Den Yves Jadin seng Interventioun am Gemengerot vum 04.05.2018 am Kader vum Verkaaf “ArcelorMittal”
déi Lénk ënnerstëtzen des Motioun natierlech. Ech wollt awer op a puer Punkten agoen déi mir net ganz kloer schéinen. An der Motioun selwer feelt a Saz wou gesot gëtt dass Lëtzebuerg der Arcelor / Arbed a schwéieren Zäite gehollef huet! An et ass och esou dass jo net just Diddeleng betraff ass! Mais déi ganz Groussregioun. Misst een dat net och an der Motioun oplëschten ?
Wat mir awer richteg ze Bedenke gëtt sinn Delaie vun den Interventiounen an de Floss vun Informatiounen.
Schonns Ufank 2017 huet den Noriichtendéngscht Reuters dovunner geschriwwen dass ArcelorMittal interesséiert ass ILVA ze kafen. Um Site vun ArcelorMittal gëtt, just an engem klénge Saz, geschriwwen dass se de 6 Mäerz 2017 eng offiziell Offer gemaach hunn fir ILVA vum italienesche Staat ze kafen. Eng ILVA, déi a verschidde korrupt Affäre verwéckelt war, sief dat finanzieller Natur, Verstéiss géint Natureschutzreglementer a last but not least géint Aarbechtsgesetzer. Konsequenz , eng Staatstutelle huet dofir gesuergt dass déi marod Firma konnt iwwerliewen.
An och wann ArcelorMittal elo eng beträchtlech Zomme muss dohinner leen, ass et dach fir si a Schnäppchen. Op Käschte vum Diddelenger Site! Wat net ze acceptéieren ass!
Den 8 Februar 2018 informéiert ArcelorMittal dass EU Kommissioun eng fréier Offer vun Zougeständnesser refuséiert huet! Eng Demande déi am September 2017, viru 7 Méint, gemaach gouf! Hei ass sécherlech schonns ze erkennen dass se bei ArcelorMittal ganz genau woussten an nach ëmmer wësse wat fir Zougeständnesser se musse maache fir net eng Monopolstellung an Europa ze kréien. A net just eng Lëscht mat Site déi net rentabel sinn oder déi eppes ganz anescht produzéieren!
An Zack war Diddeleng op emol am Gespréich! Ech stelle mir hei Fro firwat de Lëtzebuerger Staat net vun Ufank un, iwwert des Méiglechkeet, informéiert gouf, sief dat vun ArcelorMittal selwer oder op mannst vum nationale Vertrieder am Conseil d’administration dem Här Jeannot Krecké!
Feelen vun Informatioune bedeit elo dass mär mam Réck wiedert der Mauer stinn, an et bleift eis elo nach just ze hoffen dass Europäesch Kommissioun no gëtt. An dëser Hoffnung stëmme mir natierlech, esou wei schonns Ufank gesot des Motioun mat engem kloren JO!