Budgetsried 2023

An der leschter Gemengerotssëtzung goung et am Déifferdenger Gemengerot, em den Budget fir d’Joer 2023. Den Budget deen vu der Buergermeeschtesch presentéiert ginn ass beinhalt en puer Schrëtt an déi richteg Richtung, mee et feelt dem Budget eng Visioun déi iwwert d’geréieren vum day-to-day Business hinaus geet, dofir hunn mir als déi Lénk dogéint gestëmmt.

Hei fannt der d’Ried vun eisem Gemengerot Eric Weirich:

“Madamm Buergermeeschter, léif Kolleginnen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

Iert datt ech lass leeën drécken ech gär jidderengem e grousse Merci aus deen zu dësem Budget bäigedroen huet.

Wéi ech et och lescht Joer sot – genau esou wéi dir an ärer Präsentatioun vum Budget Madame Buergermeeschtesch – esou ass et dëst Joer nees e Budget “pas comme les autres ».

Lescht Joer ëm dës Zäit hate mer nach ferme mat de Restriktiounen an negativen Auswierkungen vun der Pandemie ze kämpfen, a jiddereen huet drop gehofft a gesat datt 2022 e bessert Joer gëtt an datt mer d’Pandemie hannert eis loosse kënnen. 

T’ass awer leider anescht komm. D’Pandemie ass mëttlerweil aus der Aktualitéit verdrängt ginn e.a. duerch déi héich Inflatioun an déi explodéierend Energie-Präisser, bedéngt duerch den illegalen Ugrëffskrich vu Russland op d’Ukrain wou ech op dëser Plaz nach eng Kéier explizit verurdeelen.

Gläichzäiteg goung et awer scho nees biergop mat der Economie, wat sech deemols schonn mat enger erhéichter Inflatioun bemierkbar gemaach huet. De Schäfferot huet deemols op en virsichtegen Budget gesat a gréisser Bau-Projet’en op Äis geluecht, wéi z.b. d’Schoul op der Place Nelson Mandela oder nach d’Renovatioun resp. den Ausbau vum Gemengenhaus. 

Mer wossten awer och schonn datt bei héiger Inflatioun d’Zentralbanken de Leedzëns géingen irgendwann ropsetzen am Laf vum Joer 2022. Dee louch nämlech weltwäit bei 0 oder quasi 0 säit der Finanzkris vun 2007/2008, resp. der sougenanntener Euro-Kris aus dem Joer 2015. Dat war also just eng Fro vun der Zäit no iwwert 10 Joer bëllegem Geld. 

Ech wëll elo hei net onbedéngt eng virsichteg Budgets-Politik a Fro stellen. Mä et wär vlait awer net gewiecht deen een oder anere Bau-Projet awer schonn un ze stoussen a vlait vu fixen Zënsen ze profitéieren fir dës ze finanzéieren iert datt d’Zentralbanken d’Leetzënsen an d’Luucht gesat huet. D’Zënsen wäerten esou bal net méi rof goen, sou datt mer sou oder sou eng Kéier mussen an de saueren Apel bäissen a méi deier Souen  léinen goen fir gréisser Projet’en ze finanzéieren. 

Wat de Budget vun 2022 ugeet ass en a mengen Aa’en och net esou dramatesch schlecht ausgefall wéi dat hei duergestallt gouf. Am ordinären Budget hu mer z.B. 9M€ méi Iwwerschoss gehat wéi virgesinn. D’Perte – oder éischter d’Investitiounen – am extraordinären Budget ass dogéint wuel méi héich ausgefall mat engem Mali dee vun 57M€ op 69M€ geklommen ass wat en Ënnerscheed vun 12M€ ausmécht. Deen Ënnerscheed ass haaptsächlech bedédngt duerch aktuell Bau-Projet’en déi fatzeg méi deier gi sinn.

Mä et muss awer weider gebaut an investéiert ginn. Mer hunn et jo z.B. och relativ spontan hikritt fir de Gulliver-Tower ze kafen fir 12M€ – wou mer 8M€ vum Staat rembourséiert kréien – oder wéi z.B. kierzlech dee Bau-Terrain op de Woiwer-Wisen fir bal 3M€ fir esou e méi groussen zesummenhängenden Bau-Terrain a Gemengehand ze hunn. Dat sinn alles sënnvoll Investitiounen, a wann een virun allem op Bau-Projet’en sëtzt wou de Staat e groussen Deel iwwerhëlt da kann een awer neier ustoussen ouni sech laangfristeg ze vill ze verschëlden.

Wéi de Budget 2023 erstallt gouf war jo scho gewosst wat Tripartite decidéiert huet fir d’Inflatioun ze bremsen. D.h. heescht natierlech net datt elo z.B. d’Baumaterial nees méi bëlleg gëtt, mä et heescht awer datt d’Präisserdeirecht ofgebremst gëtt, an do wär et besser mer géingen 2023 vun där Situatioun profitéieren. Dat gesot  hätt een sech ménger Meenung no méi Scholden zoutrauen kënnen beim Budget 2023 fir néideg Bau-Projet’en wéi z.b. Schoulinfrastruktur un ze goen.

Ech denken datt een als ëffentlechen Akteur a Krisenzäiten sollt anti-zyklesch investéieren. Eisen Zentralstaat huet dat jo virgemaach. Eis Staatverscholdung ass doduerch natierlech erop gaangen. Mä mer stinn nach ëmmer ganz gutt do am europawäitem Verglach. Eis Schold hei zu Déifferdeng si vun 62,25M€ Ufanks 2017 – Ufanks Legislaturperiod – op 45,1M€ rofgaangen op Enn dëst Joer. Ma ech soen do all Respekt! Eis Zënslaascht huet zwar wuel verduebelt vun 500k€ op 1,13M€ d’Joer, mä do sinn awer och Emprunt’en mat dobäi wéi z.b. dat neit Police-Gebai oder déi nei EIDE-Primärschoul déi u sech neutral sinn fir eise Budget well de Staat eis déi integral rembourséiert. Mat Zënsen.

Dofir denken ech datt mer grad elo de Moment ass fir dee Spillraum wou mer hunn bei de Scholden aus ze notzen an Déifferdeng méi resilient ze maachen fir Zukunft! 

Ech erlaben mer och hei eng kleng Kritik an ze bréngen wat d’Präsentatioun vum Budget ugeet. Lescht Joer hate mer zousätzlech en Dokument mat Explikatiounen resp. dem PPF am Dossier – wou et vlait intéressant gewiecht wier deen à jour ze setzen fir de Budget besser ze verstoen. 

Da vermëssen ech och d’Avis’en vun eis verschiddenen Commissiounen, a virun allem vun eiser Finanzcommissioun wou jo awer beim Budget e Schlëssel-Akteur ass. Ech vermëssen do och d’ailleurs schonn säit iwwert engem Joer d’Avis’en vun eiser Finanzkommissioun wou mer nach bis Enn lescht Joer fir all Gemengerot am Dossier haten wann et ëm Investitiounen gaangen. Dëst ganz Joer hunn ech nach keen een eenzegen Avis resp. Rapport vun der Finanzcommissioun gelies.

Dat gesot géing ech op verschidden’en Punkten a Projet’en vum Budget 2023 agoen.

Ech fänken mat engem Thema un wat mer um Häerz läit a ech ëmmer nees dozou schwätzen hei am Gremium fir datt mer als Gemeng (weider) consequent  eng Virreiderroll beim deem Thema anhuelen an zwar ass dat de Logement.

Mer hunn do als Stad Déifferdeng eng Rei Projet’en wou sech kënnen weisen loossen, an dat sinn z.B. de Gravity wou mer fäerdeg bruecht hunn fir abordabelen a virun allem spezifesche Wunnraumze schafen. Dat Wuert spezifesch ass mer hei bal nach  méi wichteg wéi dat abordabelt. Spezifesch am Sënn datt mer Wunnraum schafen deen op eng Demande ageet wou de Marché net genuch Offer schaft. An dat sinn déi spezifesch Senior’en Wunnengen, PMR-Wunnenge, Wunnengen fir StudentInnen, asw. Zousätzlech dozou ginn et Wunnengen fir ënneschedlech héich Akommes wat absolut de richtegen Usaz ass fir dee Loyer fest ze leeën entspriechend dem Akommes vun de Leit a net einfach fir e maximalen Profit raus ze schloen wéi dat de Marché mécht. Nach dobäi bleiwen iwwert d’Halschent vun de Wunnénengen a Gemengenhand. Beim Gulliver-Tower – deen elo Karro heescht – ass dat jo och geplangt mat deenen 45 Senioren-Wunnengen do entstoe sollen. 

Dat mat Wunnraum schafen deen a Gemengehand bleift ass e gutt Stéchwuert wou ech uknäppe kann wat ech virdrun gesot hunn. Mer sollten weider spezifeschen Wunnraum schafen wou mer kënnen a wou mer vill bäigeluecht kréie vum Staat. Dat ass net nëmmen Verantwortung iwwerhuelen als 3.gréisst Gemeng am Land, mä och laangfristeg gutt fir eisen ordinären Budget duerch d’Loyeren déi doduerch rakommen. D’Recetten duerch d’Loyer’en vun Wunnengen déi eis gehéieren gi do z.B. verduebelt vum leschten op dëse Budget (350k€ op 700k€) doduerch datt de Gravity nächst Joer wäert fäerdeg gestallt ginn. 

A wéi gesot mengen ech datt mer Sputt hunn fir weiderhin an abordabelen, spezifeschen an eben duerch de Staat mat finanzéierten Wunnraum ze investéieren. Am extra-ordinären Budget 2023 kréie mer bal 5M€ Recette vum Staat am Kader vum Pacte Logement 2.0, gréisstendeels eben doduerch datt mer subventionéierte Wunnraum geschaf hunn. Op der anerer Säit hunn ech awer elo net direkt Pläng gesinn an der lescht fir op där Schinn weider ze fueren. 

Ech zitéieren do eise PAL – plan d’action local logement – wou mer jo am Kader vum pacte logement 2.0 kierzlech erstallt hunn. Och wann de Logements-Ministère an sengem Avis dozou sot dat wär esou an der Rei – wat mech éierlech gesot zimlech iwwerrascht hunn – muss ech awer dozou soen datt mer eis gréisstendeels op eisen “Loorbeeren” ausrouhen, d.h. Projet’en do oplëschten déi scho bestinn.

De Pacte Logement 2.0 huet awer zum Zil fir massiv abordabelen Wunnraum ze schafen an dofir och ausgewisen Bau-Terrain’en ze mobiliséieren. Do gi mer als Stad Déifferdeng leider mam schlechte Beispill fir. No enger Etude vum ‘Observatoire de l’habitat’ a Froen déi ech dozou gestallt hunn fir ze wëssen wéivill Bauland mer genau als Stad Déifferdeng besëtzen koum als Äntwert 14ha. Dat ass zimlech vill wann een bedenkt datt dat e Potential u Wunnraum vun 10.000 Leit duerstellt. An eisem PAL fënnt een awer kee Wuert iwwer dat Bauland. Ech soen elo net datt dat alles soll direkt bebaut ginn. Mee esou Bau-Projeten NQ daueren gär mol iwwert 10 Joer a méi bis datt se gebaut sinn. Wa mer scho vun engem PAL schwätze hätt ech gär op d’mannst gesinn datt mer eis elo awer schonn esou lues iwwerleeën wat mer mat deem Bauland ustelle wëllen. 

Ech héieren do och d’Kritik mat gréng Wis bebauen, an datt mer als Stad Déifferdeng d’Logements-Kris net alleng léise kënnen. Mä hei schwätze mer vun ausgewisenem Bauland wat och nach zousätzlech a Gemengenhand ass, an op der anerer Säit befannen mer eis an enger déiwer Logements-Kris wou all nei Wunneng déi geschaft gëtt dréngend gebraucht gëtt.

Soss hätte mer och dës Terrain’en och nees kéinten an Akerland zréck klasséieren wéi mer lescht Joer de neie PAG gestëmmt hunn. 

Dat mat op der grénger Wis bauen bréngt mech bei eng aner Kris, an zwar déi vum Klima an der Biodiversitéit. Nierft den aktuellen Erausfuerderungen sinn dat déi gréissten Krisen déi mer als Mënschheet ze bewältegen hunn. 

International gesinn wéi z.B. virun kuerzem op der COP27 zu Sharm el Sheik an Ägypten wéi op all den aneren COP’en virdrun oder ähnlech international Klimakonferenzen a Projet’en gesäit et do awer relativ schlecht aus. Do geschitt einfach ze wéineg an t’geet ze lues virun, och wann do déi schéinste Rieden geschmass ginn an déi beschten Objektiver festgehalen ginn.

Dofir ass et wichteg fir dem Klimawandel op lokalem Level mat allen Moyen’en entgéint ze wierken. Als Stad Déifferdeng sti mer do – zumindest um Pabeier gesinn – guer net mol esou schlecht do. Mer hunn nierft dem Pacte Logement – dee spillt och eng Roll am Kampf géint de Klimawandel (energetesch Sanéierung z.B.) – och de Pacte Climat wéi och de Pacte Nature ënnerschriwwen. Duerch déi Pakten engagéiere mer eis als Gemeng fir esou wuel eppes géint de Klimawandel wéi och géint de Verloscht u Biodiversitéit ze ënnerhuelen.  

D’Kiischt um Kuch ass e rezente EU-Projet wou mer als eenzeg Gemeng vu Lëtzebuerg (an 100 Gemengen EU-wäit) zréckbehale goufen an zwar den “net zero cities” Projet. Net zero – als netto null – bezunn op den CO2 Ausstouss um Gebitt vun der Gemeng wou d’Zil ass bis 2030 op null ze sinn. Dat kléngt net schlecht wann dat Wuert “netto” net mat dobäi wier. Et heescht nämlech net datt um Gemengegebitt keen CO2 méi ausgestouss gëtt, mä datt mer netto op null sinn. 

En CO2-Ausstouss engersäits kann duerch Compensatiounsmesuren op der anerer Säit dofir suergen datt mer ënnert dem Stréch bei den Emmissiounen op null sinn, wat awer elo net onbedéngt heescht dat mer d’Emissioun enorm reduzéiert hunn. Als Land Lëtzebuerg hu  mer et virun e puer Joer am Kader vum Kyoto-Protokoll fäerdeg bruecht fir CO2-Emmissiouns-Rechter bei baltesche Länner of ze kafen well mer eis Emissiounen selwer net genuch reduzéiert kritt hunn. Jo t’ass effektiv gäckeg datt et iwwerhapt esou ee System gëtt fir CO2-Rechter handelen ze kënnen. An ech ernimmen dat well am Budget Rieds ass vun enger Etude fir lokal CO2-Compensatiounen ze organiséieren.

Als Stad Déifferdeng sollte mer dofir all Effort’en maachen fir effektiv eis CO2-Emmissiounen bis 2030 drastesch no ënnen ze schrauwen. Den “net-zero-cities” Projet ass u sech eng gutt Geléigenheet fir esou en ambitiséist Zil ze errechen. An am Budget 2023 ginn et och iwwert 10 Posten wou sech op de Net-zero-Projet bezéien. 

Et ginn do schonn eng Rei Mesüren déi an déi richteg Richtung ginn wéi z.B. wat “transitition énergétique” ugeet wou eng Rei Etüden gemaach ginn fir fort ze kommen vu fossillen Brennstoffer hin zu erneierbaren Energiequellen. Oder z.B. eis Diffprimen wou virun kuerzem iwwerschafft goufen fir Elementer am Kampf resp. Upassung un de Klimawandel dobäi gesat goufen, an och am Budget 2023 verduebelt gouf. Oder eise Projet Fusili wou jo zum Zil huet fir eng lokal Geméisproduktioun opzebauen, och wann dat sech mat eisen Terrain’en zu Saulnes nach hinzéien wäert. Oder och nach Projet’en fir déi lokal Energie-Produktioun aus ze bauen iwwert PV-Anlagen, lokal Pallets-Produktioun, asw.

Dat geet alles an déi richteg Richtung, mä eiser Meenung misste mer do nach eng Schëpp bäileeën fir der Urgence vun dëse Krisen gerecht ze ginn. Do geet z.B. am extraordinäre Budget de Posten rof fir d’Promotioun vun alternativen Energiequellen wou sech jo éischter op de Bestand bezitt, a wou nach e riesegt Potential besteet fir esou eise Verbrauch an CO2-Emmissiounen ze reduzéieren. Och beim Neibau misst obligatoresch virgesinn sinn datt se exklusiv mat erneierbarer Energie versuegt ginn. Dat kéinte mer ganz einfach iwwert d’Bautreglement imposéieren wéi aner Gemengen dat och schonn am Land maachen. 

En aner Volet wou och fir vill CO2-Emmissiounen steet ass d’Mobilitéit.

Ech hat do scho lescht Joer am Hierscht am Gemengerot gefrot am Kader vun der nationaler Kaméidis-Kaart vum MECDD –  jo Trafic mécht och vill Kaméidi – Froen gestallt Punkto Reduzéierung vum Verkéier an der Gemeng an dem Ausbau vun der Mobilité douce. Do gouf op eng Etude “propper Loft” fir fir d’éischt mol ze kucken wéi d’Loftwäerter sinn zu Déifferdeng. Ech mengen d’Äntwert ass scho gewosst. Relativ schlecht bei deem Trafic…Och fir den Verkéier aus dem Stadzentrum raus ze huelen oder zumindest ze verluesen oder ëm ze leeden ass anscheinend och komplizéiert. 

Am Budget 2023 fannen sech awer elo endlech éischt Elementer rëm déi a Richtung Verbesserung vun der Situatioun hindeiten, wéi z.B. Berouegung vum Verkéier, P&R an Navetten, Ausbau vun de Vël’OK-Statiounen, asw. Ganz besonneg freet et mech datt Etuden geplangt sinn fir nei Vëloweer ze bauen aus der Gemeng eraus Richtung Péiteng a Suessem. De Moment mengen ech geet et do mat engem Vëlos-Helm net duer fir sech iwwert déi normal Strooss op de Wee mam Vëlo ze maachen an eis Nopeschgemengen…. 

Mee de Vëlosverkéier innerhalb vun der Gemeng gëtt nach ëmmer vergiess. Deen leeft ëmmer méi iwwert den Trottoir, a wann Leit sech bei den Servicer mellen mat konkreten Ureegungen fir z.B. de Schoulwee mam Vëlo fir Kanner ze verbesseren kréie se als eenzege Retour datt se net däerfe mam Vëlo iwwert den Trottoir fueren. Dofir ass et wichteg och innerhalb vun eiser Gemeng endlech en anstänneg an zesummenhängend Netz u Vëlosweeër ze schafen.

Op e globalt Verkéierskonzept fir d’Stad Déifferdeng waarde mer och nach ëmmer, obwuel dat scho méi oft ugekënnegt gouf….

An ech mengen en globalt Verkéierskonzept ass net nëmme gutt fir eis AwunnerInnen – et denken do z.B. un d’Vëlosprojet’en an eist Konzept vun Déifferdeng als Sportsstad – mä och fir eis Geschäftsleit.

Ech denken do elo net onbedéngt u nei Parkplazen am Stadzentrum wéi de neie Parking an de Groussstrooss dee virun kuerzem ageweit gouf. Och wann esou Parking’en e Batz Souen an d’Caisse bréngen wéi een dat gutt an der Entwécklung vum ordinären Budget gesäit.

Nei Parkplazen wéi och nei Stroossen bedeiten ëmmer och neien a méi Verkéier. Am Kader vum Klimawandel kënne mer net weiderhin alles mam Auto maachen an iwwerall mam Auto bis virun Dier bäifueren. Dowéinst ass et wichteg datt mer um Plang vun der nohalteger Mobilitéit eng Schëpp zouleeën. 

Wat elo eis lokal Economie am grousse ganzen ugeet geet et och an déi richteg Richtung. Mer hunn do natierlech eist Zuchpäerd de 1535° wou e riesege Succès ass. Mä och Projet’en wéi de Pop-up Store, Geschäftsflächen opkafen oder ulounen fir se verbëllegt u Geschäftsleit weider ze verlounen sinn gutt Usäz. Oder och nach de geplangten Hub fir nohalteg Entreprisen hei un ze siedelen ass eng gutt Iddi. 

Mä dat sinn vill eenzel Aktiounen wou och net all direkt glécken wéi z.b. d’Maison Moderne. Dofir géinge mer eis wënschen datt et zu engem Gesamtkonzept kënnt wat d’Entwécklung vun der lokaler Ekonomie an de Revitaliséierung vum Déifferdeng Zentrum ugeet.

Do kéinten och  z.B. Iwwerleeungen mat afléissen – a wou och schonn ernimmt goufen – fir lokal Ausbildungen resp. Jobs ze schafen fir Jonker. Grad esou wéi d’Leit déi fir de CIGL Déifferdeng schaffen ze iwwerhuelen. Eise CIGL leed jo eng ganz Reih u lokalen an nohaltege Projet’en wou een absolut stolz drop ka sinn.

Mä d’Kontrakter vun de Leit déi fir de CIGL schaffen sinn leider ëmmer op 2 Joer begrenzt, an oft fannen se duerno awer keen Job um éischten Aarbechtsmarché. Dat ass zwar vlait national Kompetenz, an vlait mussen do och Gesetzer ugepasst ginn, mee mer géingen et gutt fannen wa mer fir déi Leit kéinten no hiren 2 Joer beim CIGL eng Suite ginn um Niveau vun eiser Gemeng.

Eng Rei Aktivitéiten vum CIGL sinn nierft dem ökologeschen Aspekt och sozial gesinn immens sënnvoll, wéi z.B. d’Buttéker fir Vëlo’en, Miwelen a Kannerkleeder – a Spiller am second hand an deementspriechend méi bëlleg kafen ze kënnen.

Beim sozialen sti mer allgemeng als Stad Déifferdeng gutt do wann ech do z.B. un eis lokal Allocation de solidarité denken, déi mer jo zousäztlech zu der nationaler Allocation de vie chère ausbezuelen. Oder datt mer all Joers iwwert d’Aktioun « Déifferdeng eng Stad hëllef” e fixen Undeel vun eisem Budget un ONG’en spenden déi sech zu Lëtzebuerg an uerchter d’Welt fir eng méi gerecht a nohallteg Welt asetzen. 

Oder wann ech un eis spontan Hëllefsaktiounen fir ukrainesch Flüchtlingen denken wou mer jo ouni vill ze zécken de klenge Casino an och den Gulliver Tower zur Verfügung gestallt hunn fir do Leit ze logéieren déi forcéiert hirt Land hu musse verloossen well et militäresch ugegraff gouf a weiderhinn gëtt. 

Do hu sech och ganz vill Leit vun eisem Personal och zousätzlech organiséiert fir eisen ukraineschen MatbiergerInnen d’Liewen hei esou angenehm wéi méiglech zu maachen a se bescht méiglech an dat lokalt Liewen an ze bannen. Genau esou wéi eis Sportsklibb.

Dofir e grousse Merci op dëser Plaz un all déi engagéiert Leit !

Da bréngt mech op e Punkt aus der allgemenger Budgets-Präsentatioun vu virun zwou Wochen wou et ëm d’Personal resp. éischter ëm d’Personalkäschten gaangen ass. 

D’Personalkäschten si jo och an d’Luucht gaangen duerch de neien Kollektivvertrag fir d’Oarbechter vun de Südgemengen deen dëst Joer endlech zu stan kommen ass, an och wéinst enger Indextranche déi dëst Joer erfall ass. Nächst Joer gi se nach weider an d’Luucht duerch wahrscheinlech 3 Indextranchen déi erfale wäerten. 

An der Präsentatiounen vum Budget 2023 sinn ech d’Gefill net lass ginn datt sech beklot gëtt datt d’Personalkäschten och wéi vill aner Saachen an d’Luucht ginn. Personalkäschten sinn awer a mengen Aa’en net irgend eng aner Ausgab wou een sech bekloe kann datt se an d’Luucht ginn. Bei all Punkt wou mer am Gemengerot wou et ëm eis Servicer geet ginn se queesch duerch d’Reien geluewt. An dat ass och gutt esou! 

Datt se deementspriechend anstänneg bezuelt ginn – och wann dat mëttlerweil iwwert d’Halschent vun eisem Budget ausmécht – ass och nëmmen richteg ! Mer brauchen motivéiert an gutt bezuelte Leit fir eis Gemeng weiderhin op d’Erausfuerderungen vun der Zukunft vir ze bereeden.

Fir ofzeschléisse erlaben ech mer hei dat ze widderhuelen wat ech och scho lescht Joer als Ofschloss vu menger Budgets-Ried gesot hunn. An zwar géing ech nees gär jidderengem Merci soen – op MataarbechterInnen oder Benevoller an de Veräiner – déi sech Dag fir Dag fir Déifferdeng asetzen. 

Et sinn si déi d’Saachen ëmsetzen an un d’Leit bréngen déi mer hei decidéieren, an duerch hire Asaz dofir suergen datt d’Stad Déifferdeng virun kënnt. 

Dowéinst e grousse Merci fir dësen Asaz.

Trotz villen Elementer déi an déi richteg Richtung feelt et mer awer bei dësem Budget un enger kloer an iwwergeuerdneter Visioun wou iwwert day-to-day Gestioun eraus geet. An ech mengen et brauch eng Kloer Visioun fir aus de multiepelen Krisen raus ze kommen an deene mer grad stiechen.Dowéinst stëmmen mer dëse Budget net mat. 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe