Gudden Owend,
Fir den Ufank vun engem Joer soll een, sou hunn ech mir soe gelooss, dat lescht Joer nach emol Revue passéiere loossen. Ech wollt iech also kuerz opziele wat mir als déi Lénk am leschte Joer esou alles gemaach hunn a wat mir wëlles hunn 2020 ze erreechen. Ech kéint iech dann also soen datt mir:
– De 16.03.2019 eng Fro zum Militärlager “WSA” eragereecht hunn;
– Datt mir de 26.04.2019 eng Fro zum Personalmangel beim TICE an eng Motioun zum Verbuet vun nukleare Waffen eragereecht hunn (dat ass och ugeholl ginn, obschonn eise Logo um Pabeier stoung, Zwinkersmilie);
– Datt mir de 07.06.2019 eng Interpellatioun zum Thema Contournement mat engem vun eis finanzéierte “Avis juridique” an en Opruff den Aarbechtsgrupp “Suessemer Schlass” nees ze aktivéieren, eragereecht hunn;
– Datt mir de 07.10.2019 eng Fro zum GSM-Antennen-Mast zu Zolwer, eng Fro zu der Reebou-Strooss an eng Fro zum geplangten Ausbau vum WSA Militärlager, eragereecht hunn;
– Datt mir den 11.11.2019 sämtlech Froen zur sougenannter “provisorescher” Struktur fir d’Maison-Relais ze Suessem, eragereecht hunn;
– Datt mir den 13.12.2019 gefrot hunn den Ordre du Jour vun der Gemengerotssëtzung vum 17.01.2020 mat eise Reflexiounen zur Charte fir méi Biergerbedeelegung ze komplettéieren a mir hunn gefrot fir an der Gemengerotssëtzung vum Januar iwwert déi vun eis eragereechten Resolutioun iwwert de Verzicht vun (Einweg-)Plastik an eise Gebaier, bei eisen Organisatiounen a bei de Veräiner hire Manifestatiounen ze stëmmen.
– Am Dezember gouf dann och de Budget virgestallt, an och do hu mir eis Positioun ausgeschafft an de Jos huet dat dann an enger Ried vu 40 Minutten eis Bedenken, eis Kritik an eis Virschléi virgestallt (http://suessem.dei-lenk.lu/924/); ech zitéieren:
“Dofir beschränkt sech eis Ried dëst Joer och net nëmmen op dat philosophescht an ëm d’Form vun der Elaboratioun an der Exekutioun vum Budget, also är Aart & Weis fir Politik ze maachen – an dat notamment wat d’Demokratie & d’Matbestëmmung ubelaangt – mä et geet och em eenzel inhaltlech Punkten, haaptsächlech an de Beräicher Soziales & Soziokulturelles esou wéi Mobilitéit & Klimawandel.” d’Ried an och all aner wichteg Informatiounen iwwer eis Sektioun fënnt een iwwregens op eisem Site (https://suessem.dei-lenk.lu/).
-Datt mir eng ganz gutt Zeitung erausbruecht hunn (http://suessem.dei-lenk.lu/zeitung-vun-dei-lenk-gemeng-suessem-september-2019/), an der mir eis Positioun nach emol kloer gemaach hunn, ech zitéieren: “Opposition heißt für uns Position beziehen und das versuchen wir konsequent durchzuziehen.”
– An dat Myriam konsequent Froen, Umierkungen a Suergen vu Matbierger an de Gemengerot gedroen huet. Hatt stoung domat zimmlech eleng do.
Ech wollt iech dat alles zielen an dann, jo dann, hunn ech d’Gemengerotssëtzung vu leschter Woch gelauschtert. Ech lauschteren d‘Gemengerotssëtzung normalerweis direkt den nämmlechten Dag, mä dës Kéier hat ech keng Zäit an hunn dat also Méindes gemaach.
An do hunn ech mir geduecht: ech muss iwwer eppes Aneschtes schwätzen… Keng Angscht, et ass näischt geschitt. Mä eben, et ass näischt geschitt.
Ech hat d’Gefill ech lauschteren ëmmer der nämmlechter Sëtzung no: um Ufank ass jiddereen nach frëndlech a professionell, da gëtt souguer heiansdo Merci gesot oder et gëtt bestëmmte Leit souguer Recht gi mat hire Froen oder Umierkungen; an da kommen Dossiere wou Myriam a Jos dann de Culot hunn eng Prezisioun ze froen, wëll eppes vläicht net ganz kloer ass, oder vill méi schlëmm: si äusseren sech kritesch, wëll mir als déi Lénk bestëmmt Projeten esou net matdroe wëllen.
An do ass natierlech näischt méi wéi et soll sinn, de Status Quo ass gebrach, déi Dammen an déi Hären vum Gemengerot musse méi laang sëtze bleiwen, do sinn der dach tatsächlech zwee hei déi Politik maache wëllen…
Entschëllegt de sarkasteschen Ënnertoun, mä esou komme mir déi Sëtzunge mëttlerweil vir…
An dohier hunn ech mir iwwerluet datt eis Prioritéit net onbedéngt am politeschen Inhalt leit. Versteet mech net falsch: dat heescht net datt mir ophalen eis mat den Themen ze befaassen, am Géigendeel.
Mä ech mengen datt mir alleguer gutt wëssen wou mir do leien, wat eis Astellungen sinn, et geet dëst Joer drëm konsequent a kontinuéierlech bei eiser sozialer-gerechter Linn ze bleiwen an drop ze insistéieren datt wichteg Decisiounen a Resolutiounen och ëmgesat ginn, an zwar elo.
Mä, ech mengen datt eppes Fundamentales an eiser Gemeng feelt: an dat ass Politik, de politeschen Diskurs, eng politesch Haltung, e politesche Wëllen (beispill Contournement), eng vertruede Meenung.
Ouni Meenung, gëtt et keen Austausch. Ouni Austausch, kënne mir grad sou gutt Technokraten dohinner sëtzen an eis Gemeng einfach verwalte loossen. Dat kann dach net de Sënn a Zweck vun engem Gemengerot sinn. Oder vläicht ass dat d’Léisung.
Mir als déi Lénk definéiere Politik (e Begrëff dee sécherlech interpretaiounselastesch bleift) net als “Verwaltung vom Staat”, mä als Méiglechkeet eng Gesellschaft, eng Gemeng, eng Stad, e Staat mat ze gestalten.
Eng Politik déi sech als eng reng Verwaltung gesäit kann sech net beweegen, oder net vill. An dëser Politik feelt och d’Wäitsiicht an d’Virstellung wéi eis Gesellschaft ausgesi kéint oder sollt.
d’Leit sollen sech méi bedeelegen, sollen sech méi agebonnene fillen, mä déi grouss Dossiere ginn hannert zouenen Dieren decidéiert, wëll do kann ee fräi schwätzen… Wat heescht dat? Kann een net fräi schwätze wa Leit nolauschteren? Wat huet een dann ze verstoppen?
“Mä hei an der Gemengerotssëtzung ginn se dach alles gewuer” gëtt da behaapt, als wär dat den Optimum vun der Biergerbedeelegung. Bierger sinn dach kee Kuriosum mat dem een net weess wéi ëmgoen. D’Bierger si jo déi déi soe kënne wéi et sech hei lieft, wéi et sech besser liewe kéint a wéi een dat maache kéint. d’Bierger, dat sinn dach mir!
Datt een do net jiddereen ëmmer zefridde stelle kann, dat ass kloer, mä dat kann ee jo net als Argument stoe loossen. Kontinuéierlech gëtt behaapt “jo, mir si scho laang mat dem Projet beschäftegt, mä do beweegt sech net vill, mä do kënne mir näischt maachen”, oder “mir géife jo gären, mä do kann d’Gemeng näischt maachen”.
Jo mä, wann net d’Gemengeresponsabelen, wien dann? Firwat sëtze mir da stonnelaang virun eise Blieder a liesen eis de Budget an e PAG mat gefillte 5000 Säiten duerch, verfaassen dozou e Statement a Virschléi, wann een souwisou näischt maache kann? Nee, dat kann net sinn! Et muss ee Plaz maache fir Politik, fir politesch Ausernanersetzungen.
An eiser leschter Zeitung hu mir dat och schonn thematiséiert (ech zitéieren). „Ihr wollt doch nur immer dagegen sein.“ Dieser Eindruck wird ja auch von manch einem Schöffenratsmitglied gerne kolportiert. Es ist sicherlich auch einfacher eine politische Partei zu diskreditieren, als sich mit ihren politischen Argumenten auseinanderzusetzen. Die ehrlichste Antwort, die wir geben können, ist diese: wir sind nicht grundsätzlich „dagegen“; wir sind erfahrungsbedingt skeptisch und hinterfragen grundsätzlich alles. Das ist übrigens auch unsere Aufgabe. Eine demokratische Struktur verendet unter dem Schirm der vollkommenen Harmonie, die man in vielen Fällen einfach als „Mitläufertum“ interpretieren könnte.”
Wann een ufänkt Gemengepolitik ze maachen hofft een nach dat Perséinlecht vum Politeschen trennen ze kënnen. Mä et ass schwiereg.
Perséinlech Ressentiments maachen eng Gemengepolitik net wierklech méi einfach, jiddereen huet eng Geschicht iwwer den an den an den… A vill Léit hunn scho keng Loscht méi iergendengem nozelauschteren oder si mengen datt Saachen net Seriö geholl ginn.
Ech kann dat verstoen. An sécher kënnen och mir dozou bäidroen datt dat Klima an der Gemengepolitik weitesegehend frëndlech bleift. Mä dat leit eben net nëmmen un eis. Eng Sträitkultur, eng gesond Sträitkultur, braucht keng perséinlech Attacken. Do geet et ëm d’Saach! Do gëtt gestridden, jo, mä fir datt herno dat bescht Ergebnis, déi bescht Léisung erauskënnt. Vläicht brauche mir dat: eng Sträitkultur, eng gesond Sträitkultur!
Mir sinn eng kleng Sektioun. Mir maache wat mir kënne mat dem wat mir hunn. Ech sinn houfreg op dat wat mir bis elo zesumme gemaach hunn, mir hu vill geschafft a mir maachen eist Bescht.
An och wann Jos a Myriam déi Käpp sinn déi jidderee kennt (berechtegter Weis) wëll ech hei awer och gären nach emol drun erënneren datt si ni am Elenggang handelen an dat wat vun hinnen am Gemengerot virgedroe gëtt vun eis alleguerte gedroe gëtt. Dat mécht eis aus. Mir setzen eis als déi Lénk vill mat der Fro auserneen wéi an a wéi enger Form een déi Saachen déi mir ze soen hunn kommunizéiere kann. Wat ass déi bescht Aart a Weis? Wéi bleiwe mir eis trei? Wéi banne mir am beschten jidderee mat an? An do hu mir sécher nach vill ze dinn, mä ech menge mir sinn do op engem gudde Wee. Mir hu jiddefalls keng Angscht a mir sinn eis net ze schued eis dëse Froen ze stellen.
Zum Schluss géif ech gäre jiddereen hei eppes op de Wee ginn: loosst iech nimools vun iergendengem soen datt eppes wat iech wichteg ass, datt dat wat iech um Häerze leit, keng Valeur huet. Loosst iech nimools soen datt dat net geet wëll d’Saachen eben esou si wéi si sinn.
Mir wäerten dohier och weiderhin Froe stellen, kritiséieren an hannerfroen, wëll, loosst eis éierlech sinn: wa mir et net maachen, mécht et keen. An dohier vu menger Säi aus och e grousse Merci u Myriam a Jos fir hir Aarbecht, fir hiren Asaz, fir hiren Glawen dodrun datt een, wann een nëmme laang genuch “am Ball” bleift, eppes erreeche kann!
An dësem Sënn, wënschen ech iech vill Gesondheet, Kraaft, Léift, Frëndschaft, Freet, Musek an e Bësch fir d’frësch Loft anootmen ze kënnen! Prost!