Budgetsried 2023

An der leschter Gemengerotssëtzung goung et am Déifferdenger Gemengerot, em den Budget fir d’Joer 2023. Den Budget deen vu der Buergermeeschtesch presentéiert ginn ass beinhalt en puer Schrëtt an déi richteg Richtung, mee et feelt dem Budget eng Visioun déi iwwert d’geréieren vum day-to-day Business hinaus geet, dofir hunn mir als déi Lénk dogéint gestëmmt.

Hei fannt der d’Ried vun eisem Gemengerot Eric Weirich:

“Madamm Buergermeeschter, léif Kolleginnen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

Iert datt ech lass leeën drécken ech gär jidderengem e grousse Merci aus deen zu dësem Budget bäigedroen huet.

Wéi ech et och lescht Joer sot – genau esou wéi dir an ärer Präsentatioun vum Budget Madame Buergermeeschtesch – esou ass et dëst Joer nees e Budget “pas comme les autres ».

Lescht Joer ëm dës Zäit hate mer nach ferme mat de Restriktiounen an negativen Auswierkungen vun der Pandemie ze kämpfen, a jiddereen huet drop gehofft a gesat datt 2022 e bessert Joer gëtt an datt mer d’Pandemie hannert eis loosse kënnen. 

T’ass awer leider anescht komm. D’Pandemie ass mëttlerweil aus der Aktualitéit verdrängt ginn e.a. duerch déi héich Inflatioun an déi explodéierend Energie-Präisser, bedéngt duerch den illegalen Ugrëffskrich vu Russland op d’Ukrain wou ech op dëser Plaz nach eng Kéier explizit verurdeelen.

Gläichzäiteg goung et awer scho nees biergop mat der Economie, wat sech deemols schonn mat enger erhéichter Inflatioun bemierkbar gemaach huet. De Schäfferot huet deemols op en virsichtegen Budget gesat a gréisser Bau-Projet’en op Äis geluecht, wéi z.b. d’Schoul op der Place Nelson Mandela oder nach d’Renovatioun resp. den Ausbau vum Gemengenhaus. 

Mer wossten awer och schonn datt bei héiger Inflatioun d’Zentralbanken de Leedzëns géingen irgendwann ropsetzen am Laf vum Joer 2022. Dee louch nämlech weltwäit bei 0 oder quasi 0 säit der Finanzkris vun 2007/2008, resp. der sougenanntener Euro-Kris aus dem Joer 2015. Dat war also just eng Fro vun der Zäit no iwwert 10 Joer bëllegem Geld. 

Ech wëll elo hei net onbedéngt eng virsichteg Budgets-Politik a Fro stellen. Mä et wär vlait awer net gewiecht deen een oder anere Bau-Projet awer schonn un ze stoussen a vlait vu fixen Zënsen ze profitéieren fir dës ze finanzéieren iert datt d’Zentralbanken d’Leetzënsen an d’Luucht gesat huet. D’Zënsen wäerten esou bal net méi rof goen, sou datt mer sou oder sou eng Kéier mussen an de saueren Apel bäissen a méi deier Souen  léinen goen fir gréisser Projet’en ze finanzéieren. 

Wat de Budget vun 2022 ugeet ass en a mengen Aa’en och net esou dramatesch schlecht ausgefall wéi dat hei duergestallt gouf. Am ordinären Budget hu mer z.B. 9M€ méi Iwwerschoss gehat wéi virgesinn. D’Perte – oder éischter d’Investitiounen – am extraordinären Budget ass dogéint wuel méi héich ausgefall mat engem Mali dee vun 57M€ op 69M€ geklommen ass wat en Ënnerscheed vun 12M€ ausmécht. Deen Ënnerscheed ass haaptsächlech bedédngt duerch aktuell Bau-Projet’en déi fatzeg méi deier gi sinn.

Mä et muss awer weider gebaut an investéiert ginn. Mer hunn et jo z.B. och relativ spontan hikritt fir de Gulliver-Tower ze kafen fir 12M€ – wou mer 8M€ vum Staat rembourséiert kréien – oder wéi z.B. kierzlech dee Bau-Terrain op de Woiwer-Wisen fir bal 3M€ fir esou e méi groussen zesummenhängenden Bau-Terrain a Gemengehand ze hunn. Dat sinn alles sënnvoll Investitiounen, a wann een virun allem op Bau-Projet’en sëtzt wou de Staat e groussen Deel iwwerhëlt da kann een awer neier ustoussen ouni sech laangfristeg ze vill ze verschëlden.

Wéi de Budget 2023 erstallt gouf war jo scho gewosst wat Tripartite decidéiert huet fir d’Inflatioun ze bremsen. D.h. heescht natierlech net datt elo z.B. d’Baumaterial nees méi bëlleg gëtt, mä et heescht awer datt d’Präisserdeirecht ofgebremst gëtt, an do wär et besser mer géingen 2023 vun där Situatioun profitéieren. Dat gesot  hätt een sech ménger Meenung no méi Scholden zoutrauen kënnen beim Budget 2023 fir néideg Bau-Projet’en wéi z.b. Schoulinfrastruktur un ze goen.

Ech denken datt een als ëffentlechen Akteur a Krisenzäiten sollt anti-zyklesch investéieren. Eisen Zentralstaat huet dat jo virgemaach. Eis Staatverscholdung ass doduerch natierlech erop gaangen. Mä mer stinn nach ëmmer ganz gutt do am europawäitem Verglach. Eis Schold hei zu Déifferdeng si vun 62,25M€ Ufanks 2017 – Ufanks Legislaturperiod – op 45,1M€ rofgaangen op Enn dëst Joer. Ma ech soen do all Respekt! Eis Zënslaascht huet zwar wuel verduebelt vun 500k€ op 1,13M€ d’Joer, mä do sinn awer och Emprunt’en mat dobäi wéi z.b. dat neit Police-Gebai oder déi nei EIDE-Primärschoul déi u sech neutral sinn fir eise Budget well de Staat eis déi integral rembourséiert. Mat Zënsen.

Dofir denken ech datt mer grad elo de Moment ass fir dee Spillraum wou mer hunn bei de Scholden aus ze notzen an Déifferdeng méi resilient ze maachen fir Zukunft! 

Ech erlaben mer och hei eng kleng Kritik an ze bréngen wat d’Präsentatioun vum Budget ugeet. Lescht Joer hate mer zousätzlech en Dokument mat Explikatiounen resp. dem PPF am Dossier – wou et vlait intéressant gewiecht wier deen à jour ze setzen fir de Budget besser ze verstoen. 

Da vermëssen ech och d’Avis’en vun eis verschiddenen Commissiounen, a virun allem vun eiser Finanzcommissioun wou jo awer beim Budget e Schlëssel-Akteur ass. Ech vermëssen do och d’ailleurs schonn säit iwwert engem Joer d’Avis’en vun eiser Finanzkommissioun wou mer nach bis Enn lescht Joer fir all Gemengerot am Dossier haten wann et ëm Investitiounen gaangen. Dëst ganz Joer hunn ech nach keen een eenzegen Avis resp. Rapport vun der Finanzcommissioun gelies.

Dat gesot géing ech op verschidden’en Punkten a Projet’en vum Budget 2023 agoen.

Ech fänken mat engem Thema un wat mer um Häerz läit a ech ëmmer nees dozou schwätzen hei am Gremium fir datt mer als Gemeng (weider) consequent  eng Virreiderroll beim deem Thema anhuelen an zwar ass dat de Logement.

Mer hunn do als Stad Déifferdeng eng Rei Projet’en wou sech kënnen weisen loossen, an dat sinn z.B. de Gravity wou mer fäerdeg bruecht hunn fir abordabelen a virun allem spezifesche Wunnraumze schafen. Dat Wuert spezifesch ass mer hei bal nach  méi wichteg wéi dat abordabelt. Spezifesch am Sënn datt mer Wunnraum schafen deen op eng Demande ageet wou de Marché net genuch Offer schaft. An dat sinn déi spezifesch Senior’en Wunnengen, PMR-Wunnenge, Wunnengen fir StudentInnen, asw. Zousätzlech dozou ginn et Wunnengen fir ënneschedlech héich Akommes wat absolut de richtegen Usaz ass fir dee Loyer fest ze leeën entspriechend dem Akommes vun de Leit a net einfach fir e maximalen Profit raus ze schloen wéi dat de Marché mécht. Nach dobäi bleiwen iwwert d’Halschent vun de Wunnénengen a Gemengenhand. Beim Gulliver-Tower – deen elo Karro heescht – ass dat jo och geplangt mat deenen 45 Senioren-Wunnengen do entstoe sollen. 

Dat mat Wunnraum schafen deen a Gemengehand bleift ass e gutt Stéchwuert wou ech uknäppe kann wat ech virdrun gesot hunn. Mer sollten weider spezifeschen Wunnraum schafen wou mer kënnen a wou mer vill bäigeluecht kréie vum Staat. Dat ass net nëmmen Verantwortung iwwerhuelen als 3.gréisst Gemeng am Land, mä och laangfristeg gutt fir eisen ordinären Budget duerch d’Loyeren déi doduerch rakommen. D’Recetten duerch d’Loyer’en vun Wunnengen déi eis gehéieren gi do z.B. verduebelt vum leschten op dëse Budget (350k€ op 700k€) doduerch datt de Gravity nächst Joer wäert fäerdeg gestallt ginn. 

A wéi gesot mengen ech datt mer Sputt hunn fir weiderhin an abordabelen, spezifeschen an eben duerch de Staat mat finanzéierten Wunnraum ze investéieren. Am extra-ordinären Budget 2023 kréie mer bal 5M€ Recette vum Staat am Kader vum Pacte Logement 2.0, gréisstendeels eben doduerch datt mer subventionéierte Wunnraum geschaf hunn. Op der anerer Säit hunn ech awer elo net direkt Pläng gesinn an der lescht fir op där Schinn weider ze fueren. 

Ech zitéieren do eise PAL – plan d’action local logement – wou mer jo am Kader vum pacte logement 2.0 kierzlech erstallt hunn. Och wann de Logements-Ministère an sengem Avis dozou sot dat wär esou an der Rei – wat mech éierlech gesot zimlech iwwerrascht hunn – muss ech awer dozou soen datt mer eis gréisstendeels op eisen “Loorbeeren” ausrouhen, d.h. Projet’en do oplëschten déi scho bestinn.

De Pacte Logement 2.0 huet awer zum Zil fir massiv abordabelen Wunnraum ze schafen an dofir och ausgewisen Bau-Terrain’en ze mobiliséieren. Do gi mer als Stad Déifferdeng leider mam schlechte Beispill fir. No enger Etude vum ‘Observatoire de l’habitat’ a Froen déi ech dozou gestallt hunn fir ze wëssen wéivill Bauland mer genau als Stad Déifferdeng besëtzen koum als Äntwert 14ha. Dat ass zimlech vill wann een bedenkt datt dat e Potential u Wunnraum vun 10.000 Leit duerstellt. An eisem PAL fënnt een awer kee Wuert iwwer dat Bauland. Ech soen elo net datt dat alles soll direkt bebaut ginn. Mee esou Bau-Projeten NQ daueren gär mol iwwert 10 Joer a méi bis datt se gebaut sinn. Wa mer scho vun engem PAL schwätze hätt ech gär op d’mannst gesinn datt mer eis elo awer schonn esou lues iwwerleeën wat mer mat deem Bauland ustelle wëllen. 

Ech héieren do och d’Kritik mat gréng Wis bebauen, an datt mer als Stad Déifferdeng d’Logements-Kris net alleng léise kënnen. Mä hei schwätze mer vun ausgewisenem Bauland wat och nach zousätzlech a Gemengenhand ass, an op der anerer Säit befannen mer eis an enger déiwer Logements-Kris wou all nei Wunneng déi geschaft gëtt dréngend gebraucht gëtt.

Soss hätte mer och dës Terrain’en och nees kéinten an Akerland zréck klasséieren wéi mer lescht Joer de neie PAG gestëmmt hunn. 

Dat mat op der grénger Wis bauen bréngt mech bei eng aner Kris, an zwar déi vum Klima an der Biodiversitéit. Nierft den aktuellen Erausfuerderungen sinn dat déi gréissten Krisen déi mer als Mënschheet ze bewältegen hunn. 

International gesinn wéi z.B. virun kuerzem op der COP27 zu Sharm el Sheik an Ägypten wéi op all den aneren COP’en virdrun oder ähnlech international Klimakonferenzen a Projet’en gesäit et do awer relativ schlecht aus. Do geschitt einfach ze wéineg an t’geet ze lues virun, och wann do déi schéinste Rieden geschmass ginn an déi beschten Objektiver festgehalen ginn.

Dofir ass et wichteg fir dem Klimawandel op lokalem Level mat allen Moyen’en entgéint ze wierken. Als Stad Déifferdeng sti mer do – zumindest um Pabeier gesinn – guer net mol esou schlecht do. Mer hunn nierft dem Pacte Logement – dee spillt och eng Roll am Kampf géint de Klimawandel (energetesch Sanéierung z.B.) – och de Pacte Climat wéi och de Pacte Nature ënnerschriwwen. Duerch déi Pakten engagéiere mer eis als Gemeng fir esou wuel eppes géint de Klimawandel wéi och géint de Verloscht u Biodiversitéit ze ënnerhuelen.  

D’Kiischt um Kuch ass e rezente EU-Projet wou mer als eenzeg Gemeng vu Lëtzebuerg (an 100 Gemengen EU-wäit) zréckbehale goufen an zwar den “net zero cities” Projet. Net zero – als netto null – bezunn op den CO2 Ausstouss um Gebitt vun der Gemeng wou d’Zil ass bis 2030 op null ze sinn. Dat kléngt net schlecht wann dat Wuert “netto” net mat dobäi wier. Et heescht nämlech net datt um Gemengegebitt keen CO2 méi ausgestouss gëtt, mä datt mer netto op null sinn. 

En CO2-Ausstouss engersäits kann duerch Compensatiounsmesuren op der anerer Säit dofir suergen datt mer ënnert dem Stréch bei den Emmissiounen op null sinn, wat awer elo net onbedéngt heescht dat mer d’Emissioun enorm reduzéiert hunn. Als Land Lëtzebuerg hu  mer et virun e puer Joer am Kader vum Kyoto-Protokoll fäerdeg bruecht fir CO2-Emmissiouns-Rechter bei baltesche Länner of ze kafen well mer eis Emissiounen selwer net genuch reduzéiert kritt hunn. Jo t’ass effektiv gäckeg datt et iwwerhapt esou ee System gëtt fir CO2-Rechter handelen ze kënnen. An ech ernimmen dat well am Budget Rieds ass vun enger Etude fir lokal CO2-Compensatiounen ze organiséieren.

Als Stad Déifferdeng sollte mer dofir all Effort’en maachen fir effektiv eis CO2-Emmissiounen bis 2030 drastesch no ënnen ze schrauwen. Den “net-zero-cities” Projet ass u sech eng gutt Geléigenheet fir esou en ambitiséist Zil ze errechen. An am Budget 2023 ginn et och iwwert 10 Posten wou sech op de Net-zero-Projet bezéien. 

Et ginn do schonn eng Rei Mesüren déi an déi richteg Richtung ginn wéi z.B. wat “transitition énergétique” ugeet wou eng Rei Etüden gemaach ginn fir fort ze kommen vu fossillen Brennstoffer hin zu erneierbaren Energiequellen. Oder z.B. eis Diffprimen wou virun kuerzem iwwerschafft goufen fir Elementer am Kampf resp. Upassung un de Klimawandel dobäi gesat goufen, an och am Budget 2023 verduebelt gouf. Oder eise Projet Fusili wou jo zum Zil huet fir eng lokal Geméisproduktioun opzebauen, och wann dat sech mat eisen Terrain’en zu Saulnes nach hinzéien wäert. Oder och nach Projet’en fir déi lokal Energie-Produktioun aus ze bauen iwwert PV-Anlagen, lokal Pallets-Produktioun, asw.

Dat geet alles an déi richteg Richtung, mä eiser Meenung misste mer do nach eng Schëpp bäileeën fir der Urgence vun dëse Krisen gerecht ze ginn. Do geet z.B. am extraordinäre Budget de Posten rof fir d’Promotioun vun alternativen Energiequellen wou sech jo éischter op de Bestand bezitt, a wou nach e riesegt Potential besteet fir esou eise Verbrauch an CO2-Emmissiounen ze reduzéieren. Och beim Neibau misst obligatoresch virgesinn sinn datt se exklusiv mat erneierbarer Energie versuegt ginn. Dat kéinte mer ganz einfach iwwert d’Bautreglement imposéieren wéi aner Gemengen dat och schonn am Land maachen. 

En aner Volet wou och fir vill CO2-Emmissiounen steet ass d’Mobilitéit.

Ech hat do scho lescht Joer am Hierscht am Gemengerot gefrot am Kader vun der nationaler Kaméidis-Kaart vum MECDD –  jo Trafic mécht och vill Kaméidi – Froen gestallt Punkto Reduzéierung vum Verkéier an der Gemeng an dem Ausbau vun der Mobilité douce. Do gouf op eng Etude “propper Loft” fir fir d’éischt mol ze kucken wéi d’Loftwäerter sinn zu Déifferdeng. Ech mengen d’Äntwert ass scho gewosst. Relativ schlecht bei deem Trafic…Och fir den Verkéier aus dem Stadzentrum raus ze huelen oder zumindest ze verluesen oder ëm ze leeden ass anscheinend och komplizéiert. 

Am Budget 2023 fannen sech awer elo endlech éischt Elementer rëm déi a Richtung Verbesserung vun der Situatioun hindeiten, wéi z.B. Berouegung vum Verkéier, P&R an Navetten, Ausbau vun de Vël’OK-Statiounen, asw. Ganz besonneg freet et mech datt Etuden geplangt sinn fir nei Vëloweer ze bauen aus der Gemeng eraus Richtung Péiteng a Suessem. De Moment mengen ech geet et do mat engem Vëlos-Helm net duer fir sech iwwert déi normal Strooss op de Wee mam Vëlo ze maachen an eis Nopeschgemengen…. 

Mee de Vëlosverkéier innerhalb vun der Gemeng gëtt nach ëmmer vergiess. Deen leeft ëmmer méi iwwert den Trottoir, a wann Leit sech bei den Servicer mellen mat konkreten Ureegungen fir z.B. de Schoulwee mam Vëlo fir Kanner ze verbesseren kréie se als eenzege Retour datt se net däerfe mam Vëlo iwwert den Trottoir fueren. Dofir ass et wichteg och innerhalb vun eiser Gemeng endlech en anstänneg an zesummenhängend Netz u Vëlosweeër ze schafen.

Op e globalt Verkéierskonzept fir d’Stad Déifferdeng waarde mer och nach ëmmer, obwuel dat scho méi oft ugekënnegt gouf….

An ech mengen en globalt Verkéierskonzept ass net nëmme gutt fir eis AwunnerInnen – et denken do z.B. un d’Vëlosprojet’en an eist Konzept vun Déifferdeng als Sportsstad – mä och fir eis Geschäftsleit.

Ech denken do elo net onbedéngt u nei Parkplazen am Stadzentrum wéi de neie Parking an de Groussstrooss dee virun kuerzem ageweit gouf. Och wann esou Parking’en e Batz Souen an d’Caisse bréngen wéi een dat gutt an der Entwécklung vum ordinären Budget gesäit.

Nei Parkplazen wéi och nei Stroossen bedeiten ëmmer och neien a méi Verkéier. Am Kader vum Klimawandel kënne mer net weiderhin alles mam Auto maachen an iwwerall mam Auto bis virun Dier bäifueren. Dowéinst ass et wichteg datt mer um Plang vun der nohalteger Mobilitéit eng Schëpp zouleeën. 

Wat elo eis lokal Economie am grousse ganzen ugeet geet et och an déi richteg Richtung. Mer hunn do natierlech eist Zuchpäerd de 1535° wou e riesege Succès ass. Mä och Projet’en wéi de Pop-up Store, Geschäftsflächen opkafen oder ulounen fir se verbëllegt u Geschäftsleit weider ze verlounen sinn gutt Usäz. Oder och nach de geplangten Hub fir nohalteg Entreprisen hei un ze siedelen ass eng gutt Iddi. 

Mä dat sinn vill eenzel Aktiounen wou och net all direkt glécken wéi z.b. d’Maison Moderne. Dofir géinge mer eis wënschen datt et zu engem Gesamtkonzept kënnt wat d’Entwécklung vun der lokaler Ekonomie an de Revitaliséierung vum Déifferdeng Zentrum ugeet.

Do kéinten och  z.B. Iwwerleeungen mat afléissen – a wou och schonn ernimmt goufen – fir lokal Ausbildungen resp. Jobs ze schafen fir Jonker. Grad esou wéi d’Leit déi fir de CIGL Déifferdeng schaffen ze iwwerhuelen. Eise CIGL leed jo eng ganz Reih u lokalen an nohaltege Projet’en wou een absolut stolz drop ka sinn.

Mä d’Kontrakter vun de Leit déi fir de CIGL schaffen sinn leider ëmmer op 2 Joer begrenzt, an oft fannen se duerno awer keen Job um éischten Aarbechtsmarché. Dat ass zwar vlait national Kompetenz, an vlait mussen do och Gesetzer ugepasst ginn, mee mer géingen et gutt fannen wa mer fir déi Leit kéinten no hiren 2 Joer beim CIGL eng Suite ginn um Niveau vun eiser Gemeng.

Eng Rei Aktivitéiten vum CIGL sinn nierft dem ökologeschen Aspekt och sozial gesinn immens sënnvoll, wéi z.B. d’Buttéker fir Vëlo’en, Miwelen a Kannerkleeder – a Spiller am second hand an deementspriechend méi bëlleg kafen ze kënnen.

Beim sozialen sti mer allgemeng als Stad Déifferdeng gutt do wann ech do z.B. un eis lokal Allocation de solidarité denken, déi mer jo zousäztlech zu der nationaler Allocation de vie chère ausbezuelen. Oder datt mer all Joers iwwert d’Aktioun « Déifferdeng eng Stad hëllef” e fixen Undeel vun eisem Budget un ONG’en spenden déi sech zu Lëtzebuerg an uerchter d’Welt fir eng méi gerecht a nohallteg Welt asetzen. 

Oder wann ech un eis spontan Hëllefsaktiounen fir ukrainesch Flüchtlingen denken wou mer jo ouni vill ze zécken de klenge Casino an och den Gulliver Tower zur Verfügung gestallt hunn fir do Leit ze logéieren déi forcéiert hirt Land hu musse verloossen well et militäresch ugegraff gouf a weiderhinn gëtt. 

Do hu sech och ganz vill Leit vun eisem Personal och zousätzlech organiséiert fir eisen ukraineschen MatbiergerInnen d’Liewen hei esou angenehm wéi méiglech zu maachen a se bescht méiglech an dat lokalt Liewen an ze bannen. Genau esou wéi eis Sportsklibb.

Dofir e grousse Merci op dëser Plaz un all déi engagéiert Leit !

Da bréngt mech op e Punkt aus der allgemenger Budgets-Präsentatioun vu virun zwou Wochen wou et ëm d’Personal resp. éischter ëm d’Personalkäschten gaangen ass. 

D’Personalkäschten si jo och an d’Luucht gaangen duerch de neien Kollektivvertrag fir d’Oarbechter vun de Südgemengen deen dëst Joer endlech zu stan kommen ass, an och wéinst enger Indextranche déi dëst Joer erfall ass. Nächst Joer gi se nach weider an d’Luucht duerch wahrscheinlech 3 Indextranchen déi erfale wäerten. 

An der Präsentatiounen vum Budget 2023 sinn ech d’Gefill net lass ginn datt sech beklot gëtt datt d’Personalkäschten och wéi vill aner Saachen an d’Luucht ginn. Personalkäschten sinn awer a mengen Aa’en net irgend eng aner Ausgab wou een sech bekloe kann datt se an d’Luucht ginn. Bei all Punkt wou mer am Gemengerot wou et ëm eis Servicer geet ginn se queesch duerch d’Reien geluewt. An dat ass och gutt esou! 

Datt se deementspriechend anstänneg bezuelt ginn – och wann dat mëttlerweil iwwert d’Halschent vun eisem Budget ausmécht – ass och nëmmen richteg ! Mer brauchen motivéiert an gutt bezuelte Leit fir eis Gemeng weiderhin op d’Erausfuerderungen vun der Zukunft vir ze bereeden.

Fir ofzeschléisse erlaben ech mer hei dat ze widderhuelen wat ech och scho lescht Joer als Ofschloss vu menger Budgets-Ried gesot hunn. An zwar géing ech nees gär jidderengem Merci soen – op MataarbechterInnen oder Benevoller an de Veräiner – déi sech Dag fir Dag fir Déifferdeng asetzen. 

Et sinn si déi d’Saachen ëmsetzen an un d’Leit bréngen déi mer hei decidéieren, an duerch hire Asaz dofir suergen datt d’Stad Déifferdeng virun kënnt. 

Dowéinst e grousse Merci fir dësen Asaz.

Trotz villen Elementer déi an déi richteg Richtung feelt et mer awer bei dësem Budget un enger kloer an iwwergeuerdneter Visioun wou iwwert day-to-day Gestioun eraus geet. An ech mengen et brauch eng Kloer Visioun fir aus de multiepelen Krisen raus ze kommen an deene mer grad stiechen.Dowéinst stëmmen mer dëse Budget net mat. 

Gemengerotssëtzung vum 26.10.22 : Bau-Terrain’en endlech mobiliséieren !

(version française plus bas)

Bei dëser Sëtzung hate mer et mat enger éischter klenger an onscheinbarer Dagesuerdnung am Gemengerot ze dinn well vill Punkten drop stoungen déi all Joers gestëmmt musse ginn wéi z.B. d’Schoulorganisatioun, de Bësch-Plang oder nach dem Impôt commercial. Dat war och alles esou an der Rei a gouf och unanime gestëmmt.

E weidere Punkt wou all Joers muss nei gestëmmt ginn war d’Grondsteier B6 déi eng Gemeng op broochleiende Bau-Terrain’en erhiewe kann fir dës ze mobiliséieren. Wéi an den allermeeschte Gemengen am Land ass den Taux vun dëser Steier immens niddreg zu Déifferdeng. 

Wéi all Joers hu mer als déi Lénk gefuerdert fir dësen Taux endlech däitlech rop ze setzen.
Wéi all Joers huet d’Majoritéit proposéiert den Taux bäizehalen well eng nei Steier ënnerwee ass.
Wéi all Joers gouf dat ouni Weideres esou gestëmmt – ausser vun déi Lénk Déifferdeng.

Dëst ass zimmlech frustrant well mer eis säit Joren an enger Logementskris befannen wou all Hiewel vun der ëffentlecher Hand – Gemengen a Staat – genotzt misst ginn fir dëser Kris entgéint ze wierken, a wou a Realitéit awer bestoend Hiewel net genotzt ginn a wou jiddereen mam Fanger op deen aneren weist. D’Gemengen ob de Staat well se éiweg gebraucht hunn fir déi nei Steier aus ze schaffen, an de Staat op d’Gemengen well se déi bestoend Steier B6 ze niddreg usetzen a se soumat net gräift. 

D’Resultat ass dat ausgewisent Bauland nach jorelaang monter ka broochleien gelooss ginn well et jo näischt kascht, an ee net “gezwongen” gëtt fir et ze bebauen.

Wat déi nei Grondsteier ugeet, déi e.a. och als Zil huet fir broochleiend Bauland ze mobiliséieren, esou wäert dat Gesetz net méi an der aktueller Legislaturperiod gestëmmt ginn well et ze kuerzfristeg ass, an et do sécherlech nach vill Géigewier vu ville Säite wäert ginn fir dëst Gesetz ze verhënneren. Wann et dann awer bis gestëmmt ass, also fréistens 2024, dauert et nach  Joren bis déi Steier reell gräift resp. bis se wierklech wéi deet wéi een et gutt an der Präsentatioun vum neie Gesetz liese kann:

https://gouvernement.lu/fr/dossiers.gouv_mint%2Bfr%2Bdossiers%2B2022%2Bimpot-foncier.html#bloub-3

Mär mussen also 2030’er Joren ofwaarden bis déi nei Grondsteier potentiell hir éischte Friichten droe wäert. Dëst hu mer och an eiser Interventioun esou virgedroen fir d’Majoritéit ze iwwerzeegen fir de B6 elo schonn däitlech rop ze setzen mee do war näischt ze maachen. Och net mam Verweis drop datt et awer am Koalitiounsaccord vun Déifferdeng steet.

De Gemengerot nolauschteren kann een hei : 

Conseil communal du 26.10.22 : mobiliser les terrain à bâtir existants ! 

L’ordre du jour de ce conseil communal été plutôt réduit et il y avait avant tout des points standards qui doivent être passés au vote tous les ans, comme p.ex. l’organisation scolaire, le plan forestier ou encore la taxe commerciale. Sans surprise tous ces points ont été votés à l’unanimité. 

Un autre point qui revient tous les ans est la taxe foncière B6 qu’une commune peut prélever sur les terrains à bâtir vacants afin de les mobiliser. Comme pour la plupart des communes du pays, le taux de cette taxe est très faible à Differdange faisant qu’elle n’a aucun impact. 

Comme tous les ans nous avons exigé d’enfin nettement augmenter ce taux.
Comme tous les ans la majorité a proposé de conserver le taux actuel car une nouvelle taxe pour mobiliser les terrains à bâtir est en route.
Comme tous les ans le maintien au plus bas de cette taxe a été voté sans hésitation – sauf par déi Lénk Differdange.

C’est assez frustrant car depuis des années nous nous retrouvons dans une crise du logement où tous les leviers existants à disposition de la main publique – communes et état – devraient être utilisés pour contrer cette crise. En réalité les leviers existants ne sont pas utilisés et tout le monde renvoie la responsabilité à l’autre. Les communes renvoient vers l’État parce qu’il lui a fallu une éternité pour élaborer la nouvelle taxe foncière, et l’État renvoie vers les communes parce qu’elles ont fixé la taxe existante B6 au plus bas possible faisant qu’elle est resté sans effets. 

Le résultat étant que les terrains à bâtir resteront en friches pour des nombreuses années à venir, comme cela ne que coûte rien aux propriétaires et comme rien ne les oblige à les mobiliser. 

En ce qui concerne la nouvelle taxe foncière présenté récemment par le Gouvernement, qui vise e.a. à mobiliser les terrains à bâtir, la loi correspondante ne sera plus votée par la législature actuelle parce qu’on est trop près des élections, et parce qu’il y aura certainement beaucoup d’opposition de part et d’autre pour empêcher cette loi. Si elle est votée, càd. en 2024 au plus tôt, il faudra encore attendre des années pour que la taxe soit réellement prélevée et pour qu’elle ait un impact réel comme on peut le lire dans la présentation de la nouvelle loi :

https://gouvernement.lu/fr/dossiers.gouv_mint%2Bfr%2Bdossiers%2B2022%2Bimpot-foncier.html#bloub-3

Il faudra donc attendre les années 2030 pour que la nouvelle taxe foncière porte potentiellement ses premiers fruits. 

Nous avons également mis ce constat en avant lors de notre intervention au conseil communal afin de convaincre la majorité d’augmenter la taxe B6 significativement et dès que possible – mais il n’y avait rien à faire. C’était pourtant inscrit dans le programme de coalition de la majorité déi Gréng-CSV….

Vous pouvez écouter le conseil communal ici :https://differdange.lu/conseil/conseil-communal-du-26-octobre-2022/

Gemengerotssëtzung vum 26.10.22 : Politescht Gemauschels beim neie Bautereglement!

(version française plus bas)

Nodeems eng éischt Versioun vum neie Bautereglement am Juni am Gemengerot gestëmmt gouf stoung et haut nees um Ordre du jour. De Grond war datt Elementer an der Versioun am Juni dra waren déi géint Gesetz verstoussen an dofir huet mussen eng nei Versioun gestëmmt ginn.

Verständlech. De Clou ass awer datt mer am Juni en Avis vum Innenministère mat am Dossier leien haten wou schwaarz op wäiss stoung datt Elementer aus dem Bautereglement géinge géint d’Gesetz verstoussen an d’Bauterreglement dowéinst géing verworf ginn. Dat hu mer och an eiser Interventioun am Juni am Gemengerot esou gesot. Mee awer gouf et duerchgedréckt well mer jo soss Zäit verluer hätten well näischt hätte kéinte gebaut ginn. Et muss nämlech e gültegt Bautereglement bestoen fir Baugenehmegungen kënnen aus ze stellen.

Den Hannergrond vun dëser luscher Geschicht ass datt déi Gréng-CSV Majoritéit zu Déifferdeng iwwert Ëmweeër versicht fir d’Entsoen vu neien Studentenzëmmeren wéi och vu Kaffiszëmmeren an ze schränken. 

Ugefangen mam neien PAG deen 2021 gestëmmt gouf a wou fir all neit Zëmmer wat eenzel verlount gëtt eng Parkplaz pro Zëmmer muss gebaut ginn. An dat um Terrain vum Gebei fir d’Saach nach méi schwéier ze maachen.

Wat d’Bautereglement vum Juni 2022 ugeet stoung datt all all Zëmmer eng Mindestgréisst vu 15m2 muss hunn, an och datt all Zëmmer säin eegent Buedzëmmer vu mindestens 4m2 muss hunn.

D’Gesetz gesäit 9m2 vir pro Zëmmer an ee gedeelten Buedzëmmer pro Tranche vu 6 Leit. Vu datt eis Bautereglement méi restriktiv ass wéi d’Gesetz gouf et vum Ministère verworf.

Am neien Entworf wou mer elo am Gemengerot virleien haten gëtt sech wat d’Mindestgréisst vum Zëmmer ugeet neierdéngs op d’Gesetz bezunn. Dat mam Buedzëmmer vu 4m2 pro Zëmmer steet weider dran. 

D’Majoritéit drop ugeschwat an eiser Interventioun wisou mer e Bautereglement am Juni gestëmmt hunn wat géint d’Gesetz verstéisst a mam Wëssen datt et wäert verworf ginn gouf et als Erklärung datt mer en Zeechen wollte ginn Richtung Stad (Ministère) datt mer net domadder averstanen sinn mat deem Gesetz.

D’Majoritéit drop ugeschwat wisou datt entgéint dem Avis vum Ministère an entgéint dem Gesetz nach ëmmer eng Buedzëmmer vu 4m2 pro Zëmmer virgesinn ass am neie Bautereglement gouf et als Erklärung datt mer jo awer an engem räiche Land liewen, an datt mer als Stad Déifferdeng der “Stad” wëll domadder d’Stier bidden.

Als lokal politesch Responsabel setzt een keng Zeechen an et kritt een och keen Gesetz geännert mat esou politesch Manöveren. Et verléiert een just wäertvoll Zäit a Geld mat esou Gemauschels.

Als déi Lénk Déifferdeng soe mer elo net datt 9m2 a eng Buedzëmmer op 6 Leit eng gutt Liewensqualitéit duerstellen. Mee an der aktueller Logementskris wou vill Leit sech en Zëmmer deele mussen a vlait guer keen Zougang zu engem Buedzëmmer hunn wär scho vill gehollef wann op d’mannst géing dat Gesetz agehale ginn.

Eise Punkt ass datt mer net averstanen sinn mat esou politesche Manöveren an dowéinst hu mer och géint dat neie Bautereglement gestëmmt. 

De Gemengerot nolauschteren kann een hei : 

Conseil municipal du 26.10.22 : nouveau règlement des bâtisses – des magouilles politiques pour forcer la main à la « Ville »

Après qu’une première mouture du nouveau règlement des bâtisses a été votée en juin 2022 au conseil communal, il était de nouveau à l’ordre de cette séance. La raison étant qu’il y avait des éléments dans la version de juin qui violaient la loi et qu’une nouvelle version devait donc être adoptée.

Compréhensible. Le fait saillant, cependant, est qu’en juin, dans un avis du Ministère de l’Intérieur présent dans le dossier, il était écrit noir sur blanc que des éléments du règlement des bâtisses violeraient la loi et qu’il allait être rejeté. Nous avons souligné ceci lors de notre intervention au conseil communal en juin. Mais le règlement a quand même été voté sans amendements avec comme explication que nous risquerions de perdre du temps en cas de non-vote parce que rien n’aurait pu être construit. Un règlement des bâtisses valide doit exister pour pouvoir délivrer des permis de construire.

Le contexte de cette histoire bizarre est que la majorité verte-CSV de Differdange essaie par tous les moyens de restreindre la création de nouvelles chambres d’étudiants ou de chambres à café. 

A commencer par le nouveau PAG voté en 2021 et où une place de parking par chambre doit être construite pour chaque nouvelle chambre qui est louée individuellement. Et cela sur le terrain de l’immeuble pour rendre l’affaire encore plus difficile.

Concernant le règlement des bâtisses de juin 2022, il a été précisé que chaque chambre doit avoir une superficie minimale de 15m2, et que chaque chambre doit avoir sa propre salle de bain d’au moins 4m2.

La loi stipule 9m2 par chambre et une salle de bain partagée par tranche de 6 personnes. Comme notre règlement des bâtisses est plus restrictif que la loi, il a été rejeté comme annoncé dans son avis par le Ministère de l’Intérieur. 

Dans le nouveau projet qui a été présenté au conseil communal de ce jour, le texte renvoie vers la loi pour la surface minimale de la chambre. Par contre, le passage disant qu’il faut prévoir une salle de bain de 4m2 par chambre n’a pas changé. 

A notre demande lors de notre intervention au conseil communal pourquoi nous avons adopté un règlement des bâtisses en juin qui est contraire à la loi et sachant qu’il sera rejeté, la majorité a expliqué qu’elle a voulu marquer son désaccord avec la « Ville » et la loi de cette façon. 

A notre demande lors de notre intervention au conseil communal pourquoi le passage sur les salles de bain reste inchangé dans la nouvelle version du règlement des bâtisses et alertant qu’il sera encore rejeté par la « Ville » on a eu comme explication qu’on habite quand même dans un pays riche et qu’on ne se laissera pas faire !

En tant que responsables politiques communaux locaux on ne fait pas changer une loi par de telles magouilles politiques. Tout ce qu’on réalise avec une telle approche est une perte de temps et d’argent. 

En tant que déi Lénk on ne dit pas qu’une surface de 9m2 pour une chambre et qu’une salle de bain pour 6 personnes représentent une bonne qualité de vie. Mais dans la crise actuelle du logement, où de nombreuses personnes doivent partager des chambres minuscules et que de nombreuses personnes n’ont probablement pas du tout accès à une salle de bain, cela leur aiderait déjà beaucoup si au moins ses minimas prévus par la loi seraient respectés. 

Notre point est que nous ne sommes pas d’accord avec ce gâchis d’argent et de temps que représentent de telles magouilles politiques, et c’est pourquoi nous avons évidemment voté contre le nouveau règlement des bâtisses. 

 Vous pouvez écouter le conseil communal ici :

Gemengerotssëtzung vum 19. Januar 2022

Bericht iwwert d’Gemengerotssëtzung vum 19. Januar 2022

(version française plus bas)

Am éischte Gemengerot vum neie Joer stoungen virun allem technesch an administrativ Punkten op der Dagesuerdnung déi zu all Joresufank duerch de Gemengerot ginn. Dat betrëfft Organisatiounen a Servicer wéi z.B. eis Schoulen, eis Crèchen, d’Jugendhaiser an och den Office social. Do waren sech d’Gemengeréit duerch all d’Reien eenz wat déi entspriechend Punkten op der Dagesuerdnung ugeet, an déi goufen och all eestëmmeg ugeholl. 

Wat och reegelméisseg duerch de Gemengerot geet ass den Organigramm vum Gemengepersonal, an dee stoung och haut op der Dagesuerdnung. Et ginn eng ganz Rei nei Posten geschaf op Ufro vu verschiddene Servicer, an dobäi ginn e.a. och wichteg Servicer wéi d’Ëmwelt an de Logement ausgebaut. Dat entsprécht der allgemenger Tendenz vun de leschte Joren, d.h. dat verstäerkt a Personal investéiert gëtt wat mer als déi Lénk absolut begréissen. Den neien Organigramm gouf eestëmmeg ugeholl.

E weidere wichtege Punkt deen d’Personal betrëfft ass de neien Kollektivvertrag vun de Südgemengen deen no éiweg laange Verhandlungen a Meenungsverschiddenheeten mat de Gewerkschaften an den Delegatiounen endlech konnt ënnerschriwwe ginn. Dëse gëlt réckwierkend fir d’Joren 2019 bis 2021, wat sou vill heescht datt en haut scho nees ausgelaf ass. D’Verhandlungen fir de neien Kollektivvertrag sollen awer schnellstméiglech ulafen, an och genau esou schnell ofgeschloss ginn. Mer wäerten dat am A behalen. Dëse Punkt gouf eestëmmeg ugeholl.

Da waren awer och e puer Punkten op der Dagesuerdnung déi déi multipel Krisen betreffen an deene mer eis grad befannen. Déi offensichtlechst ass leider aktuell nach ëmmer d’sanitär Kris. Mee t’ass awer net déi eenzeg Kris déi eis als déi Lénk Déifferdeng Suergen mécht :  

  • Energiekris – d’Energiepräisser gi säit Méint duerch de Plaffong, an am Laf vum Joer kënnt och nach d’Waasser dobäi. Fir d’Konsequenzen op déi Äermst minimal ofzefiedere gouf schonn am Budget 2022 dee Montant eropgesat deen den Office social kann un Beneficiairen ausbezuelen fir Stroum a Brennes ze bezuelen (wéi dat fréiert « Heizungsgeld »). Och gouf déi lokal « allocation de solidarité » (déi d’Gemeng ausbezilt) op 50% vun der nationaler « allocation de vie chère » festgeluecht.
  • Logementskris – Och wann eise Service Logement personell opgestockt gëtt, a d’Gemeng innovativ Projet’en wéi de Gravity ëmsetzt, bleiwen dat alles nëmme kleng Schrëtt. Gläichzäiteg gëtt awer gezéckt fir broochleiend Bauland méi héich ze besteieren, oder ëmstridde Projet’en wéi dee vum « Gulliver Tower » duerchgezunn (méi dozou hei drënner).
  • Biodiversitéitskris – Nieft de Klimakris geréit dës Kris gär an d’Hannertreffen, mee den Aarteverloscht ass dowéinst awer net manner dramatesch. Deem entgéint wierke soll den neien « pacte nature » wou d’Biodiversitéit an de Schutz vun der Natur um Niveau vun enger Gemeng solle gereegelt ginn.

Alles wat mer awer haut resp. rezent am Gemengerot gestëmmt hunn fir dës verschidde Krisen unzegoen ass fir eis awer just Symptombekämpfung. Och wa mer dës Punkten all matgestëmmt hunn ass et awer fir eis awer wichteg sech den Ursaachen unzehuelen, an dat vermësse mer leider vill ze oft beim aktuelle Schäfferot. 

Ofschléissend gi mer nach op den Hotel « Gulliver Tower » am Zentrum vun Déifferdeng an. Wéi scho bei der Präsentatioun vum Budget 2022 ugekënnegt keeft d’Gemeng dëse fir 12 Milliounen Euro, dat nodeems den Hotel dee Ufanks 2019 seng Dieren opgemaach huet no manner wéi 2 Joer faillite gemaach huet. Aus dem Gebai mat senge 45 Zëmmer solle Wunnengen fir Senioren entstoen, an et gëtt och a Richtung intergenerationellt Wunnen an « housing first » (Obdachloser) iwwerluecht. Mir hunn do nach ageworf datt och soll un de Logement d’urgencegeduecht ginn well et bal kee gëtt an der Gemeng. Als déi Lénk Déifferdeng freeë mer eis iwwert all Wunnraum dee vun der ëffentlecher Hand geschaf gëtt, mee hei musse mer en groussen « Mee » awerfen….

Nodeems d’Bedreiwerfirma faillite erkläert huet, wat deelweis och op e Streit mam Proprietär vum Hotel zréck ze féieren ass (net déi selwecht Persoun), stoung d’Gebai elo schonn e Strapp eidel. Fir d’Gebai net nach méi laang eidel stoen ze loossen, a fir deen eenzegen Hotel zu Déifferdeng selwer nach ze retten, huet de Schäfferot eng Tournée bei eng Rei Hotelsbedreiwer gemaach fir e Repreneur ze fannen mee leider ouni Erfolleg. Déi verschidden Hotelier’en waren sech all eens datt d’Zëmmeren ze grouss sinn a net rentabel kënne bedriwwenginn. Hei wär et interessant gewiescht ze wësse wéi eng Rechnung de fréiere Proprietär vum Hotel zur Rentabilitéit gemaach huet.

Déi ganz Oppositioun am Gemengerot war sech hei eens datt hei ëffentleche Gelder fléisse fir e Projet wou eng Privatpersoun an de Sand gesat huet ze retten.

Als déi Lénk Déifferdeng soe mer dozou: Jo zu méi ëffentlechem Wunnraum, awer net esou !

De Gemengerot nolauschteren kann een hei : 

[FR]

Compte-rendu du conseil communal du 19 janvier 2022

Comme tous les ans lors de la première séance du conseil communal de l’année il y avait pas mal de points techniques et administratifs à l’ordre du jour. Ces points concernaient différents organisations et services, comme nos écoles, crèches, maisons de jeunes ou encore l’office social. Tous ces points ont été adopté à l’unanimité.

Un autre sujet qui se retrouve régulièrement à l’ordre du jour du conseil communal est l’organigramme du personnel communal. Dans la séance d’aujourd’hui plusieurs nouveaux postes ont été créé suite à la demande des responsables des différents services, dont des services importants comme le logement ou le service écologique. Cela confirme la tendance récente qui est de renforcer et d’investir plus dans le personnel communal ce que nous saluons en tant déi Lénk Differdange. Le nouvel organigramme a été adopté à l’unanimité. 

Autre point important concernant le personnel communal est la nouvelle convention collective de travail des Communes du Sud qui a enfin été signée après de longues négociations avec les syndicats et les délégations. Celle-ci s’applique rétroactivement pour les années 2019 à 2021, ce qui signifie qu’elle a déjà expiré aujourd’hui. Les négociations de la nouvelle convention collective devraient cependant débuter le plus tôt possible et se conclure tout aussi rapidement. Nous allons suivre cela de près. Ce point a été adopté à l’unanimité.

Ensuite, il y avait aussi plusieurs points à l’ordre du jour qui concernent de multiples crises dans lesquelles nous nous trouvons aujourd’hui. La plus évidente, malheureusement, reste actuellement la crise sanitaire. Mais ce n’est pas la seule crise qui nous inquiète en tant que déi Lénk Differdange :

• Crise de l’énergie – Les prix de l’énergie montent en flèche depuis des mois et le prix de l’eau va augmenter aussi au cours de l’année. Pour minimiser les conséquences pour les plus démunis, le montant total de l’aide financière que l’Office social peut verser à ses clients pour payer l’électricité et le fioul a déjà été augmenté dans le budget 2022 . Puis, «l’allocation de solidarité » locale (versée par la commune) a été fixée à 50 % de l’allocation nationale intitulée « allocation de vie chère ».

• Crise du logement – Même si service logement sera renforcé, et que la commune met en place des projets de logement innovants comme le projet « Gravity », tout cela ne reste que des petits pas. En même temps, on hésite à augmenter la taxe sur les terrains à bâtir laissés en friche, et on développe des projets de logement controversés comme celui de la “tour Gulliver” (plus à ce sujet ci-dessous).

• Crise de la biodiversité – A côté de la crise climatique, cette crise a tendance à être oublié, mais la perte d’espèces n’en est pas moins dramatique. Le nouveau « pacte nature » est censé renforcer la préservation de la biodiversité et la protection de la nature à l’échelle de la commune.

Tout ce que nous avons adopté aujourd’hui voire récemment pour faire face à ces différentes crises n’est pas plus qu’une lutte contre les symptômes. Même si nous avons voté pour ces différents points, il nous manque un vrai engagement de la port du collège échevinal pour combattre les causes de toutes ces crises.

Pour conclure nous allons encore aborder le point consacré à l’acquisition de l’hôtel « Gulliver Tower » sis au centre de Differdange. Comme annoncé lors de la présentation du budget 2022, la commune le rachètera pour un montant de 12 millions d’euros, après que l’hôtel qui n’a ouvert ses portes que début 2019 a déclaré faillite après moins de 2 ans de service. L’immeuble de 45 chambres sera en transformé en des logements pour seniors, et il est également envisagé d’y créer de l’habitat intergénérationnel ou encore de l’habitat dit « housing first » (sans-abri). Nous avons ajouté qu’il fallait aussi penser au logement d’urgence car il n’en existe quasiment pas dans la commune. En tant que déi Lénk Differdange , nous nous réjouissons de chaque logement créé par la main publique, mais il y a un bémol dans cette histoire….  

Après que l’exploitant de l’hôtel ait déclaré faillite, en partie à cause d’un différend avec le propriétaire de l’hôtel (pas la même personne), le bâtiment était déjà vide depuis un certain temps. Afin de ne pas laisser pourrir davantage et de sauver le seul hôtel à Differdange, le collège échevinal a fait le tour de plusieurs hôteliers pour trouver un repreneur mais malheureusement sans succès. Les différents hôteliers ont tous déclinés en disant que les chambres étaient trop grandes et qu’elles ne pourraient donc pas être exploitées de manière rentable. Ici, il aurait été intéressant de connaître les calculs de rentabilité de l’ancien propriétaire de l’hôtel.

Toute l’opposition au conseil communal arrivait à la même conclusion qui était de dire que des fonds publics sont utilisés pour sauver un projet foiré d’un particulier. 

En tant que déi Lénk Differdange nous en concluons : oui à plus de logements abordables publics, mais pas comme ça !

Vous pouvez écouter le conseil communal ici :

Budgetsried 2021

Budgetsried 2021, Eric Weirich, déi Lénk Déifferdeng

Madamm Buergermeeschter, léif Kolleginnen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

Iert datt ech lass leeën drécken ech gär jidderengem e grousse Merci aus deen zu dësem Budget bäigedroen huet.

Haut ass e speziellen Dag oder Exercice fir mech well et meng alleréischt Budgetsried als Vertrieder vun déi Lénk hei am Gemengerot ass. Fir dës Première kann ech – nee éischter muss – leider déi selwecht Wieder benotze wéi mäin Virgänger de Gary Diderich fir de Budget vum leschte Joer benotzt huet: t’ass e Budget “pas comme les autres”. Wat d’Haaptursaach dovunner ass wësse mer alleguerten, an ech hoffen datt mer geschwënn gemeinsam aus der Pandemie rauskommen an all dee Misär dee domadder zesummen hänkt kënnen hannert eis ze loossen.

De Budget fir 2022 ass och aus deem Grond e virsiichtege Budget, well mer haut nach ëmmer net wësse wéini mer dës Kris iwwerstane wäerten hunn, wat natierlech nach ëmmer e negativen a virun allem ongewëssen Impakt op d’Finanzen mat sech zitt.

Dowéinst ass ze begréissen datt mer haut e virsiichtege Budget ofstëmmen, och wann dofir eng Rëtsch gréisser geplangte Projet’en op der Streck bleiwe wäerten. Et ass och ze begréissen datt den aktuelle Schäfferot an deem Kontext d’Finanzen op Joren hinweg net hypothekéiert mat dësem Budget a soumat der nächster Koalitioun genuch Spillraum.

Ech wäert elo wat meng Commentairen zum Budget vum nächste Joer ugeet nach eng oder déi aner Kéier mäin Virgänger hei zitéieren, well ech seng Aarbecht hei natierlech och weiderféiere well, a well mer an eise Politik déi selwecht Themenschwéierpunkter hunn.

A sengem Bilan vun de 9 Joer wou de Gary Diderich déi Lénk hei am Gemengerot vertrueden huet heen reegelméisseg op d’Wunnengskris wou ech gär drun uknäppe géing.

De Logement ass nämlech och een vun de Beräicher wou ech ganz aktiv sinn an ech erlabe mer hei méi wäit auszehuelen. Ech hat säit 2017 schonn d’Chance Member vun der Logements-Kommissioun hei zu Déifferdeng ze sinn, an iwwert de Wee scho matkritt ze hunn wat Logements-technesch an der Gemeng leeft. Ech soen bewosst matkritt ze hunn well ech oft d’Gefill hunn datt eis Avis’en net ëmmer Echo fannen hunn bei der Ausriichtung vun der Logementspolitik, wéi z.B. eise järlechen Appell fir Suen an de Grapp ze huelen fir d’Logementspolitik méi aktiv ze gestalten. Oder eise positiven Avis zu engem Pilot-Projet tiny house. Oder engem Pilot-Projet “Tübinger Modell”. asw. Dat ass keng generaliséiert Kritik, a scho guer net un der Logements-Kommissioun – do well ech op dëser Plaz ënnersträichen datt mer eng immens gutt Dynamik an Zesummenaarbecht queesch duerch d’Parteien an der Logements-Kommissioun hunn.

Wat ech sou vu Logement matkréie säit ech an der Kommissioun sinn ass de Gravity. Dat ass am Prinzip e gudde Projet, wou ech och gär mat dru geschafft hunn an och déi meescht Saachenmatgedroen hunn. Gravity ass nämlech zimmlecht Neiland fir eng Gemeng, an e gëtt effektiv der Roll gerecht wéi een als Gemeng eng Virreiderroll spille kann am Schafen vun ëffentlechem respektiv bezuelbarem Wunnraum. Déi ominéis “mixite sociale” gëtt hei effektiv ëmgesat, och wann d’Luxuswunnengen op de leschten zwee Stäck net hätte misste sinn. Et ginn och am zweeten Tuerm 50 Wunnengen kaf fir se dann der Miami University fir hir Studenten ze verlounen wat definitiv och eng gutt Saach ass. Et ass och begréissenswäert datt mat Nouma eng jonk Firma engagéiert gouf fir de ganze Gemeinschaftsbildungsprozess ze begleeden wou jo an dësem Projet och eng wichteg Roll spillt, an definitiv och zukunftsweisend ass.

An et gëtt awer e Mee. De Mee ass datt dëse Bauterrain an zentraler Lag zu Déifferdeng fir d’éischt verkaf gouf fir dann opwänneg zréckkaf ze ginn fir da nees eenzel Wunnengen ze verkafen. An och datt Wunnengen aus dem Gravity verkaf ginn hätt och net musse sinn, och wa se mat Virkafsrecht an engem bail empyhtéotique verkaf ginn. Dat ass en Ëmwee wou net hätt musse sinn a wou sech vlait och anescht op de Budget ausgewierkt hätt.

Et ass awer Wunnraum wou privatiséiert gëtt, obwuel een als Gemeng deemno wéi een Typ Wunnengen ee schaaft bis zu 100% vum Logementsministère rembourséiert kritt. Hei spillt och nees déi ominéis “mixite sociale” mat, an zwar d’Angscht datt wann ee just Locatairen do wunnen huet dat zu engem komplette Chaos féiert, an en dofir léiwer och e puer Wunnengen verkeeft.

Mee ech bleiwen dobäi datt mer et eis als Gemeng net méi leeschte kënne fir ëffentleche Wunnraum nees aus der Hand ze ginn. Verlounte Wunnengen sinn nämlech och Recetten (ordinaires) fir d’Gemengecaisse, a wann der bis genuch a Gemengenhand sinn da kann dat mat de Loyer’en déi doduerch rakommen eng Eegendynamik entwéckele mat Investitiounen a Re-Investitiounen wann  d’Suen einfach konsequent am Logement bleiwen. A wann de Prêt bis rembourséiert ass dann ass dat “cash an d’Täsch” wéi een sou schéi seet. Ech denken och datt mer als Stad Déifferdeng esou vill méiglech Gravity-Projet’en realiséiere sollten.

Nach esou e Beispill vun enger gewëssener Inkoherenz ass de Hotel “Gulliver Tower” wou mere lo mat der Virstellung vum Budget 2022 entdeckt hunn datt d’Gemeng deen opkafe well. Hei geet et ëm en Hotel vu 45 Zëmmeren wat 2018 seng Dieren opgemaach huet a wat 2020 schonn nees faillite gemaach huet. Beim engem Nettopräis respektiv Investment vu 4,5M€ (12,5M€ Akafspräis – 8M€ Subsiden) wou 2022 fir de dëse Projet ufalen, an aner gréisser Projet’en wéi d’Renovatioun an den Ausbau vum Stadhaus wou aus Budgets-Grënn fale gelooss ginn, stellen ech mer d’Fro wéi dat kuerzfristeg méiglech ass dann awer esou e grousse Montant ze mobiliséiere fir de Gulliver Tower ze kafen, och wann d’Gréisstenuerdnung net déi nämmlecht ass wéi bei de Projet’en wou fale gelooss ginn.

Ech schléisse mech do och de Froen un wisou hat z.B. de comité d’accompagnement économique net mat agebonne gouf, oder datt mer z.B. de Projet nach net an der Logements-Kommissioun ze gesi kruten.

Ech well dobäi mol guer net d’Schafung vu Wunnraum fir Senioren a Fro stellen – dat wär da net koherent vu menger Säit aus. Mee wat mech hei stéiert ass datt mer am Gemengerot vum Oktober och zwou Parzellen déi der Gemeng gehéiert hunn un e private Promoteur verkaf hunn fir e.a. een Appart-Hôtel drop ze bauen, a wou ech no menger Interventioun erkläert krut datt Hotellen an der Gemeng feelen. Dat gesinn ech an.  

Haut hu mer just nach de Presbytère zu Zoowasch als eenzegen Hotel deen iwwreg bleift. De klenge Casino ass jo och schonn e Strapp zou. A mat Esch 2022 wou virun der Dier steet, eng uni.lu wou net wäit wech ass, eiser LUNEX an aner Infrastrukturen an der Gemeng ass sécher eng grouss Demande do fir Hotellen. An da kafe mer zwee Méint drop en Hotel op fir Wunnraum draus ze maachen? Wéi gesot, näischt dogéint, mee dat muss awer ee mer erklären.

Fir beim Thema ze bleiwe vun ëffentlechen Terrainen déi verkaf ginn. Am Budgets-Posten 261100/99001 bei de Recettes extraordinaires deen do heescht “vente de terrains communaux” ass eng Gesamt-Recette vu 9,1M€ virgesinn. Do sinn zu engem klengen Deel Terrain’en dobäi déi un de Staat gi wéi z.B. fir dat neit Policegebai. Mee et ass awer e gréisseren Deel deen u Privat-Leit verkaf gëtt wat haut einfach net méi dierft sinn. Oder zumindest sollten do keng Suen méi fléissen, mee mär als Gemeng sollte Logementer a Plaz kréien, wat bei verschiddenen PAP’en wou mer dëst Joer gestëmmt hunn schonn de Fall war. Bei der PAG-Diskussioun gouf jo och festgestallt datt et massiv u Crèchen feelt a wou et e Konsens gouf méi Crèchen als Gemeng ze schafen. Hei wier d’Plaz dofir gewiescht. 

Et sinn awer och Klengegkeeten déi et ausmaachen, wéi z.B. d’Opfuerderung vun der Logements-Kommissioun fir de nächsten urban living käschtendeckend ze organiséieren. Am Budget ass awer nees virgesinn datt d’Gemeng do 50.000,-€ bäileet fir eng Bün ze bidden fir Promoteur’en fir Projet’en ze verkafen déi mol net um Terrain vun der Gemeng realiséiert ginn. Do hätt ech léiwer mer géingen déi Suen huelen a weider an d’Kommunikatioun iwwert eis lokal Initiativen ronderëm de Logement investéieren. Eise Service Logement an d’Loyers-Kommissioun hunn jo do mat wéineg Mëttelen a op eng zimmlech einfach Aart a Weis eng Info-Campagne dës lescht ze lancéieren wou absolut begréissenswäert ass. 

An deem Sënn ass och net alles schlecht, an awer och net alles gutt. Ech hunn en ernimmt, eis Logementservice wou mer lo säit 3 Joer hunn. Bei där vaster Thematik ass dat och méi wéi konsequent en entspriechende Service an der Gemeng ze hunn, wou sech d’Leit och mat vill Asaz där Thematik higinn. Do ass och ze begréissen datt de Budget do rop geet a nach Leit solle bäikommen. Virun allem well mam Pacte Logement 2.0 a virum Hannergrond vun der Logementskris all Euro an de Logements gutt investéiert ass.

Dat kléngt vlait elo e bëssen ongewinnt vun engem deen allgemeng d’Logementspolitik vum Schäfferot matdréit. Mee dat heiten ass als Opruff ze verstoen fir sech nach méi aktiv déi Virreiderroll am Logement anzehuelen als Gemeng.

Logementspolitik ass nämlech och sozial Politik an och Klimapolitik. Sozialpolitik –  well egal mat wéi engem Acteur’en een aus dem soziale Beräich schwätzt ee meeschtens zur Conclusioun kënnt datt d’Wunnen den Haaptproblem ass zu Lëtzebuerg. An datt et u bezuelbarem Wunnraum feelt.

Klimapolitik well Wunnen och säin Deel fir d’Erreeche vun de Klimaziler bäidroe kann. Dat z.B. andeems Haiser energetesch sanéiert ginn an doduerch manner Energie verbraucht gëtt resp. verluer geet. An deem Sënn freeën ech mech datt mer dem neien Pacte Climat 2.0 scho bäigetruede sinn, an ech si gespaant wat mer eis als Gemeng do als Leitbild an Ziler wäerte ginn.

 Neie Wunnraum schafen heescht awer och nei Biedem versigele wat sech natierlech bäisst mat enger ambitiéiser Klimapolitik. Dofir begréisse mer datt am neie PAG de Bauperimeter weider net ausgeweit gëtt, mee datt do op bestoend Bauflächen gesat ginn déi innerhalb vum Bauperimeter leien. Gläichzäiteg versti mer et awer net datt z.B. Taxe B6 – dat ass déi Grondsteier déi eng Gemeng kann op ausgewisenem a net bebautem Bauland kann erhiewen – dann awer net erop gesat gëtt wéi z.B. an anere Gemeng wéi Dikrech. Wann ech dat ervir bréngen gëtt gesot datt et bal keng sou Terrain’en an der Gemeng ginn. Gläichzäiteg verkafe mer Bauterrain’en déi der Gemeng gehéieren. Et gëtt och gesot d’Regierung plangt eppes um nationalen Niveau. Plangen an Ëmsetzen sinn zweeërlee Puer Schong. Et wäert virum Summer nächst Joer eng Propose um Dësch leie fir eng Zort Spekulatiounssteier anzeféiere laut dem Logementsminister, a wou de Premier och widderholl huet. Am Interieur heescht et awer datt et reng technesch net virun 2024 kann ëmgesat ginn. Och wann et méi eng symbolesch Aktioun wier dat mam B6 eropsetzen. Et wär awer e wichtegt Zeechen un all déi Leit déi Bauterrain’en brooch leie loossen.

Fir nach e bësse bei der Sozialpolitik ze bleiwe ginn ech gär kuerz op de Budget vum Office social vum nächste Joer an. Do ass ze begréissen datt do déi “aide aux nécessiteux” vun 1,1M€ op 1,4M€ eropgesat gëtt. Iwwer den Intitulé vun dëser Budgetslinn léisst sech streiden. Och ze begréissen ass datt mer eis lokal “allocation de solidarité” reegelméisseg no uewen upassen an och op deem Niveau beloossen, och wann déi national “allocation à la vie chère” wou se dru gekoppelt ass nees erofgeet wéi dat rezent de Fall war.

Wéi mer am leschte Gemengerot de Budget vum Office social gestëmmt hunn ware mer eis zu puer eens datt et eis am léifste wär datt mer keen Office social bräichten. Dat gëtt et natierlech just an enger idealer Welt. An deem Sënn ass et dofir immens wichteg déi Leit materiell a finanziell ze ënnerstëtzen deenen et eben aus wéi enge Grënn och ëmmer net esou gutt geet. An awer deet et engem déck ze gesinn datt d’Suen quasi vu enger Täsch an déi aner ginn ouni de Beneficiairen reell ze hëllefen. D’Erhéijung vun dëser Hëllef gëtt nämlech deelweis domadder erkläert datt et ass fir déi staark geklommen Energiepräisser ofzefiederen. U sech eng gutt Nouvelle bei enger weiderer Kris déi sech an d’Rei stellt….. 

Op der anerer Säit liese mer dann am Budget datt d’Käschten fir Drénkwaasser deck an d’Luucht ginn, a wou d’Erhéijung einfach un Konsument weidergereecht wäert ginn. Hei wier vlait eng Iwwerleeung Richtung gestaffelte Waasserpräis interessant gewiescht fir déi klengste Budget’en – déi bekannterweis och de klengsten CO2-Foussofdrock hunn – dës Erhéijung ze erspueren. 

Mee wéi gesot ass dës finanziell Ënnerstëtzung wichteg, och wann et mer deck deet datt mer zäitgläich een Deel vun der Gesellschaft esou falen déif fale loossen. Well wann mäer déi Ongläichheeten ëmmer méi auserneenklaffen loossen, da verstäerken sech och ëmmer méi d’sozial Spannungen. An da ginn mer de Konsequenzen vu Perspektivlosegkeet net méi meeschter, a mussen dann op privat Sécherheetsfirmen zréckgräifen fir Problemer an de Grëff ze kréie wou sécherlech och op déi sozial Ongläichheeten zréck ze féieren sinn. 

Och wann dee private Security-Service op Enn des Joers agestallt gëtt – wat mer definitiv begréissen – an deelweis duerch Agents municipaux ersat ginn, léisen d’Problemer sech awer net an der Loft op. An et gëtt och net eng eenzeg richteg Léisung an Approche déi alles léise wäert. Dowéinst begréisse mer datt mëttlerweil och op den Dialog gesat gëtt mam Aféiere vun engem Service Street work dëst Joer. Fir de Rescht si mer gespaant wéi den ugekënnegten “plan local sécurité” ausgesi wäert, un deem mer eis och gär beim Ausschaffen bedeelegen!

Wichteg ze ernimmen nieft Leit hei am Land ze hëllefen déi an enger Noutlag sinn ass et och wichteg un de Rescht vun der Welt ze denke wou et leider och vill Misär gëtt. An deem Sënn ass et ze begréissen datt déi 0,25% vum ordinäre Budget och weiderhi virgesi sinn, an ënnert dem Numm vun “Déifferdeng eng Stad hëlleft” Organisatiounen an ONG’en hei vu Lëtzebuerg finanziell ënnerstëtzt fir datt se hir Projet’en uechter d’Welt realiséiere kënnen.

Da kommen ech zréck bei een Thema wat och mat Klimaschutz ze dinn huet an zwar d’Mobilitéit.Mer hunn haut e gutt Beispill um Ordre du jour stoe wou zimmlech gutt duerstellt datt mer bei dësem Thema och nach e wäite Wee ze maachen hunn. De Punkt wou ech mengen ass d’Neigestaltung vum Bausseberäich vum 1535, déi domat verbonnen Taxen op Parkplazen déi och nei organiséiert ginn an d’Parkplazen déi do wechfalen. 

Déi fale wech haaptsächlech aus Grënn vu Sécherheet a fir den aktuelle Chaos wou et ronderëm d’Parken um Site vum 1535 gëtt, a wou einfach net méi ze droen ass. Bei der Presentatioun – oder éischter Verdeedegung – vum Projet elo virun 2 Wochen duerch Direktesch vum 1535 sinn Diskussiounen fir mech deelweis surreal verlaf, an t’gouf sech ferme agesat fir datt nëmme keng Parkplazen verschwannen. Am Sënn vun de Leit déi do schaffen an de Commercen déi do sinn. Mee déi Parkplazen ëm déi et do geet sinn aktuell vun Auto’en besat déi de ganzen Dag do stinn an déi dee Parking als P&R benotzen.

Dowéinst hunn ech och virun 2 Méint d’Propositioun matgestëmmt fir éischtens d’Parkdauer do um Site op 90 Minutten ze reduzéieren an zweetens datt d’Parken do méi deier gëtt, woubäi mer gläichzäiteg d’Parken an eise Parkhaiser méi bëlleg gemaach hunn. An där Logik wäert ech och dee Projet vum 1535 haut matstëmmen. Et ass net nëmmen e modernt a flott Konzept wou d’Qualitéit am Bausseberäich staark verbessere wäert. Et ass och e Konzept wat enger Mobilitéitspolitik vum 21. Joerhonnert entsprécht, a wou d’Zäiten einfach esou lues eriwwer sinn datt jidderee mat Auto bis virun d’Hausdier fuere kann.

Mee hei gëtt et och e Mee. Am Avis vun der Mobilitéitskommissioun gouf berechtegterweis ageworf datt leider net direkt matgeduecht gëtt fir de Wee fir d’Foussgänger auszeschëlderen oder iwwerhaapt e neie Wee unzeleeë Richtung Place des allies, wou jo e grousse Parking ass an d’Leit vum 1535 parke sollen. Si stellen am selwechten Avis d’Fro ob der Sécherheet vun de Foussgänger a Vëlosfuerer genuch Rechnung gedroe gëtt mat dësem Projet, well jo awer nach Auto’en um Site parken dierfen. Ech hänken do drun datt ech carrement e Gesamtkonzept vermësse wéi een anstänneg a sécher per“mobilité douce” op de Site kënnt, resp. fir d’ganz Gemeng.

Um aneren Enn vum Spektrum hu mer den Avis vun der Finanzkommissioun wou fir  d’Kompetitivitéit vun de Commerçant’en déi um Site schaffe fäerten well se e puer Minutten mussen zu Fouss bis bei hiren Auto trëppelen op der Place des Alliés. Ech mengen bei deene kompetitive Präisser déi mer de Resident’en am 1535 berechnen, a virun engem Hannergrond vu Klimawandel an dem dréngend néidegen Ausbau vun der mobilité douce, eriwwregt sech dës Fro. A genuch Liwwerplazen sinn och um Site virgesi fir d’Commercen. Wat se awer och awerfen ass d’Iddi vum engem “shared space” tëscht der Place des allies an dem 1535 wat ech absolut begréissen am Sënn vun Ausbau vun der mobilité douce.

Op de Budget bezunn gräifen ech och gär ee Beispill raus fir duer ze stellen datt mer nach Loft no uewen hunn an der Mobilitéitspolitik. Mer hunn bei den Depenses extraordinaires beim Budgetsartikel 4/623 ronn 700.000,-€ Ausgaben virgesi fir verschidden Installatiounen op Parking’en ze maachen, an och fir een neien unzeleeën an de Woiwerwisen. Bon dee gëtt op d’mannst ökologesch, wat och ëmmer dat heeschen soll….Op der anerer Säit hu mer awer just 245.000,-€ virgesi fir Etuden a Recherchen am Beräich vun der Mobilité douce wat manner wéi d’Hallschent ass. An et ass grad hei wou d’Musek spillt, wann ech z.B. déi quasi inexistent Vëlosweeër innerhalb vun der Gemeng kucken.

Ech ginn hei vlait vill oder ze vill an den Detail sichen. Mee an all mengen Interventiounen an Iwwerleeungen geet et mer einfach ëm Koherenz bei Themen déi mer um Häerz leien wéi eben Soziales, de Logement an d’Ëmwelt, a wou mer d’Koherenz mat Momenter einfach feelt an dësem Budget. Dowéinst wäert ech dëse Budget net matdroen.

Fir ofzeschléisse wëll ech awer gär jidderengem Merci soen – op Mataarbechter oder Benevoller an de Veräiner – déi sech Dag fir Dag fir Déifferdeng asetzen. Mär hunn hei als Politiker just en CDD, a mer kënne schwätzen an decidéieren esou vill mer wëllen. 

Et sinn duerno si déi d’Saachen ëmsetzen an un d’Leit bréngen, an duerch hire jorelaangen Asaz dofir suergen datt d’Stad Déifferdeng virun kënnt. Dowéinst e grousse Merci fir dësen Asaz.

Gemengerotssëtzung 22 September 2021

Bericht iwwert d’Gemengerotssëtzung vum 22. September 2021

(version française plus bas)

No iwwert zwee Méint Paus stoung den 22. September d’Rentrée politique am Gemengerot zu Déifferdeng un. Och wann d’Gemeng an d’Land iwwert de Summer sécherlech méi lues gedréint sinn, huet sech awer vill ugesammelt iwwert déi zwee Méint, sou datt deementspriechend och immens vill um Ordre du jour vun dëser Sëtzung stoung. Hei drënner gi mer dowéinst just op e puer Punkten vun dëser Gemengerotssëtzung déi eis wichteg erschéngen an. 

P3 – Devis Galerie Hondsbësch 

En éischte Punkt deen ervir ze hiewen ass ass de Punkt 3 « Devis Galerie Hondsbësch » vun am ganzen 100.000,-€. Hei geet et ëm d’Erneierung vum Monument « Galerie Honddsbësch » dat an der Liberté-Strooss zu Nidderkuer steet. Dat Monument – dat de Refractaire gedenkt déi sech wärend dem zweete Weltkrich an der Mine Hondsbësch virun de Nazi’en verstoppt hunn – ass an d’Jore komm, an dofir gouf decidéiert et frësch ze maachen. Dat hu mer natierlech matgestëmmt, an d’Propositioun gouf och eestëmmeg ugeholl.

P4 – modifications de budget 

Bei dësem Punkt stoungen e.a. déi éischt Modifikatiounen vum lafende Budget vun 2021 zur Ofstëmmung. Esou Modifikatioune vum lafende Budget gi reegelméisseg fälleg wann fir verschidde Budgetsposten net genuch Suen virgesi goufe fir d’Joer, a wa gewosst ass datt dee Montant iwwerschratt wäert ginn.

Eng konkret Erhéijung vun enger Budgetslinn war déi vun der COVID-Hëllef fir Déifferdenger Betriber déi ëm 150.000,-€ ropgesat gouf. Nodeems am Budget fir 2021 schonn e Montant vun 250.000,-€ ageplangt gouf, a nodeems den Appel un d’Betriber fir Hëllefen unzefroen mat groussem Succès ofgeschloss gouf, huet sech erausgestallt datt de geplangte Montant bei wäitem net duergeet. Wat och dobäi koum ass datt d’Bäihëllefen ausgeweit goufen, sou datt z.B. och Betriber eng finanziell Ënnerstëtzung kritt hunn déi keng beim Staat ze gutt hunn, oder déi sech réischt nei gegrënnt hunn. Et ass och ervir ze hiewen datt eis Servicer (Economie, Communication) hei eng virbildlech Roll gespillt hunn a verschiddene Betriber proaktiv beim Ufroen vun der Bäihëllef ënnerstëtzt hunn, oder bei soss Froen beroden hunn. 

Am ganzen huet d’Stad Déifferdeng soumat 400.000,-€ u ronn 100 Déifferdenger Betriber déi an der Corona-Kris finanziell Aboussen hu mussen a Kaf huelen ausbezuelt. Als déi Lénk Déifferdeng hu mer dës Initiative vun Ufank un ënnerstëtzt an och matgestëmmt. 

P8C – vente 2 parcelles avenues parc des sports Oberkorn

Bei dësem Punkt stoungen den Akt fir de Verkaf vun zwou Parzellen zu Uewerkuer bei der Schwämm un, wou e.a. anerem d’Gebai vum fréiere Maxims dropsteet.

Dëst ass e Projet deen nawell e laange Baart huet well et iwwert 10 Joer gedauert huet vum ënnerschreiwen vum Compromis bis zum Stëmmen vum Acte de vente am Gemengerot. Net nëmmen ass an deenen 10 Joer de Wäert vun den zwou Parzellen ëm dat duebelt an d’Luucht gaangen, ouni datt eppes op deenen (Bau-)Terrain’en geschitt ass, mee genau esou laang stoung d’Gebai vum fréiere « Maxims » eidel, wat gutt hätt kéint déi Zäit iwwer als Wunnraum genotzt ginn.

Op déi zwee Bauterrain’en – déi prett sinn fir bebaut ze ginn – soll een Appart-Hôtel drop kommen an eng Residence mat ëm déi 20 Appartementer. D’Stad Déifferdeng kritt 3 vun dëse Appartementer am Wäert vun 1,32mio € wat dem Verkafpräis vun den Terrain’en entsprécht (d.h. et fléissen hei keng Suen). Dës 3 Wunnengen ginn dann iwwert d’AIS-Kordall verlount wat natierlech begréissenswäert ass.

Mee fir de Rescht kënne mer dëse Projet net gutt heeschen well en einfach net der Logementspolitik entsprécht déi sech déi aktuell Koalitioun ginn huet, a wou jo no eegenen Aussoen no eng Virreiderroll wëll anhuelen am Beräich vun ëffentlechem a bezuelbarem Wunnraum.

Hei gëtt fäerdeg erschlossene Bauterrain deen a Gemengenhand ass an a beschter zentraler Lag läit un e private Promoteur verkaf fir e private Projet drop ze erriichten. A nach dobäi ginn d’Terrain’en wäit ënnert dem Maartpräis verkaf, och wa mer mat dëser Feststellung elo keng Fuerderung stellen fir Terrain’en mat maximalen Gewënn ze verkafen. Eis Fuerderung ass et fir dëse Verkaf ze annuléieren, d’Terrain a Gemengenhand ze halen a selwer e Bauprojet als Stad Déifferdeng drop ze realiséieren.

P8G – tronçon piste cyclable PC8

 Bei dësem Punkt stoung eng Konventioun zum Vote wou et e.a. ëm e neit Stéck Vëlospist geet datt viru kuerzem ageweit gouf. Et handelt sech heibäi ëm e Stéck vum nationale Vëloswee PC8 deen iergendwann de ganze Minett mateneen verbanne soll. Hei goufe ganzer 650 Meter Vëlospist tëscht dem Parking Contournement zu Déifferdeng an dem Zentrum vu Nidderkuer ageweit. Wat u sech eng gutt Nouvelle ass – all zousätzleche Meter Vëlospiste ka roueg gefeiert ginn – ass awer e Witz wann een wëll eng eescht-gemengten Mobilitéitspolitik bedreiwen wou d’mobilité douce soll prioritär ausgebaut ginn. Déi 650 Meter Vëlospist tëscht Déifferdeng a Nidderkuer ass haut quasi dat eenzegt Stéck richteg Vëlospist datt et erlaabt sécher innerhalb vun zwou Uertschaften vun der Gemeng hin- an hir ze fueren mam Vëlo. Fir de Rescht vun der Gemeng gëllt et sech mat den Auto’en op der normaler Strooss ze streiden, wat einfach geféierlech ass an een quasi kengem zoumudden kann. 

Gläichzäiteg hu mer Projet’en an eise Schoule lafen wou d’Kanner geléiert ginn Vëlo ze fueren a wou an all Schoul och e Vëlo fir all Kand zur Verfügung gestallt gëtt. Dat ass schéin a gutt. Mee wann et keng sécher Vëlosweeër innerhalb vun der Gemeng ginn da brauche mer och net drun ze denken datt d’Kanner jeemools mam Vëlo an d’Schoul fuere wäerten…..Fir déi méi grouss gëtt et leider och keen « richtegen » Vëloswee a Richtung vun eise Nopeschgemengen wat de Wee mam Vëlo op d’Aarbecht sécherlech och net méi attraktiv mécht. Bei dëse Mëssstänn wat eis Vëlospolitik ugeet ass natierlech eis Gemeng net alleng an der Verantwortung. Mee  datt sech richteg agesat gëtt fir den Ausbau vun de Vëlosweeër virun ze dreiwen konnt ech leider och net erkennen.

Mer hunn de Punkt awer matgestëmmt well wéi ernimmt als neit Stéck séchere Vëloswee ze begréissen ass. 

P8I – projets E2022

No immens ville Startschwieregkeeten déi och der breeder Ëffentlechkeet bekannt sinn stoung endlech – dat kann een bal sou soen – de Budget zum Vott fir d’Projet’en déi hei zu Déifferdeng stattfanne wäerte am Kader vum Kulturjoer Esch 2022. Hei ginn am ganzen 24 Projet’en ënnerstëtzt déi an der Beräicher Danz, Erzielungen, Geschicht, Fotografie, Urbanismus asw. ënnerwee sinn. Et ass och eng gutt Mëschung aus lokale Veräiner bis hin zu internationalen Artisten déi hei vertrueden sinn. 

Och wa  mer vun engem stolzen Budget vu graff 1,2mio€ fir d’Gemeng schwätzen (vun am ganzen 6,5mio€ déi all dës Projet’en kaschten), ass dat awer gutt investéiert Geld, well mer och bis wäit iwwert d’Joer 2022 eppes dovunner wäerten hunn. Dat z.B. a Form vum Lommelshaff wou deelweis fir Esch 2022 nees a Stand gesat gëtt, oder och nach de Projet « DiffMix » wou ëffentlech Plazen a Gebai neigestallt ginn op Virschléi a mat der Mathëllef vun de Bierger. Méi Infos zu dësem Projet ginn et hei  https://diffmix.lu/

Am Moment gëtt all Mount een Déifferdeng E22-Projet am Diffmag virgestallt. Déi Artikelen fannt der hei https://differdange.lu/esch2022/

Weider Informatiounen ginn et op der offizieller Säit vun Esch 2022  https://esch2022.lu/en/           

Mer hunn dëse Punkt matgestëmmt. 

P9A – Taxes

E (leidegt) Thema wat natierlech ëmmer fir genuch Diskussioune suergt si Gemengentaxen. Am Gemengerot vun haut stoung e.a. eng Neiorganisatioun vun de Parkplazen am Stadzentrum. Et gouf nämlech festgestallt – an dat kënne sécherlech och vill Leit aus eegener Erfarung bestätegen – datt den Zentrum vun Déifferdeng permanent zougeparkt ass, an datt awer gläichzäiteg eis Parkhaiser bei wäitem net ausgelaacht sinn. Fir dat ze ännere gouf d’Parkdauer vun 8 Stonnen op 90 Minutten am Zentrum reduzéiert, a gläichzäiteg goufed’Präisser vun de Parkhaiser erofgesat. Dat wäert sécherlech net jiddereen erfreeën, mee an Zäite vu Klimakris an der domat verbonnener Ëmstellung ob mobilité douce amplaz alles mam Auto kënnen ze maachen an ze erreechen hu mer dës Neierung matgestëmmt.

No gutt 5 ½ Stonnen ass dann e gutt gefëllten an animéierte Gemengerot zu Enn gangen. 

Nolauschteren kënnt der dat ganzt  https://differdange.lu/conseil/conseil-communal-du-22-septembre-2021/

[FR]

Compte-rendu du conseil communal du 22 septembre 2021

Après une longue pause de plus de deux mois, la rentrée politique du conseil communal de Differdange s’est faite le 22 septembre. Si la commune et le pays ont certes été au ralenti durant l’été, beaucoup s’est accumulé ces deux derniers mois faisant que l’ordre du jour était bien chargé pour ce premier conseil communal après les vacances estivales. C’est pourquoi nous n’aborderons que quelques points qui nous paraissent importants ci-après. 

P3 – Devis Galerie Hondsbësch 

Un premier point à souligner est le point 3 « Devis Galerie Hondsbësch » d’un montant total de 100.000,- €. Il s’agit du renouvellement du monument “Galerie Honddsbësch” qui se situe rue de la Liberté à Niederkorn. Le monument – érigé en mémoire aux réfractaires qui se sont caché dans la mine Hondsbësch devant les Nazis pendant la deuxième guerre mondiale – a pris de l’âge et nécessite donc une rénovation. La proposition a été adoptée à l’unanimité.

P4 – modifications de budget 

Ce point concerne les premiers amendements du budget de l’exercice en cours. De telles modifications au budget en cours sont régulièrement apportées si certaines lignes budgétaires n’ont pas fourni suffisamment d’argent pour l’année, et si l’on sait que ce montant sera dépassé.

Une augmentation concrète d’une ligne budgétaire a été celle de l’aide COVID pour les entreprises de Differdange qui a été augmentée de 150.000,-€. Après qu’un montant de 250.000,-€ ait déjà été prévu dans le budget initial de 2021, et après que l’appel aux entreprises pour obtenir cette aide ait été un grand succès, il s’est avéré que le montant initial était loin d’être suffisant. Ce qui a également contribué à ce succès est que les aides ont été étendues de sorte à ce que des entreprises nouvellement créées en 2020 ou bien qui n’ont pas été éligibles aux aides étatiques aient également pu l’obtenir.  Il convient également de mentionner que nos services (économie, communication) ont joué un rôle exemplaire dans cette démarche dans le sens d’avoir accompagné de manière proactive diverses entreprises dans leurs demandes d’assistance ou de les avoir conseillé sur bien d’autres questions.

Au total, la ville de Differdange a versé 400.000,-€ à une centaine d’entreprises de Differdange impactées par la crise sanitaire. Nous avons soutenu cette initiative dès le départ en tant que déi Lénk Differdange. 

P8C – vente 2 parcelles avenues parc des sports Oberkorn

Ce point concerne un acte de vente de deux terrains sis à Oberkorn près de la piscine sur lesquels se trouve e.a. l’ancien bâtiment du bistrot « Maxims ».

C’est un projet de longue haleine car il a fallu plus de 10 ans de la signature du compromis au vote de l’acte de vente au conseil communal. Non seulement la valeur des deux parcelles a doublé au cours des 10 dernières années, sans qu’il ne se passe rien sur ces terrains constructibles, mais pendant tout ce temps les locaux du « Maxims » sont restés vides alors qu’il auraient bien être utilisés en tant que logement. 

Sur ces deux terrains à bâtir – complètement viabilisé – il est prévu d’y construire un « appart-hôtel » ainsi qu’une résidence de +/- 20 appartements.  La Ville de Differdange recevra 3 de ces appartements d’une contre-valeur de 1,32 M€, ce qui correspond au prix de vente du terrain (donc aucun versement d’argent n’est prévu). Ces 3 appartements seront ensuite loués via l’AIS-Kordall ce que nous saluons évidemment. 

Mais pour le reste, nous ne pouvons pas approuver ce projet car il ne correspond tout simplement pas à la politique du logement que la coalition actuelle a adoptée, et qui, selon ses propres déclarations, veut jouer un rôle de pionnier en matière de logements publics et abordables.

Nous ne pouvons pas approuver qu’un terrain constructible et viabilisé appartenant à la commune soit vendu à un promoteur privé pour ériger un projet privé. De plus, les terrains sont vendus bien en-dessous du prix du marché, même si nous nous opposons à une telle logique de marché visant à maximiser les bénéficies. Notre revendication est de tout simplement annuler cette vente, de garder le terrain entre les mains de la commune et d’y réaliser un projet immobilier abordable en tant que Ville de Differdange.

P8G – tronçon piste cyclable PC8

Ce point concerne une convention qui doit e.a. régler la mise en service d’un nouveau tronçon de la piste cyclable nationale PC8 qui reliera à terme l’ensemble du Minett. Au total, ce tronçon a une longueur de 650 mètres, et il relie la rocade du parking de Differdange et le centre de Niederkorn. Ce qui en soi est une bonne nouvelle – chaque mètre de piste cyclable supplémentaire peut bien être fêté – est en même temps honteux si l’on veut mener une politique de mobilité (douce) sérieuse. Ce tronçon de piste cyclable de 650 mètres entre Differdange et Niederkorn est aujourd’hui presque la seule véritable piste cyclable qui permette de circuler en toute sécurité au sein notre commune. Pour le reste, le/la cycliste doit se disputer la route avec les autres utilisateurs de la voirie, ce qui est tout simplement dangereux et à déconseiller. 

En même temps, nous menons des projets dans nos écoles où les enfants apprennent à faire du vélo et où dans chaque école un vélo est mis à disposition pour chaque enfant. C’est beau et bien. Mais s’il n’y a pas de pistes cyclables sûres au sein de la commune, il ne faut pas penser que les enfants se rendront un jour à vélo à l’école. Comme des pistes cyclables vers nos communes-voisines font défaut aussi, se rendre au travail à vélo n’est pas attrayant non plus. Bien entendu, notre commune n’est pas la seule responsable de politique de mobilité douce ratée. En même temps, je n’ai pas été en mesure de détecter un engagement ferme pour changer la donne.

On a quand même voté pour comme tout nouveau tronçon de piste cyclable est à saluer.

P8I – projets E2022

Après de nombreuses difficultés de démarrage bien connues du grand public, le budget des projets qui se dérouleront à Differdange lors de l’année culturelle Esch 2022 a enfin été soumis au vote. Histoire, photographie, urbanisme, etc. ne sont que quelques domaines dans lesquels se situent les 24 projets locaux, qui représentent aussi un bon mélange entre clubs locaux et artistes internationaux. 

Même si on parle d’un budget conséquent d’environ 1,2 M€ pour la commune (sur un total de 6,5 M€), c’est de l’argent bien investi, car on en profitera encore au-delà de l’année 2022, p.ex. sous forme de rénovation du Lommelshaff, ou encore via le projet « DiffMix » où les espaces publics et les bâtiments seront repensés sur propositions et avec l’aide des citoyens. Vous trouverez plus d’informations sur ce projet ici : https://diffmix.lu/

Actuellement, chaque mois un projet Differdange E22 est présenté dans le Diffmag. Les différents articles déjà parus sont disponibles ici : https://differdange.lu/esch2022/

Pour plus d’infos sur Esch 2022 c’est par ici : https://esch2022.lu/fr/

P9A – Impôts

Un sujet (épineux) qui, bien entendu, suscite toujours beaucoup de discussions, est celui des taxes communales. Dans ce cas précis il s’agit d’une réorganisation des parkings publics et la tarification y liée. Actuellement, le centre de Differdange est bourré de voitures alors qu’en même temps nos parkings couverts sont a moitié vides. Pour changer cela, le temps de stationnement a été réduit de 8 heures à 90 minutes dans le centre-ville, et en même temps les prix des parkings couverts ont été réduits. Cela ne plaira certainement pas à tout le monde, mais en période de crise climatique et de la transition nécessaire vers une mobilité douce nous avons soutenu cette proposition

Après 5 heures et demie, un conseil communal bien chargé et animé a pris fin.

Pour écouter la séance entière du conseil communal c’est par ici :  https://differdange.lu/conseil/conseil-communal-du-22-septembre-2021/

Podcast: Um Roude Canapé

“Um roude Canapé” ass de neie Podcast vun déi Lénk Déifferdeng. Et geet drëms fir sech mat verschiddene Gäscht aus der Gemeng Déifferdeng iwwert politesch an och manner politesch Themen déi Déifferdeng betreffen auszetauschen. Dat ganzt gëtt moderéiert a produzéiert vum Museker a Produzent Packo Gualandris a sengem “Oberkorn Studios” zu Uewerkuer. Dir fand den Rouden Canapé op Spotify an Youtube.

Bienvenu au nouveau site de déi Lénk Déifferdeng!

Plus d’informations suivront bientôt! 

Entretemps, n’hésitez pas de nous contacter au sekretariat@dei-lenk.lu ou de visiter le site du mouvement national: www.dei-lenk.lu

Motion unanime en faveur du Traité des Nations unies sur l’interdiction des armes nucléaires.

Dans la séance publique du conseil communal de Differdange du 15 mai 2019 le conseiller Gary Diderich de « déi Lénk » a déposé une motion quant à l’adhésion de la Ville de Differdange à «l’ Appel mondial des villes en faveur du Traité des Nations unies sur l’interdiction des armes nucléaires ». déi Lénk a pris cette initiative au vu des marches pour la paix dans beaucoup de pays et également au Luxembourg et de la lettre ouverte adressée par l’association “Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FriSol)” aux communes luxembourgeoises appelant à soutenir l’appel de l’ICAN (International Campaign to Abolish Nuclear Weapons). La Commune de Roeser a été la première à adopter une telle motion. Rappelons que l’ICAN (International Campaign to Abolish Nuclear Weapons) a reçu le Prix Nobel de la Paix en 2017. Après Roeser ce sont les conseillers d’Esch et de Sanem de « déi Lénk » qui ont également déposé une motion dans ce sens. Les conseils communaux de Differdange, de Sanem et de Esch ont adopté la motion d’adhésion unanimement.

Motion concernant l’adhésion àl’ « Appel mondial desvillesenfaveurduTraité des Nations unies sur l’interdiction des armesnucléaires » de notre commune.

Depuis un moment déjà de nombreux conflits armés, l’annulation du traité INF et une nette accélération de la course à l’armement font l’objet de préoccupations pour la paix mondiale. Les marches pour la paix dans beaucoup de pays et également au Luxembourg soulignent l’urgence d’agir et de résister contre ces tendances menaçantes. Nous pensons que notre Commune, comme beaucoup de communes dans nos pays voisins et comme les Commune de Roeser, d’Esch-sur-Alzette et de Sanem viennent de le faire, devrait adhérer à « l’appel mondial des villes en faveur du Traité des Nations unies sur l’interdiction des armes nucléaires ».

Rappelons que l’ICAN (International Campaign to Abolish Nuclear Weapons) a reçu le Prix Nobel de la Paix en 2017. 

Veuillez trouver également en annexe la lettre ouverte de l’association Friddens- a Solidaritéitsplattform (https://www.facebook.com/notes/friddens-a-solidaritéitsplattform/offener-brief-an-die-gemeinden-luxemburgs-unterstützen-sie-den-ican-appell/251374779072169/), l’extrait du registre aux délibérations de la Commune de Roeser ainsi que l’URL de la page ICAN www.icanw.org.

Adhésionàl’appel mondial desvillesenfaveurduTraité des Nations unies sur l’interdiction des armesnucléaires

Vu la lettre ouverte adressée par l’association Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuergaux communes luxembourgeoises appelant à soutenir l’appel de l’ICAN (International Campaign to Abolish Nuclear Weapons);

Le conseil communal de Differdange, en sa séance du 15 mai 2019, 

Considérantquelesarmesnucléairessontlesarmeslesplusdestructricesetinhumainesquiaientjamaisétéproduites,frappantsansaucunediscrimination,enraisondel’échelledesdévastationsqu’ellesentraînentetde leurs retombées radioactives exceptionnellement persistantes, volatiles et altérantesgénétiquement;

Considérantquel’utilisationdedizainesoudecentainesdebombesatomiquesbouleverseraitradicalement le climat mondial, entraînant une famine généralisée, la destruction et la perturbation des écosystèmes naturels déjà fortement impactées par l’activité industrielle et minière et le bouleversement des sociétés humaines, voire de la civilisationhumaine dans son ensemble;

Considérant que la dernière guerre mondiale s’estterminée par l’utilisation d’armes nucléaires, dont les effets dévastateurs ont pu être constatés alors qu’elles étaient de bien moindre puissance que l’arsenal nucléaire existant aujourd’hui prêt à être utilisé;

Considérant que le prochain conflit armé majeurrisque fortement de recourir à l’utilisation d’armes nucléaires;

Considérantquedepuislafindelaguerrefroide,où lespectred’uneguerrenucléaires’estestompé,il nedemeurepasmoinsquelesarsenauxnucléairessont toujours prêts à être utilisés en quelquesminutes (15.000armesnucléairesdont2.000maintenues enétat d’alerte);

Considérant que les puissances nucléaires ont échoué à proposer un plan détaillé pour éliminer leurs arsenaux et poursuivent au contraire leur modernisation;

Considérant que les armes nucléaires sont les seules armes de destruction massive à ne pas encore être prohibées par un traité international, alors même qu’elles ont la plus grande capacité de destruction;

Considérant qu’à l’instar de l’interdiction des armes biologiques et chimiques, l’interdiction des armes nucléaires constituera une étape essentielle pour obtenir leur élimination;

Considérantqu’ilestdelaresponsabilitédesédilescommunauxdesoutenirl’appelauGouvernementàsigner etratifierleTraitésurl’interdictiondesarmesnucléairesquiinterditl’utilisation,laproductionetlestockage des armes nucléaires et ouvrela voie à leur éliminationtotale;

Vu la loi communale modifiée du 13 décembre 1988;

Après délibération;

Décide………………….

D’adhérer à l’appel mondial des villes en faveur du Traité des Nations uniessurl’interdiction des armes nucléaires par le texte suivant :

La Commune de Differdange est profondément préoccupée par la lourde menace que les armes nucléaires posent aux communautés à travers le monde. Le conseil communal est fermement convaincu que les habitants de la commune de Differdange ont le droit de vivre dans un monde libre de cette menace. Toute utilisation, délibérée ou accidente/le, d’arme nucléaire aurait des conséquences catastrophiques durables età grande échelle pour la population etpourl’environnement. 

Par conséquent, le conseil communal de la Commune de Differdange soutient le Traité sur l’interdiction des armes nucléaires et appelle le gouvernement luxembourgeois à y adhérer.

Kee Gemauschels hannert zouenen Dieren: déi Lénk Pressekonferenz iwwer d’Prozedur vum PAG.

An de Gemenge Suessem, Déifferdeng an Esch verleeft d’Gemengeplanung ondemokratesch an ontransparent. De Plan d’aménagement général (PAG) huet e wichtegen Impakt op d’Stadbild an d’Liewensqualitéit vun de Leit. D’Leit hunn e Rescht mat Zäite gewuer ze gi wat d’Ëmklasséierung vun hirem Haus u konkrete Folgen huet an och mat agebonnen ze ginn an d’Gestaltung vun hirem Wunnraum. Nom éischte Vott vum PAG hunn d’Leit 30 Deeg Zäit fir Reklamatiounen anzereechen. Zu Suessem steet den Datum vun dem Vott scho fest: 27.04.2018.

Zu Esch an zu Déifferdeng ginn et nach keng Informatiounen…

„ Non aux manigances à huis-clos“

Dans les communes de Sanem, Differdange et Esch, la procédure du Plan d’aménagement général est extrêment opaque et non-démocratique. Le PAG détermine l’aspect et le paysage de la ville. Il influe fortement sur la qualité de vie des gens. Les habitant.e.s des communes devraient être informé.e.s suffisamment en avance des planifications prévues pour comprendre l’impact des reclassements de leurs habitations et participer à la conception de leurs espaces de vie.

Après le premier vote du PAG, les intéressé.e.s peuvent émettre des réclamations durant 30 jours.

A Sanem le premier vote aura lieu demain, 27.04. 2018.

A Esch et à Differdange il n’y a pas encore de date fixée…

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe