AG Sektioun Suessem, 24 Juni 2021.

déi Lénk Suessem huet op hirer Generalversammlung e speziellt Joer en Revue passéiere gelooss. Niewen de groussen Dossiere wéi “Remblai Aleweier”, Contournement, Suessemer Schlass an Wunnengspolitik (notamment de geplangte Belval Sud), huet déi Lénk nach emol ënnerstrach wéi wichteg et ass och a virun allem an de consultative Kommissiounen dofir ze suergen datt transparent a participativ um Gemengenniveau geschafft gëtt.

déi Lénk Suessem bereet elo schonn hir Zeitung an hir Choucroutefest vir, dat fir den 26 Oktober virgesinn ass.

Komittee – Kim Mersch (Caissière), Tania Mousel, Irina Holzinger (Präsidentin), Patrizia Arendt (Sekräterin), Jos Piscitelli, Myriam Cecchetti, Serge Urbany.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe