Klimabündnis Lëtzebuerg: EU – Mercosur.

Stellungnam vun déi Lénk zur Resolutioun vum Klimabündnis Lëtzebuerg zum geplangten Fräihandelsaccord EU – Mercosur 

Stellungnam vun déi Lénk zur Resolutioun vum Klimabündnis Lëtzebuerg zum geplangten Fräihandelsaccord EU – Mercosur

Gemengerot Diddeleng, 19. März 2021

Jos THILL  (déi Lénk)

Merci fir d‘Wuert.

Déi Resolutioun, déi d‘Klimabündnis Lëtzebuerg eis hei proposéiert, nennt eng ganz Rei wënschenswäert Fuerderungen, wat Fräihandelsaccorde vun der EU mat Drëttstaaten ubelaangt. Ech ziele just e puer Beispiller op vu Saachen, déi an där Resolutioun verlaangt ginn :

Eng Legislatioun betreffend propper Handelsketten. Eng demokratesch an transparent Informatioun vun de lokalen Instanzen an der Zivilgesellschaft. Eng Evaluatioun vum Impakt vum Handelsaccord op eng nohalteg Entwécklung weltwäit, also net nëmme bei eis, mee och an eise Partnerlänner. An d‘Méiglechkeet, bei Ausschreiwunge lokal Fournisseure virzezéien.

Wéi gesot, dat si just e puer Beispiller. An dat si lauter Fuerderungen, déi och en direkten Impakt op Gemengenniveau hunn, dofir mécht et och Sënn, dës Resolutioun als Gemeng ze stëmmen. A mir stëmmen dës Resolutioun selbstverständlech mat.

Leider sinn Déi Lénk an eiser Chamber déi eenzeg Partei, déi wierklech voll a ganz hannert den Iddie vun dëser Resolutioun stinn. Well wéi gesäit et a Wierklechkeet aus? A Wierklechkeet ass dee Vertragsprojet hei mam MERCOSUR keng Ausnam, mee d‘Reegel vun der EU-Handelspolitik. A Wierklechkeet bedreift d‘EU eng ganz liberal Handelspolitik, an déi Orientéierung gëtt vun de Lëtzebuerger Regierungen, Regierungen an der Mehrzahl, also vun eise grousse Parteien : DP, LSAP, Déi Gréng an och der CSV, mat verschiddenen Nuancën bis elo ënnerstëtzt. An deene leschte Joren huet d‘Europäesch Gemeinschaft änlech Fräihandelsaccorde wéi deen heiten, dee mer hei kritiséieren, ënnerschriwwe mam Vietnam, de Philippinnen, Thailand, Indonesien, Malaysia, Australien, Neiséiland, Chile, Mexiko a rezent mam Kanada, dee sougenannte CETA-Accord, a mat Japan.

Gewéinlech a graff resuméiert fonctionéiert dat esou, datt d‘Europäesch Gemeinschaft sech an deene Länner e fräien Zougang séchert fir Déngschtleeschtungen, z.B. am Finanzsecteur a fir Industriegidder, z.B. Stol an Autoen. An dat huet den Här Polver mam konkrete Beispill vum Accord mam MERCOSUR hei mat konkreten Zuelen och beluecht. Als Géigeleeschtung gëtt dann den europäesche Maart fir Agrarprodukter méi wäit opgemaach, also z.B. fir Weess a Moschterkären aus dem Kanada, fir Fleesch, Zocker a Soja aus Brasilien. Dozou ass ze soen dass d‘Europäesch Gemeinschaft mat 50 Milliounen Tonnen Importer vun Agrarprodukter all Joer, dee gréissten Importateur vun Nahrungsmëttel op der Welt ass. 50 Milliounen Tonnen, dat sinn 100 Kilo pro Joer a pro Awunner aus der EU. Ronn en Drëttel vun deene Produkter ginn am Kader vu Fräihandelsaccorden importéiert.

Lo ass jo den Handel prinzipiell näischt Schlechtes. Do wou d‘Lompen ufänken ze sténken, ass bei där total neoliberaler Approche vun der Europäescher Gemeinschaft an de Lëtzebuerger Regierungen. An deenen Accorde kréien déi multinational Firmaen reegelméisseg d‘Recht zougestanen, national Legislatiounen, déi hirem Profit schueden, virun ontransparente Schiidsgeriichten unzegräifen. Vun Transparenz am Decisiounsprozess ass keng Spuer, wéi och d‘Duerchbaatsche vum CETA-Accord mëtten am Lockdown hei zu Lëtzebuerg am Mee d‘lescht Joer bewisen huet. Vu lokaler Produktioun, kuerze Weeër, dem Aspuere vun CO2 vum internationalen Transport ass och keng Spuer. Well 90% vun deene Milliounen Tonnen Agrarprodukter, déi d‘EU sou importéiert, kéinte mer problemlos hei selwer an Europa produzéieren.

A mat dësen Handelsaccorden, och dat huet den Här Polver schonn ënnerluecht, gëtt dann och nach, an dat ass eigentlech dat Schlëmmst, déi europäesch Qualitéitsproduktioun ënnerlaf. Eng Rei Agrarprodukter kommen dann zwar méi bëlleg aus anere Kontinenter op eis Telleren, si ginn dofir awer mat Methode produzéiert, déi an der EU verbuede sinn. Wéi z.B. Fleesch mam Asaz vun Hormonen, genmanipuléierte Soja, planzlech Produkter mat Asaz vu Pestiziden, déi an der EU schonn net méi erlaabt sinn.

An do muss ech aus menger Erfarung soen, wat ech wierklech bei der EU-Handelspolitik dat Allerbescheuertst fannen, dat ass datt Pestiziden, déi hei an Europa verbuede sinn, well se vill ze vill toxesch sinn, awer nach ëmmer däerfen produzéiert an exportéiert ginn. Do muss een se jo net méi all hunn! Well mir exportéieren dee Knascht an den Dag drop hu mer et a Form vu Banannen oder Tomatenzooss op eisen Telleren. Mee wat mécht een net alles, fir sech de schéine Männche bei BASF a Bayer an anere grousse Chemiekonzerner ze maachen?

An engem luewenswäerten Asaz fir eis Konsumente wäert eise ganze Gemengerot an e puer Minutten also fir dës Resolutioun stëmmen.

Portugal, dat fir de Moment de Virsetz vun den EU-Institutiounen huet, huet awer schonn ugekënnegt, si géife probéieren, deen Accord mam MERCOSUR méiglechst séier ratifizéiert ze kréien a wa méiglech nach an hirer Präsidentschaft, also virum Juli.

An dofir sinn ech wierklech gespaant wat geschitt, wann deemnächst d‘Bankenassociatioun ABBL an ArcelorMittal bei eis Regierung pilgeren, fir där kloer ze maachen, si bräichten déi Mäert a Brasilien an an Argentinien, fir nëmmen déi zwee gréisst Partner ze nennen. Ech waarden also drop, ob, wann et drop ukënnt, eis Regierung an och eis zwee Deputéierten hei aus dem Gemengerot, grad sou couragéiert si wéi lo beim Vott vun där Resolutioun, an dee MERCOSUR-Accord refuséieren.

Merci fir Är Opmierksamkeet.

GR Diddeleng 19-03-2021_Stellungnam dL zum Fräihandelsacc ord EU-Mercosur

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe