Am Gemengerot vum 24.05.2019 gouf de Projet Kannerkascht + virgestallt.
mercredi, 05 juin 2019
Kannerkascht+ – Awer just Augenwischerei?!
Am Gemengerot vum 24.05.2019 gouf de Projet Kannerkascht + virgestallt.
Wat ass de Kannerkascht +?
Et handelt sech hei ëm e Bildungsprojet, virun allem an de Maison Relais’en. Am Kader vum Kannerkascht+ kréien d’Kanner déi an enger Maison Relais ageschriwwe sinn, oder op enger Waardelëscht vun enger Maison Relais stinn, nierft engem Mëttegiessen, weider Aktivitéiten am Nomëtteg ugebueden. Déi Aktivitéite gi vun Theateratelieren, iwwer Sportprogrammer bis zu emotionaler Bildung a Wëssensatelieren. Alles am Kader vun der non-formeller Bildung.
Wou ass de Problem?
D’Bildung zu Esch stäerken an de Kanner eng Méiglechkeet ginn u verschiddenen Aktivitéiten deelzehuelen, déi si fit fir d’Liewe maachen, ass natierlech en Objektiv dat mir ënnerstëtzen!
Par konter ass et problematesch, wann dat net d’Gemeng selwer an d’Hand hëlt, mee hir Responsabilitéit ofgëtt un eng Privatfondatioun, nämlech an dësem Fall d’Up-Fundation, déi hire Sëtz an der Dicksstross huet. Dës Fondatioun soll d’Koordinatioun vun de verschiddenen Aktivitéite fir de Kannerkascht + iwwerhuelen. Si ass de Mediateur tëscht der Gemeng an de verschiddenen Asbl.’en an Organisatiounen, déi hir Aktivitéite fir d’Maison Relais’en ubidden. Dës Acteure gi weder vun der Gemeng, nach vun der Up-Fundation bezuelt, mee vun den Organisatioune fir déi si schaffen. D’Up-Fundation ass eng privat Organisatioun, déi duerch privat Gelder aus der Finanz- a Wirtschaftswelt ënnerstëtzt gëtt. Si inspiréiert sech un der schwäizer Jacobsfondatioun, eng Fondatioun fir d’Bildung déi vu Jacob’s Kaffi, ee Grousskonzern dee mat Kaffi säi Business mécht.
D’Up-Fundation setzt op d’Privatinitiativ fir d’Bildung virunzebréngen. Fir si ass et net un der ëffentlecher Hand d’Bildung ze stäerken, mee un der Zivilgesellschaft. Dat ass eng Approche déi och de Bildungsminister vertrëtt, an déi och a Richtung Privatiséierung vun den ëffentlechen Servicer geet. Schliisslech ass d’Privatiséierung vun der Schoul scho längst am gaangen.
Et ginn immens vill Froe, déi fir eis onbeäntwert bliwwen sinn, notamment „Wien décidéiert schlussendlech iwwer d’gesamt Auswiel vun den Aktivitéiten? Dat ass jo dann net méi d’Gemeng, wann d’Up-Fundation d’Akteuren siche geet… An wien décidéiert am Endeffekt wat Kanner maachen? Sinn dat d’Elteren oder erëm déi Privatfundatioun. An da natierlech, stellt sech d’Fro wéi d’Kanner transportéiert ginn vun der Maison Relais bis zu den Aktivitéiten? Wéi sinn se assuréiert? Villes steet eben nach an de Staeren, mee de Projet klengt immens cool, an d’Madamm Ragni wëll onbedéngt lassfueren, ouni Rücksicht op déi konkret Art a Weis wéi déi Saachen kënnen ëmgesat ginn.
Wou era besteet d’Augenwischerei?
Een Zil vum Kannerkascht + ass et, d’Kanner vun de Waardelëschten an de Maison Relais’en erofzekréien. Aktuell sinn 800 Kanner an enger Maison Relais zu Esch ageschriwwen, 800 weiderer stinn op der Waardelëscht.
D’Iddi vun der Schoulschäffin ass, dass all Kand, dat op enger Waardelëscht steet an un enger Aktivitéit am Kader vum Kannerkascht + deel hëlt, dann automatesch vun der Waardelëscht verschwënnt. Mee usech ännert dat näischt. Et gi jo keng nei Plazen doduerch an de Maison Relais’e fräi. Et ass also just eng kuerzfristeg Tëscheléisung, déi och iergend wann net méi duer geet, well duerch déi nei Offer bestëmmt och méi Elteren hirt Kand wéilten an enger Maison Relais aschreiwen.
Dann menge mir, dass een sech net vun engem Projet dee flott kléngt soll aschléifere loossen, ouni ze hannerfroen, wien d’Responsabilitéit an d’Decisiounen iwwer dëse Projet hëlt.