Budget 2019
De Buergermeeschter huet a senger Budgetsried déi Projet’en opgezielt an déi haaptsächlech soll investéiert ginn fir 2019. Nei Schoulgebaier, Infrastrukturverbesserungen, nei Sportinfrastrukturen, Urbanismusprojeten, Immobilienaquisitiounen a nei kulturell Infrastrukturen, maachen de Gros vun de Budgetposten aus, déi de Buergermeeschter a senger Ried opgezielt huet.
D’Finanze vun der Gemeng si méi ewéi gutt. D’Gemeng muss keng Sue léine goen an Enn 2018 bleift e budgetäre Gesamtiwwerschoss vu bal 67 Milliounen iwwreg. Enn 2019 sollte bal 5 Millioune Gesamtbudget iwwreg bleiwen. D’Ausgabe fir 2019 betreffen 116 Milliounen Investitioune fir d’Stad an hir Bierger.INN.en an ëm déi 161 Milliounen ordinär Ausgaben (Paien, Loyeren etc.). Wat dat gesamt Konzept oder d’politescht Visioun fir de Budget vun 2019 ass, erkläert de Buergermeeschter net. Dat wäerte mir nach selwer erausfannen. D’Debatt iwwer de Budget ass den 3. Dezember am Gemengerot um 9h.
Modification ponctuelle du Plan d’aménagement général « Südspidol »
D’Südspidol soll bis 2023 fäerdeg ginn an zu Esch Raemerech um Gebitt vun de Quartieren Elsenbrich, Zare Sommet, op de Kleppen gebaut ginn, ugebonnen un d’Rue Henri Koch an de boulevard Charles de Gaulle. Dës punktuell Ëmännerung vum PAG ass formell néideg fir den Terrain fir de Bau vum Südspidol kënnen ze notzen. Am Kader vun der Modifikatioun vum PAG muss och ëmmer eng Strategesch Ëmweltprüfung (SUP) duerchgefouert gi fir sécher ze goen dat kee Schued oder Risiko besteet fir d’Gesondheet vum Mënsch an der Ëmwelt bei der Ëmklasséierung vun engem Terrain an e Bauterrain. Am Fall vum Südspidol gëtt de SUP-Bericht gréng Luucht, mä fuerdert d’Gemeng Esch awer och op en anere Wunnraum fir de Gartenrotschwanz ze fannen. De Villche wäert deemnächst kënnen op de Bouwenacker « plënneren ». D’Modifikatioun vum PAG gesäit hei allgemeng eng Ëmklasséierung vu verschiddene Terrain’e an eng zone d’équipements publics fir grad ewéi eng Ëmklasséierung vun enger zone d’activité an eng zone verte mat der geplangter Gréngfläch fir d’Spidol an der Renaturaliséierung vun der Dippech op dem Gebitt.
Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?
Déi Lénk hunn dëse Punkt matgestëmmt. De Marc Baum huet awer och beim Buergermeeschter a beim Schäfferot nogefrot wat mat den aktuelle Gebailechkeete vum CHEM geschitt am Quartier Dellhéicht. Dës Gebaier gehéieren effektiv dem CHEM an den Terrain ass mat Proprietéit vun Arcelor-Mittal. D’Gemeng sollt sech awer d’Recht huelen an d’Saach anzegräifen an de CHEM net eleng iwwer d’Schicksal vu senge Gebaier am Escher Stadkär decidéiere loossen. Eng Versammlung vun der Gemeng Esch mam Finanzministère an dem CHEM ass schonn op der Agenda. De Marc Baum huet och op d’Uleies vum TICE opmierksam gemaach. D’Busgare vum TICE um boulevard Charles de Gaulle ass nämlech vun der PAG Ëmännerung betraff. Den TICE wäert seng Hale fir d’Bussen op de Personalparking ausbauen an dofir de Parking zweestäckeg iwwer d’Halen bauen. Hei ass also ee Compromis fonnt ginn.
Eng weider Bemierkung vun déi Lénk betrëfft d’Schrebergäert um Elsenbrich déi verschwanne musse fir de Bau vum Südspidol. Hei ass et wierklech bedenklech dat den zoustännege Schäffen de Martin Kox keng Kompensatioun, keng Ersatz Terrain’e fir all déi concernéiert Leit konnt fannen. Leit déi lo scho jorelaang zu Esch hire Gaart hate mussen elo wann se keng Escher sinn an de Nopeschgemengen en neien Terrain fannen. Esch verhandelt mat deene Gemengen, mee eng Garantie op Ersatz gëtt et net wierklech an eng alternativ Plaz fir d’Südspidol leider och net.
Nouveau quartier « Central Square » à Belval-Ouest (Suessem-Esch)
Op deels Escher an deel Suessemer Territoire ginn um Belval nei Lotissementer gebaut. Vun deenen all kéiers 10% vun der Wunnfläch fir „logements à coût modérés virgesinn“ sinn. D’Appartementer sinn opgedeelt a Studioe vu 40m2 bis zu den 3-Zëmmer Wunnengen. déi Lénk hunn de Projet matgestëmmt.
Distributeur automatique de produits de boulangerie
Et klengt net ganz appetitlech, mee sou ass et awer geduecht : ee Baguettenautomat soll an en Eck vum Parking vum Lallenger Kierfecht installéiert ginn. Dat ass d’Zil vun enger Konventioun tëscht der Stad Esch an enger der Firma PAKT S.A. vu Stroossen déi Automaten hierstellt an Exploiteur ass vun der Firma Panivending aus der Lorraine.
D’Firma bezilt der Stad Esch e Loyer vun 240€ de Mount a këmmert sech ëm Installatioun, Ënnerhalt a Beliwwere vum Automat. Just huet de Schäfferot Sënn an Zweck vun sou engem Automat net wierklech widderluecht a kee weess vu wou dat Brout hir soll kommen dat an dem Automat soll an e puer Sekonne gebak ginn. Dobäi setze besonnesch déi Gréng Schäffe jo awer op gesond Iessen… Dem Commerce de proximité ass heimat op jiddefalls kee Gefale gedoen. En plus steet den Automat eng 200m vun enger Bäckerei ewech. Och Sonndes besti Méiglechkeete säi Brout an der Ëmgéigend kafen ze goen och ouni den Auto mussen ze huelen, op Plaze wou de Verkaf vum Brout Aarbechtsplaze schaaft, och wann et sech hei net ëmmer ëm ee klenge Commerce handelt mam Cactus an der Tankstell. Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ? Dogéint ! Och d’LSAP hunn dogéint gestëmmt an déi Gréng hunn dëse Punkt mat Virbehalt matgestëmmt.
Motion « Commission des loyers »
Hei zu Esch wéi och an anere Gemenge gëtt et eng Mietkommissioun, also eng Commission des Loyers, déi notamment d’Missioun huet de Leit ze hëllefen déi vun engem Litige bei der Festleeung vum Montant vun hirem Loyer an hire Chargë betraff sinn. Dem Mietgesetz vun 2006 no, dierf de maximale Montant vum Loyer net iwwer déi 5 % vum investéierte Kapital an d’Wunneng oder Haus ewech goen, soss handelt et sech ëm ee Litige an de Propriétaire mécht sech strofbar. D’Mietkommissioun huet den Optrag de Problem „à l’amiable“ ze léisen a kann dofir och selwer de Montant vum Loyer festleeën. Fir dës Prozedur awer kënnen anzeleeden, muss d’Kommissioun saiséiert ginn. Anescht kënnt Kommissioun net zesummen. A fir d’Saisie kënnen ze maachen, muss och eng rechtlech Prozedur respektéiert ginn, zum Beispill soll de Propriétaire och vum Locataire informéiert ginn, Bréiwer musse geschriwwe ginn etc etc. Am beschte misst de Montant vum investéierte Kapital gewosst si fir dat de Locataire kann ausrechne wat säi Loyer dierft sinn.
Déi schwéierfälleg Prozedur beäntwert deelweis d’Fro vum Line Wies un de Schäfferot an de Buergermeeschter: Firwat ass déi Mietkommissioun säit de Wahlen nach ni zesumme komm, wuelbemierkt dat se och an deene leschte 6 Joer ënnert der LSAP och nëmmen 2 mol zesumme komm ass. Dat schéngt am Kontext vun der Wunnengsnout zu Esch wierklech erstaunlech. Hätten d’Leit effektiv guer keng Requêtë gemaach? A wann wéi kann dat sinn? An enger Aarbechtergemeng ewéi Esch an där de Mediane Loun net iwwer 3000 Euro ewech geet bei engem nationalen Duerchschnëtts Loyer vun 1400€, misst d’Mietkommissioun dach all Hänn voll ze dinn hunn. Eben grad duerch déi Penurie u bezuelbare Mietwunnenge kann ee fäerten dat de maximale Montant vum Loyer oft iwwer déi 5 % vum investéierte Kapital an d’Wunneng erausgeet, wat dem Mietgesetz no net erlaabt ass.
D’Äntwert läit fir d’Vertrieder vun déi Lénk op der Hand: Déi mannste Leit sinn iwwer d’Existenz vun enger Mietkommissioun informéiert an nach manner iwwer d’Prozedur vun der Saisie vun der Mietkommissioun. Déi meescht Leit kennen hir Rechter als Locataire och guer net. Et ass de Rôle vum Schäfferot, d‘Leit an der Gemeng iwwert hir Rechter als Locataire ze informéieren an déi sëllech Prozedure fir d’Mietkommissioun ze saiséieren oder aides au logement locatif (Subvention Loyer, Garantie locative) unzefroen ze erklären.
Dat fuerdert och d’Motioun déi d’Line Wies fir déi Lénk agereecht huet: MotionCommissionLoyers
E weidere wichtegen inhaltleche Punkt vun dëser Motioun, ass d’Bedenken dat mat den explosiven Immobiliëpräisser (Eng Hausse vun 5% all Joers sou dat par Rapport zu 2000 d’Präisser ëm dat duebelt geklomme sinn) an der Stagnatioun vun de Léin, ëmmer méi Loyer’en onbezuelt sinn och wann se 5% vum investéierte Kapital ausmaachen. déi Lénk fuerdere säit laangem eng Reform vum Mietgesetz fir de maximale Montant vum Loyer kënnen un d’Realitéit unzepassen.
De Schäfferot huet onerwaart an op Grond vun der Argumentatioun vun déi Lénk, eng weider Motioun eragereecht, déi d‘ Aussoen iwwer d’Wunnengsnout vun der Motioun vun déi Lénk iwwerhëlt an sech un d’Regierung riicht mat der Fuerderung vun enger nationaler Instanz (Eng Aart Ombudsmann/fra) déi sech soll ëm iwwerdeiert Loyer’en a Chargen op lokalem a regionalem Niveau këmmere mat engem vereinfachte Prozess. De Schäfferot an d’Vertrieder vun déi Lénk hunn sech op eng gemeinsam Motioun gëeegent, déi sech engersäit un de Schäfferot riicht mat der Fuerderung no enger Informatiounscampagne iwwer d’Rechter vun de Locatairen an de Fonctionnement vun der Mietkommissioun, anerersäits un d’Regierung fir op laang Dauer déi komplex Prozedur vun de Mietkommissiounen ze ersetzen duerch eng méi effikass national Struktur.
D’LSAP huet d’Motioun net matgestëmmt, vläicht aus obskure parteipolitesche Grënn?!