Chrëschtmaart 2017.

Am Kader vum Gemengerot vum 16.03.2018 huet de Yves Jadin eng weider Fro gestallt.

Här Buergermeeschter, Dir Damen an Häre Schäffen,

Kënnt Dir w.e.g. am Kader vun der nächster Gemengerotssëtzung vum 16.03.2018 folgend Froen zum Chrëschtmaart 2017 beäntwerten:

  • – Ass den Decompte vum Chrëschtmaart schonns disponibel a wa jo wei ass dësen ausgefall?
  • – Wann de Budget vu 70.000 € net konnt agehale ginn, aus wat huet de Surplus bestanen a wien huet dat decidéiert. Heizou géife mär gären den Detail gesinn.
  • – Wei gesäit et mam „Plan de marche“ aus fir nächst Joer aus? Ginn do Veräiner gehéiert oder einfach iwwergaangen?
  • – Sinn déi schrëftlech Reklamatiounen an awer och déi positiv Bemierkungen disponibel? A kann de Gemengerot eng Kopie kréien?

Mat frëndleche Gréiss

Yves Jadin

Gemengerotsmember

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe