De Budget 2018 setzt nei Akzenter an der Chancëgläichheet an an der Ökologie, a mécht et méiglech, endlech dat néidegt Personal anzestellen a wichtege Beräicher wéi Kannerbetreiung, Bamfleeg an an der Administratioun, nodeems dës jorelaang ënnerbesat waren. Doduerch gi souwuel d’Aarbechtsbedéngunge vun den Ugestallten, wéi och d’Qualitéit vum Service un de BiergerInnen verbessert. D’Finanzen 2018 profitéiere vun zousätzlech Recetten, woubäi déi längst iwwerfälleg Gemengefinanzreform, déi 2016 ëmgesat gouf, an der Zouso vu Subside vum Staat (z.B. fir de 1535°), de gréissten Deel ausmaachen. Leider droen och d’Aspuerungen, déi bei den Ausgaben duerch Privatiséierungen (Aquasud, Diffbus) erreecht goufen – op Käschte vum Personal hirem Salaire – zu engem méi héijen Iwerschoss am ordinairen Budget bäi. Dëst ass a bleift inakzeptabel fir déi Lénk.
E positiven Aspekt vum Budget, deen déi Lénk och schonn déi läscht Jore begréisst hunn, si Projet’en wou d’Gemeng selwer aktiv ass. Duerch den Opkaf, d‘Lounen an d’Renovatioun vun Haiser a Geschäftslokaler, an duerch Projet’en wéi de 1535° an de klenge Casino ginn zousätzlech a stabel Recette generéiert. Nieft dem Schafe vun eegene Recetten erméiglecht dat der Gemeng och selwer an der wirtschaftlecher Entwécklung vun der Gemeng aktiv ze ginn.
déi Lénk kritiséiert datt och déi nei déi Gréng-CSV Majoritéit nach ëmmer net konsequent en ähnlechen Usaz wielt fir um Wunnengsmaart aktiv ze ginn, a soumat op der Héicht vun der sozialer Erausfuerderung ze sinn, déi déi aktuell Wunnengsnout duerstellt. Et missten op d‘mannst 5 zousätzlech Milliounen an d’Schafe vu weiderem bezuelbarem Wunnraum investéiert ginn. Dës Sue géinge soumat an d’Zukunft vun eise BiergerInnen investéiert ginn, anstatt datt Suen an engem fonds de réserve geparkt ginn, esou wéi dat am Budget 2018 matt enger Millioun virgesinn ass.