D’Madamm Ragni huet als Schoulschäffin e neie Projet fir d’Waldschoul an d’Ëmwelterzéiung ugekënnegt. Dëse Projet dréit awer mat sech, dass elo net méi all d’Schoulkanner zu Esch vun dësem Service kënne profitéieren.
Hei eng Erklärung:
Bis elo konnten all d’Escher Schoulkanner an der Waldschoul vum Service vun der Ëmwelterzéiung profitéieren. D’Ëmwelterzéiung ass nämlech Bestanddeel vum Enseignement, wat souvill heescht ewéi, dass all Kand dat zu Esch an d’Schoul geet d’Méiglechkeet huet op Initiativ vu sengem, Schoulmeeschter oder senger Schouljoffer an der Waldschoul u verschiddenen Atelieren Deel ze huelen, oder eng ganz Woch an der Waldschoul ze verbréngen, wou si vum pedagogesche Personal vun der Ëmwelterzéiung ënnert anerem bäibruecht kréien, wat fir Planzen an Déiere ronderëm si bestinn, wat fir en Iessen si um Teller hunn, respektiv vu wou et hierkënnt a wéi si sech gesond Ernäre kënnen. Dass d’Kanner hiert natierlech Ëmfeld kenneléieren a léieren ze respektéieren, ass am Kontext vun der ekologescher Kris grondsätzlech wäertvoll.
Säit wéini gëtt et d’Ëmwelterzéiung an d’Waldschoul zu Esch? Ee klengen historesche Réckbléck:
D’Ëmwelterzéiung an hirer heuteger Form gëtt et säit de 90’er Joren als Service vun der Escher Gemeng. Mëttlerweil ginn am Kader vun der Ëmwelterzéiung bis zu 47 verschidden Aktivitéiten ugebueden an iwwer 4000 Escher Schoulkanner (290 Klassen) konnte lescht Joer dovu profitéieren. Zwee Leit sinn agestallt fir d’Couren an Ateliere vun der Ëmwelterzéiung ofzehalen. Demande klëmmt all Joers an och 3 Leit géingen an deem Rhythmus net duer goe fir der Ufro nozekommen.
D’Waldschoul gëtt et säit dem Ufank vum 20. Joerhonnert. Deemools gouf se vun de Stoolhäre geschaf fir dass d’Aarbechterkanner sech an der Natur erhuele kéinte vum Stëbs vun de Schmelzen an de schlechten Hygienskonditiounen an hiren enken Aarbechter Wunnengen. Dat wuar am Fong en hygienistesches a philanthropesche Projet.
Wat geschitt elo mat der Ëmwelterzéiung an der Waldschoul?
D’Waldschoul ass al an delabréiert. Si muss renovéiert ginn. Wärend de Renovatiounsaarbechten dierfe keng Coursen um Site (och net an der fräier Natur) ofgehale ginn. D’Renovatiounsaarbechte sinn awer och Ëmbauaarbechten. D’Waldschoul soll an eng Maison Relais mat 40 Plazen ëmgewandelt ginn. D’Madamm Ragni wëll gläichzäiteg d’Ëmwelterzéiung verbesseren an ausbauen. Dat mécht si gär an deem si d’Ëmwelterzéiung op d’Sitte vun der Waldschoul, dem Naturzentrum Ellergronn, an dem Déierepark verdeelt. Wat Verbesserung vun deem Service ugeet, ass et net kloer wat domat gemengt ass, vu que dass sech bis elo keen iwwer déi aktuell Form vun der Ëmwelterzéiung beschwéiert huet, au contraire. All Site wäert säin eegent Profil hunn a seng spezifesch Aktivitéiten ubidden. Wéi eng dat sinn ass awer net kloer. D’Ëmwelterzéiung wäert och net méi Deel vum Enseignement sinn an och kee Gemengeservice méi. D’Gemeng gëtt d’Responsabilitéit iwwer dee Service of un de Ministère de l’Environnement. Dofir wäerten déi zwee Poste vun der Ëmwelterzéiung (Zwee Enseignant’e fir Ëmweltpedagogik) ofgeschaaft ginn. Gläichzäiteg ginn nei Posten ausgeschriwwe fir de Site vum Ellergronn., dorënner just een Enseignant’s Posten an een Educateurs Posten. D’Enseignant’en aus der Waldschoul ginn also net automatesch op dësem Site agestallt.
Firwat ass dat e grousse Problem?
De gréisste Problem ass, dass d’Gemeng de Service vun der Ëmwelterzéiung ofgëtt un den Environnement. Domat ass en net méi zougänglech fir all déi Escher Schoulkanner, well hei och d’Kanner aus dem ganze Land Usproch hunn op dee Service. Dat bedeit awer allgemeng eng Restriktioun. Escher Kanner si prioritär, also a Konkurrenz mat deenen aneren, mee d’Ëmwelterzéiung ass net méi Deel vun hirem Enseignement an der Schoul.
Leit verléieren hire Posten obwuel si kéinten op enger anerer Plaz weiderschaffen, oder souguer dobaussen am Fräien um Site vun der Waldschoul, grad ewéi d’Bëschcrèche.
Et gëtt am ganze Land just 3 esou Schoulen, d’Kockelscheier fir d’Schoulklasse vun der Stad Lëtzebuerg, Naturschoul Lasauvage fir hier Gemengen, an Esch.
Eng Maison Relais an der Waldschoul déi just fir 40 Kanner zougänglech ass immens exklusiv. Wéi eng Kanner dierfen da vun deem Luxus profitéieren? Hei drop weess d’Madamm Ragni keng Äntwert…