Gemengerot vum 29.03.2018 am Kader vun der “Modification ponctuelle PAG” fir de Quartier “Néischmelz”
Merci, Här Buergermeeschter, dir Damen an Häre vum Schäfferot a Gemengerot.
Fir direkt Spannung ze huele wëll de Mouvement déi Lénk Iech matdeelen dass mär de Projet Néi Schmëlz zum Deel wäerte matdroen!
Leider ass et mär net méiglech just eenzel Punkten, vun der „Modification ponctuelle vum PAG“, mat “JO” oder “Nee” ze stëmmen! Dofir bieden Ech Iech eis Kritikpunkten zu Häerzen ze huelen an déi néideg Schrëtt ze ënnerhuelen!
Et geet hei elo net drëms de Projet schlecht ze maachen, en ass et jo och net! Nach déi gelëschten Aarbecht ze kritiséieren!
Mär begréissen et, dass de Lëtzebuerger Staat , iwwert de Fond de Logement, 1000 Wunnenge wëll schafen, vun deenen herno a groussen Deel dem Locatiounsmarché zegutt kënnt. An de Statistike vum Fond de Logement gëtt vun 3000 Demandeure geschriwwen déi am Moment op enger Waardelëscht stinn. Am grousse ganzen eng Drëps op de waarme Steng, mais 1000 Wunnenge si besser wei keng!
Hei géif et eis interesséieren zu wat fir Critèren de Fond de Logement herno gedenkt des Wunnengen ze verlounen oder ze verkafen. Huet Diddelenger Gemeng Recht matzeschwätze wien wat fir eng Wunneng/Lokaler ka lounen oder kafen. Z.b. Jonk Diddelenger Koppele mat Kanner, Leit déi zu Diddeleng schaffe wat géif den Trafic entlaaschten…. a.s.w
Natierlech entbënnt de Projet “Néi Schmëlz” Diddelenger Gemeng net vun hirer Responsabilitéit selwer Wunnraum ze schafen an et soll een sech net hannert dësem Projet verstoppen. De Schäfferot huet op dëse Kritikpunkt schonns reagéiert, mär waarden nach just op eng Lëscht vun Terrain’en déi der Diddelenger Gemeng gehéieren a si gespaant wat mat dësen Terrain geschitt.!Ech verweise gären op a Projet vun der Gemeng Tressange, hei fir a Frankreisch! Tressange schafft aktiv am Wunnengsbau zum Wuel vun hire Bierger!
De Projet Phare “Néi Schmëlz” baut op erneierbarer Energie! Eng Initiative vum Fond de Logement, wou och , wann dat mat der Geothermie neicht gëtt, a “Plan B” am Tirang leit! Begréissenswäert an zukunftsorientéiert, an sech den eenzege richtege Wee!
An der Theorie soll de neie Quartier, esou gutt wei et geet, verkéiersfrei ginn a bleiwen! Fir déi Lénk an absoluten “MUST”. Dat verdangt natierlech eng Adequat Ubannung un den ëffentlechen Transport, virun allem un Schinnenetz vun der CFL.
Wann een awer den Aussoen aus dem Gemengerot an aus der Informatiounsversammlung gleewe kann, da bougéiert eis CFL kee Millimeter.
Mär wëssen dass de Schäfferot schonns a puer Reuniounen, mat de Responsabele vun der CFL hat an oft genuch preziséiert huet, wat den Diddelenger Bierger bräicht! An dëser Saach huet Dir, als Majoritéit déi 100% Ënnerstëtzung vun déi Lénk! Villäicht misst een emol all Diddelenger mobiliséieren a bei den Här Bausch trëppelen…. Mär wësse jo et sti Wahle virun der Dir.
Iwwert de Koeffizient vun 0,8 gëtt eng gewëssen Unzuel vu Parkplazen am neie Quartier généreiert. Huele mir elo mol déi 1000 Wunnengen, dat mëscht 800 Auto’en plus natierlech Parkplazen déi no engem gewësse Schlëssel fir déi ëffentlech Platzen a Geschäfter gebaut ginn. Wa mär eis 1000 Wunnengen huelen a just , wat sécher net der Moyenne entsprécht, all Stot 1 Auto huet, mëscht dat 1000 Gefierer déi sollen am neie Quartier Platz fannen. Wou gi mär mat dem Surplus vun 200 Autoen hin? An Quartier’en niewendrun, Quartier Italia a Quartier Schmëlz, déi sech elo schonns mat engem risegroussen Parkproblem ploen!
Dir huet an der Informatiounsversammlung gesot dass “Fohrmannsplaatz” esou ëmgestallt gëtt dass kann en Souterrainsparking dohinner kommen. Meng Fro, kënnt dëse Souterrain direkt an der 1 Phase oder gëtt gewaart op dëse Parking wierklech gebraucht gëtt? Wien baut dëse Parking? Ween ass Propriétaire? A wien exploitéiert dëse Parking herno?
Autoe si jo net nëmmen do fir schéin ze maachen, a ginn natierlech benotzt. Hei komme mär zu engem weidere Kritikpunkt. Et besteet kee Verkéierskonzept fir de Quartier Néi Schmëlz. Sécherlech hunn mir, am Kader vum “Shared Space” a neit Verkéierskonzept fir Commercestrooss/Liberatiounsstrooss virgestallt kritt. Hei schwätze mär vun 2 Stroossen an Diddeleng. Et feelt einfach un engem Gesamtkonzept fir déi ganz Diddelenger Gemeng. Menger Meenung no huet et keen Zweck eng Analyse ze maachen, déi och nach op Chiffere vun 2012 baséiert, vu just a puer Stroossen, mais et ass néideg eng Global VUE vum Diddelenger Verkéiersproblem ze hunn! Sécherlech keen einfache Sujet, mais esou wei et elo leeft komme mär ni op a gréngen Zweig!
An der Hoffnung dass a groussen Deel vun de Leit aus dem Quartier “Néi Schmëlz” op hier Autoe verzicht an op “Mobilité Douce” oder den ëffentlechen Transport zeréck gräift, biede mär Diddelenger Gemeng nach emol a Gesamtkonzept auszeschaffen! Et huet jo z.b. keen Zweck a sécheren “Vëloswee” vu 500 Meter ze hunn, deen herno net weider geet oder einfach liewensgeféierlech gëtt.
An der Zeitung ass scho vill geschriwwe ginn iwwert Buedemverknaschtung an ech selwer hunn schonns a puer x no Informatioune gefrot. Net weit ewech ass a ganz Gebai an enger “Nebel und Nach“ Aktioun ofgerappt ginn mat der Begrënnung dass alles, och Gebai verseucht ass. Eng illegal Demolitioun , wou zu kengem Moment eng Autorisatioun vum Buergermeeschter virlung!
Wei steet et mat de Gebaier um Terrain Nei Schmëlz am Bezuch op Verseuchung a Stabilitéit? Wann ech dat elo richteg verstanen hunn, ginn déi Analysen elo erreicht gemaach? An der Informatiounsversammlung ass a Plang mat enger graphescher Projektioun gefrot gi vun de Gebaier, déi sollen erhale bleiwen! Mir waarden nach ëmmer op dëst Dokument.
Entsuergung vum Buedem gëtt mäi deier wei am Ufank geduecht. Et brauch ee kee Chemiker ze sinn fir ze wëssen dass Sauerei am Buedem leit. Freier, war net alles besser, a Leit hunn sech iwwert Verschmotzung keng Gedanke gemaach, ware frou eng Aarbecht ze hunn a natierlech och dem Dréck lass ze sinn.
Geschichten, wat wou hi getippt gouf, kéinte gutt an engem Krimi stoen.
Leider ass et elo esou, dass déi Generatiounen duerno geplot si mat dësem Problem. Iwwert 25 Milliounen si virgesinn fir Entsuergung, net iwwerall kann en Deckel drop gemaach ginn, a verschidde Fläsche mussen ausgebaggert ginn vir ze vermeiden dass Grondwaasser alles auswäscht. Besteet an detailléierte Plang vun alle Platze wou dees de Fall ass a wäert sinn?
De Begrëff “Hot Spots”, wou ausseet dass eng iwwerméisseg “Verschmotzung” vum Buedem virleit gëtt oft gebraucht. Gëtt et heizou och an detailléierte Plang? A wat bedeit dat genau? Ass op deier Platz extrem vill “Belaaschtung” am Buedem gemooss ginn, oder sinn déi esou ausgewielt ginn, wat fréier do gestanen huet, zb.. Héichuewen, Atelier?
Den Dréck ass iwwerall an de Buedem gelaf a sécherlech net just bei den “Hot Spots”.
Besteet och a Plang mat de Waasserkanäl déi Krätz a queer am Buedem verlafen. Ech selwer hu mer a Bild dovunner konnte maache weivill Waasser nach do leeft a virun allem weivill Knascht do leit!
Komme mär nach emol op déi normal Verschmotzung zeréck, wär et net och ubruecht eng Informatioun, a verständleche Wieder, erauszeginn, z.b. iwwert de “Service de Protection de l’environnement et du Développement durable” vun der Diddelenger Gemeng, deen de Bierger informéiert wat fir Schuedstoffer am Buedem sinn.
Jo, Schwéiermetaller ass schonns e puermol gesot ginn?
Mais wat heescht dat genau, fir Gesondheet vum Mënsch a wat fir Konsequenzen huet dat fir eis Ëmwelt an Deieren? Wat si Mesuren déi geholl gi fir dëse Problem an de Grëff ze kréien. Transparenz an Informatioun fir de Bierger soll an dësem Punkt eng absolut Prioritéit sinn.
De ganzen Terrain huet just 1 € kascht, wat u Steiergelder “gespuert” gouf, wäert elo gebraucht gi fir den Dréck ze entsuergen! Mais esou wei ech dat schonns an der Budgetsdebatt gesot hunn. De Wunnengsproblem am Land verlaangt no onkonventionelle Mëttelen a wou huet een nach emol Chance op 40 Hektar Bauland, ouni ze vill an Natur anzegräifen?!
An der Presse ass och geschwat gi fir “privat” Investisseure mat an Boot ze huelen. Fir “déi Lénk” de verkéierte Wee an en absoluten NO-GO! All Frais’en ginn herno un de Keefer weider verrëschend an de Wunnraum gëtt onbezuelbar. Erschreckend fannen ech elo Behaaptungen aus der Presse dass z.b. “Stolwierk”, wat jo sécherlech an Zeien ass aus deier Zäit ass, kéint ewech gerappt ginn. De berühmten “Zeenario B” deen et géif erlabe méi “wirtschaftlech” Wunnengen ze bauen?! Beim Ofrappe gëtt onweigerlech a “grousst ” Stéck vun der Diddelenger Geschicht erwësch radéiert. Soll de Fond de Logement net kucke fir op aner Gebaier méi Etagen drop ze setzen an domat méi Wunnengen ze schafen? Mais et ass a “Cercle vicieux” Méi Wunnengen, bedeit méi Leit, Méi Leit bedeit méi Verkéier a wou kee Gesamtkonzept besteet bedeit dat onweigerlech nach méi Chaos.
Wat bedeiten esou “Changementer” fir de Concours vun den Architekten? Wa géif Stolwierk ofgerappt ginn da stëmmt jo och de Konzept vum Architekt net méi?
Des weidere weist sech, wei “Schlecht” de Fond de Logement virun a puer Joer geschafft huet. Madame Diane Dupont, déi nei Presidentin vum Fond de Logement, huet der Press bestätegt de ganze Projet nach emol enger “Kosten-Nutzen” Analysen ze ennerzeihen. Ech gi sécherlech net op den Detail vun dëser Aussoen an, stelle mär awer just Fro, firwat elo eréischt? Mär hoffen dass de neien Elan vum Fond de Logement unhält!
A wat huet eng Diddelenger Gemeng an deem Projet nach ze soen. Ausser herno PAP’en ze stëmmen an den Buergermeeschter stëllt nach déi eng oder aner Bauten oder Demolitioun – Autorisatioun aus? Wat fir a Matsproocherecht huet Gemeng nodeems mär des “Modification ponctuelle vum PAG” gestëmmt hunn? Ass dat kontraktuell festgehalen a garantéiert e Matsproocherecht vun Diddeleng?
Erlaabt mär awer nach eng privat Bemierkung zum Schluss, a Richtung Press! Ass et wierklech esou schlëmm 25 Milliounen Euro auszegi fir Entsuergung vun de Schuedstoffer, an op der anerer Säit verzicht de Lëtzebuerger Staat op iwwert 200 Milliounen un Steiergelder vu verschidde Firmen, ugeklot des Steierschold ze bezuelen.
Ech soen Merci fir Nolauschteren.
Yves Jadin