Zu Wobrécke sinn d’Leit enges mueres erwächt an hu misse festellen dat an Hirem Quartier massiv Beem ofgeholzt gi sinn.
Am Neiduerf, sinn d’Awunner vun der rue Saint Nicolas an der rue Neudorf per Zoufall gewuer ginn, dass an hirer Strooss e grousse Bauprojet geplangt ass, dee vill Leit aus hiren Haiser verjot a weider Konsequenze fir d’Liewensqualitéit vun den Awunner huet.
Nodeems de Projet vum Portal Eent um Prënzeréng ouni Tuerm am Gemengerot ofgestëmmt gouf, koum et zu engem Revirement. Den Tuerm ass erëm do. De Bauteschäffe wëll dat sou an d’Leit grad ewéi d’Gemengeconseillere sinn et an der Zeitung gewuer ginn.
De Schäfferot wollt de Ciné Ariston reaffektéieren, dono net méi, dunn awer, mee ouni en ze kafen. De Kulturschäffe sot en hätt keng Iddie fir den Ariston. Elo sollt en Sall fir Jugendtheater dran entstoen. Vläicht kéint een nach vill méi draus maachen, wann een sech ëmfreet…