Eng gestaffelt an differenzéiert Waassertax no sozialen an ökologesche Kritären ass méiglech wann de politesche Wellen do ass ! – mengt d’Patrizia Arendt, Gemengeréitin vu Suessem.
Un de Gemengen ass et derfir ze suergen, dass et hire Leit gutt geet, am Sënn vu Liewensqualitéit an als Garant fir essentiel Besoinen a Salubritéit.
Um Beispill vun der Waassertaxe wëlle mir als déi Lénk nach emol illustréieren, wéi een esouwuel sozial, wéi ökologesch an ekonomesch Kritäre ka mat an de Calcul huelen, a wéi et trotzdeem um Enn finanziell opgeet esouwuel fir d’Gemenge wéi fir d’Leit.
De Käschtendeckungsprinzip gëtt ëmmer nees an d’Fënster gestallt wann an de Gemengen iwwert verschidden Taxe rieds geet. Et gëtt sech da mat Virléift op d’EU-Kaderdirective Nr. 2000/60/CE beruff, déi effektiv e puer Saache recommandéiert: de Käschtendeckungsprinzip an d’Ofwälze vun den Onkäschten op den Endverbraucher, an de Pollueur-payeur. Dat sinn d’Zieler déi un d’Memberstaaten weider gi sinn. Un hinnen sech ze organiséieren.
D’Instrumenter fir déi Onkäschten ze geréiere ginn och gläich matgeliwwert, ma deen Aspekt gëtt oft ausgeklamert.
Direktiv gesäit ausdrécklech vir dass d’Mitgliedsstaaten bei der Käschterecupératioun sozial, ëmweltpolitesch an ekonomesch Aspekter berécksiichtege kënnen.
La Commission souligne dans une communication relative à la directive 2000/60 que « (p)our certains secteurs ou usages, on peut proposer des régimes de tarification spécifiques, tels une tarification par paliers progressifs (« rising block »), qui combine des objectifs en matière de prix abordables et d’efficacité économique, par exemple la combinaison d’un volume d’eau de base forfaitaire gratuit et de prix unitaires élevés pour les utilisations d’eau supérieures à ce volume de base ou à des fins non essentielles, tout en maintenant les recettes à un niveau permettant de financer les services dans le domaine de l’eau. Il faut cependant une évaluation ex ante et ex post claire des effets sociaux et des effets sur la demande en eau des ménages de politiques de tarification de ce type, pour s’assurer de la réalisation potentielle/effective des objectifs sociaux et des objectifs environnementaux annoncés. »[1]
[1] Commission européenne, « Tarification et gestion durable des ressources en eau », COM(2000) 477 final, du 26 juillet 2000, page 19.
Och d’europäesch Cour de Justicen huet an engem Prinzipienuerteel vum 07.11.2019 festgehalen, dass d’Memberstaaten musse mat hirer Tarifpolitik fir eng wierksam Benotzung vun de Ressourcë suergen, och ökologesch, ouni dass all Taxebestanddeel duerfir muss käschtendeckend sinn. Jo, et missten esouguer net all Käschte beim Opfänken, Stockéieren, Traitéieren oder Verdeele vum Waasser weider facturéiert ginn. Et wier net isoléiert wou de Prinzip vun der Käschtendeckung misst betruecht ginn, mee global. Wat iwwregens verschidde Gemengen esou maachen. Wat dann och ënnert anerem erkläert firwat d’Waassertaxen an de Gemenge verschidde sinn.
Och dat lëtzebuerger Gesetz verbitt net differenzéiert Waasserpräisser, soss wiere jo déi bestoend Modeller wéi dee vu Monnerech illegal. 2014 huet den Ëmweltminister nach op eng parlamentaresch Fro geäntwert dass d’Gemengen de Choix hätten eng progressiv Tarifikatioun anzeféieren, ouni awer an enger Circulaire d’Berechnungsmethoden dovu festzeleeën. Och an engem Avis vum Observatoire de la Compétitivité vum Wirtschaftsministère „La formation du prix de l’eau potable“ gëtt gesot, dass eng progressiv Tarifikatioun méi wierksam wier fir de Waasserkonsum anzeschränken, also als eng ëmweltpolitesch Moossnam kann ugesi ginn.
Den absolutte Refus vun der Inneministesch an der Ëmweltministesch differenzéiert a gestaffelt Waassertaxen anzeféieren ass bedenklech (Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Marc Spautz den 23.12.2021). Et sech gëtt hei op „negativen Avis“ vun der AGE, dem Waasserwirtschaftsamt bezunn, deen d’Kaderdirektiv willkürlech interpretéiert a monéiert, dass d’Ëmsetze vun enger gestaffelter oder progressiver Waasserpräisgestaltung mat engem immensen administrativen Opwand verbonne wier. Mir hunn et hei mat enger Regierung ze dinn déi eng neoliberal Approche huet. Et ass de politesche Wëlle vun dëser Regierung fir op en anere Wee ze goen, nämlech dee vun der integraler Ofwälzung vun alle Käschten op all d‘Endverbraucher.
Am EU-Memberland Irland ginn och nach haut a verschidde Gemenge keng Waassertaxen erhuewe – et handelt sech ëm e puer Landgemengen. Ma déi irländesch Kanner hunn e Recht op 21m3 Waasser gratis. Et gëtt also Weeër a Méiglechkeeten! De Wëlle muss just do sinn.
D’Waasser ass fir déi Lénk e Mënscherecht – an dat muss garantéiert sinn. Am Nopeschland Frankräich zum Beispill ginn d’Beméiungen, d’Waasser ze privatiséiere scho ganz wäit – Lyonnaise des eaux… an d’Beispill weltwäit vun engem Multikonzern wéi Nestlé, déi Quellen an Afrika opkafen, engem Land wou d’Waasserfro all Dag zur Iwwerliewensfro gëtt, weise wéi skrupellos Kapital aus liewenswichtege Produit, déi d’Natur eis liwwert an déi der ganzer Mënschheet gehéiert, geschloe gëtt.
Säit Jore fuerdere mir als déi Lénk dass dat Mënscherecht och soll kenne wouergeholl ginn, an dofir wollte mir dat Recht och an d’Verfassung schreiwen.
Wat schloe mir konkret vir?
- Mir schloe vir déi éischt 50 l Waasser gratis zur Verfügung ze stellen, wëll dat ongeféier déi Quantitéit Waasser ass, déi e Mënsch fir ze liewe brauch, laut Weltgesondheetsorganisatioun.
- Da kéim de nächste Palier Waasser vun 100 l deen dann esou tariféiert géing ginn, dass de gréissten Deel vun den Onkäschte kéint bestridde ginn, wou awer schonn en nohaltegen Ëmgang mat der Ressource Waasser als Encouragement gëllt – Wie manner verbraucht, spuert Waasser a Geld.
- Alles wat iwwert dem Gesamtpalier vun 150 l Waasserverbrauch läit géing da ganz staark tariféiert ginn, wëll dat net noutwendeg ass an esouguer als „Verschwendung“ vun der Ressource Waasser kéint ugesi ginn.
Mat deem System géingen d‘Onkäschten och gedeckt ginn, a Konformitéit mat der europäescher Direktiv.
Dëse Rechemodell géing och keen enormen administrativen Opwand erfuerderen, sou wéi oft argumentéiert gëtt, esoubal vu gestaffelte Präisser oder Taxe rieds geet.
Zur Finanzéierungsfro vun de Gemengebudgeten
Eiser Meenung no sollten sech d’Gemengebudget doriwwer eraus awer virun allem weiderhin aus der progressiver Akommessteier (wat d’Akommes méi héich, wat och d’Steier méi héich) an aus enger ugepasster Gewerbesteier (wat de Benefice méi héich wat d’Stéier méi héich) zesummesëtzen a finanzéiert ginn. D’Gemengentaxen si wéi TVA-Sätz eng indirekt Steier, déi ëmgekéiert d’Leit ongerecht trefft (wat den Akommes méi niddereg ass wat de finanziellen Impakt, oder Belaaschtung méi staark ass).
Virun 20 Joer hu mir als déi Lénk gefuerdert, den Ëffentlechen Transport sollt gratis ginn. Och dat deemools aus sozialen en ökologeschen Iwwerleeungen. Haut ass dat Realitéit! Dat Beispill weist, dass Käschtefräiheet zur Demokratiséierung féiert an esouwuel déi sozial wéi ökologesch Zieler areecht kënne ginn. Virausgesat, d’Suen ginn do geholl wou se sinn. Et ass also d‘Fro vun der Ëmverdeelung déi sech och hei nees stellt.
Mir sinn an enger ökologescher an ekonomescher Kris – an déi Krise sinn och net in absehbarer Zäit eriwwer. Mir mussen eis also dorobber astellen an d’Suen do siche goe wou se si – leider ass déi grouss Steierreform net komm, déi ass awer iwwerfälleg.
Eis Regierung an eis Gemenge gi léiwer hin, an belaaschten hier Bierger a Biergerinnen, an huelen a Kaf, mat den Taxenerhéijunge finanziell vulnerabel Leit an eng Prekaritéit ze stierzen, déi se dann, zum Deel awer nëmmen, nees opfänken an duerch den Office Social mat enger „Allocation de vie chère“ beglécken. Mir mengen, dass ee vermeide muss Mënschen an esou eng Situatioun vu Prékariéit ze bréngen.
Et gëtt Weeër a Mëttelen eis Gesellschaft anescht ze gestalten a fir dass et de Leit besser. Fir déi Lénk ass dat den Optrag als politesch Partei an als politesch Beweegung! An dofir setzen sech eis Leit an de Gemengen an an der Chamber och an!