Eise Rechtsstaat schützen! Bréif un d’Innenministesch géint Patroulle vu private Sécherheetsagenten op de Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg.

Nom Festhale vum Stater Schäfferot an der Gemengerotssitzung vum Méindeg, 7. Dezember, um Asaz vun private Sécherheetsagenten op de Stroosse vum Garer Quartier a vun der Uewerstad, hu mir als Membere vun de Fraktiounen LSAP, déi Lénk an déi Gréng e Bréif un d’Madame Innenministesch geschriwwen. Mir appelléieren u si, de Stater Schäfferot opzefuerderen, der Konventioun mat der privater Sécherheetsfirma GDL Security en Enn ze setzen, well déi géint Verfassung verstéisst an illegal ass. Wann dat näischt déngt, soll si d’Ausféierung vun där Konventioun suspendéieren an hir Annulatioun an d’Weeër leeden. Als ‘Ministre de tutelle’ vun de Gemengen ass et nämlech dem Innenminister seng Flicht, zum Schutz vum Rechtsstaat bäizedroen an ze verhënneren, dass Gemengen Decisiounen huelen an duerchféieren, déi géint d’Gesetz oder d’Verfassung verstoussen.

Mir kenne natierlech de schlëmme Problem vum Drogenhandel an eiser Stad a mir wësse vun deene onzoumuddbaren Zoustänn, deenen Awunner a Geschäftsleit ausgesat sinn. Mir sinn och am Gemengerot zu alle noutwennege Schrëtt bereet, fir op legalem Wee, mat repressiven a virun allem soziale Mëttelen deem entgéint ze wierken.

Mir kënnen a wëllen awer keng Moossnam ënnerstëtzen, déi eise Rechtsstaat op d’Spill setzt!

An eisem Bréif un d’Madame Innenministesch leeë mer duer, dass déi Moossnam vum Stater Schäfferot géint Verfassung verstéisst, well d’Organisatioun vun der Sécherheet aleng dem Staat an net de Gemengenautoritéite virbehalen ass, an dass eng privat Gardiennagefirma net d’Recht huet, den ëffentleche Raum ze iwwerwaachen. Dëse Pouvoir vun der genereller präventiver Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum ass vum Gesetz hier just der Police virbehalen.

D’Argument, déi privat Sécherheetsagenten wäre keng zweet Police, verkennt d‘Realitéit : D’Präsenz vun zwou Zorte vun Agenten, privaten a staatlechen, féiert nämlech zu enger diffuser Vermëschung an de Käpp vun de Leit, wouduerch schliisslech de staatleche Gewaltmonopol a Fro gestalt an d’Vertraue vun de Biergerinnen a Bierger an d’Aktivitéit vun der Police ënnerhillegt gëtt.

Dobäi dréit den Asaz vun deene puer private Gardiennage-Agenten, zousätzlech zu deene 75 Polizisten, déi momentan schon an deene Quartieren aktiv sinn, iwwerhaapt näischt zur Léisung vum Problem bäi. Et gi nämlech wuel vill Pretekoller gemaach, mee doraus ergi sech relativ wéineg Arrestatiounen duerch de Parquet, an duerno fänkt déi schwiereg juristescher Aarbecht eréischt un. Mir hunn dofir dem Stater Schäfferot virgeworf , mat ëffentleche Suen eng PR-Aktioun duerchzezéien fir sech als „Macher“ virun de Leit opzespillen, obschonn gewosst ass, dass esou de Problem net geléist gëtt.

Mir wëlle betounen, dass et eis hei net ëm politescht Geplänkels géint de Stater Schäfferot geet, mee ëm de Respekt vun de Reegelen vum Rechtsstaat. Déi Reegelen däerfen net opgeweecht ginn duerch oniwwerluegten Aktiounen, déi d’Grenze lues a lues verschiben. Et heescht zurecht “Wehret den Anfängen!” All Demokrat sollt sech deeës bewosst sinn. Speziell och all DP- an CSV-Member!

Lëtzebuerg, de 16. Dezember 2020

D’Fraktioune vun LSAP, déi Lénk an déi gréng am Stater Gemengerot

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe