“Royal Hamilius” – e liberaalt Monster: Wat sech hannert der Glitzerfassad verstoppt
D’ass vollbruecht : Dee neie Konsumtempel “Royal Hamilius”mécht haut seng Dieren op.
Dësen architektonesche Sammelsurium, e reegelrechte Friemkierper um Rand vum Stadzentrum, ass e rengt Produkt vun der liberaler Ideologie, déi an dem Bierger nach just e Konsument gesäit, déi den Urbanismus an d’Hänn vu private Promoteure leet, déi den ëffentleche Raum privatiséiert an déi d’Wunnengen an der Stad fir déi Déck reservéiert.
Bei dësem Projet nämlech
(-) haten d‘Bierger keng Méiglechkeet, e Wuert matzeschwätzen; obschonn dee ganzen Terrain der Stad gehéiert, gouf d‘Gestaltung private Promoteuren a Finanzleit iwwerlooss, dorënnerdemStaatsfongvunAbuDhabi;
(-) gouf iwwert e Bail emphytéotique den ëffentlecheRaum, dovu besonnesch d’Plaz virun der Post fir75Joer zu reng kommerziellen Zwecker privatisiert ;
(-) schalte grouss Handelsketten den onofhängegen Handel aus;
(-) gouf wéineg Plaz fir Wunnenge virgesinn a just Luxuswunnenge gebaut, mat Präisser iwwert 18.000 Euro de m2.
Aus all deene Grënn hunn déi Stater Gemengeconseillere vun déi Lénk géint dee Glamour-Projet gestëmmt an am September 2016 och net un der Grondsteenleeung deelgeholl.
Haut, wou de „Royal Hamilius“ opmécht, protestéiert déi Lénk Stad op en Neits géint déi liberal Gestioun vun der Stad Lëtzebuerg, déi eng demokratesch Bedeelegung an dat wat d’Leit wierklech brauchen zu Gonschte vu privaten Investisseuren an enger Minoritéit vun Ultraräichen opginn huet.
Lëtzebuerg, den 8. November 2019