Hei fannt der dem Irina Holzinger seng Ried vun eisem destjähregen Neijoerschpatt an der Text Form:
Souwuel als och – dat geet net méi
Jee nodeem wien ee freet, kritt ee gesot, datt d’Ried fir de Neijoerschpatt an engem Waljoer – pardon, “Superwaljoer” –
1. eng politesch Kampfuso a keng politesch Ried si soll,
2. eng laang Ried an eng kuerz Ried si soll,
3. datt ee politesch Themen uschwätzen soll, ouni ze politesch ze ginn,
asw.
Ech wäert also an den nächste 90 bis 130 Minutte probéieren eng net politesch politesch Ried ze halen…
Als éischt emol: Wëllkomm iech all, alles gudden am neie Joer a Merci datt dir hei sidd (ech si mir sécher dat huet näischt mam gratis Gedrénks ze dinn ;-))
Dëst Joer ass also e “Superwaljoer” a mir befannen eis am sougenannte “Walkampf”. Ech perséinlech si kee Fan vun dëse Begrëff, mee wann een sech ukuckt oder unhéiert, wéi Leit an och a virun allem Politiker iwwer Politik schwätzen, da mécht dee Begrëff warscheinlech Sënn… Ech perséinlech gesi mäi politescht Engagement net als Kampf, géint aner Leit oder Parteien, ech gesi mäin politescht Engagement als eng Méiglechkeet, mech an der Gesellschaft an der ech liewen, mat anzebréngen an ech gesinn et als Chance, un der Gestaltung vun eiser Gesellschaft, eiser Gemeng mat ze schaffen, mat de Leit a fir d’Leit. Mee, dat ass net falsch: dat ass heiansdo ee Kampf.
Sou wéi déi Meescht déi sech um Gemengenniveau engagéieren, maachen ech dat net haaptberufflech, ech engagéiere mech aus Iwwerzeegung, aus Prinzip, mee och well meng Mamm mir beibruecht huet, datt Politik eng Saach ass déi eis alleguerten eppes ugeet. An ech maachen dat, well ech der Meenung sinn datt ze vill Leit d’Gefill hunn, datt si souwisou näischt bewierke kënnen an si dohier “d’Leit do uewen” sou zimmlech maache loosse wat si wëllen. An dëst Selbstverständlechkeet vun dem “deenen do uewen” a “mir do ënnen” e bëssi ze briechen, d’Saachen ze hannerfroen an och konkret Alternativen ze bidden, dat ass d’Aufgab vun déi Lénk Suessem.
Covid, Krich, Wunnengsnout, Klima-Noutstand (et j’en passe): Wa mir éierlech sinn, mir hunn eis jo scho bal dru gewinnt, nee? Fatalismus, dat ass eng vun de gréisste Krankheeten an eiser westlecher Welt. Well, wat mir anscheinend ëmmer nach net ganz verstanen oder verënnerlecht hunn: dee Räichtum an dee Confort dee vill vun eis hunn, deen hu mir nëmmen, wëll et aneren net gutt geet. Iwwerdriwwene Räichtum gëtt et net ouni iwwerdriwwen Aarmut. Mee, soulaang mir et net gesinn, soulaang kënne mir dat ignoréieren. An elo fänkt et un, datt vill vun dëse Problemer virun eiser Hausdier stinn an dat mécht alles méi konkret, dat weist d’Wand, op déi mir seit Joeren histeieren an dat mécht Angscht…
Mir vun déi Lénk kënnen net verspriechen datt mir alles besser an anescht maache géifen, ouni datt sech insgesamt, fundamental a radikal eppes a villes ännere muss. Mir kënnen net esou weider maache wéi virdrun an en anert Resultat erwaarden… mee bon, dat ass natierlech net ganz “sexy”. Dat héiere Leit net gären. Do geet ee léiwer bei Gruppéierungen déi verspriechen alles besser an anescht ze maachen, ouni datt sech eppes grondleeënd ännere muss… Et gëtt dach ëmmer vun deenen eppes ofverlaangt déi souwisou schonn net vill hunn. Privileg verpflichtet! Dat misste mir eis alleguerten endlech hannert d’Oueren schreiwen!
An dat natierlech och um Gemengeniveau. Wobei, hei lieft et sech gutt. Déi lescht Joren ass vill gemaach ginn, et kënnt Beweegung a vill Dossieren. Ass jo eigentlech alles gutt hei… Mir hunn also decidéiert, net méi unzetrieden 🙂 Nee, sorry, ze fréi gefreet, et gëtt nach genuch ze dinn: Wunnengsbau, eng ëmweltfrëndlech an nohalteg Gestaltung vum urbanen Raum, Biergerpartizipatioun, etc.… mee dat ka jiddereen da geschwënn an eisem Walprogramm noliesen 😉 Eng Saach ass kloer: Sowuel als och, dat ass net méi dran. Déi Zäite si riwwer…
d’Politik lieft vum Austausch. Wa keen eng Meenung vertrëtt, da kann dësen Austausch net stattfannen. Demokratie ass e liewegt Konstrukt, wat net funktionéiere kann, wa mir eis net mat aner Meenungen, Standpunkter, Erfarungen ausernanersëtzen, sou ustrengend dat heiansdo och ass. Wa jiddereen sech an der Politik representéiert fille soll, da mussen och verschidde Meenungen a Point de Vuen hire Plaz hunn. Wa mir eis fir méi Biergerbedeelegung asetzen, da maache mir dat net well et gutt kléngt, mee well et eigentlech dat Fundament vun all politescher Aarbecht si misst. An dat Verständnis, dat ass nach net wierklech do. E bëssi, mee nach net wierklech. Do ass nach vill Loft no uewen.
E grousse Merci wëll ech op dëser Plaz eise Gemengeréit ausschwätzen, dem Patrizia Arendt an dem Jos Piscitelli. Jiddereen deen am Gemengerot sëtzt, weess wéi zäitopwänneg et ass, Dossiere virzebereeden. Virun allem, wann een nëmmen ze zwee do sëtzt. Si loossen sech net dovun ofschrécken, och wann si als Representante vun “déi Lénk” konstant virgeworf kréien, si géifen iwwerdreiwen an d’Saache vill ze enk gesinn. Si schaffen sech konsequent a Dossieren eran a proposéieren op ville Plazen Alternativen oder bréngen Argumenter ervir firwat dat eent oder dat anert vläicht anescht oder besser gereegelt kéint ginn. An dat ass och “Verantwortung iwwerhuelen”, och wa mir oft sou duergestallt ginn als wéisste mir net wat dat heescht. Ech mengen och, datt et fir e Schäfferot méi wäertvoll ass, eng Oppositioun ze hunn, déi aktiv ass, wéi eng Oppositioun déi nëmme “Jo an Amen” seet, och wann dat net ëmmer sou eriwwerkënnt. Well, schlussendlech, si mir jo all Unhänger vun der Demokratie, oder?!
Jo, geschwënn si Walen, an d’Leit kënnen (oder mussen, jee nodeem wien ee freet) decidéiere wien an de Schäfferot a wien an de Gemengerot kënnt. Ech perséinlech si frou mat déi Lénks Suessem an engem Team ze sinn, an deem mir mat Freed, Leidenschaft a glécklecherweis vill Humor, schaffe kënnen. Fir den Zeechner “metabene” ze zitéieren: “Es gibt keine geraden Wege. Nur den Weg, den man gerade geht.” An och wann dee Wee heiansdo gutt ustrengend ass, sou sinn ech frou datt ech dëse Wee mat dëse bunte Grupp zesumme goen däerf, virun, mee eben och no de Walen!
An egal wéi et am Juni ausgeet, ech free mech op eng weider gutt Zesummenaarbecht mat all de Leit déi decidéiert hunn sech politesch ze engagéieren. Mir brauchen der nach méi an dat kréie mir net hi wa mir eis géigesäiteg d’Legitimitéit ofschwätzen. Mir kënnen anerer Meenung sinn, an dat si mir oft an heiansdo och grondsätzlech, mee de Respekt muss do sinn an dohier sinn ech och frou, datt dir haut den Owend do sidd.An dësem Sënn, Merci fir d’Nolauschteren & “see you on the other side”!