Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad ?

Feelt et u näischt ausser Hotellen an der Stad ? 

Den Här Claude Strasser, Direkter vun der Post, huet gëschter Moien op RTL Radio gesot, dass den Ursprong vun dem Hotel-Projet am Postgebai „bei der Stad Lëtzebuerg“ läit „déi un eis erugetrueden ass a sot, et géing e Manktem un Hotellerie an der Uewerstad ginn“.

Dass en Hotel geplangt war, ass jo näischt Neies, mee wat eis muss schockéieren ass dass der Stad Lëtzebuerg näischt Besseres afält wéi e „Manktem un Hotellerie“ festzestellen. Ass et dann net esou, dass mer säit Joren dovun schwätzen d´Uewerstad erëm ze beliewen an dat zum Beispill andeems een se méi accessibel fir Awunner mécht oder nach duerch sozial-associativ-kulturell Raimlechkeeten. Hu mer an der Stad Lëtzebuerg net eng dramatesch Wunnsituatioun, wou souguer Leit mat engem normalen Salaire keng Wunneng méi fannen?

Mir héieren och eraus dass et kee 5-Stären-Luxushotel soll ginn (uff!) mee e „Genre Boutique Hotel“. Wéi wann dat e groussen Ënnerscheed géing maachen! An den Hotel soll tëscht 60 an 80 Zëmmer maximal hunn, wat och net wéineg ass. De Projet vum Hotel schéngt also ze räifen, mee de Rescht schéngt nach ganz vague ze sinn. Op d´Fro vun der Journalistin, dass déi Lénk „eppes fir d´Ëffentlechkeet„ gefuerdert hunn, mengt den Här Strasser, dat wier e Prinzip dee sech eigentlech beim Gebai imposéiere géif a weider, et sollt een dee “flotte Bannenhaff zougänglech maachen fir de public.“. Hie kéint sech duerchaus virstellen, dass een deen dann herno zumindest am Dag géing opmaachen fir de Grand public, „dass ee kann circuléieren, dass een do kleng Commercen beispillsweis bannendran“ hätt.

Wann dat der Direktioun vun der Post an dem Stater Schäfferot hiert Verständnis vun Déngscht un der Ëffentlechkeet ass, dann seet dat vill aus iwwer si an hier Visioun vun der Stad. Dat ass eng Stad fir Ultraräicher, Investoren, Ultra High Net Worth Individuals (UHNWI), wou dem Gros vun den Awunner nach just erlabt gëtt, doduerch ze „circuléieren“ an sech d´Maueren unzekucken.

Mir verstinn eppes ganz Aneres ënner Déngscht un der Ëffentlechkeet, nämlech d‘Installatioun vu kulturellen Ariichtungen, Konferenzraim a Büroen fir déi vill Veräiner an ONGen an der Stad, déi sech et net kënne leeschten, honnerten Euro ze bezuelen; d’Ariichte vun Atelieren oder d‘Schafen vu bezuelbarem Wunnraum fir Studenten a Familljen.

Dat schéint aalt Postgebai huet en enormt Potential als Géigegewiicht zum neie Konsumtempel an den Luxuswunnengen am Royal Hamilius a mir fuerderen den zukünftegen Minister Franz Fayot an d’Postdirektioun op, direkt vun deem schickimicki-Projet ofzeloossen an aus dem ale Postgebai e Biergerhaus ze maachen!

An deem Sënn invitéiere mer all Leit, déi grad esou denken, d’Petitioun vum Här Bob Picard an deem selwechte Sënn um Internet-Site www.chd.lu vun der Chamber ze ënnerschreiwen!

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe