Am Kader vum Gemengerot vum 16.03.2018 huet de Yves Jadin folgend Fro gestallt:
Här Buergermeeschter, Dir Damen an Häre Schäffen,
Kënnt Dir w.e.g. am Kader vun der nächster Gemengerotssëtzung vum 16.03.2018 folgend Froen zum Parkproblem fir privat Camionnettë beäntwerten:
– Wéini a wien ka soen dass et eng Camionnette ass?
– An Diddeleng hält sech „Rumeur“ dass zu dësem Parkproblem awer Ausname gemaach goufen?
- Wei hunn des Ausnamen ausgesinn?
- Wien huet vun dësen Ausname profitéiert?
- An firwat sinn des Ausnamen iwwerhaapt accordéiert ginn?
– Wat fir Léisunge gesäit Gemeng Diddeleng fir, vu que dass iwwert „Ausnamen“ jo en éischte Léisungsusaz fonnt ginn ass!
Mat frëndleche Gréiss
Yves Jadin
Gemengerotsmember