Juristeschen Avis zum Contournement virgestallt.

De Contournement vu Käerjeng ka verhënnert ginn. Och wann d’Chamber virun 10 Méint e Gesetz fir d’Finanzéierung vum Projet gestëmmt huet. E juristeschen Avis, den déi Lénk ugefrot a gëschter presentéiert hunn, mécht ganz däitlech: de Contournement ass ufechtbar. D’Zerstéierung vun der Natura 2000 Zone mat grousser Aartevillfalt, vun engem vun de wéinege Bëscher an Erhuelungsgebidder an der Géigend als also keng beschlosse Saach! Et gi vill aner effikass a méi bëlleg Méiglechkeete fir d’Verkéiersproblemer zu Käerjeng an am ganze Südweste vum Land ze léisen an d’Loftqualitéit direkt ze verbesseren an dat ganz ouni nei Strooss. An dat ass op Dauer och am Interesse vun de Leit zu Suessem, zu Käerjeng an doriwwer eraus. All weider Erklärungen, de juristeschen Avis vum Me Olivier Lang an de ganze Video vun der Pressekonferenz sinn online https://bit.ly/2VUsX5j

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe