Erënnerungsplack un Lakerten

Eng Erënnerungsplack un d’Weimeschkiercher Lakerten

[en français en bas]

Dëse Mëttwoch Muerge gëtt beim Weimeschkiercher Kulturzentrum “Am Duerf” eng Plack an e Panneau mat Erklärungen ageweit fir un d’Lompekréimer aus deem Quartier, och nach Lakerten genannt, an hir besonnesch Sprooch ze erënneren. D’Wierk gouf geschafe vun der Künstlerin Myriam Schmit a geet zréck op eng Motioun an der Stater Gemengerotssitzung vum 10. Juli 2017. Doran haten d’Gemengeréit vun déi Lénk, op Wonsch vu Weimeschkiercher a Millebaacher Awunner, e Lakerten– a Jéinesch–Monument gefrot. 

déi Lénk Stad begréissen natierlech d’Realisatioun vun dësem Uleies a betounen d’Wichtegkeet, d’Erënnerung un d’Liewensweis, d’Sprooch an d’Aarbecht vun de verschiddene Stater Quartieren hiren Awunner fir déi nächst Generatioune waakreg ze halen, a se och deene villen Net-Lëtzebuerger, déi bei eis wunnen, méi no ze bréngen.

184 Familljen an der Aler Gemeng Eech a virun allem zu Weimeschkierch hunn um Enn vum 19. Joerhonnert vum Lompesammele gelieft a si hunn bis an d’zwanzegst Joerhonnert eran d’Lakerschmus – och nach Jéinesch genannt – geschwat, wouvun et verschidde Wierder, wéi zum Beispill Kitten =  Geld, oder Moss = Fra, Meedchen, oder och nach Straubejitzert = Coiffeur, an d’Alldaglëtzebuergescht gepackt hunn.

An deem Kontext kënne mer d’Broschür “Mir dibbere Jéinesch” mat DVD, “vun engem Lakert geschriwwen , geschwat a gesongen”, nämlech dem Änder Bausch, deen am August 2016 leider vill ze fréi gestuerwen ass, nëmme recommandéieren.

An engem vu senge Gedichter schreift en :

“Waars du e Lompekréimer, dann has du net d’grousst Lous,

däi Liewen, dat war schaffen, näischt fält dir an de Schouss,

D’Zäit, déi ännert, mä et gëtt et nach,

déi eng déi kréien d’Mëllech an déi aner kréien d’Brach.”

Recht huet hien!

Lëtzebuerg, de 4. Januar 2022—déi Lénk Stad

Une plaque en souvenir des «Lakerten» de Weimerskirch

Ce mercredi matin, près du centre culturel «Am Duerf»  à Luxembourg-Weimerskirch, une plaque commémorative accompagnée d’une stèle explicative sera inaugurée en souvenir des chiffonniers de ce quartier, appelés «Lakerten», et de leur langage particulier, le «Jéinesch». L’oeuvre, créée par l’artiste Myriam Schmit, fait suite à une motion déposée lors du Conseil municipal du 10 juillet 2017. Dans cette motion, les conseillers de déi Lénk, à la demande d’habitants de Weimerskirch et de Mühlenbach, avaient proposé l’aménagement d’un monument en souvenir des «Lakerten» et du «Jéinesch».

déi Lénk Stad saluent bien sûr la réalisation de cette proposition et soulignent l’importance de maintenir vivante la mémoire du mode de vie, de la langue et des activités des habitants des différents quartiers pour les générations à venir, et aussi de la communiquer aux nombreux Non-Luxembourgeois qui habitent notre ville.

A la fin du 19e siècle, 184 familles de l’Ancienne commune d’Eich et avant tout de la localité de Weimerskirch vivaient de la collecte de chiffons. Jusqu’au 20e siècle, on y parlait encore le «Jéinesch» ou «Lakerschmus». Certains mots de ce langage ont fait leur entrée dans la langue luxembourgeoise, par exemple «Kitten» =  Geld, «Moss» = femme, fille, ou encore «Straubejitzert» = Coiffeur.

Dans ce contexte, nous ne pouvons que recommander la brochure «Mir dibbere Jéinesch» (nous parlons «Jéinesch») accompagnée d’un DVD, avec des textes, poèmes, chansons et photos de la part du vrai «Lakert»  André Bausch, malheureusement décédé beaucoup trop tôt en août 2016.

Dans l’un de ses poèmes, il écrit :

«Waars du e Lompekréimer, dann has du net d’grousst Lous,

däi Liewen, dat war schaffen, näischt fält dir an de Schouss,

D’Zäit, déi ännert, mä et gëtt et nach,

déi eng déi kréien d’Mëllech an déi aner kréien d’Brach. »

 («En tant que chiffonnier, tu n’avais pas le gros lot,

ta vie se résumait à travailler; rien n’était acquis pour toi,

Même si les temps changent, n’empêche que

le lait frais revient aux uns et le lait caillé aux autres.»)

Il a bien raison !

Luxembourg, le 4 janvier 2022 — communiqéi par déi Lénk Stad

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe