[LU] Nei Paveesteng – inklusiv Sozial- an Ëmweltdumping
Wéi d’Buergermeeschtesch et d’lescht Woch annoncéiert huet, wäerten ab Oktober eng Rei Stroossen an der Uewerstad nei Paveesteng kréien. An zwar déi selwecht wéi déi, di haut tëscht dem Groussherzogleche Palais an dem Staatsrot leien.
Wat déi meescht Leit net wëssen: dës nei hell Paveesteng, déi zur “Opwäertung” vun enger Dank Immobiliespekulatioun praktësch onbewunntener Aalstad solle bäidroen, komme vu ganz wäit, nämlech aus China. Firwat? Well déi am bëllegste sinn. Am Géigendeel zu Steebrëch an der EU, déi een nom aneren mussen zoumaachen, brauchen sech Carrièren a Länner wéi China oder Indien nämlech nëmmen u ganz wéineg Sozial- an Ëmweltstandarden ze halen. Dat ass och hei de Fall.
D’Entreprise, déi vun der Stad Lëtzebuerg ausgewielt gouf, garantéiert just, dass se op déi schlëmmste Forme vu Kanneraarbecht wäerd verzichten, net awer op d’Kanneraarbecht u sech. Eventuell Rechter vun erwuessenen Aarbechter sin iwwerhaapt keen Thema. Och wat d’Ëmwelstandarden ugeet (z. B. a Saache Waasserverbrauch), gëtt et null Engagement – vum Fait, dass hei Steng iwwert Dausende Kilometeren transportéiert ginn – wou et dach ähnlecher an der Bretagne, am Schwarzwald, oder an de Vogese gëtt – guer net ze schwätzen.
Dobäi hätt d’Stad Lëtzebuerg anescht kéinten handelen. Bësonnesch well et an deem Beräich nohalteg Qualitéitslabelen, wéi Xertifix oder Fair Stone, gëtt. déi Lénk hat dat an der Vergaangenheet am Gemengerot thematiséiert, mee d’Buergermeeschtesch huet all Ausenanersetzung domadder refuséiert.
Fir déi Lénk ass kloer: wann d’Stad ëffentlech Gelder ausgëtt, fir Material oder Equipementer anzekafen, dierf dat nie nom Prinzip vum “moins disant”, mee nëmme no deem vum “mieux disant social et environnemental” geschéien!
[FR] Sous les pavés, le dumping social et environnemental
Comme annoncé la semaine passé par la bourgmestre, une partie des rues de la Ville-Haute recevront un nouveau pavage à partir du mois d’octobre. Les pierres utilisées seront les mêmes que celles déjà employées entre le Palais Grand-Ducal et le Conseil d’État.
Ce que la plupart des gens ignorent, c’est que ces pierres, censées contribuer à la « revalorisation » d’un centre-ville largement vidé de ses habitants, viennent de loin, de très loin – à savoir de Chine. Pourquoi ? Tout simplement parce qu’elles sont les moins chères. Contrairement aux carrières dans les pays de l’UE, progressivement condamnées à fermer, celles situées dans des pays comme l’Inde ou la Chine ne sont soumises qu’à très peu de standards sociaux ouv environnementaux. C’est également le cas de l’entrepris choisie par la Ville de Luxembourg.
La seule garantie donnée par celle-ci a en effet consisté à s’engager de ne pas avoir recours aux pires formes de travail des enfants, mais pas au travail des enfants en tant que tel – sans même parler d’éventuels droits des travailleurs adultes ! Aucun engagement n’a été pris en matière environnementale (p. ex. s’agissant de la consommation d’eau). De manière générale, le fait de transporter des pierres sur des milliers de kilomètres, plutôt que d’en acheter en Forêt Noire, dans les Vosges ou en Bretagne, ne fait qu’empirer ce bilan.
Pourtant, la Ville de Luxembourg aurait pu s’y prendre autrement. D’autant plus qu’il existe dans ce domaine des labels de qualité durable, comme Xertifix ou Fair Stone. Au sein du conseil communal, déi Lénk a attiré l’attention de la bourgmestre sur ce point, mais celle-ci n’a pas daigné s’y attarder.
Pour déi Lénk, les choses sont claires : du moment que la Ville dépense de l’argent public pour acheter des matériaux ou des équipements, cela ne doit jamais se faire selon le principe du « moins disant », mais seulement selon le « mieux disant social et environnemental » !
