Budget 2021 Gemeng Diddeleng.

Budgets-Diskussiounen Budget 2021 vun der Gemeng Diddeleng 

Jos Thill, Gemengerot vun déi Lénk, huet d’Majoritéit geluewt fir hir laangjäreg virsiichteg Finanzgestioun; d’Diddelenger Gemeng huet praktesch keng Schold, eng excellent Ausgangspositioun elo an Zäiten vu Covid-Kris.

Mär begréissen och, datt den Niveau vun den Investissementer héich gehale gëtt, e. a. mat Investitiounen an d’Crèchen, d’Maisons relaisën an an d’Schoulen.

Trotzdeem hunn déi Lénk de Budget 2021 ofgeleent, haaptsächlech aus zwee Grënn :

Um Niveau vum Wunnengsbau zu abordable Präisser mëcht d’Majoritéit vill ze wéineg : nëmmen 10 % vum Gesamt-Invest 2021 gi benotzt fir soziale Wunnengsbau, obschons datt de Staat dee mat 75 % vum Invest ënnerstëtzt. Wéint de staatlechen Bäihëllefen géif d’Gemeng sougur nach Geld verdingen mat der Vermietung vun esou Wunnengen, souguer bei engem ganz soziale Loyer vun nëmmen 10 € / m2.

Esou en Investissement wär also kengesweegs eng Belaschtung fir di zukünfteg Generatiounen, mee au contraire en Atout, e Patrimoine.

Leider ass di Diddelenger LSAP och net bereet, et d’selwecht ze man wéi d’LSAP zu Dikkrech an an der Stad, nämlechd’Grondsteier op onbebautem Bauterrain drastesch erop ze setzen; zu Diddeleng däerf also weider fläisseg spekuléiert ginn.

Och um Niveau vun der Installatioun vu Fotovoltäik-Anlagen op neie Gebeier mecht d’Majoritéit net genuch (Beispill : neie Sportkomplex Strutzbierg) ; och déi Investitiounen géife méi Geld erabrengen, wéi se es kaschten, a wäre wichteg fir méi crédibel ze sinn, wa mer froen, datt d’Nuklearzentral Cattenom stellgeluecht gëtt.

Jos Thill, Gemengerot déi Lénk

2020-12-18_Résumé Diskussiounen Budget 2021 vun der Geme ng Diddeleng_JT

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe