Budget communal 2021.

Intervention sur le budget communal 2021 

Joseph Thill (déi Lénk), le 18 décembre 2020: 

Merci Här Buergermeeschter.

Fir d’alleréischt e Merci un d’Romaine Goergen fir  säin Engagement all déi vill Joeren hei am Gemengerot an eis bescht Wënsch, dass et bei deenen Engagementer, déi et mat Sécherheet och nach ausserhalb vum Gemengerot wäert hunn, dann och vill Satisfaktioun domat huet.

Här Buergermeeschter, Dir Dammen an Dir Hären aus dem Schäffen- a Gemengerot, ech wëll net weider op de Budget rectifié vun 2020 agoen, mee haaptsächlech d’Positioun vun Déi Lénk zum Budget 2021 presentéieren.

Ech wäert mech do och beschränken op déi Punkten, déi fir eis déi wichtegst sinn.

Als éischt wëll ech am Numm vun déi Lénk dem Här Pascal Poull a sengem Service vun der Comptabilitéit Merci soe fir hir Aarbecht, déi si dat ganzt Joer leeschten. A Merci och fir d’Dokumentatioun, d’Tableauen an d’Erklärungen zum Budget, déi si eis all Joer liwweren.

Do wou d’Majoritéit Luef verdéngt, do soll se deen och kréien. An dat ass an eisen Ae bei hirer virsichteger Finanzgestioun vun de Gemengekonten iwwer laang Joer mam Resultat, dass d’Gemeng Diddeleng haut praktesch ouni Schold do steet.

Um Pabeier stinn Enn 2020 zwar op där enger Säit 13,5 Milliounen Euro Schold, op där anerer Säit awer och 12,8 Milliounen Euro Reserven, sou dass ee roueg ka soen, dass d’Gemeng Diddeleng quasi keng Schold huet an dofir eng ganz gesond Finanzsituatioun. Dat ass natierlech eng exzellent Ausgankspositioun elo an Zäite vun der Covidkris, elo wou d’Zäite méi rau ginn.

D’Majoritéit huet ugekënnegt, dass se den Niveau vun den Investitiounen 2021 ganz héich wëll hale mat Investitioune vun insgesamt 47,8 Milliounen Euro, quitt dass se dofir nei Emprunte misst ophuelen. Déi Approche, den Niveau vun den Investitiounen héichzehalen, begréisse mir ausdrécklech. Et ass ubruecht, Diddeleng fit ze maache fir d’Zukunft a fir eng héich Liewensqualitéit hei zu Diddeleng ze suergen.

An deem Sënn begréisse mir och, dass d’Investitiounen an d’Crèechen, d’Maison Relaisen an d’Schoulen op engem héijen Niveau weiderginn. Elo an der Covidkris huet sech och gewisen, dass et vu Virdeel ass, léiwer vill Quartiersschoulen ze hu mat de Maison Relaisen no bäi, amplaz vu just enger oder zwou grousse Strukturen.

Souwäit Covid et an dësen Zäiten zouléisst, bedreift d’Diddelenger Gemeng weiderhin eng aktiv a variéiert Kulturpolitik, doduerch kréien d’Diddelenger Leit engersäits e flotte Programm vu kulturelle Manifestatiounen ugebueden, anerersäits ginn doduerch awer och Lëtzebuerger Artisten an de lokale Commerce ënnerstëtzt an dat ass gutt esou an dat soll och esou bleiwen.

Op d’Thema Mobilitéit ginn ech net grouss an, well do en Aarbechtsgrupp amgaang ass e Gesamtkonzept auszeschaffen.

Wärend deem laange Chantier an der Niddeschgaass ass de Verkéier an Diddeleng net zesummegebrach. De Schäfferot misst sech wierklech iwwerleeën, ob een net wéinstens am August d’Niddeschgaass zu enger Foussgängerzon wëll ëmgestallten. Dat géif dann an der grousser Vakanz zu vill méi engem attraktiven a flotte Stadkär féieren.

Thema Soziales : Ech hunn déi lescht Woch schonn hei gesot, wéi demokratesch a wéi solidaresch eng Gesellschaft wierklech ass, erkennt een dorunner wéi se mat deene Leit ëmgeet, deenen et net esou gutt geet. Mir wëssen alleguerten, dass d’Covidkris déi eng méi haart trëfft wéi déi aner. An deem Sënn begréisse mir et ausdrécklech, dass déi sougenannten Allocations compensatoires pour taxes communales, déi vun der Gemeng un d’Beneficiairë vun der staatlecher Allocation de vie chère bezuelt gëtt, 2020 vun 650 000 Euro op 1,3 Milliounen Euro verduebelt ginn ass an och 2021 ëm 10 Prozent liicht op 750 000 Euro eropgesat ginn ass.

Leider schéngt déi Covidkris méi laang ze dauere wéi mir eis dat wënschen an dofir stellt sech d’Fro ob een net och 2021 bei 1,3 Milliounen Euro misst bleiwen.

Ech erënneren hei och drun, dass déi staatlech Allocation de vie chère vun 2009 bis 2019 um selwechten Niveau stoe bliwwen ass, dat ass e weidere Grond, 2021 e weideren Effort ze maachen. Dat Geld wier op jiddwer Fall  gutt ugeluecht.

Weider Engagementer vun der Gemeng am Beräich Soziales : beim CIGL hunn 21 Leit e Kontrakt. Säit 2018 huet d’Gemeng 8 Chômeurs de longue durée agestallt. Diddeleng huet en eegene Service d’Aide à l’Emploi, wou 3 Leit schaffen; de Projet Outreach ziilt drop of, Jugendlech un d’Aarbechtswelt erunzeféieren; dat sinn alles Initiativen, déi mir vollkommen ënnerstëtzen.

D’Fro stellt sech allerdéngs, ob dat alles duergeet elo 2020, wou de Chômage an allen Alterskategorien duerch d’Covidkris geklomm ass, mee besonnesch bei de Jugendleche relativ héich ass.

Initiative wéi zum Beispill Youth and Work hunn eng bestoend Offer fir d’Gemengen a kënnen direkt lassleeën. Vu Coaching iwwer Formatioune bis direkt Aarbechtsplazvermëttlung. Ressourcen, déi doduerch bei eisem Personal géife fräi ginn, géingen dann an nei Projete fléissen.

Da kommen ech zu zwee Punkten, wou mir awer iwwerhaapt net zefridde sinn an dofir och géint de Budget stëmmen.

Dat eent ass de soziale Wunnengsbau an dat anert d’Energiepolitik vun der Gemeng.

Thema Wunnengsbau: Bei de Budgetsdiskussiounen 2016 haten déi Lénk zu Déifferdeng an hei zu Diddeleng Rechnunge virgeluecht, déi kloer gewisen hunn, dass Gemengen an aneren Institutiounen all Interêt hätten, och finanziell, Emprunten opzehuelen an domadder am soziale Wunnengsbau aktiv ze ginn.

An der Tëscht baut Déifferdeng fir 21 Milliounen Euro 80 Wunnengen, déi zu soziale Präisser verlount ginn. 80 Wunnengen, dat sinn der bal zweemol esouvill wéi Diddeleng der haut huet. Am Diddelenger Budget stinn 2021 4 Milliounen Euro, dat sinn 10% vun de Gesamtinvestitiounen an 2022 nach eemol 6,5 Milliounen Euro fir soziale Wunnengsbau, dat geet vir an hannen net duer.

Datt eis Rechnungen 2016 richteg waren, gesäit een dorunner, dass d’Oeuvres paroissiales genau dat maachen. An dat neit Veräinshaus kommen ënnert anerem 8 Chambre-meubléeën, déi dem Office Social vun Diddeleng fir e soziale Loyer zur Verfügung gestallt ginn a well de Staat de Bau subventionéiert, bleift dem Bauhär zum Schluss awer nach e klenge Benefice.

Wann de Schäfferot eis 2016 nogelauschtert hätt an en hätt Wunnenge gebaut oder kaf, da wieren déi Wunnengen haut schonn 30% méi wäert, dat muss een sech eemol virstellen. De Staat leet 75% bäi, dat mécht den Invest rentabel, och bei engem ganz soziale Loyer vun nëmmen 10 Euro de Quadratmeter.

Wann d’Gemeng de Bauhär ass, kann se bestëmme wien an déi Wunneng kënnt, also zum Beispill nëmme Leit, déi schonn hei zu Diddeleng wunnen oder hei schaffen.

Esou eng Politik ass keng Belaaschtung fir déi zukünfteg Generatiounen, mee e Patrimoine, en Atout. Immobilië sinn dee séchersten Invest, deen d’Gemeng momentan ka maachen, net nëmme fir hir Finanzen, mee haaptsächlech fir hir Bierger.

All Kand, all Jugendlechen an Erwuessenen, dee mir elo aus schlechten an onvertriedbare Wunnkonditiounen erauskréien an autonom maachen, dee brauch herno manner Servicer vun eisem Office Social an Usproch ze huelen. Eng besser Wunneng heescht och besser Chancë fir d’Kanner.

Wéi seet d’Madamm Merkel ëmmer esou schéin : “Also packen wir es an”.

Ech hunn Iech hei schonn Är Genossen zu Wien zitéiert. D’Stad Wien besëtzt 220 000 Wunnengen an ass domadder de gréissten Immobiliëproprietaire a ganz Westeuropa. 60% vun alle Wunnengen, déi zu Wien verlount sinn, gehéieren der Stad, mam Resultat, dass d’Stad Wien de Präis diktéiert, mam Resultat, dass d’Loyeren zu Wien bei engem Véirel, 25%, leien vun deem wat se hei zu Diddeleng sinn. Dat ass ebe wat ee fäerdeg kritt wann ee selwer d’Baupolitik an d’Hand hëlt an net dee ganze Marché de private Promoteuren iwwerléisst.

Mee fir interessant Projeten ze gesinn, muss een net bis op Wien fueren. Dat kann een och zu Schweebech gesinn, do huet d’Gemeng Sëll en Terrain viabiliséiert an sech en Energiekonzept ausschaffe gelooss vum Energipark Réiden mat Wärmepompelen a Fotovoltaikanlagen op den Haiser, sou dass déi Cité mat 15 Haiser onofhängeg vun der fossiller Energie ass.

Et gëtt gebaut mat Naturmaterialien, Holz a Leem, d’Cité ass autofräi an d’Haiser mat 140 m² Wunnfläch kommen 2021 an de Verkaf fir 500 000 Euro tout compris. Dat ass wat ee kann erreechen, wann ee vun Ufank un als Gemeng d’Wunnpolitik an d’Hand hëlt a vun A bis Z zesummenhängend plangt. Mir schloen dofir och fir, dass d’Ëmweltkommissioun sech dee Projet zu Schweebech eng Kéier ukucke geet. Souwäit zum soziale Wunnengsbau.

Ech kommen dann zu eisem zweete Punkt, wéi bei engem Invest net Folgekäschte generéiert solle ginn, mee Folgerecettë gemaach ginn an dat ass bei eiser Energiepolitik. Mir kënnen net seriö verlaangen, datt Cattenom zougemaach gëtt, datt d’Belsch hiren Atommüll net un der Lëtzebuerger Grenz stockéiert, wa mir weider eise Stroum aus de franséischen, de belschen an den däitschen Atomzentrale kréien a wa mir dann och nach iwwer eise Pensiounsfong Aktie vun de Bedreiwerfirmae vun deenen Atomzentrale kafen. Diddeleng muss also dofir suergen, dass all Neibau, deen d’Gemeng an Optrag gëtt, genotzt gëtt fir mat Fotovoltaik um Daach méiglechst vill Stroum ze produzéieren.

Dofir gi mir eis och net zefridde mat der Äntwert, déi mir kritt hunn à propos vum Daach vun der zukünfteger Sportshal um Strutzbierg. Do hu mir gesot kritt, eng Fotovoltaikanlag kéim just op een Drëttel vum Daach, well d’Regierung just eng Anlag vun 30 Kilowattpeak géif subventionéieren.

D’Fro ass awer net wéi vill Kilowattpeak d’Regierung subventionéiert, mee wéi vill Kilowattpeak iwwerhaapt rentabel sinn. An dat sinn an dësem Fall esouvill Kilowattpeak wéi mer Plaz um Daach vum Strutzbierg hunn, well d’Regierung iwwer déi nächst 15 Joer e festen Aspeisetarif garantéiert fir dee selwer produzéierte Stroum, bis 200 Kilowattpeak.

Wann d’Gemeng elo bei esou Investissementer d’Geld net wëll selwer virstrecken, kann se nach ëmmer enger Kooperativ vu Bierger aus der Gemeng den Daach zur Verfügung stellen, sou wéi dat och beim Projet “Diddeleng Solar / Op der Schmelz” geschitt ass.

Ech kommen dann elo op eng Rei méi kuerz Iwwerleeungen, déi dofir awer net manner wichteg sinn.

Lëtzebuerg kritt all Joer 12 bis 14 000 Awunner bäi, dat sinn der ronn 50 000 all véier Joer. Mir mussen esou lues ufänken, spuersam mat eisem Drénkwaasser ëmzegoen.

Mir als déi Lenk mengen, dee beschte Wee dohinner wier e gestaffelte Waasserpräis, wéi d’Gemeng Monnerech e scho säit 20 Joer praktizéiert, wou den deegleche Basisbedarf gratis ass, mee dofir de Luxuskonsum awer méi deier ze stoe kënnt.

Mir bedaueren, dass eis Majoritéit net dee selwechte Wee wëll goe wéi den Dikrecher Buergermeeschter an d’LSAP an der Stad, déi grad wéi déi Lénk fir eng drastesch Erhéijung vun der Grondsteier op onbebautem Terrain antrieden, fir esou d’Spekulatioun op de Bauterrainen ze bekämpfen.

Mir waren zimmlech iwwerrascht wéi den Här Spina eis am leschte Gemengerot ugekënnegt huet, am Kader vun der Biergerbedeelegung géif d’Gemeng och d’Iddi vum Budget participatif mat der Uni Lëtzebuerg an Ugrëff huelen. E Pilotprojet vum Budget participatif am Quartier Italien, well do schonn e staarken an aktive Quartierscomité besteet, hat eisen alleréischte Vertrieder hei am Gemengerot, den Här Marcel Lorenzini, schonn 2011 virgeschloen. E Budget participatif besteet doranner, dass d’Leit aus engem Quartier selwer iwwert e gewësse Montant kënne verfügen an dat Geld ausgi kënnen en fonction vun hire Prioritéiten, déi si selwer festleeën. Leider lauschtert de Schäfferot der Oppositioun net ëmmer no, soss hätt en elo schonn 10 Joer Erfarung mat Quartiers Budget participatif.

De Gemengebudget 2021 ass deen éischten, wou eng CO2-Tax ufält an zwar mécht dat insgesamt 685 000 Euro am Joer 2021 aus.

Déi Tax gëtt zu Diddeleng vun alle Leit bezuelt, déi Gas verbrauchen. Leider kann den Endkonsument net ganz vill maache fir sech déi Tax ze erspueren. Dat weist nach eemol, wéi wichteg et ass, bei all Bauprojet gläich vun Ufank un esou ze plangen, dass méiglechst wéineg fossil Brennstoffer verbraucht ginn. Wann d’Gebai bis steet, da si leider net vill Verbesserunge méi méiglech.

Zimmlech erfreet si mir, dass d’Gemeng méi aktiv gëtt wat d’Promotioun vum Vëlo hei an der Gemeng ubelaangt. Do begréisse mir zwou Mesuren, éischtens, dass d’Vëloen elo a verschiddene Stroossen à double sens et à contresens dierfe fueren an zweetens, dass d’Gemeng elo zesumme mat der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ Vëlofuercoursë fir Kanner an Erwuessener offréiert. Fir Vëlo fueren ze kënne geet et net duer, dass een net fält. Vëlofuere kann een, wann een sech um Vëlo sécher genuch villt um Vëlo am normale Stroosseverkéier matzefueren an et ass genau dat wat een an dëse Coursë vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ richteg léiert an dofir sinn dës Coursë wichteg, wa mer nach méi duuss Mobilitéit hei op Diddeleng wëlle kréien.

Ech erlabe mir dann eng allerlescht perséinlech Remarque well ech ëmmer am Landwirtschaftssecteur geschafft hunn. Aktuell kréien di Lëtzebuerger Baueren 174 Euro pro Tonn bezuelt fir hire Broutweess an 156 Euro pro Tonn fir Broutkar. Mat enger Tonn Weess oder enger Tonn Kar kann een eng Famill vu 4 Leit e ganzt Joer laang ernieren. Op de Säiten 107 an 108 vum Budget kann ee liesen, dass mir 96 Euro pro Tonn bezuele fir den Hausmüll an der SIDOR verbrennen ze loossen an da kommen nach ronn 150 Euro pro Tonn Fraisen dobäi fir de Müll hei an Diddeleng ze kollektéieren an an d’SIDOR ze féieren.

Mir bezuelen also ronn 250 Euro pro Tonn fir eise Müll lasszeginn, dat ass eis also méi wäert wéi gutt a gesond Liewensmëttel. Do stëmmt eppes net an eiser Wäerteskala. Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.

2020-12-18_Budgets-Ried Jos Thill am GR Diddeleng

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe