Stellungnahm zur Erhéijung vun der Wasser- an Ofwassertaxe

De Gemengerot setzt haut zesummen an enger extraordinairer Sitzung. Si wuar net a priori virgesinn an ass dertëschtgelued ginn. Esou extraordinaire Sitzungen sinn noutwendeg wann et ëm eng Urgence geet a wann eng schnell Décisioun muss geholl ginn.

Ass dat haut wierklech de Fall? Op der Dagesuerdnung stinn haut 2 wichteg Punkten déi schonn dat läscht Joer ugekënnegt goufen, dass se kéimen … Waasser- an Ofwaassertaxen

déi Lénk hat schonn wärend den Budgetsdebatten Iwwerleeungen zu Taxen am allgemengen an besonnesch zur Waassertaxe erabruecht.

Mir haten fir d’Gemengerotssitzung vum 25. Mäerz eng Fro gestalt an Ureegungen fir en breeden Debat hei am Gemengerot, an der Finanz- an Ëmweltkommissioun gemeet… ech zitéiere just kuurz aus eiser Demande  „Wa mer als Gemeng eng sozialverträglech an eng ëmweltgerecht Taxe wéilten aféieren – sou wéi et och am 2. Leitbild vum Klimapakt definéiert ass wou mer esouwuel quantitativ wéi och qualitativ Ziler ugekënnegt hunn, da misste mer eis geschwënn zesummesetzen an dat thematiséieren.“

Dir hat dunn aus Zäitgrënn gefrot fir des Froen e Gemengerot méi spéit kënnen ze beäntweren, woumat mir natierlech d’accord wuaren, vu dass et sech ëm eng komplex Fro mat laangfristgen Nowierkungen handelt… 

Dir hudd eis dunn den 22. Abrëll – als vermeintlech Äntwert – mir haten en breeden Debat gefrot – aus parlamentareschen Äntwerten vun Ufroen (Dezember 2021) un d‘Ëmweltministesch an d‘Inennminestesch zitéiert. Hei goufen esouwuel de Prinzip vun enger gewesser Quantitéit gratis Waasser wéi och gestaffelt oder differenzéiert Taxenmodeller ofgeleent mam Argument, dass des Ufroen, de Prinzipien vun der Käschtendeckung an dem vum Verusaacher net ginge gerecht ginn, wéi an der EU Kader-Direktiv 2000/60/CE virgeschiwwen (wat eng Behaaptung ass déi einfach mol am Raum steet). Ausserdeem wier d‘Ëmsetzung vun enger gestaffelter oder progressiver Waasserpräisgestaltung mat engem immensen Opwand fir d’Gemengen verbonnen sou weider an der Äntwert vun den 2 Ministeschen… – dat weist an eisen Aen just, dass et dem Waasserwirtschaftsamt nëmmen drëms geet all d‘Käschten op den finalen Konsument ondifferenzéiert ofzewälzen.

An der Finanzkommissioun vum 16. Mee sinn dunn verschidden Tableaux mat Rechebeispiller vun enger Koppel ouni a vun enger mat 2 Kanner virgestallt ginn, wuelverstaanen an der Finanzkommissioun; net all Gemengerot huet déi Tableaux automatesch kritt – déi komparativ Tableaux hu mir dunn op eis Ufro de Mueren kritt obwuel versprach gi wuar dass se ab dem 23. Mee (deem Dag wou des Gemengerotssitzung aberuff gouf) dem Gemengerot an der Finanzkommissioun zougestallt géife ginn – ech schwäetzen hei just vun de Rechebeispiller, d’Method op Grond vun deier des Tableaux berechent goufen (Circulaires, déi aus de Joeren 2009, 2010 , 2011 staamen) krute mer net derbaï geluecht. Am Fong krute mer en onkompletten Dossier virgeluet. 

Haut um 31. Mee ass dann déi extraordinaire Sitzung oder beigeprafften Sitzung… d‘Punkten vun der Waasser- a Kanaltaxe stinn um Ordre du jour – net als Debat mee als Punkten wou mer ofstëmme sollen…

Am Extrait de délibération ass ze liesen, dass de Schäfferot schonn den 4. Februar eng Propose pour avis un d’Administration de l’eau geschéckt huet. Firwat hu dir eis dat den 25. Mäerz net gesot an eis déi Tarifikatiounsvirschléi matgedeelt? Dir hudd nach eis Fro aus Zäitgrënn op déi laang Bänk geschubbst ? Ass dat Transparenz? Ass dat är Manéier fir d’Membre vum Gemengerot eescht ze huelen an se an hieren politescher Aarbecht ze ënnerstetzen an anzebannen? All Sitzung steet de Punkt „Correspondance et Information“ als 1. Punkt um Odj? Eng komesch Art a Weis ze kommunizéieren!

Wa mer eis elo, haut um 31. Mee 2022 déi aktuell politesch an ekonomesch Situatioun ukucken dann musse mer awer feststellen, dass mer 1. un de Nowéien vun 2 Joer Pandémie an 2. duerch en Krich deen eis europäesch Länner besonnesch wirtschaftlech belaascht, leiden  – déi aner Kricher an der Welt si jo méi wäit ewech an do geet et jo duer wann een sech nëmmen doriwwer opreegt (ass leider net ironesch gemengt!).

Mir sinn an enger ökologescher an economescher Kris – déi automatesch Indexupassung soll fir op mannst 2 Tranches ausgesat ginn, wat noweislech d’Kafkraft vun de Stéit belaascht , an do hëllefen och keng Subsiden an Extrakompensatiounen. D’Energiepräisser schwanken quasi am Wochentakt an da gi dir hin, an haalt un ärem Plang fest an zitt dann och nach eng Erhéijung vun der Waasser- an Ofwaassertaxe duerch, well se net méi Käschtendeckend sinn. 

Dir berufft iech an ärer ofwierender Haltung zum differenzéierte Waasserpräis op d’EU-directive cadre Nr. 2000/60/CE a gitt domat vu falschen Tatsaachen aus!

Déi Direktiv verlaangt nämlech just 2 Saachen: d’allgemeng Uwendung vum Prinzip vun der Käschtendeckung bei de Konsumenten a vum Prinzip vum pollueur-payeur. 

Et kann een au contraire der Meenung sinn – a mär sinn dat – dass z.B. d‘Investitiounen an d’Waassernetz iwwer déi emverdeelend Gewerbesteier a Lounsteier, also den allgemengen Gemengebudget, sollen finanzéiert ginn.

Mee dës Direktiv verbitt eppes ausdrécklech NET: d’Uwendung vun engem differenzéierte Waasserpräis!

Si gesäit esouguer ausdrécklech vir dass d’Mitglidsstaaten bei der Käschterecupératioun sozial, ëmwetlpolitesch an ekonomesch Aspekter berücksichtege kennen.

Dat gesäit och d’europäesch Kommissioun esou déi am Joer 2000 geschriwwen huet dass laut Direktiv eng „tarification par paliers progressifs („rising blocks“)“ méiglech wier, bei deër z.B. eng „combinaison d’un volume d’eau de base forfaitaire gratuit et de prix unitaires élevés pour des utilisations d’eau supérieures à ce volume de base ou à des fins non essentielles » giff ugewand ginn.

Och d’europäesch Cour de Justice huet an engem Prinzipienurteel vum 07.11.2019 festgehalen, dass d’Membersstaaten mussen mat hirer Tarifpolitik fir eng wierksam Benotzung vun de Ressourcen suergen, och ökologesch, ouni dass all Taxebestanddeel duerfir muss käschtendeckend sinn. Jo, et missten esouguer net all Käschten beim Opfänken, Stockéiren, Traitéiren oder Verdeelen vum Waasser weider facturéiert ginn. Et wir net isoléiert wou de Prinzip vun der Käschtendeckung misst betruecht ginn, mee global. Wat iwwregens aner Gemengen esou maachen, laut ären eegnen Aussoen (Budgetsdebatten). Dofir déi differenzéiert Approche wat fir Käschten vu wiem musse gedroen ginn.

Och dat lëtzebuerger Gesetz verbitt net differenzéiert Waasserpräisser, soss wiere jo déi bestehend Modeller wéi dee vu Monnerech illegal. 2014 huet den Ëmweltminister nach op eng parlamentaresch Fro geäntwert dass d’Gemengen de Choix hätten eng progressiv Tarifikatioun anzeféieren, ouni awer an enger Circulaire d’Berechnungsregelen dovun festzeleeën. Och an engem Avis vum Observatoire de la Compétitivité vum Wirtschaftsministère „La formation du prix de l’eau potable“ get gesot, dass eng progressiv Tarifikatioun méi wierksam wier fir de Waasserkonsum anzeschränken, also als eng ëmweltpolitesch Moossnam kann ugesi ginn.

Et ass also de politeschen Wëllen vun dëser Regierung an och vun dësem Schäfferot fir op en anere Wee ze goen, nämlech deen vun der integraler Afwälzung vun alle Käschten op den Endverbraucher. Mir hunn et hei mat enger Regierung ze dinn déi eng neoliberal Approche huet. An eise Schäfferot deelt déi neoliberal Approche. Mir haten iech vum EU-Member Irland geschwat wou och nach haut verschidden Gemengen keng Waasertaxe erhiewen – et handelt sech ëm e puer Landgemengen, ma d’Kanner hunn awer am ganze Land 21m3 Waasser gratis ze gudd. Et gëtt also Weeër a Méiglechkeeten! De Welle muss just do sinn.

Dir sot, dass des Erhéijung net esou stuark ass, well d’Waassertaxe schon emol erhéicht gi wuar an eis Gemeng op engem héijen Niveau scho méi laang lung. Dat heescht also näischt anerschtes, wéi dass eis Leit aus der Gemeng scho laang zimmlech deier Waassertaxen bezuelen.

Mir hunn bei der Gemeng Diddeleng nogekuckt an déi hunn hier Erhéijung fir ab 1. Juli vun der Waassertaxe fir d’Ménages op de Niveau gehuewen wou mir scho laang sinn, nämlech part fixe op 5 € an d’part variabel op 2,70 €…

Dir sot, dass déi nei Erhéijung – ( 6,90 € no dem Rechemodell) – keng gréisser Belaaschtung fir déi eenzel Stéit wieren. Ma 7 € méi oder manner de Mount sinn fir deen een e Glas Cremant fir en aneren awer fläit 2 Baguetten, en halleft Pont Botter an e Glas Gebees… 

Ma dann loosse mer alt nees den Office social beméien, de kann jo dann asprangen wann et Enn vum Mount net opgeet. Sou kommen bei déi steigend Liewenshaltungskäschten déi puer Euro elo och nach derbäi.

Zum Argument vum Administrativen Opwand – ass et net derwäert sech déi néideg Zäit ze huelen fir eppes fir d’Leit an der Gemeng ze maachen, och dat ass Liewensqualitéit an Aufgab vun de Gemengeverantwortlechen.

Mir wäerten des nei Hausse net matstëmmen – et ass net de Moment fir eis Stéit weider ze belaaschten an et ass scho guer net urgent fir ouni wierklech breeden Debat och am Sënn vun enger Sensibiliséierung vum Verbrauch an dem nohaltegen Ëmgang mat der Ressource Waasser. Mir hätten en halleft Joer Zäit gehat fir ganz roueg Vergläicher, Ureegungen an Iddien ze sammelen an ze debatéieren – dat wëllt dir net, dir sidd jo de Schäfferot, a mir ? Mir sinn d‘Schoof déi am Truppeau matlafen sollen? 

Dir hutt alt nees eng Chance verpasst fir als Gemengeverantwortlech Akzenter ze sëtzen, an sozial an ökologesch Kriterien anzeféieren a fir duerch eng Sensibiliséierung vun de Matbiergerinnen a Matbierger déi mat an d’Diskussioun anzebannen! 

Wien un den Dokumenter interesséiert ass aus deenen zitéiert gouf kann sech gären bei eis mellen, mir leeden se da weider. Merci.

Jos Piscitelli,                                                                          Patrizia Arendt

Gemengerot déi Lénk                                                           Gemengeréitin déi Lénk

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe