Schoulorganisatioun 2019: Déi selwecht al Problemer.

mardi, 18 juin 2019 

An den Escher Schoule ginn et eng Rei Problemer : A verschiddene Schoulen ass net genuch Plaz , et gi net genuch nei Schoule gebaut fir an Zukunft déi wuessend Schülerpopulatioun ënner Dag ze kréien, an et gëtt net genuch sozial Vermëschung vun de Schüler a verschiddene Quartiersschoulen.

Fir de Problem vum Manktem u Plaz ze léisen,  ass iwwer déi lescht 6 Joer och déi schnell Léisung vun den Annexë fonnt ginn déi duerch Esch verdeelt sinn. Quasi all Schoul mat Ausnam vun de Nonnewisen an der Ganzdagsschoul Jean-Jaurès huet op mannst eng esou eng Annex. D’Brillschoul an de Brouch hunn der souguer dräi. Et wär awer un der Zäit iwwer laangfristeg Léisungen nozedenken a nei Schoulen ze bauen hannert deenen sech och e pedagogescht Konzept verstoppt.  E pedagogescht Konzept ewéi dat vun der Ganzdagsschoul, ewéi d’Jean Jaurès, wou d’Maison relais an d’Schoulgebai integréiert ass, bitt de Kanner ideal Léierkonditiounen an ënnerstëtzt och Elteren, déi alle béid musse schaffen an d’Kanner net an de Mëttesstonn kënne siche goen. Bei dëser Schoul hei schwätze mer vun 183 Kanner a net vun 744 ewéi um Brill.

https://youtube.com/watch?v=ldC3MrlmnOI%3Ffeature%3Doembed

Mir brauche méi esou Schoulen, a manner Containerstrukturen, déi just do sti wou grad Plaz war. Mat der neier Schoul op de Klëppen ass d’ailleurs eng Chance verpasst ginn, aus der Schoul eng eegen Entitéit ze maachen. Dës Schoul déi och eng Maison relais am Gebai integréiert huet, ass awer erëm eng Annex.

Déi Annexen an de generelle Manktem u neie Schoule mat integréierter Maison Relais, droe vill bäi zum Problem vun der schlechter sozialer Opdeelung vun den Escher Kanner. Hei zu Esch ginn d’Kanner aus dichtege Quartieren, all zesummen an eng Schoul an d’Kanner aus den aarme Quartiere ginn och all zesummen an eng Schoul. Och wann den Enseignement iwwerall gläich gutt ka sinn, spillen d’Infrastrukturen an d’Solidaritéit tëscht Kanner mat méi Bagage a Kanner mat Léierschwieregkeeten eng wichteg Roll fir hir Reussite an der Schoul ze fuerderen. Sou eng Reussite ass natierlech sozial bestëmmt. An leider sinn a Famillje mat klenge Paie wou d’Elteren net vun hei sinn an och keng grouss Schoule gemaach hunn d’Chance net esou grouss ewéi fir e Kand mat lëtzebuergeschen Elteren déi allen zwee Dokter oder Affekot sinn. Déi Etüd vum Liser weist a wéi enge Schoulen déi gréisste Léierschwieregkeete bestinn, nom Indice sozio-économique. Wann et grad dës Schoule sinn déi déi schlechtsten Infrastrukturen hunn an dréngend missten erneiert ginn (ale Lycée ass esou e Beispill) da stellt dat eng grouss Ongerechtegkeet duer.

Dat kënne mer awer änneren, wa mer méi nei Schoule bauen, Annexen ofschafen oder ewéi d’Klëppen als eegen Entitéit funktionéiere loossen. Mir brauche méi Schoule fir d’Kanner besser opzedeelen, a fir d’Kanner méi gerecht opzedeelen, musse mer d’Schoulsecteure plazeweis nei definéieren.

Dat geet besser mat méi neie Schoulen op strategesche Plazen a wann et och net vill un der Längt vum Schoulwee ännert. Woubäi ee muss soen, sou grouss ass Esch och net. Vun der Brillschoul bis an d’Maison Relais Waldschoul, mussen d’Kanner zum Beispill mam Bus fueren, well déi Maison Relais läit wierklech net ideal. Vum Ale Lycée bis an d’Dellhéicht ass et e Kazesprong.

Bei der leschter Debatt iwwer d’Schoulorganisatioun am Gemengerot hate mir argumentéiert, dass eng Verschibung vun de Schoulsecteuren néideg wier, fir dass all Escher Kanner egal a wéi engem Quartier se wunnen, kéinten déi gläich gutt Schoulkonditioune gebuede kréien. Dat ass deemools net ukomm. Zesumme mat déi Lénk sinn ech awer nach ëmmer dëser Meenung .  

Et kann net sinn, dass Leit musse plënneren, de Quartier wiesselen oder d’Stad verloossen, fir hiert d’Kand an enger Ganzdagsschoul ënnerzebréngen, oder an enger Schoul mat integréierter Maison Relais wou nach Plaz ass. Well dat ass e grousse Problem dee mer zu Esch hunn : déi riseg Waardelëscht fir d’Maison Relais, déi feelend ëffentlech Betreiungsstrukturen. De reelle Besoin ass wahrscheinlech nach méi héich ewéi dee vun deem d’Zuelen hei am Rapport ausginn. All déi Leit, déi hir Demande schlussendlech zeréckgezunn hunn, hu vläicht eng aner Alternativ fonnt fir hir Kanner ze betreien, mee hire Besoin no enger ëffentlecher Betreiungsstruktur ass awer nach ëmmer do.

Dat ass eng Erausfuerderung där sech d’Gemeng an hir Schoulschäffin muss stellen. Ausser si iwwerléisst dat och enger Privater Fondatioun, ewéi am Fall vum Kannerkascht +.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe