Un de Schäfferot vun der Gemeng Suessem
Gemäss dem Artikel 13 vum ëmgeännerte Gemengegesetz vum 13.12.1988 an den Artikele 6 a 7 vum internen Uerdnungsreglements fir de Gemengerot, riichten mär fir déi nächst Gemengerots-Sëtzung (vum 28.09.2018) folgend 3 Froen un de Schäfferot:
1) Sëtzverdeelung an de berodende Kommissiounen.
Als Folleg
- vun eisem zousätzleche Punkt um Ordre du Jour vun der Sitzung vum 11/12/2017, wou mer gefrot hate fir eng dem Gesetz no virgeschriwwen a gerecht Sëtzverdeelung an de berodende Kommissiounen virzehuelen – déi eis trotzdeem verworf gouf, obwuel:
o d’Gemengegesetz a sengem Artikel 15, al. 2 virgesäit:
« Dans les communes qui votent d’après le système de la représentation proportionnelle chaque groupement de candidats est représenté dans les commissions communales en fonction du nombre de ses élus au conseil. » ;
- eiser Reklamatioun duerno beim Inneministère
- an deem seng Äntwert vum 27/07/2018, wou mer informéiert ginn, dass de Schäfferot ëm eng “Prise de Position” gebiede gouf,
wollten mär froe
- wat dem Schäfferot seng Positioun dann elo ass
- an ob en net awer drun denkt, endlech seng, net nëmmen net Gesetzes konform, mä och nach ondemokratesch Sëtzverdeelung ze iwwerdenken an unzepassen
2) “Geplangte” Weiderbildungsinstitut fir Gastronomie an Hotellerie nom Virbild vum “Institut Paul Bocuse” am Suessemer Schlass.
- No der ëffentlecher Ukënnegung am Mäerz vun der Staatssekretärin Francine Closener, fir am Suessemer Schlass e Weiderbildungsinstitut fir Gastronomie an Hotellerie nom Virbild vum “Institut Paul Bocuse” usidelen ze wëllen, hunn “Déi Lénk” an der Sitzung vum 30/03/2018 eng Fro un de Schäfferot geriicht, fir gewuer ze ginn wat et domadder op sech hätt.
- Als Äentfert krute mer, ënner anerem, dass den Här Buergermeeschter am Juni 2018 mat der Staatssekretärin Francine Closener den Institut op Lyon géif besiche goen an duerno eréischt eng Decisioun géif falen.
- An der Summer Vakanz ware mär op der Duerchrees zu Lyon an hunn eis den Deel vum Institut, dee sech jo, a Kooperatioun mam “Accor” Grupp, am (Luxus) Hotel “Le Royal” am Zentrum vu Lyon befënnt, ugekuckt an eis och kuerz iwwer de “Château du Vivier” zu Ecully informéiert. Dobäi hu mer gesinn, dass en Accord mat der Sibirescher Uni ënnerschriwwe gouf fir dee mëttlerweil siwenten internationalen Paul Bocuse (Uni)Campus a Russland ze schafen
a wollten dofir elo emol nofroe
- wéi är Visitt war,
- wou den Dossier am Moment dru wier
- an am Fall vun enger geplangter Usiidlung, och un esou e Genre (Uni) Campus (Alliance by Institut Paul Bocuse) geduecht ass
3) Neie Logo (& “Charte graphique”) / Nei Form vu Kommunikatioun (& neien Internetsite) fir d’Gemeng Suessem
- Haut de Mueren, Méinden, de 24/09/2018, ass der Presse an domadder och direkt der Ëffentlechkeet en neie Logo (& “Charte graphique”) esou wéi eng nei Form vu Kommunikatioun (& Internetsite an nei Email Adressen) fir d’Gemeng Suessem presentéiert ginn, déi domadder dann och direkt a Kraaft getruede sinn.
- Dass d’Gemeng Suessem iwwerhaapt en neie Logo, an domadder eng nei “Identitéit” (siehe “Nation branding”) an där sech d’Bierger vun der Gemeng sollen erëm fannen, sollt kréien a vun haut un dann och huet, ass de Gemengerot offiziell de leschte Freiden, den 21/09/2018 um 09:50 iwwer Email gewuer ginn:
“Léiwe Gemengerot,
Nächste Méindeg, 24. September 2018, presentéiert d’Gemeng Suessem hiren neie Gemengelogo an den neien Internetsite. Mir géifen eis freeë, wann dir nächste Méindeg um 11.00 Auer am Hochzäitssall vun der Gemeng kéint dobäi sinn. Mat beschte Gréiss,”
- Och wann ee vläicht hannert de Kulissen héieren hat, dass de Schäfferot mat hierem Service RPC an enger privater Firma (deene mär hir Kompetenz an hir Aarbecht hei net wëllen a Fro stellen) un enger neier “Charte graphique”, mat och eventuell engem neie Logo géif schaffen – a wéi ee gesinn huet, dorausser e rise grousst Geheimnis gemaach huet – esou hätt een sech nawell kënnen erwaarden, dass zumindest de Gemengerot zu iergend engem Zäitpunkt hätt kënne mat “agebonne” ginn…
- Weider si mer gewuer ginn, dass am Gesamtkonzept den Internetsite an d’Email Adressen vu “sanem.lu” elo op “suessem.lu” (?!) wäerte changéieren, wat jo awer eng Partie Problemer wäert mat sech bréngen
- an dass elo all schrëftlech Publikatiounen an engem eenzege Magazin (Kuerz a Knapp ?!) wäerte vereent ginn, an esou dat politescht Informatiounsblad, wat am Detail op d’Gemengerotssitzungen agaangen ass an, esou wéi dat och am internen Uerdnungsreglements fir de Gemengerot virgesinn ass, eng vun deenen eenzege schrëftleche Méiglechkeete war, fir d’Aarbecht, haaptsächlech déi vun der d’Oppositioun, ze dokumentéieren, ofgeschaaft gëtt. Dat kann een net alleng duerch d’Audio’e vun de Sitzungen um Internet ersetzen…
Dofir stellen sech hei och e puer Froen:
- Ween ass hei “d’Gemeng Suessem”, déi “hiren” neie Logo presentéiert? Ass dat, alt erëm, nëmmen de Schäfferot. Wat ass hei (an iwwerhaapt) de Stellewäert vum Gemengerot a senge gewielte Conseiller’en?
- Wat waren d’Ursaachen / d’Necessitéit fir och en neie (fuerwege) Logo kreéieren ze loossen, zemools ee weess, dass dat (nieft der Charte graphique) mat enorme Käschten an Aarbechtopwand verbonnen ass, vue dass dee Logo jo net nëmmen informatesch an op Pabeier, mä och soss iwwerall an der ganzer Gemeng ze fannen ass an elo muss gewiesselt ginn?
- Firwat ass dës Necessitéit an dee Budget / Aarbechtsopwand net mam Gemengerot ofgeschwat ginn?
- Am Fall wou een op dëse Wee mat gaange wier, firwat sinn net méi Leit (Schoulen, Kommissiounen, Kënschtler, Gemengerot asw…) un der Viraarbecht vum Konzept oder zumindest un der (Schluss)Auswiel vum (Konzept vum) Logo mat dru bedeelegt ginn?
- Wéi stellt de Schefferot sech déi weider schrëftlech Publikatioune vun de Sitzungen, de Froen, de Beiträg asw… vun de Parteien vir?
Merci am Viraus fir är geschätzten Äntwert.
Mat beschte Gréiss,
Myriam CecchettiConseillère déi Lénk | Jos PiscitelliConseiller déi Lénk |