Budgetsried 2021, Eric Weirich, déi Lénk Déifferdeng
Madamm Buergermeeschter, léif Kolleginnen aus dem Schäffen- a Gemengerot,
Iert datt ech lass leeën drécken ech gär jidderengem e grousse Merci aus deen zu dësem Budget bäigedroen huet.
Haut ass e speziellen Dag oder Exercice fir mech well et meng alleréischt Budgetsried als Vertrieder vun déi Lénk hei am Gemengerot ass. Fir dës Première kann ech – nee éischter muss – leider déi selwecht Wieder benotze wéi mäin Virgänger de Gary Diderich fir de Budget vum leschte Joer benotzt huet: t’ass e Budget “pas comme les autres”. Wat d’Haaptursaach dovunner ass wësse mer alleguerten, an ech hoffen datt mer geschwënn gemeinsam aus der Pandemie rauskommen an all dee Misär dee domadder zesummen hänkt kënnen hannert eis ze loossen.
De Budget fir 2022 ass och aus deem Grond e virsiichtege Budget, well mer haut nach ëmmer net wësse wéini mer dës Kris iwwerstane wäerten hunn, wat natierlech nach ëmmer e negativen a virun allem ongewëssen Impakt op d’Finanzen mat sech zitt.
Dowéinst ass ze begréissen datt mer haut e virsiichtege Budget ofstëmmen, och wann dofir eng Rëtsch gréisser geplangte Projet’en op der Streck bleiwe wäerten. Et ass och ze begréissen datt den aktuelle Schäfferot an deem Kontext d’Finanzen op Joren hinweg net hypothekéiert mat dësem Budget a soumat der nächster Koalitioun genuch Spillraum.
Ech wäert elo wat meng Commentairen zum Budget vum nächste Joer ugeet nach eng oder déi aner Kéier mäin Virgänger hei zitéieren, well ech seng Aarbecht hei natierlech och weiderféiere well, a well mer an eise Politik déi selwecht Themenschwéierpunkter hunn.
A sengem Bilan vun de 9 Joer wou de Gary Diderich déi Lénk hei am Gemengerot vertrueden huet heen reegelméisseg op d’Wunnengskris wou ech gär drun uknäppe géing.
De Logement ass nämlech och een vun de Beräicher wou ech ganz aktiv sinn an ech erlabe mer hei méi wäit auszehuelen. Ech hat säit 2017 schonn d’Chance Member vun der Logements-Kommissioun hei zu Déifferdeng ze sinn, an iwwert de Wee scho matkritt ze hunn wat Logements-technesch an der Gemeng leeft. Ech soen bewosst matkritt ze hunn well ech oft d’Gefill hunn datt eis Avis’en net ëmmer Echo fannen hunn bei der Ausriichtung vun der Logementspolitik, wéi z.B. eise järlechen Appell fir Suen an de Grapp ze huelen fir d’Logementspolitik méi aktiv ze gestalten. Oder eise positiven Avis zu engem Pilot-Projet tiny house. Oder engem Pilot-Projet “Tübinger Modell”. asw. Dat ass keng generaliséiert Kritik, a scho guer net un der Logements-Kommissioun – do well ech op dëser Plaz ënnersträichen datt mer eng immens gutt Dynamik an Zesummenaarbecht queesch duerch d’Parteien an der Logements-Kommissioun hunn.
Wat ech sou vu Logement matkréie säit ech an der Kommissioun sinn ass de Gravity. Dat ass am Prinzip e gudde Projet, wou ech och gär mat dru geschafft hunn an och déi meescht Saachenmatgedroen hunn. Gravity ass nämlech zimmlecht Neiland fir eng Gemeng, an e gëtt effektiv der Roll gerecht wéi een als Gemeng eng Virreiderroll spille kann am Schafen vun ëffentlechem respektiv bezuelbarem Wunnraum. Déi ominéis “mixite sociale” gëtt hei effektiv ëmgesat, och wann d’Luxuswunnengen op de leschten zwee Stäck net hätte misste sinn. Et ginn och am zweeten Tuerm 50 Wunnengen kaf fir se dann der Miami University fir hir Studenten ze verlounen wat definitiv och eng gutt Saach ass. Et ass och begréissenswäert datt mat Nouma eng jonk Firma engagéiert gouf fir de ganze Gemeinschaftsbildungsprozess ze begleeden wou jo an dësem Projet och eng wichteg Roll spillt, an definitiv och zukunftsweisend ass.
An et gëtt awer e Mee. De Mee ass datt dëse Bauterrain an zentraler Lag zu Déifferdeng fir d’éischt verkaf gouf fir dann opwänneg zréckkaf ze ginn fir da nees eenzel Wunnengen ze verkafen. An och datt Wunnengen aus dem Gravity verkaf ginn hätt och net musse sinn, och wa se mat Virkafsrecht an engem bail empyhtéotique verkaf ginn. Dat ass en Ëmwee wou net hätt musse sinn a wou sech vlait och anescht op de Budget ausgewierkt hätt.
Et ass awer Wunnraum wou privatiséiert gëtt, obwuel een als Gemeng deemno wéi een Typ Wunnengen ee schaaft bis zu 100% vum Logementsministère rembourséiert kritt. Hei spillt och nees déi ominéis “mixite sociale” mat, an zwar d’Angscht datt wann ee just Locatairen do wunnen huet dat zu engem komplette Chaos féiert, an en dofir léiwer och e puer Wunnengen verkeeft.
Mee ech bleiwen dobäi datt mer et eis als Gemeng net méi leeschte kënne fir ëffentleche Wunnraum nees aus der Hand ze ginn. Verlounte Wunnengen sinn nämlech och Recetten (ordinaires) fir d’Gemengecaisse, a wann der bis genuch a Gemengenhand sinn da kann dat mat de Loyer’en déi doduerch rakommen eng Eegendynamik entwéckele mat Investitiounen a Re-Investitiounen wann d’Suen einfach konsequent am Logement bleiwen. A wann de Prêt bis rembourséiert ass dann ass dat “cash an d’Täsch” wéi een sou schéi seet. Ech denken och datt mer als Stad Déifferdeng esou vill méiglech Gravity-Projet’en realiséiere sollten.
Nach esou e Beispill vun enger gewëssener Inkoherenz ass de Hotel “Gulliver Tower” wou mere lo mat der Virstellung vum Budget 2022 entdeckt hunn datt d’Gemeng deen opkafe well. Hei geet et ëm en Hotel vu 45 Zëmmeren wat 2018 seng Dieren opgemaach huet a wat 2020 schonn nees faillite gemaach huet. Beim engem Nettopräis respektiv Investment vu 4,5M€ (12,5M€ Akafspräis – 8M€ Subsiden) wou 2022 fir de dëse Projet ufalen, an aner gréisser Projet’en wéi d’Renovatioun an den Ausbau vum Stadhaus wou aus Budgets-Grënn fale gelooss ginn, stellen ech mer d’Fro wéi dat kuerzfristeg méiglech ass dann awer esou e grousse Montant ze mobiliséiere fir de Gulliver Tower ze kafen, och wann d’Gréisstenuerdnung net déi nämmlecht ass wéi bei de Projet’en wou fale gelooss ginn.
Ech schléisse mech do och de Froen un wisou hat z.B. de comité d’accompagnement économique net mat agebonne gouf, oder datt mer z.B. de Projet nach net an der Logements-Kommissioun ze gesi kruten.
Ech well dobäi mol guer net d’Schafung vu Wunnraum fir Senioren a Fro stellen – dat wär da net koherent vu menger Säit aus. Mee wat mech hei stéiert ass datt mer am Gemengerot vum Oktober och zwou Parzellen déi der Gemeng gehéiert hunn un e private Promoteur verkaf hunn fir e.a. een Appart-Hôtel drop ze bauen, a wou ech no menger Interventioun erkläert krut datt Hotellen an der Gemeng feelen. Dat gesinn ech an.
Haut hu mer just nach de Presbytère zu Zoowasch als eenzegen Hotel deen iwwreg bleift. De klenge Casino ass jo och schonn e Strapp zou. A mat Esch 2022 wou virun der Dier steet, eng uni.lu wou net wäit wech ass, eiser LUNEX an aner Infrastrukturen an der Gemeng ass sécher eng grouss Demande do fir Hotellen. An da kafe mer zwee Méint drop en Hotel op fir Wunnraum draus ze maachen? Wéi gesot, näischt dogéint, mee dat muss awer ee mer erklären.
Fir beim Thema ze bleiwe vun ëffentlechen Terrainen déi verkaf ginn. Am Budgets-Posten 261100/99001 bei de Recettes extraordinaires deen do heescht “vente de terrains communaux” ass eng Gesamt-Recette vu 9,1M€ virgesinn. Do sinn zu engem klengen Deel Terrain’en dobäi déi un de Staat gi wéi z.B. fir dat neit Policegebai. Mee et ass awer e gréisseren Deel deen u Privat-Leit verkaf gëtt wat haut einfach net méi dierft sinn. Oder zumindest sollten do keng Suen méi fléissen, mee mär als Gemeng sollte Logementer a Plaz kréien, wat bei verschiddenen PAP’en wou mer dëst Joer gestëmmt hunn schonn de Fall war. Bei der PAG-Diskussioun gouf jo och festgestallt datt et massiv u Crèchen feelt a wou et e Konsens gouf méi Crèchen als Gemeng ze schafen. Hei wier d’Plaz dofir gewiescht.
Et sinn awer och Klengegkeeten déi et ausmaachen, wéi z.B. d’Opfuerderung vun der Logements-Kommissioun fir de nächsten urban living käschtendeckend ze organiséieren. Am Budget ass awer nees virgesinn datt d’Gemeng do 50.000,-€ bäileet fir eng Bün ze bidden fir Promoteur’en fir Projet’en ze verkafen déi mol net um Terrain vun der Gemeng realiséiert ginn. Do hätt ech léiwer mer géingen déi Suen huelen a weider an d’Kommunikatioun iwwert eis lokal Initiativen ronderëm de Logement investéieren. Eise Service Logement an d’Loyers-Kommissioun hunn jo do mat wéineg Mëttelen a op eng zimmlech einfach Aart a Weis eng Info-Campagne dës lescht ze lancéieren wou absolut begréissenswäert ass.
An deem Sënn ass och net alles schlecht, an awer och net alles gutt. Ech hunn en ernimmt, eis Logementservice wou mer lo säit 3 Joer hunn. Bei där vaster Thematik ass dat och méi wéi konsequent en entspriechende Service an der Gemeng ze hunn, wou sech d’Leit och mat vill Asaz där Thematik higinn. Do ass och ze begréissen datt de Budget do rop geet a nach Leit solle bäikommen. Virun allem well mam Pacte Logement 2.0 a virum Hannergrond vun der Logementskris all Euro an de Logements gutt investéiert ass.
Dat kléngt vlait elo e bëssen ongewinnt vun engem deen allgemeng d’Logementspolitik vum Schäfferot matdréit. Mee dat heiten ass als Opruff ze verstoen fir sech nach méi aktiv déi Virreiderroll am Logement anzehuelen als Gemeng.
Logementspolitik ass nämlech och sozial Politik an och Klimapolitik. Sozialpolitik – well egal mat wéi engem Acteur’en een aus dem soziale Beräich schwätzt ee meeschtens zur Conclusioun kënnt datt d’Wunnen den Haaptproblem ass zu Lëtzebuerg. An datt et u bezuelbarem Wunnraum feelt.
Klimapolitik well Wunnen och säin Deel fir d’Erreeche vun de Klimaziler bäidroe kann. Dat z.B. andeems Haiser energetesch sanéiert ginn an doduerch manner Energie verbraucht gëtt resp. verluer geet. An deem Sënn freeën ech mech datt mer dem neien Pacte Climat 2.0 scho bäigetruede sinn, an ech si gespaant wat mer eis als Gemeng do als Leitbild an Ziler wäerte ginn.
Neie Wunnraum schafen heescht awer och nei Biedem versigele wat sech natierlech bäisst mat enger ambitiéiser Klimapolitik. Dofir begréisse mer datt am neie PAG de Bauperimeter weider net ausgeweit gëtt, mee datt do op bestoend Bauflächen gesat ginn déi innerhalb vum Bauperimeter leien. Gläichzäiteg versti mer et awer net datt z.B. Taxe B6 – dat ass déi Grondsteier déi eng Gemeng kann op ausgewisenem a net bebautem Bauland kann erhiewen – dann awer net erop gesat gëtt wéi z.B. an anere Gemeng wéi Dikrech. Wann ech dat ervir bréngen gëtt gesot datt et bal keng sou Terrain’en an der Gemeng ginn. Gläichzäiteg verkafe mer Bauterrain’en déi der Gemeng gehéieren. Et gëtt och gesot d’Regierung plangt eppes um nationalen Niveau. Plangen an Ëmsetzen sinn zweeërlee Puer Schong. Et wäert virum Summer nächst Joer eng Propose um Dësch leie fir eng Zort Spekulatiounssteier anzeféiere laut dem Logementsminister, a wou de Premier och widderholl huet. Am Interieur heescht et awer datt et reng technesch net virun 2024 kann ëmgesat ginn. Och wann et méi eng symbolesch Aktioun wier dat mam B6 eropsetzen. Et wär awer e wichtegt Zeechen un all déi Leit déi Bauterrain’en brooch leie loossen.
Fir nach e bësse bei der Sozialpolitik ze bleiwe ginn ech gär kuerz op de Budget vum Office social vum nächste Joer an. Do ass ze begréissen datt do déi “aide aux nécessiteux” vun 1,1M€ op 1,4M€ eropgesat gëtt. Iwwer den Intitulé vun dëser Budgetslinn léisst sech streiden. Och ze begréissen ass datt mer eis lokal “allocation de solidarité” reegelméisseg no uewen upassen an och op deem Niveau beloossen, och wann déi national “allocation à la vie chère” wou se dru gekoppelt ass nees erofgeet wéi dat rezent de Fall war.
Wéi mer am leschte Gemengerot de Budget vum Office social gestëmmt hunn ware mer eis zu puer eens datt et eis am léifste wär datt mer keen Office social bräichten. Dat gëtt et natierlech just an enger idealer Welt. An deem Sënn ass et dofir immens wichteg déi Leit materiell a finanziell ze ënnerstëtzen deenen et eben aus wéi enge Grënn och ëmmer net esou gutt geet. An awer deet et engem déck ze gesinn datt d’Suen quasi vu enger Täsch an déi aner ginn ouni de Beneficiairen reell ze hëllefen. D’Erhéijung vun dëser Hëllef gëtt nämlech deelweis domadder erkläert datt et ass fir déi staark geklommen Energiepräisser ofzefiederen. U sech eng gutt Nouvelle bei enger weiderer Kris déi sech an d’Rei stellt…..
Op der anerer Säit liese mer dann am Budget datt d’Käschten fir Drénkwaasser deck an d’Luucht ginn, a wou d’Erhéijung einfach un Konsument weidergereecht wäert ginn. Hei wier vlait eng Iwwerleeung Richtung gestaffelte Waasserpräis interessant gewiescht fir déi klengste Budget’en – déi bekannterweis och de klengsten CO2-Foussofdrock hunn – dës Erhéijung ze erspueren.
Mee wéi gesot ass dës finanziell Ënnerstëtzung wichteg, och wann et mer deck deet datt mer zäitgläich een Deel vun der Gesellschaft esou falen déif fale loossen. Well wann mäer déi Ongläichheeten ëmmer méi auserneenklaffen loossen, da verstäerken sech och ëmmer méi d’sozial Spannungen. An da ginn mer de Konsequenzen vu Perspektivlosegkeet net méi meeschter, a mussen dann op privat Sécherheetsfirmen zréckgräifen fir Problemer an de Grëff ze kréie wou sécherlech och op déi sozial Ongläichheeten zréck ze féieren sinn.
Och wann dee private Security-Service op Enn des Joers agestallt gëtt – wat mer definitiv begréissen – an deelweis duerch Agents municipaux ersat ginn, léisen d’Problemer sech awer net an der Loft op. An et gëtt och net eng eenzeg richteg Léisung an Approche déi alles léise wäert. Dowéinst begréisse mer datt mëttlerweil och op den Dialog gesat gëtt mam Aféiere vun engem Service Street work dëst Joer. Fir de Rescht si mer gespaant wéi den ugekënnegten “plan local sécurité” ausgesi wäert, un deem mer eis och gär beim Ausschaffen bedeelegen!
Wichteg ze ernimmen nieft Leit hei am Land ze hëllefen déi an enger Noutlag sinn ass et och wichteg un de Rescht vun der Welt ze denke wou et leider och vill Misär gëtt. An deem Sënn ass et ze begréissen datt déi 0,25% vum ordinäre Budget och weiderhi virgesi sinn, an ënnert dem Numm vun “Déifferdeng eng Stad hëlleft” Organisatiounen an ONG’en hei vu Lëtzebuerg finanziell ënnerstëtzt fir datt se hir Projet’en uechter d’Welt realiséiere kënnen.
Da kommen ech zréck bei een Thema wat och mat Klimaschutz ze dinn huet an zwar d’Mobilitéit.Mer hunn haut e gutt Beispill um Ordre du jour stoe wou zimmlech gutt duerstellt datt mer bei dësem Thema och nach e wäite Wee ze maachen hunn. De Punkt wou ech mengen ass d’Neigestaltung vum Bausseberäich vum 1535, déi domat verbonnen Taxen op Parkplazen déi och nei organiséiert ginn an d’Parkplazen déi do wechfalen.
Déi fale wech haaptsächlech aus Grënn vu Sécherheet a fir den aktuelle Chaos wou et ronderëm d’Parken um Site vum 1535 gëtt, a wou einfach net méi ze droen ass. Bei der Presentatioun – oder éischter Verdeedegung – vum Projet elo virun 2 Wochen duerch Direktesch vum 1535 sinn Diskussiounen fir mech deelweis surreal verlaf, an t’gouf sech ferme agesat fir datt nëmme keng Parkplazen verschwannen. Am Sënn vun de Leit déi do schaffen an de Commercen déi do sinn. Mee déi Parkplazen ëm déi et do geet sinn aktuell vun Auto’en besat déi de ganzen Dag do stinn an déi dee Parking als P&R benotzen.
Dowéinst hunn ech och virun 2 Méint d’Propositioun matgestëmmt fir éischtens d’Parkdauer do um Site op 90 Minutten ze reduzéieren an zweetens datt d’Parken do méi deier gëtt, woubäi mer gläichzäiteg d’Parken an eise Parkhaiser méi bëlleg gemaach hunn. An där Logik wäert ech och dee Projet vum 1535 haut matstëmmen. Et ass net nëmmen e modernt a flott Konzept wou d’Qualitéit am Bausseberäich staark verbessere wäert. Et ass och e Konzept wat enger Mobilitéitspolitik vum 21. Joerhonnert entsprécht, a wou d’Zäiten einfach esou lues eriwwer sinn datt jidderee mat Auto bis virun d’Hausdier fuere kann.
Mee hei gëtt et och e Mee. Am Avis vun der Mobilitéitskommissioun gouf berechtegterweis ageworf datt leider net direkt matgeduecht gëtt fir de Wee fir d’Foussgänger auszeschëlderen oder iwwerhaapt e neie Wee unzeleeë Richtung Place des allies, wou jo e grousse Parking ass an d’Leit vum 1535 parke sollen. Si stellen am selwechten Avis d’Fro ob der Sécherheet vun de Foussgänger a Vëlosfuerer genuch Rechnung gedroe gëtt mat dësem Projet, well jo awer nach Auto’en um Site parken dierfen. Ech hänken do drun datt ech carrement e Gesamtkonzept vermësse wéi een anstänneg a sécher per“mobilité douce” op de Site kënnt, resp. fir d’ganz Gemeng.
Um aneren Enn vum Spektrum hu mer den Avis vun der Finanzkommissioun wou fir d’Kompetitivitéit vun de Commerçant’en déi um Site schaffe fäerten well se e puer Minutten mussen zu Fouss bis bei hiren Auto trëppelen op der Place des Alliés. Ech mengen bei deene kompetitive Präisser déi mer de Resident’en am 1535 berechnen, a virun engem Hannergrond vu Klimawandel an dem dréngend néidegen Ausbau vun der mobilité douce, eriwwregt sech dës Fro. A genuch Liwwerplazen sinn och um Site virgesi fir d’Commercen. Wat se awer och awerfen ass d’Iddi vum engem “shared space” tëscht der Place des allies an dem 1535 wat ech absolut begréissen am Sënn vun Ausbau vun der mobilité douce.
Op de Budget bezunn gräifen ech och gär ee Beispill raus fir duer ze stellen datt mer nach Loft no uewen hunn an der Mobilitéitspolitik. Mer hunn bei den Depenses extraordinaires beim Budgetsartikel 4/623 ronn 700.000,-€ Ausgaben virgesi fir verschidden Installatiounen op Parking’en ze maachen, an och fir een neien unzeleeën an de Woiwerwisen. Bon dee gëtt op d’mannst ökologesch, wat och ëmmer dat heeschen soll….Op der anerer Säit hu mer awer just 245.000,-€ virgesi fir Etuden a Recherchen am Beräich vun der Mobilité douce wat manner wéi d’Hallschent ass. An et ass grad hei wou d’Musek spillt, wann ech z.B. déi quasi inexistent Vëlosweeër innerhalb vun der Gemeng kucken.
Ech ginn hei vlait vill oder ze vill an den Detail sichen. Mee an all mengen Interventiounen an Iwwerleeungen geet et mer einfach ëm Koherenz bei Themen déi mer um Häerz leien wéi eben Soziales, de Logement an d’Ëmwelt, a wou mer d’Koherenz mat Momenter einfach feelt an dësem Budget. Dowéinst wäert ech dëse Budget net matdroen.
Fir ofzeschléisse wëll ech awer gär jidderengem Merci soen – op Mataarbechter oder Benevoller an de Veräiner – déi sech Dag fir Dag fir Déifferdeng asetzen. Mär hunn hei als Politiker just en CDD, a mer kënne schwätzen an decidéieren esou vill mer wëllen.
Et sinn duerno si déi d’Saachen ëmsetzen an un d’Leit bréngen, an duerch hire jorelaangen Asaz dofir suergen datt d’Stad Déifferdeng virun kënnt. Dowéinst e grousse Merci fir dësen Asaz.