Wou geet d’Rees déi nächst Joer hin ?
De Budget ass nämlech eng Projektioun wéi et soll déi nächst Jore weidergoen. Wat fir Erausfuerderunge ginn an Ugrëff geholl, wat fir Projet’en finanzéiert, a wat gëtt investéiert ?Wann all Joers 1000 Awunner méi solle bäikommen, Frichen erschloss ginn , d’sozial Ongläichheete weider auserneen driften, dann muss de Budget vun der Gemeng op der Héicht sinn, vun den Erausfuerderungen déi sech heiduerch stellen.
Grouss Erwaardungen. Keng nei Akzenter.
Leider setzt de Budget vun 2019 keng nei Akzenter an ass de groussen Erwaardungen och net gemooss. D’Gemeng investéiert weiderhin net genuch an d’Entwécklung vun der Stad an d’Zukunft vun hire Bierger. Dat weist zum Beispill de Fait dat, vun 113 Milliounen déi de Budget virgesäit, der nëmme 67 benotzt gi sinn. E bëssi méi ewéi d’Halschent ass vum Budget vun 2018 realiséiert ginn, 59%. Dobäi sinn d’Spuersäiten eriwwer.
D’Gemengefinanze sinn an top Form.
Mat engem Boni vu 66 Milliounen, engem Scholdestand vu ronn 50 Milliounen, Fongenreserve vu 16 Milliounen an engem Kapitaliwwerschoss vun 32 Millioune bei Südstroum deen der Gemeng och ze Gutts kënnt. Zënter 5 Joer huet Gemeng keen Emprunt méi misse maachen.
Wat geschitt dann elo mat all deene Suen ?
Déi Lénk Gemengerotsmembere Marc Baum a Line Wies hunn d’Haaptkritikpunkten op de Punkt bruecht an déi Beräicher opgezielt déi dréngend méi nohalteg Investissementer brauchen.
0€ fir nei kommunal Mietwunnengen
Wunnengssituatioun zu Esch ass problematesch. Dofir gouf eng Agence Immobilière Sociale an d’Liewe geruff, fir de Leit privat Wunnengen zu engem soziale Präis ze verlounen. Natierlech begréisse mir als déi Lénk dëse Projet. Mee bedenklech ass awer, dass net méi virgesuergt gëtt fir weidere gënschtege kommunale Wunnraum ze schafen. Op de Nonnewisen huet d’Gemeng Lotissementer gebaut déi all zum Verkaf stinn. Lokativ Gemengewunnenge fir déi ee kee Prêt muss maache, sinn immens rar. Vun 341 stinn der eleng 77 säit 2016 eidel. Déi musse renovéiert ginn. 2018 goufe vu 5,1 Millioune € déi fir d’Renovatioun vun de Gemengewunnenge virgesi waren, der just 1,7 ausginn. Fir d’Joer 2019, sinn nëmme 6 Renovatioune virgesi mat engem knappe Budget vun 1,6 Millioune €. 0€ si vir de Bau an/oder d’Acquisitioun vu neie soziale Mietwunnenge virgesinn. Dobäi kritt d’Gemeng fir all Wunneng déi se schaaft 75% vum Staat rembourséiert an 1000€ pro Wunneng dobäi. De soziale Wunnengsbau ass e wichtegt Element fir d’sozial Mobilitéit vun de Leit ze fuerderen. D’Gemeng muss sech dofir d’Moyen’e ginn déi se zum Beispill via eng Tax op eidelstoend Wunnenge kann anzéien. Dës Tax, déi den Inneministère gesetzlech virgesäit, gouf zu Esch ni ëmgesat, a wäert och dës Kéier net ëmgesat ginn, wéi een aus dem Budget kann erausliesen. E ganz fade Bäigeschmaach an dësem Kontext ass d’Senkung vun der Gewerbesteier, déi 2018 vum Schäfferot decidéiert gouf an der Gemeng d’Recettë kierzt.
Spuersam Sozialpolitik
Bei de sozialen Infrastrukturen, beweegt sech net vill. De Budget vum Abrisud gouf erofgesat, an d’Pläng ronderëm dat neit Emplacement vum Abrisud bleiwe geheim. D’Stëmm vun der Strooss kritt keng nei Moyene fir hir Raimlechkeeten ze erweideren, an och fir déi 75 nei Employé.e.ë vum Office Social gi nei Raimlechkeete gebraucht déi net budgetiséiert sinn.
Schoulpolitik am Schleekentempo an ouni Gesamtvisioun
Am Budget fir 2019 sinn 750 nei Schoulplazen an 880 nei Maison Relais Plazen virgesinn. Verschidde Schoule solle renovéiert an ausgebaut ginn, nei Maison Relais sollen entstoen an et sollen och fonkelnei Schoule gebaut ginn. Am Moment ass just déi nei Schoul zu Wobrécken an der Maach. Hei ass bis elo just 1 Millioun vun 3 déi am Budget 2018 virgesi ware verschafft ginn. Elo kommen hei nach emol 5 Milliounen dobäi. Sollt dës Schoul an hir Maison Relais wéi geplangt 2012 opgoen da muss ee Gas ginn mat den Depollutiounsaarbechten.
Mir brauchen nei Schoulen an Esch fir d’Schülerpopulatioun besser opzedeelen an déi al Gebaier ze entlaaschten déi un hir Limitte getraff sinn. D’Schoulen déi op der Lentille an um Crassier Terres Rouges, grad ewéi op der Arbed Schëffleng geplangt sinn, sinn zwar am Kader vun der Stadplanung annoncéiert ginn, mee wéini d’Aarbechten hei ugi steet nach an de Stären. Et ass nach kee Budget hei zou festgeluecht a nach kee konkrete Projet am Gemengerot presentéiert ginn.
Dat sinn also 800 nei Schoul-a Maison Relais Plazen déi nach eng Zäit a Klammere wäerte stoen. Am Fong steet fir d’Joer 2019 just een neie Projet fir de Bau vun enger Schoul am Budget, fir de Quartier Neiduerf. Dat ass eng Fuerderung déi déi Lénk ëmmer erëm gestallt hunn, also eng al Iddi. Mir wieren ëmsou méi frou wann d’Neiduerfschoul keng Annex géif ginn. De Wëllen d’Annexen iwwerflësseg ze maachen, huet dëse Schäfferot leider net. Et gi souguer neier opgeriicht wéi d’Maison Relais um Lalléngerdäich. Ze Bedenken ass och, dass dës meeschtens provisoresch Strukture séier onbenotzbar ginn an da mussen ersat ginn. D’lescht Joer si vläicht eng 17% vun eise Kanner an eng provisoresch Struktur, resp. Annexe an d’Schoul gaangen. Dëst Joer misst dat ähnlech sinn.
Fir den Ëmbau vum Ale Lycée, stoung eng Etüd fir 50000 € am leschte Budget, déi ni duerchgefouert gouf. Dës Schoul huet enger Liser Etüd no déi sozial-an ekonomesch schwächste Schülerpopulatioun aus ganz Esch. Hei feele ganz drénglech Investissementer.
Et feelt schlussendlech un enger Gesamtvisioun beim Schoulbudget. Eng wierklech proaktiv Investitiounspolitik déi e Virsprong kéint gewanne bei der Schafung vu neie Schoulplazen am Kontext vum demographesche Wuesstem gëtt et net.
Moien Esch 2022. Äddi Ciné Ariston.
D‘Investissementer an d’Kultur schaffen entweder just op Esch 2022 hin, oder a vergänglech Projet‘en bei deene kee Konzept fir e laangfristegen an och sozialen Notze virläit. Zu Esch feelt virun allem en Escher Lokalmusée. Effektiv, gëtt et zu Esch kéng Plaz, wou déi Escher oder och Visiteuren eppes zu Escher Lokalgeschicht gewuer ginn. An do ginn et awer vill interessant Aspekter. Esch bléckt op eng joerdausend al Geschicht zeréck. Esch ass och méi wéi nëmmen d’Industriekultur. Esch kéint och e weidert Kulturzentrum gebrauchen. Do wier d’Gebai vum Ciné Ariston ideal. Den Ariston kéint polyvalent genotzt ginn, ob als Kino, Theater-oder Festsall. Wor d’Reaffektatioun vum Ariston dann net eppes wat am Koalitiounsofkommes 2017 stoung an Hoffnungen opliewe gelooss huet dat awer erëm vläicht e qualitative kulturelle Programm am Stadkär ka gebuede ginn?! Fir de Schäfferot wier sou eng Investitioun an den Ariston awer net derwäert. Si misste bis zu 9 Milliounen ausgi fir den Ariston opzepäppelen. Dat schéngt iwwerdriwwen. De Kinossall ass intakt a gouf nach virun net sou laanger Zäit genotzt. De Festsall an d’Buvette hätten eng Renovatioun néideg, mee trotzdeem ginn do weiderhi Festlechkeeten ofgehalen. Et kann also net esou well si mam Zoustand vum Ariston. De Schäfferot huet jo schliisslech 12, 5 Milliounen am Gemengebudget virgesi fir Acquisitioune vun Immobilien, do kéint de Kaf vum Ariston fir 2,5 Millioune jo abegraff ginn. Mee de Schäfferot huet keng Iddie wat e soll mam Ariston ufänken. Da gi mir hinnen Iddien. Eng Biergerinitiativ ass schonn um Start. Affaire à suivre…
E Budget vun enger erschreckender Mëttelméissegkeet.
Trotz positive Verännerunge bei der Astellungspolitik (ëm déi 73 nei Aarbechtsplazen si geschaf gi säit Dezember 2017) mat der Kommunaliséierung vun de Bamhaiser an der neier Buvette fir d’Lallénger Sportshal, Entwécklung vum CIGL eweg vun enger Beschäftegungspolitik, bleift dëse Budget vun enger erschreckender Mëttelméissegkeet.