wëll de Schäfferot dann elo emol (no 12 Joer Majoritéit’s Bedeelegung vun der Lsap), d’Iddi vun den Assises sociales opgräifen, iwwregens eng Iddi vum Hoffmanns Äender, deen dës schonn Ufank den 2000er Joren zu Esch agefouert hat.
„Et gëtt och an eiser Gemeng net ze toleréirenden Aarmut“
Kuckt een d’Zuele vum Office Social, da gesäit een dass déi gebrauchte Sozialhëllef weider usteigt an dass et och nach an engem erheblëchen, net ze toleréierenden Ausmooss, Aarmut an eiser Gemeng gëtt. Mär sinn zwar net um selwechte Niveau wéi an de grousse Stied am Süden, mee eis Gemeng, dat huet d’Publikatioun vun den Indices sociaux économiques viru kuerzem bewisen, läit nëmmen op Plaz 67 vun 105 Gemengen wat d’sozial Situatioun ugeet.
Mer begréissen dofir och dass Assises sociales sollen eng Bestandsopnam maachen. Mer kënnen awer net acceptéieren dass déi Bestandsopnam eleng vum Schäfferot, resp. eleng vum Schäfferot mam Office soll gemaach ginn. Sozialpolitik betrëfft all Felder vun der Politik, och z.B. Taxepolitik, gratis an / oder präiswäert Ubidde vu Gesondheetsdéngschtleeschtungen, d’Schoulpolitik, d’Energiepolitik asw….
A wa mer Taxepolitik soen, da mengen mer d’Struktur vun den Taxe selwer, net de sozialen Ausgläich vun iwwerhéichten oder ondifferenzéierten Taxen duerch eng Deierungszoulag.
Duerfir menge mer och dass eng sozial Bestandsopnam muss vun eis alleguer gemaach ginn, an duerfir brauche mer och am Virfeld eng berodend Sozialkommissioun. Et ass e Méinde gemengt ginn, mer sollten d’Bestandsopnam ofwaarden, mär mengen awer weiderhin: eng Sozialkommissioun wier e wichtegt Element vun esou enger Bestandsopnam.
Ofschléissend
Mär wëllen dann och jidderengem deen un dësem Budget matgehollef huet, e grousse Merci soe, fir déi vill a gutt Aarbecht déi et mat sech bréngt, fir esou en uerdentlecht Dokument (fir dem Buergermeeschter seng Wieder ze gebrauchen) opzestellen – wuelwëssend, dass d’Mataarbechter vun der Gemeng weder fir de politeschen Inhalt nach fir d’Philosophie vum Schäfferot, déi se jo schéngen ëmmer méi verstanen ze hunn (dixit Buergermeeschter), verantwortlech gemaach kënne ginn.
Interessant un dësem Budget vun der Lsap Kontinuitéit, mat deem déi nei CSV Finanz-Schäffin, hiren Aussoen no, jo och ka liewen, ass, dass e groussen Deel heibannen, elo muss kontestéieren wat e virdru huet mussen unhuelen, resp. muss unhuelen wat e virdru kontestéiert huet… hmmmm…
Mär wäerten dee Budget do, aus deene virgenannte Grënn, nawell an ob all Fall net stëmmen, an ech kann dat perséinlech och nach aus fräie Stécker maachen, well ech mech d’lescht Joer schonns enthalen hat.
Zum Schluss awer nach een aus dem Franséischen ugepasstent, a wéi ech mengen, passent
Zitat zur Joers- a Majoritéitswend, vu mengem virdru schonn zitéierte Lieblings Humoriste a Comédiant:
“Der Gemeng Suessem geet et besser. Net besser wéi d’lescht Joer. Mä besser wéi d’näichst Joer”
Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren,
Jos Piscitelli / Déi Lénk