Thessy Erpelding rotéiert an den Gemengerot

Den 20. September as d’Thessy Erpelding fir den Jos Thill an den Diddelenger Gemengerot rotéiert. Hei as seng Untrëttsried.

Här Buergermeeschter,

Dir Dammen an Hären vum Schäfferot,

Kolleeginnen a Kolleegen vum Gemengerot,

Haut iwwerhuelen ech hei am Gemengerot d’Mandat vum Jos Thill a vertrieden déi Lénk vun elo un an dësem Gremium. 

Wéi der wësst, hu mär an eise Statuten d’Rotatioun stoen, déi et méi Leit erméiglecht sech aktiv un der Politik ze bedeelegen. Zu deem Prinzip gehéiert och, dass mer ëmmer eng Ekipp sinn, an an deem Sënn ass dat hei e fléissenden Iwwergang. Dat bedeit, dass ech schonn zesummen mam Jos an d’Dossieren agebonnen wuar an de Jos eis natierlech och net verluer geet a wäert weider matschaffen. 

Ech profitéieren dann och hei dovun, fir dem Jos Merci ze soen fir säin Asaz am Gemengerot a fir seng 61 Interventiounen eleng am leschte Joer.

Ech muss soen, et ass schonn e besonnescht Gefill fir mech, elo hei als Member vum Gemengerot dobäi ze sinn.Bis virun zimmlech genee 2 Joer hunn ech fir d’Diddelenger Gemeng geschafft, an dat iwwer 17 Joer, dovunner 12 Joer an der Museksschoul a 5 Joer am Biergeramt. Ech kann also behaapten, dass ech eis Gemeng als Verwaltung an hirt Fonctionnement gutt kennen, wat sécher net vu Nodeel ass.

Et wuar mer an där ganzer Zäit, an och elo nach (ech sinn nach ëmmer Gemengebeamtin), ëmmer bewosst, dass ech meng Aarbecht un 1. Stell am Déngscht vum Bierger ausféieren an ech hu mech deementspriechend verhalen.

An dat ass och elo hei an dësem Gremium net anescht.

Well, wat ass et anescht, wéi dass mär hei am Gemengerot, d’Geschécker vun der Stad Diddeleng diskutéieren a leeden am Numm vun de Leit, déi hei wunnen?

Oft, wa vu Politik geschwat gëtt, an ech soen, dass ech mech politesch engagéieren, soe Leit, si géifen näischt vu Politik verstoen, sech net dofir intresséieren, näischt dovun halen, … a scho guer net vun de Politiker. 

Dat Wuert Politik huet e negativen Touch bei de Leit, wat immens schued ass. Ech erkläeren dann ëmmer, dass eng Gemeng jo awer näischt anescht ass, wéi eng grouss Gemeinschaft, déi all puer Joer déi Fraen a Männer wielt, déi d’Verantwortung iwwerhuelen an sech këmmere sollen, dass alles fonctionéiert an dass mer eng flott, lieweg a wunnenswäert Stad hunn.

An deem Sënn gesinn ech also meng Funktioun am Gemengerot och erëm am Déngscht vum Bierger.

Vun ALLE Bierger a Biergerinnen, dat ass mer ganz wichteg! An deem Kontext begréissen ech, dass elo endlech d’Residenzklausel fir d’Net-Lëtzebuerger bei de nächste Walen ewech fält.

Dass ech hei als Vertriederin vun déi Lénk sinn, an domat zur Oppositioun gehéieren, heescht net, dass ech automatesch géint alles wäert sinn, wat vum Schäfferot an der Majoritéit virgeschloe gëtt. Ech gesi mäi Rôle doran, Projeten, déi ech, resp. mär als déi Lénk, gutt fannen, matzedroen, awer och Saachen ze hannerfroen, wann se net kloer sinn oder géint Punkten ze stëmmen, wann ech net kann d’accord sinn.

Wat mer wierklech wichteg ass, dat ass Transparenz an Éierlechkeet an den Dossieren. Nëmmen, wann een d’Fakten, d’Detailer an d’Hannergrënn kennt, kann een och mat guddem Gewëssen fir oder géint e Projet stëmmen.

Wéi ech elo scho gesot hunn, sëtze mer hei am Déngscht vum Bierger an dofir ass et wichteg, dass d’Leit aus der Gemeng och esou vill wéi méiglech mat agebonne ginn.

Zum Deel leeft dat net ganz schlecht an et gëtt scho versicht, d’Bierger a Biergerinnen mat op dee Wee ze huelen. Et ass awer duerchaus nach Sputt no uewen. An och bei de Leit ass et esou, dass se mussen transparent informéiert a sensibiliséiert ginn, fir kënnen mat ze diskutéieren a produktiv matzeschaffen.

An de Kontext vun der Biergerbedeelegung gehéieren och déi vill Gemengekommissiounen, déi mer hei zu Diddeleng hunn. Déi sinn zwar nëmmen berodend, kënnen awer Avisen ofginn, wat sécher net onwichteg ass. Et kinnt eng gutt Plaz sinn, fir vill verschidden Themen ze diskutéieren a Projeten op de Wee ze bréngen. Leider fonctionéieren déi allermeescht net gutt oder zumindest net esou wéi mär eis dat virstellen. Ech wäert iech sécher méi spéit eng Kéier domat befaassen.

En anert Thema, wat mer um Häerz läit, ass de Logement, méi genee de bezuelbare Wunnraum. 

Leider ass dëst och national eent vun de gréisste Problemer hei am Land, scho säit ganz ville Joeren. E Premier huet et scho virun ongeféier 20 Joer zur Chefsaach gemaach, et ass awer trotzdeem sech ni wierklech drëms gekëmmert ginn. An och elo, wou et ëmmer méi akut gëtt a katastrophal Ausmoossen hëlt, maachen déi 3 Regierungsparteien, an och déi gréisst Oppositiounspartei esou, wéi wann si an de leschte Joeren alleguer net mat an der Verantwortung gewiescht wären an si proposéieren elo op eemol lauter Iddien, déi se awer selwer an deene Gemengen, wou se an der Majoritéit sinn, mol net ëmsetzen.

Eng bezuelbar Wunneng ze hunn an a Würd kënnen ze liewen, MUSS e Recht sinn! Dir kënnt iech net virstellen, wat ech alles am Biergeramt matkritt hunn!…wéi Leit bedrunn a belunn, ausgenotzt an ofgezockt gin sinn vu skrupellose Proprietären! 

Dofir kann natierlech d’Gemeng net direkt eppes. Déi ass esouguer säit Joren um gudde Wee, andeems se d’chambres meublées, déi sougenannte Kaffiszëmmeren, streng kontrolléiert.

Mee d’Gemeng muss och mat anere Mesuren Verantwortung iwwerhuelen fir neien an abordabelen Wunnraum ze schafen. Diddeleng huet sech ganz vill Joren praktesch net drëm gekëmmert, huet net selwer Wunnraum geschaaft an hat ganz laang mol net eng Dosen Sozialwunnengen. 

Ech begréissen, dass säit enger Zäitchen do méi geschitt. D’Zuel vun de soziale Wunnengen, déi vun der Gemeng, resp. dem Office social, geréiert ginn, ass erop gaangen, och wann et der nach laang net genuch ginn.

Säit kuerzem besteet an der Gemeng de Service Logement, an och dat ass ze begréissen.

Mee leider gëtt nach net genuch gemaach zu Diddeleng an et gëtt ëmmer op de Projet NeiSchmelz verwisen. Dee Projet ass prinzipiell gutt, och wa mär ënnert anerem der Meenung sinn, dass do zum Deel nach méi héich kinnt a misst gebaut ginn, vu dass do virdrun schonn ëmmer Gebaier stungen, déi méi héich wuaren. Mee dat ass jo alles nach net a Steen gemeesselt, et ass jo e mëttel- bis laangfristege Projet. Och wann d’PAPen scho gestëmmt sinn, kann z.b. d’Héicht vu verschidde Gebaier nach iwwerduecht ginn, wéi de Buergermeeschter selwer eréischt virun 10 Deeg am Kader vun enger Table ronde gesot huet (an iwwregens och den Direkter vum Fonds du Logement).

Allerdéngs ass NeiSchmelz an der Haaptsaach e Projet, dee vum Fonds du Logement realiséiert gëtt, an et ass wichteg, dass och eis Gemeng méi aktiv gëtt a selwer baut. Dëst gëtt jo och zu engem groussen Deel vum Staat subventionéiert. 

Déi Lénk hu virun e puer Joer e Plang virgeluecht, wéi d’Gemeng kinnt Wunnengsbau an Eeegeregie realiséieren a wéi et kinnt finanzéiert ginn. Och wann dee Plang sécher net perfekt an net bis an de leschten Detail duerchduecht wuar, sou ass et awer immens schued, dass e net wéinstens diskutéiert ginn ass, net am Gemengerot a mol net an der Bautekommissioun. En ass vum Schäfferot einfach als net realisabel ofgehaakt ginn.

Zum Thema Logement kinnt ech nach vill soen, z.B. iwwer Grondsteiererhéijung an d’Besteierung vum Leerstand. Firwat wëllt eis Gemeng net op déi Weeër goen? Well d’Diddelenger Bevëlkerung, déi bis elo walberechtegt wuar, zu engem groussen Deel aus Proprietäre besteet a gefuart gëtt, Wielerstëmmen ze verléieren?

D’Thema Ekologie, Ëmwelt an erneierbar Energie ass natierlech net ze vergiessen. Z.B. huet mäi Virgänger ëmmer erëm drop higewisen, dass zumindest op neie Gebaier iwwerall solle Fotovoltaikanlagen installéiert ginn. Dëst ass just e klenge, mee net onwichtege Punkt. 

An och Cattenom ass e wichtege Sujet, wou eis Gemeng ëmmer erëm muss nohaken an um Ball bleiwen, fir dee Knascht lass ze ginn. Natierlech hu mer kee ganz groussen Afloss drop, an awer sollt et net vergiess ginn.

D’Mobilitéit gehéiert och dozou an hei ass am ëffentlechen Transport nach vill ze maachen, virun allem d’Zuchverbindung mat der Stad muss verbessert ginn an et muss eng Léisung fir déi vill Barrièren an Diddeleng fonnt ginn, wat awer sécher schwiereg ass mat der Stuerheet vun den CFL. Dëst ass keen einfache Match, dat ass kloer.

Fir de VelosfuererInnen entgéint ze kommen, si scho Mesure geholl ginn, déi awer nach kinnte méi wäit goen. 

D’FoussgängerInnen mussen och valoriséiert ginn an dofir muss dofir gesuergt ginn, dass e groussen Deel vun den Autoen aus dem Stadzentrum erausbleiwt. 

D’Vitesse ass schon a ville Strossen op 30 limitéiert, wat eng gutt Saach ass, an dat muss esou wäit wéi méiglech ausgebaut ginn.

An da si mer scho bei engem Punkt, dee mer um Häerz läit, an dat ass dee Shared Space. Ech kann einfach net verstoen, firwat de Schäfferot net bereet ass, anzegesinn, dass dee kee Sënn mécht,.. net op esou enger laanger riichter Strooss, ..an et besser eng Foussgängerzon wär. 

Wa fir d’Autoen op ass, ass et net anescht wéi virdrun, d’Autoen fueren duerch d’Mëtt an d’Foussgänger ginn op de Säiten, wéi op engem Trottoir. A gare la Box, et wëllt ee Foussgänger méi gemittlech iwwer d’Strooss goen, an en Auto muss kuerz ofbremsen! Also, ech hu scho vill Autosfuerer erlieft, déi sech da geiergert hunn. 

Shared space? Fir ween? 

Et ass jo awer gutt ze gesinn, dass, wann d’Strooss zou ass fir de Verkéier, wéinst Aarbechten oder am August an och elo samschdes(wat mer begréissen), et vill méi lieweg ass, an d’Leit och op de Bänken sëtzen. Et gëtt sech vill hannert dem Geschäftsverband verstoppt, mee souwäit ech matkréien, sinn nach laang net all d’Geschäftsleit géint eng Foussgängerzon. Ma da kommt, mer probéieren et mol fir eng länger Zäit an zéien dann e Fazit! Et ass jo awer ni ze spéit, fir sengMeenung ze änneren.

Ech kann elo hei net op all eenzelt Thema agoen a wëll och net ze vill Zäit fir mech beusprochen.

Am Grousse Ganzen wäert ech mech fir Themen am Beräich Soziales, Logement, Transparenz a Biergerbedeelegung stuark maachen, mee natierlech och all anere Sujet eescht huelen.

Ech wäert mer Méih ginn, mäi Mandat serieux an zur Zefriddenheet vu menge Wieler a Wielerinnen an all aneren Diddelenger Bierger a Biergerinnen auszeféieren.

Ech soen iech Merci.

Thessy Erpelding

déi Lénk Diddeleng

conseillère communale

20.09.2021

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe