Défaut d’exécution du PAP Arquebusiers.

Motion commune déi Lénk/LSAP/déi gréng, invoquant le défaut d’exécution du PAP Arquebusiers 

Conseil communal du 9 novembre 2020 à Luxembourg-Ville :
Présentation par le conseiller Guy Foetz d’une motion commune déi Lénk/LSAP/déi gréng,
invoquant le défaut d’exécution du PAP Arquebusiers voté le 09-02- 2015 et d’autres PAP approuvés depuis des années 

Dëst ass eng gemeinsam Motioun vun de Gruppen LSAP, déi gréng an déi Lénk.

Si stellt fest, dass zanter dem definitive Vote vum PAP Arquebusiers viru méi ewéi 5 ½ Joren, dee Projet nach ëmmer net zur Ausféierung komm ass an dass dat och fir aner PAPen, déi zanter Joere approuvéiert sinn, nach net de Fall ass. Schold dorun sinn an deene meeschte Fäll net administrativ Prozeduren, mee d’Oneenegkeet vun de Proprietairen an net gekläerte rechtlech Froen beim Remembrement vun den Terrains.

Esou e Schlendrian ass ëmsou méi inakzeptabel, wou mer eng akut Wunnengsnout hunn an d’Präisser vun den Terrainen zum Virdeel vun de Proprietairen nach weider klammen.

Dobäi enthält d’Gesetz vum 19. Juli 2004 iwwert den Aménagement communal an d’Stadentwécklung eng Rei vun Mëttelen, woumat d’Gemeng Drock op d’Proprietairen kann ausüben, beim Remembrement virun ze maachen an zu engem Resultat ze kommen.

D’Demande fir e Remembrement ministeriel, fir eng Déclaration d’utilité publique an d’Taxéierung vun den eidelen Terrains si Mëttelen, déi an der Motioun genannt ginn.

Bei enger Begehung vun deene broochen Terrainen vum PAP Arquebusiers gouf et och kloer, dass dat natierlecht Ëmfeld no 5 ½ Joren changéiert huet an eng Partie Elementer vun der Servitude “urbanisation-biotopes” depasséiert sinn.
D’Natur huet sech régénéréiert an et sinn nei Liewensraim entstan.

Aus deene Grënn fuerdert d’Motioun de Schäfferot op

  1. dem Gemengerot eng Lëscht vun alle PAPen virzeleeën, déi méi wéi 3 Joer no hirer Approbatioun nach ëmmer net zur Ausféierung komm sinn;
  2. dem Gemengerot ze rapportéieren, wat fir Haaptproblemer beim PAP Arquebusiers an deenen anere net ausgeféierte PAPen optrieden a wat déi gesetzlech Mëttetele sinn, déi agesat goufen fir déi PAPen weider ze dreiwen;
  3. fir de PAP Arquebusiers an eventuell och anere PAPen, déi scho laang a Verzuch sinn, der Naturrégéneréierung Rechnung ze droen, a méiglech Upassungen an d’A ze faassen.

Ech wëll ervirhiewen, dass ech d’lescht Woch op meng Ufro hin vun de Stater Servicer d’Lëscht, déi am éischte Punkt gefrot gëtt, geschéckt krut. Et handelt sech ëm 7 PAPen mat insgesamt 1.963 Wunnengen. D’Wunnenge vum PAP Stäreplaz, deen zanter 20 Joer gestëmmt ass, sinn do net matgerechent.

Ech soe merci fir dat Entgéintkommen an hoffen, dass mer, wat de Rescht vun dëser Motioun ugeet, grad esou séier viru kommen !

Et mus ee jo bedenken dass, nodeems e PAP um Niveau vum Remembrement sprochräif ass, nach ëm déi 4-5 Joer verginn, ier déi éischt Wunnenge kënne bezu ginn.
Da si mer elo schon beim PAP Arquebusiers 10 Joer am Hannertreffen, wat net ze vertrieden ass !

[Le texte de la motion: Motion invoquant le défaut d’exécution du PAP Arqu ebusiers et d’autres PAP

et la liste des PAP non exécutés: Liste des PAP en défaut d’exécution à Luxembourg -Ville].

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe