Här Buergermeeschter, léif Kollegen an Kolleginnen aus dem Gemengerot, léif Press,
Och vun mer als Vertrieder vun déi Lénk een Merci un all déi wou um Budget an iwwert d’Joeren am Sënn vum Bierger schaffen an een qualitativen Service public garantéieren.
Et ass positiv dass d’Scholdelach vun der Gemeng méi transparent ginn ass an net méi mat der ligne de crédit gespillt gëtt. Dass trotzdeem d’Verscholdung pro Kapp net eropgaangen, mee erof gaangen ass , weist dass finanziell gesinn d’Situatioun vun der Gemeng duerchaus gesond ass.
Mee, bei den Erklärungen firwat dat esou ass, ass et mer wichteg méi an den Detail ze goen wéi just Stéchwierder opzelëschten, well et ass wichteg ze verstoen fir kënnen ze transforméieren an méi wéi Gestionnairespolitik ze maachen.
Positiv Elementer, méi Loyeren erakrut. Subsiden komm. d’Dotatioun no der Gemengefinanzreform mat 12,2 Milliounen méi héich.
Mee et muss een och soen op wéi engen, aus eiser Siicht negative politesche Choix’en, baséiert des positiv Finanzlag ? Et ass jorelaang beim Personal gespuert ginn, net vill Leit hunn vill Aarbecht misste maachen. positiv un dësem Budget ass dann dass dëse Budget déi Schieflag endlech ugeet. Eng Aspuerung beim Personal ass awer och an dësem Budget net redresséiert. Et ass dëst d’Privatiséierung vum Aquasud déi dozou gefouert huet dass hei d’Personal zënter Joren net méi vun der Gemeng agestallt ass, vill méi modest Salairë kréien an dee PPP Modell dann dozou féiert dass vill Schwankunge beim Personal si bis hin zu Interim Personal an dass d’Oppe Schwämm am Zweiwelsfall éischter zougemaach gëtt wéi op wat déi läscht Saison fir jidderee bemierkbar gewisen huet. Och sinn an de leschten 2-3 Mandatsperioden ëmmer erëm Tariferhéijunge komm déi sech och op dëse Budget nach ëmmer auswierken an do och nach ëmmer keng Staffelung un zb. Vum Waasserpräis virgesinn ass. Dat heescht och weiderhi gëtt keen Ënnerscheed gemaach zwëscht dem deegleche minimale Besoin fir jiddereen an der Verschwendung vum Bien Commun Waasser.
Och sinn eng Rei Investitiounen déi batter néideg sinn a Verspéidung an scho laang batter néideg, wéi eben nei Ateliere fir de CID.
Schlussendlech gëtt et dann awer och ee bedeitende Grond firwat d’Situatioun kuerzfristeg esou gutt ass a laangfristeg manner gutt wéi dat wat méiglech wär. Et ass verpasst gi Suen an den ëffentleche Wunnengsbau ze investéieren, och awer net nëmme soziale Mietwunnengsbau. Well och dat wär, wéi aner Projete wéi den 1535° eng Investitioun déi laangfristeg duerch Loyer méi Recettes Ordinaires erabréngt. Virun allem géifen des Investitiounen awer op een urgente soziale Besoin äntweren a wär esou net nëmme finanzwirtschaftlech mee och volkswirtschaftlech sënnvoll. An ech weisen nach eng Kéier drop hin dass sozial Mietwunnengen net muss bedeite méi sozial schwaach Bierger an enger Gemeng ze konzentréiere mee grad, doduerch dass d’Gemeng et selwer mëscht, duerch eng gezielt Verbesserung vun der Situatioun vun eiser aktueller Populatioun, well d’Gemeng nieft dem soziale Kritär och d’Waardelëscht opgrond vun Anciennetéit als Bierger vun der Gemeng an Unzuel vu Kanner kinnt festleeën. Wann also manner Leit ze vill Sue bezuele fir keng adequat Plaz fir hir Kanner, dass se a Rou kënne spillen a léieren, da ginn eis Schoulen, eisen Office Social entlaascht an eis lokal Geschäftswelt kinnt dovunner profitéieren.
Ech bedaueren och an deem Sënn nach ëmmer dass meng Motioun fir d’lounen a verloune vu Wunnenge fir esouwuel Leit déi d’Kritäre fir sozial Mietwunnengen erfëlle wéi zu gläicher Zuel och fir Bénéficiaires de protection internationale (BPI) vu soss kengem hei am Gemengerot gestëmmt ginn ass, obwuel jo LSAP a KPL elo haut hei gesot hunn dass et méi sozial Mietwunnenge solle ginn. Dobäi géifen een hei ouni budgetär Inzidenz zwee Noutstänn ugoen, de Wunnengsnoutstand dee jidderee betrëfft an de Mangel u Foyere fir Flüchtlinge well ënnert anerem iwwer 400 Leit déi de Statut vum BPI kritt hunn a kéinten erausplënneren einfach näischt fannen.
Wann et ëm den Office Social gaangen ass, an der leschter Versammlung, huet den Här Schwachtgen gesot « Et musse méi Moyen’en a Stied fir Déifferdeng fléissen », mee et muss ee jo awer soen dass dat elo geschitt, elo ass d’Fro wat domadder maachen !!! An do gesi mer als déi Lénk zwar Usätz an dësem Budget awer nach net déi Akzenter fir eng aktiv Sozialpolitik déi op der Héicht vun de sozialen Erausfuerderunge sinn.
Et ass zwar ze begréissen dass de Budget fir de CIG-L vu 50.000 op 250.000 eropgeet mee et muss een awer soen dass de Modell vum CIG-L keen Allheelmëttel ass. En schaaft net vill Aarbechtsplazen an d’Leit riskéiere weiderhin an esou Mesurë ronderëmzedréinen. Anescht wéi den Här Ruckert et gesot huet sinn et NET jonk Leit déi beim CIG-L ënnerkommen, mee dass do d’Déifferdenger Gemeng selwer esou aktiv ass wéi keng aner iwwer CAE Kontrakter. Och muss een transparenzhalber soen, dass d’Gemeng zum Deel eng Rei Aarbechte méi bëlleg iwwert de CIG-L gemaach kritt wéi wann et d’Gemengeservicer selwer wären déi se géife maachen oder soss ee private Betrib et géif maachen. Firwat zb. Net hei eng Kooperativ matinitiéiere wou fir d’Installatioun an d’Ënnerhalung vu Spillplaze fir Kanner zoustänneg wären iwwert de Statut SIS an esou awer mat festen Aarbechtsplazen. Och kéint een hei da méi eng Konzeptaarbecht an Expertise opbauen, zb. Richtung Naturspillplazen.
Dat kéint mat dozou bäidroen dass et bei de Spillplazen net méi nëmmen op Quantitéit gesat gëtt mee och op Qualitéit, also een Amenagement wat mat a fir d’Kanner gemaach ass an net einfach aus dem Katalog !
Wat och feelt ass dass och mer als Gemeng Déifferdeng eis Verantwortung iwwerhuele wat d’Obdachlosegkeet ugeet, awer och d’Suchtproblematik. Bis zu 11 Sans-abris’en sinn am leschte Joer am Abri-Sud zu Esch ënnerkomm. Mier kritiséieren dass am Budget näischt Konkretes hei virgesinn ass. Mer begréissen zwar dass de Buergermeeschter well aktiv dozou bäidroen dass de Prosud endlech eng Plattform gëtt wou och endlech eng regional Koordinatioun vun der Sozialpolitik gemaach gëtt. Mee ech froe mee, firwat elo eréischt ? Firwat hunn déi viregt Majoritéiten net schonn an der déi Richtung geschafft, firwat huet de Prosud scho X Zich verpasst, riskéiert déi Approche net elo zu enger weiderer Verschleefung ze féiere fir dass d’sozial Verantwortung méi solidaresch zwëschten de Gemenge verdeelt gëtt.
Esouwuel de Budget wéi och d’Madame Pregno schwätze vun engem Weiderschaffen um « Plan Communal Jeunesse ». Ech muss do awer wéi all déi aner Jore froen : wou ass dann dee Plang. d’Instrument « PCJ » ass grad eent vun enger Politik déi Ziler definéiert opgrond vun enger Bestandsopnam. Dëst soll eng Kéier gemaach gi sinn, virun iwwer 10 Joer, mee de Buergermeeschter huet mer dee Plang grad esou wéineg ginn iwwert all déi Jore wéi en mer net déi definitiv Versioun vum Koalitiounsaccord wéi versprach laanscht bruecht huet… Meng Fro ass also : gëtt da mol esou ee Plang gemaach ? Oder ass d’aktuell Majoritéit der Meenung wéi déi viregt, dass ee weess wat vun Aktivitéite soll gemaach ginn an dat einfach ouni Plang maachen ? Dann kommt mer nennen dee Posten och endlech « Activités en faveur de la jeunesse » oder esou ähnlech. Mee esou ee Plang opzestelle wär mer léiwer an dofir bräicht et ee Service Jeunesse mat de richtege Leit déi och esou eng konzeptuell Aarbecht, Netzwierkaarbecht mat allen Servicer an Acteuren, wéi och eng Evaluatioun maache kënnen. Ech ginn Iech ee ganzt konkret Beispill zu wat fir positive Mesuren esou ee Plang ka féieren an dat Beispill weist anengems dass et Initiativë gi vun anere Gemengen déi och eise Jonken ze gutt kommen. Zu Esch ass duerch de Jugendkommunalplang erauskomm dass eng Rei Jonker NET an d’Jugendhaus gi fir sech ze informéiere well, quasi egal wéi gutt een sech uleet, kee Jugendhaus als neutrale Raum wouergeholl gëtt vun deem all Jonken sech ugesprach géif fillen. Dofir kann a grouss Gemengen d’Jugendhaus net den eenzege Lieu si wou Jugendinformatioun stattfënnt. Zu Esch hunn se dofir ee Point Info Jeunes opgrond vun der Feststellung duerch de PCJ opgebaut an de Succès vum PIJ beweist dat an och eng ganz Rei Jonker vun Déifferdeng profitéieren dovunner.
Am Beräich vun der Chancëgläichheet begréisse mer dann dass elo endlech eng Ekipp vun zwee Leit mat voller Dynamik hir Aarbecht ugeet an och déi néideg Mëttelen do virgesi sinn. Et ass schued dass hei Jore verpasst gi sinn, dass elo eréischt eppes ugaange gëtt wat am Fong scho viru 5 Jore virgesi war an d’Gemeng schonn ee Formatiounsprogramm ausschaffe gelooss hat fir d’Structures Acceuil am Beräich Gender an Diversitéit, awer just eenzeler vum Personal hunn déi Formatioun suivéiert woubäi aner Gemengen déi mat um Projet geschafft haten hiert komplett Personal forméiert hunn. Ech fäerten elo bëssi dass dat elo zu engem méi ongënschtege Moment kënnt wou scho ganz vill fir d’Personal am Beräich Weltatelier usteet an dat bis elo vun der Aart a Weis an de Rahmebedingungen net ideal gelaf ass. Wann d’Personal op Reunioune fir d’Elteren eriwwerbréngt dass do eppes kënnt wat mat Problemer wäert verbonne sinn, dann ass dat kee gudde Point de Depart, an d’Verantwortung kann een do net nëmmen dem Personal dofir ginn, et musQs ee villméi froe wéi hinnen dat vermëttelt ginn ass.
Et si 5 Millioune fir den Akaf vun Immeublë virgesinn, mee dovunner sinn nom Akaf vum Lommelshaff, dem Ikkuvium an dem Geschäftslokal an der Avenue Charlotte nëmmen nach 1,7 Mill. iwwreg. Ech erënneren drun dass an der leschter Mandatsperiod d‘Logementskommissioun unanim een Avis ginn huet fir 5 Milliounen nëmme fir sozial Mietwunnenge virzegesinn. Dorops ass ni eng Äntwert vum Schäfferot komm. An trotz engem ambitiéise Koalitiounsaccord am Beräich Logement gesäit een an dësem Budget nach net vill dovunner, ausser dem Lommelshaff an dem scho méi laang geplangte Wunnenge fir Jonker um Site Arboria ass nach näischt virgesinn. Grad esou fanne mer dass eng hallef Millioun fir Terrain’en net duergeet fir aktiv gebrauch vum Virkafsrecht ze maache wéi et och erëm am Koalitiounsaccord steet.
Dann hätt ech nach eng Fro zum Recyclingspark? Do hunn ech héieren dass eng Refacturatioun gemaach gëtt, well et elo limitéiert op eng Faart pro Woch an X m³ wär ? Wann ee X Méint net fiert an dann zweemol, huet ee fir manner Verkéier gesuergt mee gëtt penaliséiert ?
PAG, et gëtt héich Zäit. Den Här Schwachtgen huet hei vu Biergerbedeelegung geschwat, mee dovunner si mer leider wäit ewech. Mol als Conseilleren hunn mer keng Informatiounen. Ech hat se virum Summer 3mol schrëftlech gefrot an se ni kritt, mee sinn ëmmer vertréischt ginn dass gekuckt gëtt wat vun deenen Informatiounen déi iwwer Joerzéngte mat ëffentleche Suen zesummebruecht gi sinn dann dierft un ee Gewielte Conseiller goen. Ech hoffen dass dat elo net esoulaang gekuckt gëtt an et dofir net weidergeet fir um Dossier ze schaffen, dat wär op allefall net meng Absicht gewiescht;) !
Parking Contournement, entweder lenks oder riets (hunn mer den Terrain net mee kéint logistesch méi interessant sinn?) —- wéi vill hunn all déi Etüden elo scho kascht ? Concours an alles ? Sollt jo awer och eng Gare ginn. Car-Sharing a Vel’OK. > mat App, méi flexibel. Matt Zonage.
Wat d’Infrastrukturen ugeet, froe mer eis, wéi et da kënnt dass een elo iwwert een Ausbau vum Aquasud nodenkt respektiv eng zweet Schwämm ? Den Aquasud ass dach grad eréischt gebaut ginn, ass deen dann net adequat geplangt ginn ? Ass dann de Wuesstem an der Gemeng wierklech esouvill iwwert deem wat virgesinn ass a firwat huet d’Politik do net méi gesteiert ? Op wéi vill Joer war dann d’Kapassitéit vum Aquasud virgesinn.
Mer begréissen d’Investitiounen am Beräich vun der Schoul, de Structures d’Accueil, vum Sport a vun der Kultur. Mer wëllen awer virun allem am Beräich vun der Kultur méi agebonne ginn an och d’Bevëlkerung soll méi agebonne ginn.
D’Entwécklung vun der Gemeng muss sech opbauen op de Realitéite vu senger Populatioun an hire Besoin’en, awer och hiren Atout’en. Als déi Lénk, hunn mer mat de Leit zesummen eng Visioun ausgeschafft, déi d’Gemeng net nëmmen attraktiv fir Visiteuren an fir Leit op Déifferdeng ze zéie mee och eise Bierger ze gutt géif kommen. An dës Visioun géif an allen Beräicher Akzenter setzen, Kultur, Soziales, Tourismus, Educatioun an esouguer Geschäftswelt,…
Nach 2-3 Froen :
(-) Gewerbesteier, ginn et do Pläng déi erofzesetzen ? – an dësem Moment gëtt et do keng Pläng
(-) Soziale Mietwunnengsbau : am Budget si keng Recetten do virgesinn, do kann ee jo awer ee co-financement vum Staat kréien >>> Lommelshaff ? Arboria ?? 1,7 Millioune kommen do eran fir Arboria, mee Lommelshaff nach näischt well een da jo muss Loyer’en nom Gesetz fixéieren ,iwwer AIS Kordall kann een do reduzéiert Loyer’en froen awer muss net nom Revenu kucken. Erëm vum Zentrum geschwat
(-) Fonds de réserve – wat ass do de Virdeel wéi déi Sue gutt a laangfristeg ze investéieren, wéi zb a Wunnengen ? Ganz schwammeg, kann een drugoe wann ee well, RT well awer dass een dat esoulaang wéi méiglech hält