Budgetsried fir 2021

[Discours de Line Wies sur le budget de la commune Esch de 2021]

Merci Här Buergermeeschter,

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Dëse Budget fällt an eng Period vun onséchere Zukunftsprognosen wat Wirtschaft, mee och den Auswee aus der sanitärer Kris betrëfft. Dat ass an eisen Aen ee Grond méi fir d’Gemengen an fir déi ëffentlech Hand allgemeng fir virzesuergen net andeems se Sue spuere ginn fir déi haart Zäiten, mee andeems se déi néideg Finanzen do siche ginn an och do asetzen wou se elo schonn dréengend gebraucht ginn. Dëse Budget misst also als Zilsetzung hunn dofir ze suergen, dass an Zukunft haart Zäiten verhënnert ginn, an dass et den Escher Enn 2021 besser geet ewéi um Enn vun dësem nervegen Joer.

Déi gutt Nouvelle ass, dass d’Gemeng Esch déi néideg Finanzen op Reserv wäert hunn, an dat obwuel des Majoritéit net immens spendabel wuar iwwer déi lescht 3 Joeren.

An senger Budgetsried huet de Buergermeeschter awer esou geklongen wéi wann et Zäit wier  d’Spuerflam unzefänken. Corona hätt d’Gemengefinanzen beträchtegt reduzéiert – 22 Milliounen Recetten géingen dëst Joer feelen. Dat hätt keen virausgesinn. Jo dat stëmmt, virausgesinn kann ee näischt, mee et kann een wéi gesot awer virsuergen. 

D’Gemeng huet also 22 Milliounen Recetten manner wéi erwart . Dat läit dorun dass d’Dotatiounen vum Staat fir d’Gemengen erof gaange sinn, vläit och ënnert dem Afloss vun Coronaspuermesuren. 

Mee och Iwwer den Impôt commercial si manner Recetten erakomm. An och hei hat Corona seng Fangeren am Spill, well d’Betriber net méi esouvill Benefice gemaach hunn ewéi soss. Mir géingen eis fréën eng Lëscht vun deene Betriber ze kréien déi fir den Impôt commercial iwwerhapt a Fro kommen. Et géing eis wonneren wann do och Commercen dovun betraff wieren. Den ICC ass jo éischter eppes fir déi grouss Betriber mat héigem Ëmsaatz. An déi kënne sech glécklech schätzen well si wäerten demnächst och mussen manner Steieren bezuelen, well d’Majoritéit decidéiert huet d’Gewerbesteier erofzesetzen an och fir nächst Joer dobäi bleift. Wann also an de nächste Joeren Verloschter u Recetten duerch den ICC sech bemierkbar maachen, da wuar et net wéinst Corona, mee wéinst dësem Schäfferot.

Mat engem Gesamtiwwerschoss Enn 2020 vun 72.462.901,90 Milliounen an engem geschatenen Iwwerschoss vun 990.183,33 fir Enn 2021 plus Reserven, mengen ech gëtt et kee Grond zu Panik. 

Wéi gesot de Gemengefinanzen geet et nach ëmmer gutt an och Corona wäert d’Gemeng net sou schnell an d’Faillite dreiwen. 

Ech wees, léif Kolleegen aus dem Schäfferot dir gesitt dat anescht. Dir sidd léiwer méi spuersam. Dofir sidd dir och houfreg ze annoncéieren, dass 65 Milliounen konnten agespuert ginn vun 2020 op 2021 – an dir dréint all Frang zweemol ëm fir op är Konten ze kommen. 5 Projeten kënnen aus budgetäre Grënn leider net realiséiert ginn, sot de Buergermeeschter a senger Ried. 5 Projeten hunn also missen dru gleewen – et gëtt keng nei Ritschbahn fir d’Schwemm, keng Renovatioun vun de Chaleten zu Ënsber keen neien Drot fir den Déierepark… mei oh mei wat muss et der Gemeng schlecht goen, dass déi puer Projeten dann awer zevill sinn.

D’Entécklung vun deene leschten Budgeten säit 2017 weisst awer virun allem dorop hin, dass immens wéineg realiséiert ginn ass vun deenen Ausgaben déi virgesi waren.

2018 – Hate mer ee Réalisé vun 36% – dat heescht just 36% vun den Investissementer déi firgesi wuaren sinn och realiséiert ginn.

2019 – waren et  37%

2020 gëtt eventuell 50% Schwell iwwerschratt, awer och mat sëllege Projeten déi nach aus de  leschte Budgeten matgeschleeft goufen.

An 3 Joer gouf souvill realiséiert wéi an engem Budget virgesinn wuar. Dat ass wéi wanns de nëmmen all 3 Joer géings e Budget maachen. 

An d’Konsequenzen vun deem Getrenntels sinn, dass keng Schoul virun 2022/2023 faerdeg gëtt. Déi eenzeg Maison Relais déi virun 2,5 Joer faerdeg gëtt ass d’Sprëtzenhaus. Déi Projeten sinn och nach budgetär deelweis net ofgeschloss , a lungere weiderhin am Budget 2021. Aner Infrastrukturprojeten schleefen och. Den neien Deel vun der Sportshal zu Lalléng gëtt 2022 faerdeg. Déi 3 aner Sportshalen an de SportsMusee sinn fir Mokuchsdag. Fir dës Retarden ass awer net eléng Corona verantwortlech. D’Chantieren si vläicht 4 Wochen zou gewiecht, mee keng 4 Joer.

Wann an engem Budget méi Projeten agedroe sinn wéi realiséiert ginn, dann schwätzt een vun engem opgeblosene Budget. An et kann een all Joers souvill Milliounen Dépensen virgesinn wéi ee wëll, wann een se net ausgëtt oder reportéiert bleift dat en opgeblosenen artificiellen Budget. 

Mat engem opgeblosene Budget brauch een och deen Emprunt vun 24 Milliounen net deen de Buergermeeschter ugekënnegt huet. Well, effektiv wann och fir d’Joer 2021 Projeten erëm zeréckgestallt ginn an déi Suen déi dofir virgesi wuaren net ausgiginn, den realisé vum Budget et kaum iwwer d’50% Schwell packt, da brauch een deen Emprunt sécher net, ausser fir de Budget nach e bëssi méi opzeblosen.

Léif Kolleeginnen a Kollegen, dëse Budget ass net nëmmen en opgeblosene Budget, mee et ass och ee Budget deen keng nei Akkzenter setzt. 

Keng nei Akkzenter a Punkto Logement.  Ee Réckbléck op dat lescht Joer 2020 weist wéi wéineg Waert op de Logement social geluecht gouf. Just een Drëttel vun deem wat am Beräich “sozial Wunnengen” am Budget 2020 ugekënnegt ginn ass gouf realiséiert.  Dës Majoritéit huet iwwer d’Joer 2020 keng nei nei sozial lokativ Wunneng gebaut oder kaf bis op d’Gebai an der rue de la Fontaine. 2020 goufe just Renovatiounsaarbechten vu Gemengewunnengen an dofir goufen nëmmen 46% vun deem ausginn wat ugekënnegt wuar.  All Renovatiounsoarbéchten, déi 2020 ugefaangen goufen, ginn op Voten am Gemengeroot zeréck aus de Joëren 2015- 2018. Et geet also näischt virun…An fir 2021 bleift et dann bei e puer Renovatiounen, e puer Sozialwunnengen am Gebai vum Foyer de nuit an enger eenzeger neier Aquisitioun fir de Logement locatif social – dat sinn déi 11 Eefamiljenhaiser am Kader vum PAP Portal Eent. 

Wann een dann nach e bëssi siche geet no neien visionnäre Projeten, dann misst ee jo fündeg ginn am Beräich vun der Stadentwécklung. Mee dat eenzegt wat een als visionnäre Stadentwécklungsprojet kann astufen, dat sinn déi grouss Mobilitéitsprojeten  wéi Südtram an den Tram Rapide – déi der Gemeng Esch zwar ze Gutts kommen, mee déi vum Staat gedroen a finanzéiert ginn. 

Kultur versus Logement – Eng falsch a kontraproduktiv Konkurrenz

Mee en Aushängeschëld huet dëse Budget trotzdem an dat ass d’Kultur, do deet sech säit dem leschte Joer immens vill, also och budgetär gesinn, mee dee riisege Sprong am Kulturbudget ass awer net ganz onproblematesch…

Eischtens well eng Rei Projeten, notamment deen vun de Francofolies kee laangfristegen Impakt op d’Kulturentwécklung an eiser Stad wäerten hunn, well et sech schlussendlech em eemoleg opwänneg Megaevents handelt, wou et drëms geet grouss Nimm ze buchen (wat de Buergermeeschter jo a senger Ried confirméiert huet) grouss Nimm mat groussen Gagen. Besonnech bei de Francopholies stellt sech Fro vum kulturelle Méiwäert vun dësem Event. Geet et drëms déi franséisch Sprooch ze fuerderen? Geet et drëms grenziwwerschreidend mat eise franséische Nopeschgemengen zesummen ze schaffen, eventuell eng Art Festival doraus ze maachen wou och am noe Frankräich Concerten kéinten organiséiert ginn? Geet et drëms jonk Muséker oder nach onbekannte Muséker déi sech der Chanson française widmen een Tremplin ze bidden, besonnech Muséker aus der Groussregioun?! Nee dorëms geet et leider net.

Ech selwer sinn e begeeschterte Fan vun der Chanson française, also déi al, nostalgesch Chanson française mat sengen Hasbeen Muséker.Innen, vun deenen der nach e puer liewen an zum groussen Deel Steierflüchtlingen sinn, soit…mee ech wees net op et der Waert ass esou vill Suen – 2.300.000 an dat nostalgescht Konzept vun der Francofolies ze stiechen…ech mengen net – ech gi mech domatt zefridden den Jean-Jacques Goldman doheem ze lauschteren…

D’Nuit de la Culture ass och éischter ewéi een One-Shot Megaevent konzipéiert ginn, mee fir Esch 2022 sollen 5 NDC stattfannen – dat hieft natierlech däitlech de Budget. Ech kritiséieren hei net de Programm vun der NDC, mee d’Format. An mir ënnerstëtzen éischter eng pluriannuel Softversioun vun der Nuit de la Culture ewéi een Megaevent.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Mir als Lénker maachen keng Hierchariséierung vun de symboleschen a materiellen Besoinen. Fir eis ass d’Kultur grad esou wichteg wéi anstänneg Léin an anstänneg Wunnkonditiounen. Et ass an eisen Aen dofir problematesch, wann de Kulturbudget explodéiert an de Logementsbudget beim Staus Quo bleift. Fir eis ass d’Kultur och kee Business, mee eppes wat emanzipéiert an de Leit aner Horizonter bitt wou se e bëssen eng Paus kënnen maachen, dreemen an eweg kommen vun den alldägleche Problemer déi vill mat hirem Kontoszoustand um Enn vum Mount ze dinn hunn. Dat ënnerscheed eis vun der DP, déi sichtbar hannert dësem Kulturbudget steet.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen

Et ass der Gemeng hir Aufgab d’Wuelbefannen vun de Leit ze garantéieren déi an der Gemeng liewen an dat Wuelbefannen hänkt dovun of wéifill d’Gemeng wëll ausginn an investéieren fir hir Bierger. Eng Gemeng ka sech fir dat Wuelbefannen roueg verscholden. Grad elo an dëser sanitärer an ekonomescher Krisesituatioun dierf d’Gemeng net knéckeg sinn.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe