Den 3ten Dezember goung et am Gemengerot iwwert de Budgetsrapport, hei ee klengen Ausschnëtt aus der Ried vu eiser Gemengereitin Patrizia Arendt:
“Finanztechnesch ass et kloer – e Budget muss opgoen a genuch Spillraum bidden fir kennen Reserven unzeleeën fir handlungsfäeg ze bleiwen. D’Madamm Buergermeeschtesch an och d’Finanzschäffin hu gesot, dass et e virsiichtege Budget ass, e Krisebudget, dass d’Madamm Inneministesch an enger Circulaire drop higewisen huet, dass d’Gemenge sollen vigilant bleiwen, an, an dësen onsécheren Zäiten, eng virsiichteg Finanzplanung maachen. Grad a Krisenzäiten mussen politesch Decisioune geholl ginn, déi finanztechnesch ëmgesat ginn. Et si net d’Finanzen déi d’Politik bestëmmen ma ëmgekéiert ! An dat ass de groussen Enjeu an och déi eigentlech Schwächt vun de vergaangenen an och vun dësem Budget!”
Hei fannt der och déi ganz Gemengerotssëtzung op Soundcloud, fir nozelauschteren!